Memories » Simone Rosen-Bonenberger

Tubak a Séissegkeeten beim Schnaufpier
Tubak an Zigarette woaren am Krich Mangelwuer. Lo gouf et nees alles ze kafen. ‘t ass déi Zäit vill gefëmmt ginn an iwwerall. Net nëmmen d’Männer, och vill Fraen hunn d’Zigarette genoss, awer si hunn ni op der Strooss gefëmmt.

Päifen an Zigarekëschte louchen an der Fënster vun deem klenge Buttek, dobannen huet et no Tubak gericht.

Alles, wat et ze kafe gouf, woar a Vitrinnen ausgestallt: Zigaretten, Zigarillos, Zigaren, vu ville Marken, Tubak an Zigarettebliedercher, Jicken a Schnauftubak, dohier koum wuel dem Schnaufpier säin Numm. (Ech wosst laang net, datt de Mann Zenner geheescht huet).

D’Théik woar an L-Form. Zu där enger Säit stoung de Schnaufpier, sou breet wéi héich, déi aner Säit seng Fra, d’Marechen. Dem Marechen säin Domaine woaren d’Séissegkeeten, et hat dee gréisste Choix a ganz Réimech vun Artikele fir ee Frang.

Dofir si mir Kanner sou gär do eragaangen. ‘t louch och esou praktesch um Wee fir an d’Schoul, net nëmme fir déi aus dem Neie Wee an aus der Maachergaass. Mëttes virun zwou Auer woar groussen Undrang. Wat ass et do alles ginn: „Speck“, rosa a wäiss oder mat Kokosflacken, Mourekäpp, Brausepolver, Hostien, Lakritzstaangen, Zockerstaangen, Mokuch um Meter oder an Daleren, Kamellen, véier fir ee Frang, kleng Wäffelcher, Gummis-Maisercher mat engem Schwanz, Knätsch … „Du hues d’Virwëtztute vergiess“, sot d’Elis, wéi ech alles opgezielt hunn. „Dat woar dat Bescht.“ Fir zwéi Frang krut een eng „Gromper“ mat Kokosflacken an enger schaumeger Fëllung, dat woar menges. Fir zwéi Frang och eng duebel Waffel, amerikanesche Knätsch vu Wrigley’s, fir Blosen ze maachen, kleng Rëppe Schockela. „Richtege“ Schockela huet véier Frang kascht, do woare Sammelbiller dran, domat ass gekoppelt ginn, fir den Album voll ze maachen.

Wie kee Frang hat, ass mat eragaangen, fir ze kucken. ‘t woar jo sou interessant!

Extrait aus dem  Buch “Eis fofzeger Joren” vum Biographiegrupp vum RBS

Den éischten Nationalfeierdag nom Krich
Wochelaang virdru schonn hate mir an der Schoul auswenneg geléiert a geprouft, den 22. Januar woar et sou wäit: an der Salle Baldauf zu Réimech ass grouss gefeiert ginn. Virum Portrait vun der Grande-Duchesse Charlotte stonge mir zu fënnef um Podium, am sonndesse Gezei, mat rout-wäiss-bloe Fändelcher an der Hand.

An der éischter Rei de Buergermeeschter, den Här Marold mat de Scheffen, den Här Deche Ries mat de Kapléin, dann d’Léierpersonal an all Schoulklassen. Den Här Maas aus der Oberprimär huet d’Gäscht begréisst an du hu mir eist Gedicht opgesot.

„Mir sinn déi Jéngst vu Lëtzebuerg,

ma Lëtzebuerger duerch an duerch“

Dat woar de Refrain, deen hunn ech fir ëmmer verhal.

Riede si gehal ginn, iwwer Fräiheet an Onofhängegkeet. Duerno hu mir all zesumme gesong: „Zwee Kinnekskanner, déi trei sech léif …“ Als Ofschloss si mir opgestan fir d’Heemecht: „Looss viru blénken d’Fräiheetssonn …“

Mir woare Kanner, awer mir hunn et gespiert: dat do ass eppes ganz Wichteges.

Owes woar Fakelzuch mat alle Veräiner. Mir Kanner haten e Lampion. D’Musek huet de Feierwon gespillt an d’Haiser woare beflaggt, rout-wäiss-blo a mam roude Léiw.

Den aneren Dag, ëm 11 Auer hunn d’Klacke feierlech fir den Te Deum gelaut wéi de Buergermeeschter an de Gemengerot mat Frack, Schärp an Dunn de Cortège an d’Kierch geféiert huet. D’Veräiner, d’Douane an d’Gendarmerie am Gala woaren derbäi a mir Schoulkanner. D’Musek huet e Marsch geblos.

