27/06/2016

D’Schwëster Paula

Spillschoul Déifferdeng 1937

1937 war ech bei der Schwëster Paula zu Déifferdeng an der Spillschoul. 40 Joer duerno sinn ech hir erëm begéint wéi si hir 95 Joer gefeiert huet. Ech war bestuet an hat mäi Meedchen un der Hand. Trotz mengem Baart huet si mech direkt erkannt a geruff : „Hei, dee klenge Johny !“

25/01/2016

Ein eigenes Poesiealbum hatte ich nicht

Zwischen dem 5. – 6. Schuljahr und den ersten Lyzäumsklassen, etwa bis zum Passageexamen, kursierten in den Mädchenklassen Poesiealben, in denen sich die Freundinnen verewigten.

An einem schulfreien Nachmittag brütete ich über einem solchen Album und konnte nicht viel damit anfangen. Was schrieb man da hinein? Ich blätterte es von hinten nach vorne durch. Da waren über zwei Seiten Vergissmeinnichte gemalt und dazwischen stand: „Rosen, Tulpen, Nelken, diese Blumen welken, nur die eine nicht und die heißt Vergissmeinnicht.“ Lire la suite

18/11/2015

Meng Kannerzäit am Krich -Deel 10: Nom Krich zu Woltz

Wéi d’Schoul de September 1945 rëm ugefaang huet, ass mäi Papp zréck op Woltz op seng al Plaz als Schoulmeeschter komm. Hien huet zu Wanseler bei eiser Famill logéiert an ass all Dag mam Vëlo op Woltz an d’Schoul gefuer. Meng Mamm a mir zwee Kanner sinn nach zu Ettelbréck bliwwen, bis mäi Papp eng Wunneng fonnt hat. Dat war net einfach, well zu Woltz hate vill Haiser es béis matkritt.

Bis Chrëschtdag 1945 sinn ech zu Ettelbréck an d’Schoul gaange bei d’Schwëster Martha. Ech erënnere mech nach gutt, datt meng Mamm ëmmer gesot huet: „Géi iwwer den Trottoir, dass de ënner keen Auto kënns.“ Dat hunn ech och gemeet. Lire la suite

10/06/2015

Der Fetschebuer

Der Fetschebuer in Hamm,  eine begehrte Wasserstelle weit und breit, die Lebensader für die wenigen Bewohner des Äppelweg und er gab der Umgegend des Hammertälchens den Flurnamen.

Noch bis nach dem 1. Weltkrieg war es die einzige Trinkwasserstelle für die wenigen Anwohner, wie Gärtner Schosseler, Bauer Jeck, meinen Großvater, Wollweber Dumont sowie Bahnwärter Ewen im Baueschbierg. Lire la suite

25/02/2015

Zu Ouljen

All Duef hat an der Zäit säin typische Profil. Zu Ouljen, am Syrdall, war dat net aneschters. Do war en zolitte Mënscheschlag usässeg, deen sech nach fest mat der „Scholl“ verbonne gefillt huet. Eescht an oprecht sinn d’Leit hirer Aarbecht nogaangen, an zéi a verbassen hunn se een Zil verfollegt: et am Liewen, op eng éierlech Aart a Weis, zu eppes ze bréngen. Lire la suite

24/11/2014

Meng Kannerzäit am Krich – Deel 4: An der Vakanz

De Summer hu mer eis déi meeschten Zäit am Gaart erëmgedriwwen an d’Schoulvakanzen (mäi Papp war jo Schoulmeeschter) si mer mam Zuch op Wanseler gefuer bei menger Mamm hir Leit. Dat war ëmmer eng Expeditioun! Da gouf geplangt an agepaakt a ganz dacks ass mäi Wämper Pätter (mengem Papp säi Papp vun Uewerwampech), deen e ganz praktesche Mënsch war, eng Hand mat upake komm. Et hu misste Walissen op d’Gare geschleeft ginn, eng Poussette, zwee kleng Kanner, Mäntel a Jacketten.

Wa mer dann am Zuch souzen an d’Lokomotiv huet gepaff, gezischt a gedonnert, da ware mer all erliichtert. Lire la suite

03/11/2014

Schluechtlatäin

All Joer hunn um Duerf missen eng ganz „Kompanie“ Schwäin dru gleewen, dat heescht, si goufe geschluecht. Zu Oulje war dat och esou Usus. D’Bauereleit alleguer an déi meescht kleng Leit waren an der Zäit, wat d’Fleeschbeschafung ugeet, Selbstversuerger. Sou ass et liicht ze verstoen, dass d’Duerfmetzler dacks geklot an e ganz markante Sproch vum Stapel gelooss hunn: „De Summer sch… d’Mécken äis op eist Fleesch, an de Wanter d’Baueren. » Lire la suite

27/10/2014

Meng Kannerzäit am Krich – Deel 3: Alldag am Krich

Als Kand empfënnt een dat dagdeeglecht Liewe vill méi einfach. An de Joren 1941-1943 gouf wäit ewech gekämpft. Fir eis Kanner war d’Spillen am Gaart, am Haus oder op der Strooss ganz gemittlech. Mee d’Zäit war schwéier fir déi grouss Leit mat alle Schikanen, deenen si ausgesat waren an alle Suergen, déi d‘Liewe mat sech bruecht huet. Mee et ass de Kanner net opgefall, oder si hu sech näischt dorausser gemat, datt vun Zäit zu Zäit hu missten déi elle rout Hakekräizfändelen ausgehaang ginn, datt de Bréifdréier mat der gieler Uniform d’Post ausgedeelt huet, datt de Papp sonndes an der gieler Uniform mat der rouder Rabbelbéchs huet missten heesche goen. Lire la suite

21/10/2014

Deemools op der Sauer, ier et de Stauséi gouf

Ech si vu Léifreg an hunn nach Erënnerungen aus der Kanner- a Jugendzäit, wéi et deemools op der Sauer war. Den Dall war fréier e ganz schéinen Dall, an ass vill opgesicht ginn, haaptsächlech vu Fëscher. Fir aner Leit war en e bëssen entleeën, et hat net jiddwereen en Auto, et huet ee misse mam Vëlo fueren oder den ëffentlechen Transport huelen. Den Dall war och dofir sou schéin, well en ofgeleeë war vun alle gréisseren Uertschaften a keng grouss Strooss derduerchgaangen ass. Lire la suite

13/10/2014

Meng Kannerzäit am Krich – Deel 2: Meng fréi Kandheet

Mir ginn an de Kino

Eng Kéier koumen Nopeschkanner mech sichen, mir géngen an de Kino. Et muss am Advent gewiescht sinn. Meng Mamm huet mech ugedoen, mee ech krut eng aner Mutz u wéi soss. De Kino war e grousse Sall voller Kanner, ech gouf op e Klappstull gesat a krut gesot, ech misst brav sëtze bleiwen. Et ass däischter ginn an de Film ass ugaangen. Et war „Hänsel und Gretel”. Ech war ganz traureg mat den aarme Kanner bei der béiser Hex an duerno och ganz frou, wéi déi béis Hex am Bakuewe verbrannt ass. Lire la suite