19/03/2018
Arbeitsdienst1crop

Eis R.A.D.-Zäit a Pommern an a Griichenland, Deel 2

D’Rees a Griichenland

Vu Belgard op Belgrad an nach méi wäit –  A Jugoslawie bottert et  –  Chrëschtdag um Balkan  –  Mir lueden of

Freideg, 18.12.1942

Et gëtt haut Fréibiren. Um 5 Auer musse mir opstoen, eis wäschen, den Tornëschter paken an d’Stuffe botzen. Mat eisem ganze Bagage marschéiere mir dann op d’Gare, wou alles an an op d’Waggone geluede gëtt. Mir huele mat, wat mir als onofhängeg Unitéit brauchen: Handwierksgeschir vu jidder Zort, eng ganz Kichenariichtung, 40 Vëloen, 2 Camionen, 1 Luxusauto, een décke Koup Verfleegung. Alles an allem ginn et 9 Waggone voll: 4 M-Wagen (Mannschaftswagen fir d’Arbeitsmänner), 2 L-Wagen (Langwagen fir d’Autoen an d’Gulaschkanoun), 2 G-Wagen (Gedeckte Güterwagen fir d’Vëloen, d’Handwierksgeschir an d’Verfleegung) an 1 W-Wagen (Wohnwagen fir d’Cheffen). Weiterlesen

28/02/2018
Arbeitsdienst1crop

Eis R.A.D.-Zäit a Pommern an a Griichenland, Deel 1

* R.A.D.: Reichs-Arbeits-Dienst

Wa mir äis all Joer op eisem Conveniat erëmgesinn oder wann e puer Komerode sech zoufälleg begéinen, da kënnt d’Gespréich ganz séier op d’Zäit vum Krich. „Erënners de dech?“ – „Weess de nach?“ – „Erziel nach eng Kéier!“ heescht et gläich. An da kommen all déi al Geschichte vun deemools ëmmer erëm op d’Tapéit.

Et war näischt Extravagantes, näischt Spannendes, beileiwen näischt Heroesches, wat mir an eiser R.A.D.-Zäit erlieft hunn. Et huet och net laang gedauert ; et waren „nëmme“ 6 Méint. Mä trotzdem hält déi kuerz Zäit äis haut nach no. Weiterlesen