04/06/2021

De Kaffisbiz

Et gëtt esou Saachen an onsem Liewen, un deene mir hänken, och wann se kee grousse materielle Wäert hunn. Et ass éischter en affektive Wäert duerch d’Erënnerungen, déi domat verbonne sinn.

Als Kand hat ech emol e Petzi. Dat war wierklech net dee schéinsten. En huet éischter ausgesinn ewéi eng grouss gro Maus. Seng Schnuff hat scho kee Pelz méi vun all deene Kussen, déi si vu mir kritt hat. E war iwwerall gefléckt ginn, awer ech wollt hie behalen. Esouguer eng ganz schéi Popp hat ech geschenkt kritt, datt ech soll endlech deen ellene Petzi ewechginn. Awer d’Popp huet mech net interesséiert an si louch séier an engem Eck. No laanger Zäit war dat gutt Stéck dann awer esou futti, datt seng Fëllung iwwerall erauskomm ass an en net méi zesummegehalen huet. Du war dann endlech Schluss an ech hunn en neie kritt. Lire la suite

21/04/2021

Die Plakate der Nationallotterie

Am Pariser Platz stand in den 50er Jahren eine Litfaßsäule, an die die verschiedensten Plakate geklebt wurden. Manchmal fuhr hier ein kleiner Lieferwagen vor, oft mit nur drei Rädern, zwei Arbeiter sprangen heraus und packten in Windeseile einen Eimer Leim, eine große Bürste und einige Papierbahnen aus. Sie schmatzten den Leim auf die Säule und die Rückseite ihres Plakates, das sie an die Säule warfen und mit einer anderen Bürste gleichstrichen. Ich bewunderte immer wieder, wie glatt sie dies bewerkstelligten und gestand mir jedes Mal ein, dass mein Blatt voller Falten gewesen wäre. Lire la suite

23/11/2020

De Kleesche kënnt geschwënn

Bei eis doheem zu Betteng/Mess stoungen d’ Kierch, d’Schoul, eng Wiertschaft an de Buttek an der Mëtt vum Duerf. All Freiden ass meng Mamm an den Buttek akafe gaang. Grouss Akafszentre goufen et nach keng.

Wann da freides um 4 Auer d’Schoul aus war, sinn ech eriwwer an de Buttek gaang. Meng Mamm huet do op mech gewaart fir dann zesummen heem ze goen. Lire la suite

13/11/2017

Hei ass Radio Lëtzebuerg …

… Gong …

Hei ass Radio Lëtzebuerg op Mëttelwellen 208 Meter 1439 Kilohertz

… Gong …

Dës Uso huet nom Krich fir esou munnech Familljen de Feierowend agelaut. Well deemools huet de Radio nach net de ganzen Dag gesent. Ëm 6 Auer owes goufen et Neiegkeete vun heiheem an aus der Welt. Eng laang Zäit koumen duerno Suchmeldungen, d. h. et si laang Lëschte gelies gi mat Nimm vu vermëssten Ëmgesidelten oder Jongen, déi nach a Russland hätte kënne sinn. Esou munchereen huet och vu wäit ewech geschriwwen, fir gewuer ze ginn, wou seng Leit vun heiheem dru wieren. Op déi Manéier konnte Familljen erëm zesummefannen, oder si wossten, datt se sech hu misse mat enger grousser Enttäuschung aussernee setzen. Mir Kanner konnten net esou vill domat ufänken, mä mir hunn dach gespiert, wéi eescht déi Saach war. No an no goufen déi Lëschte méi kuerz an hu sech vum selwen opgeléist. Lire la suite

22/09/2017

America, America, God shed His Grace on thee …

In den Nachkriegsjahren war Amerika nicht nur in seiner Nationalhymne, sondern auch in den Augen der meisten Europäer ein begnadetes Land. Noch gingen Briefe hin und her zwischen ganzen Familien und so manchem Befreier, mit dem sie sich angefreundet hatten … falls die Sprachenbarriere überwunden werden konnte. Wenn nicht, war es auch nicht schlimm, denn die Kinder erinnerten sich an Schokolade, Kaugummi und an die Jeeps mit oft recht flotten „Boys“. So manches Mädchen träumte davon, die Enge der Nachkriegswelt an der Seite eines GIs in Richtung „Neue Welt“ zu verlassen. Dies zumindest so lange, bis hier die braunen Babys nachdunkelten oder junge Bräute in Briefen – verhalten – berichteten, dass auch jenseits des Ozeans nur mit Wasser gekocht werde. Lire la suite

17/10/2016

D’Schoulschiertech

An de fofzeger Joren ass zu Konstem kee Meedchen ouni Schiertech an d’Schoul gaangen. Souguer fir ze spillen hate mir Meedercher e Schiertech un, awer da méi en aalt. D’Schiertecher waren do, fir déi aner Kleeder ze schounen: d’Pulloveren an d’Juppe ware meeschtens aus Woll, déi net esou dacks konnte gewäsch ginn, well soss wäre se verfilzt.

Fir den éischte Schouldag gouf et en neit Schiertech, dat d’Mamm meeschtens selwer gebitzt hat. Et waren där Schiertecher mat Falen aus karéiertem Stoft. Meeschtens gouf och nach eng Täsch op déi iewes Säit gebitzt, well da konnt een dat gutt Stéck freides a samschdes nach iewentzech undoe fir an d’Schoul, wann et op der riichter Säit knaschteg war. Lire la suite

15/07/2016

Spillgeschichten

Ech sinn vum Joergank 59. Mir, dat sinn meng Mamm, mäi Papp a meng grouss Schwëster, hunn zu Betten op der Mess gewunnt. Meng Elteren haten do um Kiem e klengt Reienhaus mat engem schmuelen, awer laangen Haff hannendrun. Vun der Kichen ass een direkt an den Haff komm. Esoubal schéi Wieder war, stoung d’Kichendier grouss op. Mir hunn déi meeschten Zäit do hannert dem Haus am Haff verbruecht. Lire la suite