08/01/2018
DSC_0123 (2) crop

Nationalfeierdag fréier um Duerf

Et waren déi éischt Joeren nom zweete Weltkrich, wéi op den Dierfer de nationale Feierdag mat enger onbeschreiwlecher Begeeschterung, jo et kann ee bal soen mat enger gelleger Euphorie begaange ginn ass. Et huet ee gespuert, dass d`Lëtzebuerger d`Angscht an de Frust iwwer den zäitweilege Verloscht vun hirer Onofhängegkeet am Krich nach net richteg iwwerwonnen haten. Weiterlesen

25/02/2015
Zigrang

Zu Ouljen

All Duef hat an der Zäit säin typische Profil. Zu Ouljen, am Syrdall, war dat net aneschters. Do war en zolitte Mënscheschlag usässeg, deen sech nach fest mat der „Scholl“ verbonne gefillt huet. Eescht an oprecht sinn d’Leit hirer Aarbecht nogaangen, an zéi a verbassen hunn se een Zil verfollegt: et am Liewen, op eng éierlech Aart a Weis, zu eppes ze bréngen. Weiterlesen

03/11/2014
Schwäin

Schluechtlatäin

All Joer hunn um Duerf missen eng ganz „Kompanie“ Schwäin dru gleewen, dat heescht, si goufe geschluecht. Zu Oulje war dat och esou Usus. D’Bauereleit alleguer an déi meescht kleng Leit waren an der Zäit, wat d’Fleeschbeschafung ugeet, Selbstversuerger. Sou ass et liicht ze verstoen, dass d’Duerfmetzler dacks geklot an e ganz markante Sproch vum Stapel gelooss hunn: „De Summer sch… d’Mécken äis op eist Fleesch, an de Wanter d’Baueren.” Weiterlesen

30/09/2014
Getreide

De Karschnatz – 2. Deel: Et gëtt gedresch

Deemools haten déi déck Baueren – dat waren déi, déi op d’mannst 5 oder 6 Päerd am Stall stoen haten – eng Manege an deeër eng „mechanesch“ Dreschmaschinn amenagéiert war a vun engem Päerd a Beweegung gesat ginn ass. Dat Ganzt huet een un e Karussell erënnert. An dat aremt Päerd, dat fir déi Aarbecht virgesi war, huet missen, gedëlleg wéi e Schof, am Krees ronderëm goen. D’Dreschen an der Manege war zwar nach eng Gedoldsaarbecht, mä géintiwwer dem Dresche mam Fléiwel a mat der Maschinn, déi mat Muskelkraaft ugedriwwe gouf, war et dach e gewaltege Fortschrëtt. Weiterlesen

22/09/2014
Getreide

De Karschnatz – 1. Deel: D’Fruucht gëtt geméit

Ausgangs deeër 20er Joeren hunn d’Baueren zu Ouljen de Karschnatz nach no der aler Method gemaach. Soubal si festgestallt hunn, dass d’Geescht, d’Kar, de Wees oder d’Huewer zeideg genuch war, gouf de Kniecht oder ee vun de Bauerejongen an d’Stéck geschéckt, fir mat der Flaus „lasszeméien“, dat heescht, hien huet laascht dem Noper säi Stéck „e Gankbreet“ geméit, fir dass Plaz genuch do wier, fir mat der Méimaschinn den nächste Gank kënnen ëmzeleën, ouni brauchen iwwer dem Noper säi Stéck ze fueren. Wann eng Rei ëmlouch, huet de Fruuchtméiert sech Seeler aus Stréi gemaach. An all Hand huet en eng gewëssen Zuel Stréihällem geholl a se mat vill Geschéck mat engem Knuet unenee gestréckt. Sou hat en dann e Seel, dat laang genuch war, fir eng déck Gaarf dermatt zesummenzebannen. Weiterlesen

16/05/2014
An engem Schneideratelier ëm 1925

Menger Mamm hiren Néieschatelier

Et war ëm 1925, wéi meng Mamm sech nom fréien Doud vu mengem Papp zu Esch, op der Norbert-Metz-Plaz, e Bitzatelier ageriicht hat, wou si zäitweis zwee Meedercher beschäftegt huet.

Ech hu mech, als klenge Bouf, ëmmer missen no beim Atelier ophalen, fir datt meng Mamm mech an den Ae konnt behalen. Wann ech es genuch hat, fir mat mengem klengen Dräirad iwwer de Palier vum Stack, vun engem Zëmmer an dat anert ze jauwen, hunn ech mech mat engem zolitte Magnéit ameséiert. Domat sinn ech iwwer de Buedem gefuer an hu mech wéi e Geck gefreet, wann d’Spéngelen aus den Ecken an de Foue vum ,,Plancher” oder hannert engem Dësch oder Stullbeen mat aller Vitesse erfort geschoss koumen an u mengem Zaubereisen hänke bloufen. Weiterlesen