Memories » John Weber

D’Hëlze Bud
Wéi ech 1951 mäi Militärdéngscht gemaach hunn, si mer heiansdo, wa mer fräi haten, an d’Hëlze Bud een huele gaangen. Eng „Bud“ am Quartier de la Gare, dat kléngt wéi wann et eppes louches gewiescht wier, si war awer ganz harmlos.

Dëst Gebai aus Holz, schwaarz ugestrach, huet nach aus der Festungszäit gestaamt. Deemools hat de preisesche Kommandant vun der Festung ordonnéiert, datt all Gebai ausserhalb dem Festungsberäich aus Holz huet misse gebaut ginn. Am Fall vun engem Siège kënnten si da vun der Festungs-Artillerie a Brand geschoss ginn, fir dem Feind keng Deckung a keen Ënnerdaach ze bidden. Am Laf vun de Joren sinn all dës hëlze Gebaier verschwonnen, mat Ausnahm vun dësem Hotel, vis-à-vis vun der deemoleger hëlze Gare, déi haut natierlech aus Steen ass.

Bei der Gare ass och de Jangeli (Schmalspurbahn) fortgefuer an duerch d’ganz Stad gedämpt. Et hätt ee kënnen unhuelen et wier een am Far West: op enger Säit eng hëlze Bud mat engem Glänner wou ee säi Päerd konnt ustrécken, op där aner Säit ass en almoudeschen Zuch mat vill Damp a Geräisch fortgefuer.

D’Hëlze Bud, mat richtegem Numm „Café de la Gare“, louch zwëschen dem Hotel Alfa an dem Hotel International. D’Exploitanten vun dësem beléifte klenge Restaurant waren Feyder a Moes-Guichard. D’Gebai ass leider am Joer 1957 ofgebrannt an et war eng Baulück bis 1998, wou den Hotel Alfa sech vergréissert an den Terrain mat iwwerholl huet.

Théo Mey, copyright Photothèque de la Ville de Luxembourg

D’Schwëster Paula
1937 war ech bei der Schwëster Paula zu Déifferdeng an der Spillschoul. 40 Joer duerno sinn ech hir erëm begéint wéi si hir 95 Joer gefeiert huet. Ech war bestuet an hat mäi Meedchen un der Hand. Trotz mengem Baart huet si mech direkt erkannt a geruff : „Hei, dee klenge Johny !“

D’Stäckmécher
D’Holz war deier. Duerfir huet de Fierschter deene Leit, deenen hire Portemonni net esou déck war, d’Erlaabnis ginn, d’Holz vum Stack vun engem ofgeseetene Bam ze huelen. Dat war extrem gutt Feierholz, mee d’Wuerzele vun esou engem Bam si meterdéif an de Buedem gaangen, an et war eng Knachenaarbecht fir dat Holz eraus ze huelen. Elo war et am Minett esou, datt bal all drëtten an der Galerie geschafft huet, folglech also och Zougang zu Sprengstoff hat.

Staark Männer si mat allerlee Geschir an de Bësch gaangen, fir „Stäck ze maachen”. Fir d’éischt gouf de Buedem ronderëm de Stack mat Pioche a Schëpp ewech geholl. Dann ass den Expert, de Galeriesmann, mat engem décken Handbuer an Aktioun getrueden. Genee op der richteger Plaz huet hien e Polferlach bis an d’Mëtt vum Stack gebuert, eng ustrengend Aarbecht, déi Stonne gedauert huet. Dann huet hien, vu jiddwerengem bewonnert, ganz delikat de Sprengstoff „Luxite” an d’Buerlach gestoppt. De gréissten Zukunftswonsch vun eis Bouwe war deemools net Pilot, Lokomotivführer oder soss eppes ze ginn, neen, Sprengmeeschter fir e Stack an d’Lut ze joen.

Duerno ass dat Ganzt mat enger Wick a mat engem Détonnateur verbonne ginn, an d’Buerlach fest mat Buedem zougestoppt ginn. Endlech de sakralen Akt! Den „Offiziant” huet sech eng Zigarett gedréint an d’Zigarett an d’Wick ugefaangen. „Gare la Mine”, huet e geruff an alleguer si mer 30 bis 40 Meter hannert e Bam eis verstoppe gaangen. No der Explosioun sinn d’Fatze vun de Wuerzelen a vum Stack duerch d’Lut geflunn an et gouf ganz roueg am Bësch, kee Villchen huet sech méi geréiert.

Da sinn d’Männer virsichteg bei de Stack kucke gaangen an hunn opgepasst, op net en Aascht vun engem Bam kéint eroffalen. De Stack, deen nach gedämpt huet, war ausenaner gerass, an d’Wuerzele meterdéif aus dem Buedem gerappt. Elo ass am Fong geholl déi schwéier Aarbecht eréischt ugaangen. De Stack selwer huet sech zimlech liicht mat der See zerklengere gelooss. D’Wuerzele par contre ware steenhaart an et huet Deeg gedauert, bis dat Ganzt an handlech Stécker geschnidde konnt ginn.

Mär Bouwe waren entretemps scho mam Handweenchen erbäi komm, an dann ass dat wäertvollt Holz am Triumph heemgefouert ginn. Et huet schonn e puer Luedunge gebraucht, bis dat ganzt Holz sécher am Keller oder hannert dem Haus war. E gudde Stack huet bal eng Kouert Feierholz duergestallt, Holz, dat eng vill besser Qualitéit wéi dat gewéinlecht Holz hat. Et huet näischt kascht, mee et war mat vill Arbecht a vill Schweess verbonnen. Mär Bouwen hunn deemools och gesinn, wéi schwéier eis Pappen hu misse schaffen, fir datt d’Mamm Holz hat, fir d’Kachmaschinn ze hëtzen. Esou hu mär schonn e bëssen um richtege Liewen deelgeholl, an et deet mer nach haut, wou ech scho Grouspapp sinn, net leed.