D’Leit sinn an déi beliichte Kierch gestréimt. Iwwerall hu Käerze gebrannt, am hellste virun der Muttergottes an hirem schéinste Kleed: „O Mamm, léif Mamm“ huet d’Uergel gespillt. Op en Zeeche vun der Schwëster Cyrille hu mir all mat gesong mam Kierchegesang.

Um Altor stung den Här Deche mat de Kapléin, a goldene Gewänner an d’Massendénger a roude Räck mat wäissem Surplis. Et huet gutt no Weihrauch gericht. Alles ass opgestan: „Te Deum laudamus te“ Nom Seegen hu mir nach eng Kéier gesong: „O du do uewen deem seng Hand …“

Ni méi, an all deene Joren duerno ass esou iwwerzeegt gebiet an esou dankbar gesong ginn, wéi dësen éischte Gebuertsdag nom Krich.

D’Gemeng huet e Patt zum Beschte ginn, an a „Brouder“ woar Danzmusek. Nomëttes huet meng Mamm Nonnebréidercher gebak, déi éischt am Joer.

Héichwaasser zu Réimech am Dezember 1947
„Ech brauch Gummisstiwwele fir an d’Schoul ze goen. D’Musel steet scho bei Gretsch-Bertuys um Eck.“

No der Schoul um 12 Auer a virun der Schoul um 2 Auer ass alles bei d’Waasser gelaf. Dat woar net wäit, well d’Musel stong um Moart. An se ass nach ëmmer geklomm, bis se virun der Bréck zesumme gelaf ass! Den Héchststand.

Iwwer d’Esplanade ass et schon e puer Deeg net méi gaangen, et huet ee missen duerch d’Gässele goen, an och do oft nëmme mat Stiwwelen. Mir Kanner si mat de Schong derduerch gaangen, einfach aus Spaass un der Saach. Doheem sinn ech da vernannt ginn. „Ech hat jo gesot, ech brauch Stiwwelen!“

Op der Heizung an der Schoul louchen Hefter a Bicher ze dréchnen: dem Olga aus der Maachergaass säi Schoulsak woar an d’Waasser gefall. D’Leit haten op den éischte Stack geplënnert wat se konnten, awer och do huet d’Waasser schonn um ieweschten Trepplek gespillt.

D’Nache sinn hin an hier gefuer fir ze hëllefen. An engem Eemer hunn d’Leit den Ziedel mat de Commissiounen an de Suen un engem Seel erofgelooss, an d’Liewensmëttel spéider erop gezunn.

D’Waasser woar knaschteg. Wéi d’Musel gefall ass, huet misse séier gebotzt ginn, dass de Bulli matgaangen ass. Dofir woaren d’Pompjeeë mat de Schläich direkt op der Plaz.

Et woar fir eis Kanner vun uewen a Réimech eng opreegent Zäit. Mir sinn all Dag ze spéit un de Mëttesdësch komm, dat huet fir Ierger gesuecht. „Wat stitt dir do, de Leit hire Misär ze kucken?“ huet d’Fra mam Schrubber gesot. Da si mir alt nees getrëppelt: uewen a Réimech woar näischt lass!

D’Schoul zu Réimech nom Krich
Am Krich waren zu Réimech d’Schoulkanner gemëscht. Duerno, vun 1945 un, sinn d’Jongen nees vum Schoulmeeschter ënnerriicht ginn an d’Meedercher vun de Schoulschwësteren.

D’Klasse woaren op dräi Joer opgedeelt: Primär 1-3 a 4-6, Oberprimär 7-9. Nom 6. oder 7. Schouljoer sinn déi, déi konnten a wollten an d’Stad an de Secondaire gaangen.

Den Zuch vu Réimech an d’Stad ass um 6.15 Auer gefuer. Op all Statioun huet e gehal. Mat Chance huet een op der Gare gläich en Tram kritt fir an d’Stad oder op de Lampertsbierg. Fir owes heem ass den Zuch um 16.30 Auer gefuer. Dann ass een nach eng Kéier gutt duerchgerëselt ginn an ‘t woar een um 6 Auer zu Réimech.

Dat woar ustrengend, owes sollte jo och nach Hausaufgabe gemaach gi fir den aneren Dag. Dofir ass bal nëmmen d’Internat a Fro komm.

