12/11/2016
Iwwerschrëft

Ons Kachschoul

Ech si vun 1959-1963 um Verluerekascht an d’Ecole Ménagère et Professionnelle Ste Marie an d’Schoul gaang. Am Volleksmond ass si nëmmen d’„Haushaltungsschoul“ oder d’„Hartmanns-Schoul“ genannt ginn, well de Grënner Hartmann geheescht huet. Et ware Schwësteren, awer och Professorinnen, déi Schoul gehalen hunn. Mir haten och eng „Mutter Oberin“, déi awer guer net wéi eng Oberin ausgesinn huet. Si war eng kleng, onscheinbar Persoun, ëmmer frëndlech, déi éischter am Hannergrond agéiert huet. Den Direktor war den Här Chanoine Wagner, de „big Boss“ vun der Schoul. Weiterlesen

23/04/2015
Kierch Bouneweg

Meng Kommioun

Ech hu meng éischt hl. Kommioun 1954 zu Bouneweg gemaach.

Ons Kierch war den 9. August 1944 duerch e Bommenugrëff zerstéiert ginn an ass am  Joer vu menger Kommioun duerch eng nei ersat ginn. Déi hat e ganz moderne Baustil mat engem véiereckege Klackentuerm, fir déi Zäit ongewinnt. Si war der Muttergottes geweit a krut den Numm „Maria Regina Pacis“. De schéine Mosaik vun der Muttergottes iwwert dem Portal, eng Aarbecht vum Daniel Loire vu Chartres, war eng Sensatioun. Vill Leit hunn awer gemengt, bannendra géif se éischter un eng Fabrik erënneren, mat deene strenge Linnen, den Eisestäiler an dem schwaarzen Naturschifer un de Maueren.

Weiterlesen

23/09/2014
Villa Klein

Bouneweger Geschichten

Zu Bouneweg, an der Pierre-Krier-Strooss steet eng schéi Villa, eng aussergewéinlech Architektur. Do hat an de 50er Joren den Dr. Schmit seng Praxis an hien huet och do gewunnt. Hie war e ganz beléiften Dokter, besonnesch bei den Dammen, well hie war jovial an huet sech vill Zäit fir seng Patiente geholl. Dobäi war hie Jonggesell an huet extra gutt ausgesinn. Och meng Mamm ass nëmme bei den Dokter Schmit gaang a wa meng Tatta vu Paräis an d’Vakanz komm ass, hat si ëmmer e Bobo fir sech bei dem Bouneweger Dokter tréischten an heelen ze loossen. Weiterlesen

14/05/2014

Den Här Meier an d’Gnod Gottes

An de 50er Joren, wéi ech zu Bouneweg-Nord an d’Primärschoul an der Rue des Vergers gaang sinn, hate mir am Reliounsunterricht den Här Kaploun Paul Marie Meier. Déi Zäit hat de Paschtouer an enger grousser Par wéinstens zwee Kapléin, déi him gehollef hunn seng Scheewercher ze betreien.

Den Här Meier war bei ons all beléift, well hie war ëmmer fein.  Hien huet och méindes mueres, wann ee sonndes virdrun net an der Mass war, keng Pouten ausgedeelt, wéi dat bei anere Geeschtlechen Usus war an, et huet mol keen eppes dobäi fonnt. Hien huet all d‘Geschichten aus der Bibel esou gezielt, wéi wann et an der haiteger Zäit wär an hien et perséinlech erlieft hätt. Weiterlesen