Kiermes ouni PS
D’Kiermes wor an ass d’Fest vun de Kanner an et mécht den Erwuessene grad esou vill Freed, wann si deene Klengen hir Begeeschterung op deene verschiddene Spiller gesinn.

Déi Eeler vun eis erënneren sech awer och un déi sëlleche Kanner, déi mam Fanger am Mond nëmmen nokucke konnten, well si déi néideg fënnef Su net haten, déi et deemools kascht huet.

Do goufen et awer Kiermesleit, déi di gutt Iddi haten, fir hiert „Spill“ mat Muskelkraaft ze bedreiwen an esou zwou Mécke mat engem Schlag ze erleeën: Motor an elektresche Stroum spueren an an engems deene kräftege Jonge vun 8-14 Joer d’Geleeënheet ginn, fir hir Kraaft ze beweisen an duerno gratis Karussell ze fueren.

Dat gong esou, z.B. beim Spill vun de „Stillercher“: Ronderëm déi senkrecht Achs un där uewen un den Äerm d’Stillercher hungen, woren ënnen déck Staangen ubruecht, woumat een d’Achs konnt ronderëm dréinen. Dat ganzt wor mat Duch zougedeckt, sou dass een et net vu bausse konnt gesinn. Da sinn 8-10 fräiwëlleg Bouwen eng Leeder eropgeklomme bis bei déi déck Staangen, a wann de Kiermesmännche gepaff huet, dann hu si, wéi Galeeresträflingen, d’Achs mat de Stillercher gedréckt an d’Stillercher mat de Kanner si ronderëm geflunn. Huet de Kiermesmännchen dann erëm gepaff an den Tour war eriwwer, dann hunn d’Bouwen opgehalen ze drécken a si selwer op d’Staange gesprongen a si mat gedréit ginn, bis de Kiermesmann gebremst huet. Hat een da 5 bis 10 mol matgedréit, da konnt een eemol fir näischt mat de Stillercher fueren. Ech soen Iech awer, et war bal méi flott ze drécken an da beim Bremsen op d’Staang ze sprangen, wéi mat de Stillercher ze fléien.

Dat ass eng vun menge sëllechen Erënnerungen aus de Kiermeszäite vu virum leschte Krich.

Klibberen
Et muss ëm 1935 gewiescht sinn. Et ass schonn esou laang hier …

Bei eis an der Strooss zu Déifferdeng-Fousbann huet de Schräinermeeschter Schuller gewunnt, deen zugläich Dirigent vum Kierchechouer war. Well ech (deemools) esou e léiwe Bouf war, hat de gudden Här Schuller mär eng Klibber gemaach. Handgemat, net aus dem Buttek, eng richteg Klibber, keng Jarre oder wéi déi aner Dénger geheescht hunn.

Stolz ewéi Oskar, ech gung nach an d’Spillschoul, hunn ech mech am Schoulhaff ugemellt. Et waren déi eeler Messdénger, déi d’Gruppen agedeelt hunn an ech gouf an d’Klibbergrupp geschéckt, déi vun der Déifferdenger Schmelz un de ganze Fousbann a bis bal op Uewerkuer geklibbert huet.

Muerges um 6 Auer ass et ugaangen : „D’Muergersklack Klack laut, Muergesklack Klack laut, Muergesklack Klack laut“, Brrr. Mëttes um 12 Auer dann: „D’Mëttesklack Klack laut, Mëttesklack Klack laut, Mëttesklack Klack laut“, Brrr. Dann owes um 6: „D’Owesklack Klack laut, Owesklack Klack laut, Owesklack Klack laut“, Brrr.

Ware mer dann um Enn vum Fousbann oder bal zu Uewerkuer, dann hu mer nach eng Kéier ganz laang geklibbert fir d’Enn ze markéieren.

D’Klibberjonge vun Hamm, 1947 Photo: Tony Krier, Photothèque de la Ville de Luxembourg

Ech wor ëmmer derbäi, keng Minutt ze spéit, well ech wor stolz mat menger neier Klibber, et wor déi schéinst aus dem ganze Grupp. Karsamschdeg sinn dann am Schoulhaff d’Ouschtereeër an d’Sue vun de Gruppecheffen un d’Klibberjongen ausgedeelt ginn. Ech hu gemengt, dat giff do esou gerecht goen, wéi doheem wa meng Mamm oder mäi Papp eppes un eis dräi Kanner verdeelt hunn. Mee nee, hei huet een sech misse bäimaachen a wéi ech gemengt hunn, et wier u mär, do wor näischt méi do fir mech.

Katastroph! Ech sinn heemgelaf an hu gekrasch, well ech hat d’Hänn voller Blodere vum Klibberen. Meng Mamm huet versicht mech ze tréischten, ëmsoss. Bis um 2 Auer mëttes mäi Papp vum Schaffe koum. No 8 Stonnen an der Hëtzt an am Koméidi vun der Schmelz huet heen seng Zopp stoe gelooss, mech op d’Staang vu sengem Vëlo geholl an ass op Déifferdeng bei de responsable Kaploun gefuer.

Ech hu meng Blodere gewisen an hu vum Kaploun mäi wuelverdingte Loun kritt. D’Welt war erëm an der Rei an ech sinn nach haut, no bal 80 Joer, mengem Papp dankbar.

Ech sinn nach oft mat klibbere gaangen an ech wosst, datt een sech beim Verdeele vun den Ouschtereeër – an net nëmmen do – vir bäi misst halen.

D’Klibberjonge vun Hamm, 1947 Photo Tony Krier, Photothèque de la Ville de Luxembourg