21/03/2016

D’Stäckmécher

D’Holz war deier. Duerfir huet de Fierschter deene Leit, deenen hire Portemonni net esou déck war, d’Erlaabnis ginn, d’Holz vum Stack vun engem ofgeseetene Bam ze huelen. Dat war extrem gutt Feierholz, mee d’Wuerzele vun esou engem Bam si meterdéif an de Buedem gaangen, an et war eng Knachenaarbecht fir dat Holz eraus ze huelen. Elo war et am Minett esou, datt bal all drëtten an der Galerie geschafft huet, folglech also och Zougang zu Sprengstoff hat. Weiterlesen

25/01/2016

Ein eigenes Poesiealbum hatte ich nicht

Zwischen dem 5. – 6. Schuljahr und den ersten Lyzäumsklassen, etwa bis zum Passageexamen, kursierten in den Mädchenklassen Poesiealben, in denen sich die Freundinnen verewigten.

An einem schulfreien Nachmittag brütete ich über einem solchen Album und konnte nicht viel damit anfangen. Was schrieb man da hinein? Ich blätterte es von hinten nach vorne durch. Da waren über zwei Seiten Vergissmeinnichte gemalt und dazwischen stand: „Rosen, Tulpen, Nelken, diese Blumen welken, nur die eine nicht und die heißt Vergissmeinnicht.“ Weiterlesen

18/11/2015

Meng Kannerzäit am Krich -Deel 10: Nom Krich zu Woltz

Wéi d’Schoul de September 1945 rëm ugefaang huet, ass mäi Papp zréck op Woltz op seng al Plaz als Schoulmeeschter komm. Hien huet zu Wanseler bei eiser Famill logéiert an ass all Dag mam Vëlo op Woltz an d’Schoul gefuer. Meng Mamm a mir zwee Kanner sinn nach zu Ettelbréck bliwwen, bis mäi Papp eng Wunneng fonnt hat. Dat war net einfach, well zu Woltz hate vill Haiser es béis matkritt.

Bis Chrëschtdag 1945 sinn ech zu Ettelbréck an d’Schoul gaange bei d’Schwëster Martha. Ech erënnere mech nach gutt, datt meng Mamm ëmmer gesot huet: „Géi iwwer den Trottoir, dass de ënner keen Auto kënns.“ Dat hunn ech och gemeet. Weiterlesen

19/10/2015

Nanns Märri strickte immerfort

Nanns Märri wohnte mit ihrem Mann Pieri und einer Kinderschar in Eisenborn in einer Leibeigenenhütte, die es um 1920 noch gab. Die Hütte stand in der „Schnuddelgaass“, die damals nicht geteert war. Man kann sich vorstellen, wie sie bei regnerischem Wetter aussah: man konnte im Lehm schlittern. Von der Straße aus sah man Märris Bett an der Wand stehen, denn die Tür stand meist offen. Morgens schleuderte Märri mit großer Geste den Inhalt eines riesigen Nachttopfs in die Gasse. Weiterlesen

10/06/2015

Der Fetschebuer

Der Fetschebuer in Hamm,  eine begehrte Wasserstelle weit und breit, die Lebensader für die wenigen Bewohner des Äppelweg und er gab der Umgegend des Hammertälchens den Flurnamen.

Noch bis nach dem 1. Weltkrieg war es die einzige Trinkwasserstelle für die wenigen Anwohner, wie Gärtner Schosseler, Bauer Jeck, meinen Großvater, Wollweber Dumont sowie Bahnwärter Ewen im Baueschbierg. Weiterlesen

23/03/2015

Léierin um Duerf

Wann ech, op engem sonnegen Nomëtteg, hei uewen am Éislek iwwer d’Koppe fueren, bewonneren ech stéits di schéin a modern Regionalschoulen. Mir gëtt dann ëmmer méi bewosst, wéi grondleeënd sech d’Liewe vun der Duerfléierin, vu mengem bescheidenen Ufank zu Boukels op der Sauer, bis haut verännert huet.

Vum Gemengerot vu Géisdref gouf ech 1950 eestëmmeg als Léierin an d’Primärschoul vu Boukels ernannt. Weiterlesen

25/02/2015

Zu Ouljen

All Duef hat an der Zäit säin typische Profil. Zu Ouljen, am Syrdall, war dat net aneschters. Do war en zolitte Mënscheschlag usässeg, deen sech nach fest mat der „Scholl“ verbonne gefillt huet. Eescht an oprecht sinn d’Leit hirer Aarbecht nogaangen, an zéi a verbassen hunn se een Zil verfollegt: et am Liewen, op eng éierlech Aart a Weis, zu eppes ze bréngen. Weiterlesen

24/11/2014

Meng Kannerzäit am Krich – Deel 4: An der Vakanz

De Summer hu mer eis déi meeschten Zäit am Gaart erëmgedriwwen an d’Schoulvakanzen (mäi Papp war jo Schoulmeeschter) si mer mam Zuch op Wanseler gefuer bei menger Mamm hir Leit. Dat war ëmmer eng Expeditioun! Da gouf geplangt an agepaakt a ganz dacks ass mäi Wämper Pätter (mengem Papp säi Papp vun Uewerwampech), deen e ganz praktesche Mënsch war, eng Hand mat upake komm. Et hu misste Walissen op d’Gare geschleeft ginn, eng Poussette, zwee kleng Kanner, Mäntel a Jacketten.

Wa mer dann am Zuch souzen an d’Lokomotiv huet gepaff, gezischt a gedonnert, da ware mer all erliichtert. Weiterlesen

03/11/2014

Schluechtlatäin

All Joer hunn um Duerf missen eng ganz „Kompanie“ Schwäin dru gleewen, dat heescht, si goufe geschluecht. Zu Oulje war dat och esou Usus. D’Bauereleit alleguer an déi meescht kleng Leit waren an der Zäit, wat d’Fleeschbeschafung ugeet, Selbstversuerger. Sou ass et liicht ze verstoen, dass d’Duerfmetzler dacks geklot an e ganz markante Sproch vum Stapel gelooss hunn: „De Summer sch… d’Mécken äis op eist Fleesch, an de Wanter d’Baueren.“ Weiterlesen

27/10/2014

Meng Kannerzäit am Krich – Deel 3: Alldag am Krich

Als Kand empfënnt een dat dagdeeglecht Liewe vill méi einfach. An de Joren 1941-1943 gouf wäit ewech gekämpft. Fir eis Kanner war d’Spillen am Gaart, am Haus oder op der Strooss ganz gemittlech. Mee d’Zäit war schwéier fir déi grouss Leit mat alle Schikanen, deenen si ausgesat waren an alle Suergen, déi d‘Liewe mat sech bruecht huet. Mee et ass de Kanner net opgefall, oder si hu sech näischt dorausser gemat, datt vun Zäit zu Zäit hu missten déi elle rout Hakekräizfändelen ausgehaang ginn, datt de Bréifdréier mat der gieler Uniform d’Post ausgedeelt huet, datt de Papp sonndes an der gieler Uniform mat der rouder Rabbelbéchs huet missten heesche goen. Weiterlesen