20/11/2015
amKl

Den amerikanesche Kleeschen

… De Kaploun Wolff sot e puer Wierder op Lëtzebuergesch zu de Schwësteren, déi d’Amerikaner frëndlech ugekuckt an diskret mam Kapp gewénkt hunn. Als Äntwert op hir Begréissung hunn och de Brookins an de Burton kuerz gewénkt.

„Wann dir prett sidd, hëllefen d’Schwësteren an ech Iech mam Gezei“, sot de Kaploun an huet op en Zëmmer déi aner Säit vum Gank gewisen.

„Jo, sécher, vu mir aus.”

„Ech waarden dann hei”, huet de Burton gegrinst an op ee vun deene groussen, geschnëtze Still am Gank gewisen.

„Feigling”, huet de Brookins him iwwer d’Schëller zougepëspert, ier en dem Geeschtlechen an de Schwësteren an dat anert Zëmmer nogaangen ass.

„Hei ass alles”, sot de Kaploun Wolff an huet op den Dësch an der Mëtt vum Raum gewisen. Do louchen e laange wäisse Surplis, dee mat Spëtzt besat war, an e Chouermantel aus schwéierem Brokat mat gëllene Stären an enger gëllener Bordür. Donieft louchen eng Bëschofsmitra, e Puer wäiss Händschen an eppes, wat ausgesinn huet wéi en fatzegt Seel. Weiterlesen

08/07/2015
K

Viru 75 Joer: Evakuatioun vun Diddeleng

Den 10. Mee 1940. Et war de Freide viru Päischten. Mäi Papp hat sech scho Gedanke gemaach, wat mir Päischten ënnerhuele kënnten. Den traditionellen Tour zu Fouss vun Diddeleng op Zoufftgen, dann iwwer Kanfen no Volmerange-les Mines koum säit der Deklaratioun vum Krich den 3. September 1939 net méi a Fro, well d’Awunner vun deene franséischen Dierfer ware wéinst der Maginotlinn evakuéiert an d’Grenzen zu Diddeleng waren zou. Weiterlesen