Fir meng Eltere woar dat eng grouss Dépense: d’Pensioun, de Minerval, den Zuch, den Tram an d’Bicher. Alles hunn se misse bezuelen an dat fir zwee: mäi Brudder woar am Lycée an an der Boulette an ech woar um Verluerekascht.

Dofir war d’Oberprimär net nëmmen eng gutt Fortbildung fir déi, déi nom 9. an e Beruff gaange sinn, awer och fir déi Schüler, déi méi spéit weiderléire gaange sinn. Eng gutt Basis fir am Secondaire e Joer z’iwwersprangen oder op d’mannst dat éischt Joer gutt ze packen. Ech hunn dofir och d’Oberprimärschoul fäerdeg gemaach.

Et woaren net nëmme Réimecher Meedercher: vun den Dierfer ronderëm, bis Remerschen, Bous a Greiweldeng sinn se komm, an dat mam Vëlo all Dag, Summer wéi Wanter. Am Wanter hunn déi meescht am Kinderheim giess, soss sinn se och nach mëttes heemgefuer. Dat woare bis op Remerschen 7 km, dat zweemol am Dag, hin an zréck. D’Milly vu Remerschen huet mir dat gezielt. Eng Kéier hat et mam Irène, mat deem et zesumme gefuer ass, gewett, et géng de ganze Wee fräihänneg fueren. Ënnerwee begéinen se de Gendarmen, och mam Vëlo. „Hues du d’Hänn kal?“, huet deen ee geruff. Hatt hat se net séier genuch aus den Täsche geholl! Duerno ass hatt nees fräihänneg weidergefuer.

D’7., 8. an 9. Schouljor aus der Oberprimärschoul vu Réimech, 1950

Déi mat de Krauselen op der Foto haten eng „Permanente“, dat woar esou ugesot. Vill hunn der e Schiertech un. D’Pullover woaren, wéi och d’Jacketten, handgestréckt a mat faarwege Sträifen, fir esou d’Wollreschter ze verwäerten. D’Juppe woaren aus grousskaréiertem Stoff dat Joer.

D’Foto ass virun der Schoul am Meederchershaff opgeholl, de Jongenhaff ass hannendrun. D’Bouwen haten hiren eegenen Agang an duerch d’Verbindungsdier am Gebai si mir ni gaang. Sou woar et net verwonnerlech, dass een d‘Jonge vum eegene Joergang net all kannt huet bis den éischt Konveniat!

Eis Léierin, déi dräi Joer, woar d’Schwëster Marie-Paule, allgemeng beléift a respektéiert.

Hommage fir eng Schoulschwëster

Wann hiren Numm haut gëtt genannt

gëtt si elo nach unerkannt

Si woar kompetent, si woar gerecht

wat eng gutt Léierin versprécht.

Nom 6. Schouljor hu mir eis gefrot

„Wéi soll dat am siwte weidergoen?“

‘t woar unanime: géi roueg hin.

Jiddereen huet si geluewen:

Do bass du gutt opgehuewen.

Si woar vu schlanker Gestalt

an hirem laange schwaarze Gewand.

E wäisse Bok an donkel An

déi kucken déif an dech eran.

Si woar och streng, awer gerecht

hiert ganz Wiesen, dat woar echt.

Si huet wat si wollt eis geléiert

vu jidderengem ugehéiert.

D’Schoul woar keng Plo:

si woar jo do.

Och no de Stonnen

konnt een do kommen.

„Wëlls du e Buch?

ass dat genuch?

Fir d’éischt dat do

an dat duerno.“

Si hat d’Siwent, d’Aacht an d’Néngt

dat woar genuch wéi et mir schéngt.

Huet Englesch mat eis geléiert,

mir hu mat Freed bei hir studéiert.

Wann si gespillt huet op der Gei

hu mir gesongen an der Rei.

Egal wat si huet proposéiert

mir hu mat Spaass kooperéiert.

Een Dag du woar si net méi do!

Oh Gott, wat gëtt dann dat elo?

Si goung ersat. Wien ass dann dat?

Mir woaren ausser Rand a Band

eis huet gefeelt hir roueg Hand.

Mir hate keng Uerdnong, keng Disziplin

Wou féiert dat mat der do hin?

Wéi d’Schwëster Marie-Paule du koum zeréck

wat eng Freed, wat e Gléck.

Ech géing hir haut gär Merci soen,

am Numm vun allen déi si kannt.

Fir wat a wéi si eis geléiert

sief si heimat zu déifst geéiert.