Memories » Ettelbruck

Meng Kannerzäit am Krich -Deel 10: Nom Krich zu Woltz
Wéi d’Schoul de September 1945 rëm ugefaang huet, ass mäi Papp zréck op Woltz op seng al Plaz als Schoulmeeschter komm. Hien huet zu Wanseler bei eiser Famill logéiert an ass all Dag mam Vëlo op Woltz an d’Schoul gefuer. Meng Mamm a mir zwee Kanner sinn nach zu Ettelbréck bliwwen, bis mäi Papp eng Wunneng fonnt hat. Dat war net einfach, well zu Woltz hate vill Haiser es béis matkritt.

Bis Chrëschtdag 1945 sinn ech zu Ettelbréck an d’Schoul gaange bei d’Schwëster Martha. Ech erënnere mech nach gutt, datt meng Mamm ëmmer gesot huet: „Géi iwwer den Trottoir, dass de ënner keen Auto kënns.“ Dat hunn ech och gemeet.

Mee eng Kéier louch e Mann ënnert engem Camion. Ech si voller Schreck heemgelaf an hu menger Mamm gesot, et wier e Mann ënnert en Auto komm. Et huet sech awer erausgestallt, datt hien eppes ënnen drënner gefléckt huet.

Eng aner Kéier ass eng Schoulkomerodin, e klengt fäerterecht Meedchen, op der anerer Säit vun der Strooss iwwer den Trottoir heemgaang. Bei der Kierch stoung e Päerdsgefier. Grad wéi hatt niewent dem Gefier war, huet de Fouermann mat senger Schmack geklaakt an „hü” geruff. Déi zwee Päerd hunn ugezunn a si fortgetrappt. Wéi déi zwee Déier stënterlech ugerappt hunn, ass ee Päerd op den Trottoir geroden. Wéi d’Päerd laanscht waren, stoung d’Jeanny ganz verschotert an den Eck vun enger Säitekapell gedréckt, bleech wéi der Doud.

Enges Mueres, nodeems et Deeg laang gereent hat, koum ech bei d’Schoul. Wat war dat? De Schoulhaff stung ënner Waasser. D’Uelzecht, déi direkt hannert der Schoul laanscht leeft, hat Héichwaasser. Et war kee wäit a breet, nëmmen d’Schwëster Martha stung op der Schoultrap an huet mat der Hand gewonk, ech sollt erëm heemgoen. Ech hunn dee grousse Pull bestaunt, wou d’Schoul, wéi eng Insel, dra stung, mat der Schwëster op der Trap, an ech hu mech gefrot, wéi koum d’Schwëster mat de laange Räck bis dohinner. Si huet nach ëmmer gewonk, ech soll goen. Du sinn ech lues heemgetrëppelt. Meng Mamm huet grouss Ae gemeet, wéi se mech gesinn huet an huet gedonnert: „Gees du wuel an d’Schoul!” Ech sot, d’Schoul sténg ënner Waasser, an ech hunn ugefaang ze kräischen. Ob si et gegleeft huet oder net, si huet net méi insistéiert.

Et war esou ëm Chrëschtdag, wéi mäi Papp eng Wunneng fonnt hat, a mir sinn op Woltz geplënnert. De Marthe Friedchen vu Woltz koum eis mam Camion sichen. Meng Schwëster an ech souze vir beim Friedchen an der Kabinn bei eisen Elteren um Schouss. Dat war meng zweet Autofaart.

Eis Wunneng war an der Industriestrooss Nr 12 um éischte Stack. Wéi mer ukoumen, et war esou tëschent Dag an Nuecht, war e groussen Oplaf vu Leit an der Trap virun der Panzerkëscht vum Elektrëschen. Et gouf eng Stroumpann. Sou hu mer eis nei Nopere kennegeléiert: d’Famill Kryloff mam Anny a mam Elie, de Metty Meyer an d’Madame.

