19/03/2018

Eis R.A.D.-Zäit a Pommern an a Griichenland, Deel 2

D’Rees a Griichenland

Vu Belgard op Belgrad an nach méi wäit –  A Jugoslawie bottert et  –  Chrëschtdag um Balkan  –  Mir lueden of

Freideg, 18.12.1942

Et gëtt haut Fréibiren. Um 5 Auer musse mir opstoen, eis wäschen, den Tornëschter paken an d’Stuffe botzen. Mat eisem ganze Bagage marschéiere mir dann op d’Gare, wou alles an an op d’Waggone geluede gëtt. Mir huele mat, wat mir als onofhängeg Unitéit brauchen: Handwierksgeschir vu jidder Zort, eng ganz Kichenariichtung, 40 Vëloen, 2 Camionen, 1 Luxusauto, een décke Koup Verfleegung. Alles an allem ginn et 9 Waggone voll: 4 M-Wagen (Mannschaftswagen fir d’Arbeitsmänner), 2 L-Wagen (Langwagen fir d’Autoen an d’Gulaschkanoun), 2 G-Wagen (Gedeckte Güterwagen fir d’Vëloen, d’Handwierksgeschir an d’Verfleegung) an 1 W-Wagen (Wohnwagen fir d’Cheffen). Lire la suite

28/02/2018

Eis R.A.D.-Zäit a Pommern an a Griichenland, Deel 1

* R.A.D.: Reichs-Arbeits-Dienst

Wa mir äis all Joer op eisem Conveniat erëmgesinn oder wann e puer Komerode sech zoufälleg begéinen, da kënnt d’Gespréich ganz séier op d’Zäit vum Krich. „Erënners de dech?“ – „Weess de nach?“ – „Erziel nach eng Kéier!“ heescht et gläich. An da kommen all déi al Geschichte vun deemools ëmmer erëm op d’Tapéit.

Et war näischt Extravagantes, näischt Spannendes, beileiwen näischt Heroesches, wat mir an eiser R.A.D.-Zäit erlieft hunn. Et huet och net laang gedauert ; et waren „nëmme“ 6 Méint. Mä trotzdem hält déi kuerz Zäit äis haut nach no. Lire la suite

20/11/2015

Den amerikanesche Kleeschen

… De Kaploun Wolff sot e puer Wierder op Lëtzebuergesch zu de Schwësteren, déi d’Amerikaner frëndlech ugekuckt an diskret mam Kapp gewénkt hunn. Als Äntwert op hir Begréissung hunn och de Brookins an de Burton kuerz gewénkt.

„Wann dir prett sidd, hëllefen d’Schwësteren an ech Iech mam Gezei“, sot de Kaploun an huet op en Zëmmer déi aner Säit vum Gank gewisen.

„Jo, sécher, vu mir aus.”

„Ech waarden dann hei”, huet de Burton gegrinst an op ee vun deene groussen, geschnëtze Still am Gank gewisen.

„Feigling”, huet de Brookins him iwwer d’Schëller zougepëspert, ier en dem Geeschtlechen an de Schwësteren an dat anert Zëmmer nogaangen ass.

„Hei ass alles”, sot de Kaploun Wolff an huet op den Dësch an der Mëtt vum Raum gewisen. Do louchen e laange wäisse Surplis, dee mat Spëtzt besat war, an e Chouermantel aus schwéierem Brokat mat gëllene Stären an enger gëllener Bordür. Donieft louchen eng Bëschofsmitra, e Puer wäiss Händschen an eppes, wat ausgesinn huet wéi en fatzegt Seel. Lire la suite