07/06/2017
Bréck

Vun der glater, hëlzener Bréck

Nom Kréich woaren déi vun der anerer Säit keng Däitsch méi. Als Saarländer hunn si elo politesch a wirtschaftlech zu Frankräich gehéiert.

D’Preisen haten um Enn vum Kréich déi Réimecher Bréck gesprengt fir d’Amerikaner ze behënneren. An der Evakuatioun hunn d’Amerikaner nach eng Kéier nogesprengt. D’Musel woar voll Steng a Sand. Fir de Verkéier ass eng Pont (eng Fähr) agesat ginn. Een hëlze Bréck ass duerno provisoresch gebaut ginn. Wann d’Holz naass ginn ass, woar et spigelglat. Weiterlesen

22/07/2015
Teddy Possenhaus

Meng Kannerzäit am Krich – Deel 9: De Krich ass eriwwer

Eng Kéier, d’Klacken hunn zu Haf gelaut, do koum eisen Noper eis Kellertrap erop an huet eis an de Keller geruff. Hien huet eis Kanner e rout-wäiss-bloe Lampion ginn, mat enger klenger Käerz dran, déi am Keller ugefaange gouf. Elo stunge mir erëm am Keller, wou mer higelaf sinn, wann d’Fligere koumen. Déi grouss Leit hunn e „Vaterunser” gebiet an duerno d’Heemecht gesongen. D’Christiane, eist Nopeschkand an ech, mir hunn eis Lampionen hin an hir geschwenkt an op eemol sinn se a Brand gaangen. Weiterlesen

06/03/2015
Teddy Possenhaus

Meng Kannerzäit am Krich – Deel 7: „A wuer gi mir elo?“

Enges Daags am Dezember 44 stung meng Mamm mat Nopeschen um Trottoir zesummen ze deedegen. Wéi se erakoum, sot se zu mengem Papp, d’Nopere géifen all „fortlafen”. Mir sollten och fortgoen! Awer wuer, a wéi? Déi eenzeg Gefierer, déi mir haten, waren eng Kannerkutsch an eng Poussette. Meng Mamm huet eis néidegst Habséilegkeeten an d’Kannerkutsch gepaakt. Weiterlesen

16/02/2015
Teddy Possenhaus

Meng Kannerzäit am Krich -Deel 6: Liberatioun

An eiser Strooss, vis-a-vis vun eisem Haus, hu mer dacks en uniforméierte Preiss op der Trap gesi stoen. War et ee „waschechten“ oder e „Lëtzebuerger“ Preiss?

Dat weess ech net. Eisen Noper, den Zammermann, hat duerch irgendee Grond en Different mat him kritt an dee Mënsch oder Onmënsch hat dem Hary gedreet, et géif eng Handgranat a säin Haus fléien. Weiterlesen

05/01/2015
19470131-0023 T. Krier-Héichwaasser - compressed

Héichwaasser zu Réimech am Dezember 1947

„Ech brauch Gummisstiwwele fir an d’Schoul ze goen. D’Musel steet scho bei Gretsch-Bertuys um Eck.“

No der Schoul um 12 Auer a virun der Schoul um 2 Auer ass alles bei d’Waasser gelaf. Dat woar net wäit, well d’Musel stong um Moart. An se ass nach ëmmer geklomm, bis se virun der Bréck zesumme gelaf ass! Den Héchststand.
Weiterlesen

20/10/2014
cemetery

Entstehung des amerikanischen Militärfriedhofes bei Hamm

An einem Sonntagmorgen im Januar 1945, radelte ich zu früher Stunde, es dunkelte noch, nach Schaedhof, um eine Flasche Milch zu hamstern. Dort wirtschaftete ein Pächter polnischer Herkunft namens Witkowski. Als ich ankam, erzählte er eben seiner Frau, dass eine amerikanische Delegation auf dem Flurdreieck zwischen Flëppekräizbierg, Eisenbahnlinie und Schaedhof gewesen sei, weil dort ein Soldatenfriedhof vorgesehen sei. Eine wichtige Entscheidung, die den Bauer sehr betroffen machte, eine Mitteilung, die ihm zu groben Flüchen Anlass gab. Es war seine Art, bei jeder passenden und unpassenden Gelegenheit fürchterlich zu fluchen. So erfuhr er, dass er sein bestes Ackerstück verlor, idyllisch gelegen, eingekeilt zwischen Buchenwäldern, mit fruchtbarer Erde, auf dem noch im letzten Herbst ergiebig Weizen geerntet worden war. Weiterlesen