Memories » Differdange

D’Schwëster Paula
1937 war ech bei der Schwëster Paula zu Déifferdeng an der Spillschoul. 40 Joer duerno sinn ech hir erëm begéint wéi si hir 95 Joer gefeiert huet. Ech war bestuet an hat mäi Meedchen un der Hand. Trotz mengem Baart huet si mech direkt erkannt a geruff : „Hei, dee klenge Johny !“

Kiermes ouni PS
D’Kiermes wor an ass d’Fest vun de Kanner an et mécht den Erwuessene grad esou vill Freed, wann si deene Klengen hir Begeeschterung op deene verschiddene Spiller gesinn.

Déi Eeler vun eis erënneren sech awer och un déi sëlleche Kanner, déi mam Fanger am Mond nëmmen nokucke konnten, well si déi néideg fënnef Su net haten, déi et deemools kascht huet.

Do goufen et awer Kiermesleit, déi di gutt Iddi haten, fir hiert „Spill“ mat Muskelkraaft ze bedreiwen an esou zwou Mécke mat engem Schlag ze erleeën: Motor an elektresche Stroum spueren an an engems deene kräftege Jonge vun 8-14 Joer d’Geleeënheet ginn, fir hir Kraaft ze beweisen an duerno gratis Karussell ze fueren.

Dat gong esou, z.B. beim Spill vun de „Stillercher“: Ronderëm déi senkrecht Achs un där uewen un den Äerm d’Stillercher hungen, woren ënnen déck Staangen ubruecht, woumat een d’Achs konnt ronderëm dréinen. Dat ganzt wor mat Duch zougedeckt, sou dass een et net vu bausse konnt gesinn. Da sinn 8-10 fräiwëlleg Bouwen eng Leeder eropgeklomme bis bei déi déck Staangen, a wann de Kiermesmännche gepaff huet, dann hu si, wéi Galeeresträflingen, d’Achs mat de Stillercher gedréckt an d’Stillercher mat de Kanner si ronderëm geflunn. Huet de Kiermesmännchen dann erëm gepaff an den Tour war eriwwer, dann hunn d’Bouwen opgehalen ze drécken a si selwer op d’Staange gesprongen a si mat gedréit ginn, bis de Kiermesmann gebremst huet. Hat een da 5 bis 10 mol matgedréit, da konnt een eemol fir näischt mat de Stillercher fueren. Ech soen Iech awer, et war bal méi flott ze drécken an da beim Bremsen op d’Staang ze sprangen, wéi mat de Stillercher ze fléien.

Dat ass eng vun menge sëllechen Erënnerungen aus de Kiermeszäite vu virum leschte Krich.

Klibberen
Et muss ëm 1935 gewiescht sinn. Et ass schonn esou laang hier …

Bei eis an der Strooss zu Déifferdeng-Fousbann huet de Schräinermeeschter Schuller gewunnt, deen zugläich Dirigent vum Kierchechouer war. Well ech (deemools) esou e léiwe Bouf war, hat de gudden Här Schuller mär eng Klibber gemaach. Handgemat, net aus dem Buttek, eng richteg Klibber, keng Jarre oder wéi déi aner Dénger geheescht hunn.

Stolz ewéi Oskar, ech gung nach an d’Spillschoul, hunn ech mech am Schoulhaff ugemellt. Et waren déi eeler Messdénger, déi d’Gruppen agedeelt hunn an ech gouf an d’Klibbergrupp geschéckt, déi vun der Déifferdenger Schmelz un de ganze Fousbann a bis bal op Uewerkuer geklibbert huet.

Muerges um 6 Auer ass et ugaangen : „D’Muergersklack Klack laut, Muergesklack Klack laut, Muergesklack Klack laut“, Brrr. Mëttes um 12 Auer dann: „D’Mëttesklack Klack laut, Mëttesklack Klack laut, Mëttesklack Klack laut“, Brrr. Dann owes um 6: „D’Owesklack Klack laut, Owesklack Klack laut, Owesklack Klack laut“, Brrr.

Ware mer dann um Enn vum Fousbann oder bal zu Uewerkuer, dann hu mer nach eng Kéier ganz laang geklibbert fir d’Enn ze markéieren.

D’Klibberjonge vun Hamm, 1947 Photo: Tony Krier, Photothèque de la Ville de Luxembourg

Ech wor ëmmer derbäi, keng Minutt ze spéit, well ech wor stolz mat menger neier Klibber, et wor déi schéinst aus dem ganze Grupp. Karsamschdeg sinn dann am Schoulhaff d’Ouschtereeër an d’Sue vun de Gruppecheffen un d’Klibberjongen ausgedeelt ginn. Ech hu gemengt, dat giff do esou gerecht goen, wéi doheem wa meng Mamm oder mäi Papp eppes un eis dräi Kanner verdeelt hunn. Mee nee, hei huet een sech misse bäimaachen a wéi ech gemengt hunn, et wier u mär, do wor näischt méi do fir mech.

Katastroph! Ech sinn heemgelaf an hu gekrasch, well ech hat d’Hänn voller Blodere vum Klibberen. Meng Mamm huet versicht mech ze tréischten, ëmsoss. Bis um 2 Auer mëttes mäi Papp vum Schaffe koum. No 8 Stonnen an der Hëtzt an am Koméidi vun der Schmelz huet heen seng Zopp stoe gelooss, mech op d’Staang vu sengem Vëlo geholl an ass op Déifferdeng bei de responsable Kaploun gefuer.

