12/11/2016
Iwwerschrëft

Ons Kachschoul

Ech si vun 1959-1963 um Verluerekascht an d’Ecole Ménagère et Professionnelle Ste Marie an d’Schoul gaang. Am Volleksmond ass si nëmmen d’„Haushaltungsschoul“ oder d’„Hartmanns-Schoul“ genannt ginn, well de Grënner Hartmann geheescht huet. Et ware Schwësteren, awer och Professorinnen, déi Schoul gehalen hunn. Mir haten och eng „Mutter Oberin“, déi awer guer net wéi eng Oberin ausgesinn huet. Si war eng kleng, onscheinbar Persoun, ëmmer frëndlech, déi éischter am Hannergrond agéiert huet. Den Direktor war den Här Chanoine Wagner, de „big Boss“ vun der Schoul. Weiterlesen

19/09/2016
K

Am Meedercherslycée

1933 ware mir zu 3 Meedercher aus eiser Klass vun Diddeleng, déi den Aufnahmeexamen fir an de Meedercherslycée an der Stad um Lampertsbierg gemaach hunn. Mir hu muerens de Schülerzuch geholl, mir hate keng Ahnung, wou dee Lycée wier a sinn einfach deene méi eelere Schülerinnen nogaangen. Déi waren awer nomëttes fräi. Mëttes konnte mir am Lycée iessen. No 4 Auer huet d’Madeleine gemengt, wa mir no Süde géngen, misste mir d’Gare fannen. Weiterlesen

06/01/2016
Teddy Possenhaus

Meng Kannerzäit am Krich – Deel 11: An der Schoul zu Woltz

Ech sinn dunn zu Woltz an d’Schoul gaangen. Déi éischt Deeg ass mäi Papp mat mir gaangen, fir mir de Wee ze weisen. Hien huet op enger ganz anerer Plaz Schoul gehalen, well zu Woltz d’Bouweschoul an der Offensiv verbrannt war. Ech hu vill nei Kanner kennegeléiert, déi mech ausgelaacht hunn, well ech den Ettelbrécker Akzent hat. Ech hu mech séier dru gi fir ze schwätze wéi si, z. B.: Mooren flikt de Koob dem Hoas no, dee mat der Noas iwwert de Woas leeft durrich de Goort.

Wéi ech méi kënneg war, sinn ech selbständeg an d’Schoul gaang. Ech als „i-Butz” hat e wäite Schoulwee. Vun doheem aus gung et d’Industriestrooss erop, da laanscht de Kierfecht, de Kräizermécher, de klenge Park am Neidierfchen bis bei d’Schlottesch Schmëtt. Weiterlesen

09/10/2015
Joss

Et war schéin der Mamm hir Stëmm ze héieren

Ech war vun 1952 bis 1955 zu Iechternach am Kolléisch an och an der Bullett. Wann ech mengen Elteren telefonéiere wollt – mir koumen z.B. tëscht dem Schoulufank an Allerhellgen net heem – sinn ech zu Iechternach an d’Post gaangen. Do hunn ech dann d’Nummer vun der “Thommessen”, enger Familljen an eiser Noperschaft zu Wooltz gefrot, déi “d’Kabinn” hat. Weiterlesen

12/01/2015
Teddy Possenhaus

Meng Kannerzäit am Krich – Deel 5 : Mäin eenzegen Dag an der Spillschoul

Et ass lues Hierscht ginn. Ech denken et war 1944.

D’Christiane, meng kleng Nopesch, war op eemol net méi do, fir mat mir ze spillen. Seng Mamm sot, hatt géif an de „Kindergarten“ goen. Ech hunn hannert menger Mamm geseet, fir och dohinner ze goen. Meng Mamm war d’accord. Deen aneren Dag sinn ech voller Erwaardung mam Christiane a senger Mamm zu Ettelbréck an de „Kindergarten“ geschréckt. Weiterlesen

09/11/2014
D'7., 8. an 9. Schouljor aus der Oberprimärschoul vu Réimech, 1950

D’Schoul zu Réimech nom Krich

Am Krich waren zu Réimech d’Schoulkanner gemëscht. Duerno, vun 1945 un, sinn d’Jongen nees vum Schoulmeeschter ënnerriicht ginn an d’Meedercher vun de Schoulschwësteren.

D’Klasse woaren op dräi Joer opgedeelt: Primär 1-3 a 4-6, Oberprimär 7-9. Nom 6. oder 7. Schouljoer sinn déi, déi konnten a wollten an d’Stad an de Secondaire gaangen. Weiterlesen

14/05/2014

Den Här Meier an d’Gnod Gottes

An de 50er Joren, wéi ech zu Bouneweg-Nord an d’Primärschoul an der Rue des Vergers gaang sinn, hate mir am Reliounsunterricht den Här Kaploun Paul Marie Meier. Déi Zäit hat de Paschtouer an enger grousser Par wéinstens zwee Kapléin, déi him gehollef hunn seng Scheewercher ze betreien.

Den Här Meier war bei ons all beléift, well hie war ëmmer fein.  Hien huet och méindes mueres, wann ee sonndes virdrun net an der Mass war, keng Pouten ausgedeelt, wéi dat bei anere Geeschtlechen Usus war an, et huet mol keen eppes dobäi fonnt. Hien huet all d‘Geschichten aus der Bibel esou gezielt, wéi wann et an der haiteger Zäit wär an hien et perséinlech erlieft hätt. Weiterlesen