Wéi de Stroum erëmkoum, hunn  all d‘Leit äis gehollef de Camion auspaken. Ech erënnere mech nach, datt ech mech fir d’éischt an der Wunneng ëmgesinn hunn. Mir haten e Buedzëmmer, direkt niewent der Quartiersdier, duerno eng grouss Kichen mat enger gewalteger Kachmaschinn. Déi war geduecht, fir d’Waasser an allen Heizkierperen ze hëtzen, mee déi Erfindung huet näischt gedaacht. Mir haten en Hellefeier an der Kichen, mee et gouf keen Heizkierper a kengem Zëmmer waarm. En plus, hu missen Holz, Kuelen, Anthrazit a Briketten aus dem Keller op den éischte Stack geschleeft ginn, datt mäi Papp laang Äerm krut.

No der Kiche koum e Schlofzëmmer, déi aner Säit vum Gank war nach e Schlofzëmmer, eng Stuff an eng Salle à manger. Mir hunn eis meeschtens an der Kichen opgehalen. Zur Kichefënster eraus hunn ech den éischten Dag d’Ideal-Liederfabrik bestaunt, déi guer net wäit ewech war. Hanner dem Haus war e grousse Gaart, wou all Locatairen e Stéck ze gutt hat. De Gank war mat däischtergringem Duch agekleet, op de Biedem war helle Parquet, deen ëmmer huet misse gespéint a gewichst ginn, an an der Kichen hate mer schwaarz a wäissen Terrazzo. D’Proprietäre vum Haus ware geckeg Leit, déi all gudden Dag fir iergend eppes déckhale koumen. D’Schoettesch Marie hat mech alt eemol aus dem Gaart gejot a sot, hir Kanner wiren och ni an de Gaart gaang. Do gouf et awer schéin! Mäi Papp an d’Marie hu sech mol gutt zerjaut an d’Resultat war, datt mir an de Gaart gongen, wa mer wollten. D’Haus huet spéider de Proprietär gewiësselt an do gouf et ganz relax.

Meng Kannerzäit am Krich – Deel 9: De Krich ass eriwwer
Eng Kéier, d’Klacken hunn zu Haf gelaut, do koum eisen Noper eis Kellertrap erop an huet eis an de Keller geruff. Hien huet eis Kanner e rout-wäiss-bloe Lampion ginn, mat enger klenger Käerz dran, déi am Keller ugefaange gouf. Elo stunge mir erëm am Keller, wou mer higelaf sinn, wann d’Fligere koumen. Déi grouss Leit hunn e „Vaterunser” gebiet an duerno d’Heemecht gesongen. D’Christiane, eist Nopeschkand an ech, mir hunn eis Lampionen hin an hir geschwenkt an op eemol sinn se a Brand gaangen. Eis Pappen hunn äis se aus dem Grapp gerappt, an de Pabeier, deen hell gebrannt huet, um Buedem zertrëppelt. Et huet een d’Kellerdier opgemeet an eis zwee an de Gaart gejuppt. Hei huet d’Sonn geschingt, den Himmel war blo, d’Fréijorsblummen hu gebléit an d’Villercher hu gesongen. Déi kleng patriotesch Feier hat en huertegt Enn kritt, mee d’Haaptsaach war, de Krich war aus.

Wéi mer erëm am Haus waren, hunn ech d’Kaffismillen aus dem Schaf geholl an och d’Kaffiskëscht, wou nach e Fong Kaffisbounen dra gerabbelt hunn. Ech hunn e Këssen op de Buedem geluet, mech drop gesat, d’Kaffismillen tëschent d‘Knéie geholl a réck an zéck Kaffi gemuel. Meng Mamm huet gefrot: „Wat méchs de?” –„Ech muele Kaffi, de Krich ass jo aus,” Ech hunn ëmmer gesot kritt, mir géifen de Kaffi drénken, wann de Krich aus wier.

Et war och ëm déi Zäit, do huet meng Mamm mech sonndes ugedoen. Mäi Papp gouf mir e schéine rout-wäiss-bloe Fändel an de Grapp an du si mir an Ettelbréck getrëppelt virun d’Gemeng. Do stunge ganz vill Leit op d’Groussherzogin Charlotte ze waarden. Ech hu mat mengem Fändel tëschent de Paweesteng gestëppelt. Mäi Papp sot: „Hal de Fändel an d’Luucht, elo kënnt d’Groussherzogin!”