Ech hu meng Blodere gewisen an hu vum Kaploun mäi wuelverdingte Loun kritt. D’Welt war erëm an der Rei an ech sinn nach haut, no bal 80 Joer, mengem Papp dankbar.

Ech sinn nach oft mat klibbere gaangen an ech wosst, datt een sech beim Verdeele vun den Ouschtereeër – an net nëmmen do – vir bäi misst halen.

D’Klibberjonge vun Hamm, 1947 Photo Tony Krier, Photothèque de la Ville de Luxembourg

Mëttes huet de Rollesbierg eis gehéiert
<audio class="wp-audio-shortcode" id="audio-404-1" preload="none" style="width: 100%; visibility: hidden;" controls="controls">http://memories.lu/wp-content/uploads/C23-M+½ttes-huet-de-Bierg-eis-geh+¬iert.mp3</audio>

Wéi laang läit dat zréck? Mär Déifferdenger Bouwe waren Här a Meeschter um Rollesbierg. Dat awer nëmme mëttes, well an der Krichszäit hate mer muerges vun 8 bis mëttes 1 Auer Schoul, an d’Aarbecht „à ciel ouvert” um Rollesbierg war vu muerges 6 bis mëttes 2. Hate mer dann de more Krichskascht eran, da gong et op de Bierg. „Der Berg ruft”, huet meng Groussmamm gesot.

Wat war dann do esou interessant fir eis Bouwen? Ma um Rollesbierg louch d’Minett bal direkt iwwert dem Buedem an dofir sinn d’Flanke vum Bierg opgerappt an d’Minett erausgesprengt ginn. Dann ass et mat Buggien, déi op engem laange Schinnennetz stungen, direkt mat der Damplokomotiv „Guckuck” op d’Déifferdenger Schmelz „HADIR” gefouert ginn. Muerges huet een nëmmen „gare la mine”, d’Explosiounen, d’Kräische vun de Buggien an d’Gepäifs vum Guckuck héieren, awer mëttes, jo mëttes huet de Bierg eis gehéiert.

Op den opgerappte Flanke vum Bierg si mer geklotert a mer hunn eis virgestallt, et wier de Großglockner, mä d’Haaptattraktioun waren d’Buggien. Déi stungen eidel do a laange Rammen a mär hunn dann dee leschte lassgemaach an da si mer mat Karacho de Bierg erofgerannt bis de Buggi ënnen ausgelaf ass. Da si mer erëm eropgelaf an et ass un den nächste gaangen. Esou eng Operatioun huet bal 20 Minutte gedauert an um Enn stungen eng hallef Dose Buggien do wou se net higehéiert hunn. Mär awer waren doudmidd, well 10 bis 12 mol erop bei den nächste Buggi lafen huet een erbäigeholl.

An dëse Buggien sinn déi Déifferdenger Bouwe mat Karacho de Bierg erof gefuer

Der kënnt iech virstellen, datt dat den Aarbechter net vill Pleséier gemat huet, well déi Buggien hunn erëm muerges mam „Guckuck” eropgedréckt misse ginn. Et ass och virkomm, dass ee vun eis vun engem Wiechter erwëscht ginn ass an da sinn et der laanscht d’Rëpper ginn. Et huet alles näischt gedingt, de folgenden Dag ware mer erëm derbäi. Heiansdo hunn d’Aarbechter och de leschte Buggi vun enger Ramm aus de Schinne gehuewen a mär Bouwe waren net staark genuch fir en erëm op d’Schinnen ze setzen. Dann hu mer eppes aneschtes misse fannen, a mär hu fonnt!

Op der aner Säit vum Rollesbierg, do war den Tillebierg. Do war eng richteg ënnerierdesch Galerie. War dann um 2 Auer Feierowend, da sinn d’Mineuren aus der Galerie komm a se hunn hir Karbidsluten eidel gemat, dat heescht si hunn dat, wat nach vu Karbid dra war an e grousst Faass gehäit. Dat war eises. Dëse Karbid war nach net ganz verbrannt an deen hu mär da recuperéiert. Mer hunn dëse Karbid an al Bidongen oder a Fläsche geluet, Waasser drop, e Stopp driwwer an da fort. No e puer Minutte sinn dann déi Bidongen oder Fläschen explodéiert. Et war eng ganz geféierlech Saach, mä ganz am Sënn vun der Zäit. An der preisescher Schoul hu mer bal nëmme vu „Bomben und Granaten” héieren.

Nieft dem Fëmme vun „Fëmmholz” gouf et nach e Spaass, dee mer awer net oft probéiert hunn. Déi Aarbechtsbude vun de Grouwenaarbechter haten alleguer en Daach, dee mat Goudron impregnéiert war. Am Summer, wann et ganz wuarm war, huet de Goudron sou an Drëpse vun de Säiten erof gehaang. Mär hunn dann e puermol déi Drëpsen erofgeholl an als … Knätschgummi geknat. Net oft, well et hat een dono esou e komescht Gefill …

Wann ech dat alles esou iwwerleeën, da schéngt et mer wéi e Wonner, datt ech a vill vu menge Komeroden méi wéi 80 Joer al gi sinn an der nach mindestens 20 erwuarden.