21/09/2018

Kinosverbuet war déi schlëmmste Strof

An de fofzeger Joren war et eng Traditioun, sech samsdesowends oder sonndesnomëttes bei engem schéine Film ze entspanen. Mir hate jo nach keng Televisioun. Soubal ech al genuch war, hu meng Eltere mech sonndes mat an de Kino geholl. Fir d’éischt waren et Kannerfilmer, do stong an der Fënster „Für Kinder erlaubt“ an da waren nach verschidden Altersgrenzen gesat „ab 12 Jahre“ oder „ab 16 Jahre“. Duerno dann déi nëmme fir Erwuessener. Weiterlesen

12/11/2016

Ons Kachschoul

Ech si vun 1959-1963 um Verluerekascht an d’Ecole Ménagère et Professionnelle Ste Marie an d’Schoul gaang. Am Volleksmond ass si nëmmen d’„Haushaltungsschoul“ oder d’„Hartmanns-Schoul“ genannt ginn, well de Grënner Hartmann geheescht huet. Et ware Schwësteren, awer och Professorinnen, déi Schoul gehalen hunn. Mir haten och eng „Mutter Oberin“, déi awer guer net wéi eng Oberin ausgesinn huet. Si war eng kleng, onscheinbar Persoun, ëmmer frëndlech, déi éischter am Hannergrond agéiert huet. Den Direktor war den Här Chanoine Wagner, de „big Boss“ vun der Schoul. Weiterlesen

23/04/2015

Meng Kommioun

Ech hu meng éischt hl. Kommioun 1954 zu Bouneweg gemaach.

Ons Kierch war den 9. August 1944 duerch e Bommenugrëff zerstéiert ginn an ass am  Joer vu menger Kommioun duerch eng nei ersat ginn. Déi hat e ganz moderne Baustil mat engem véiereckege Klackentuerm, fir déi Zäit ongewinnt. Si war der Muttergottes geweit a krut den Numm „Maria Regina Pacis“. De schéine Mosaik vun der Muttergottes iwwert dem Portal, eng Aarbecht vum Daniel Loire vu Chartres, war eng Sensatioun. Vill Leit hunn awer gemengt, bannendra géif se éischter un eng Fabrik erënneren, mat deene strenge Linnen, den Eisestäiler an dem schwaarzen Naturschifer un de Maueren.

Weiterlesen

20/04/2015

29/09/2014

Bouneweger Geschichten

Zu Bouneweg, an der Pierre-Krier-Strooss steet eng schéi Villa, eng aussergewéinlech Architektur. Do hat an de 50er Joren den Dr. Schmit seng Praxis an hien huet och do gewunnt. Hie war e ganz beléiften Dokter, besonnesch bei den Dammen, well hie war jovial an huet sech vill Zäit fir seng Patiente geholl. Dobäi war hie Jonggesell an huet extra gutt ausgesinn. Och meng Mamm ass nëmme bei den Dokter Schmit gaang a wa meng Tatta vu Paräis an d’Vakanz komm ass, hat si ëmmer e Bobo fir sech bei dem Bouneweger Dokter tréischten an heelen ze loossen. Weiterlesen

23/09/2014