23/10/2017
Kéi

Meng Vakanz fréier

Ronderëm d’Vakanz dréit sech haut eng ganz Mediewelt. Zentimeterdéck Broschüre lackelen mat deene schéinste Verspriechen, fir de Lieser derzou ze bréngen, seng Wallis ze paken a sech am Schnéi oder an der Sonn ze entspanen, ze erhuelen, sech verwinnen ze loossen an de Stress vum Alldag ze vergiessen. Fluch- a Schëffsreesen op déi entleeënst Plaze vun der Welt sinn in.

Fréier, virum zweete Weltkrich, ass net vill rieds gaang vun Entspanung oder Erhuelung. Weltreese waren net fir gewéinlech Leit, duerfir hate si kee Geld. Weiterlesen

23/03/2015
Yvonne

Léierin um Duerf

Wann ech, op engem sonnegen Nomëtteg, hei uewen am Éislek iwwer d’Koppe fueren, bewonneren ech stéits di schéin a modern Regionalschoulen. Mir gëtt dann ëmmer méi bewosst, wéi grondleeënd sech d’Liewe vun der Duerfléierin, vu mengem bescheidenen Ufank zu Boukels op der Sauer, bis haut verännert huet.

Vum Gemengerot vu Géisdref gouf ech 1950 eestëmmeg als Léierin an d’Primärschoul vu Boukels ernannt. Weiterlesen