D’Dier vun der Gemeng ass opgaangen an et koum eng Damm eraus en engem donkelbloe Mantel, e klengen, bloen Hittchen um Kapp, e giele Bucki Tulpen am Aarm, an si huet doudtraureg dra gekuckt. Mäi Papp sot: „Kuck, do ass d’Groussherzogin op der Trap!”

Ech war entgeeschtert: „Neen, dat do ass se net, dat ass nëmmen eng Fra.”

D’Groussherzogin a menger Virstellung war eng Prinzessin mat engem Diadem mat engem décke Solitär an der Mëtt, e wäisse Pelz op de Schëlleren an e frëndlecht Laachen um Gesicht. Wéi dacks hat ech eng Brochure vun 1939 gekuckt, wou d’Groussherzogin op der éischter Säit war. Haut verstinn ech, firwat d’Grande-Duchesse esou traureg war, wéi si dat „sinistréiert” Lëtzebuerg erëmgesinn huet.

Trotz aller Erliichterung a Freed iwwert d’Enn vum Krich, louch awer eng grouss Trauer op eiser Famill.

Eise Wanseler Pätter war de 24. Dezember 1944 doheem un enger Longenentzündung gestuerwen. Jo, deemools 1944, wéi d’Preisen erëmkoumen, hunn se eis Wanseler Leit aus dem Haus gejot, well hiert Haus strategesch gutt louch fir e „Gefechtsunterstand” anzeriichten.

Mäi Pätter Bumm, menger Mamm hire Brudder, huet d’Uessen ugespannt an d’Matti an de Pätter an dat Allernéidegst opgelueden, fir se bei hir Famill op Iischpelt (Tarchamps) ze bréngen. Mee wéi se um Donkelser Poteau ukoumen, haten d’Preisen déi Kräizung scho besat an hu kee méi laanscht gelooss. De Pätter Bumm huet d’Kéier gemeet, si sinn erëm op Wanseler komm, si hunn sech an hirem Stall bei de Béischten an engem Eck opgehal, well dat Haus kee Keller hat. Et muss ee bedenken, et louch Schnéi dobaussen. Et hat keen e Bett. Si souzen dorëmmer op Botte Stréi an op Säck mat Gromperen. Si konnten sech net wiermen, wéi si dat hätte kéinten an hirer Stuff, mee do souze jo d’Preisen. Si hate just déi muffech Hëtzt vun de Béischten.

Do huet de Pätter sech erkaalt, krut Féiwer a schliisslech eng Longenentzündung. Hien huet no engem Här gefrot, fir versinn ze ginn, mee all déi mat him am Stall waren, hunn him dat ausgeschwat, well kee wousst, wou de Kaploun am Duerf ze fanne wier. Als läscht Wierder hätt e gesot: „Och, et war jo alles gutt!” D’Matti huet nach mat him gebiet an do war et säin Enn.

Seng Jongen, den Is an den Néckel, sinn an enger Geschëtzpaus an de Schapp gaangen an hunn aus réien Dillen eng Lued gezammert, de Pätter dra gebett an hie mat der Lued an d’Scheier gestallt, bis d’Preisen op eemol fort waren.

A wéi et net méi geschoss huet, hunn d’Jongen d’Lued mam Pätter op e Schlitt gesat a si mat him op de Kierfecht gefuer, deen e gutt Stéck aus dem Duerf erauslouch. Bal beim Kierfecht, huet op eemol e Maschinnegewier aus den Hecke vun déi Säit der Baach op si geschoss. D’Jongen hunn de Schlitt mam Pätter an de Gruef gedréckt a si si vive heem gerannt. Den Dag duerno war et roueg, an du sinn si erëm nom Schlitt mam Pätter kucke gaang. Si hunn de Schlitt aus dem Gruef  gehuewen a weider geschleeft, mee wéi se sollte beim Kierfecht iwwert Strooss goen, koum den amerikaneschen „Noschub”, eng kilometerlaang Kolonn mat Militärgefierer, déi net stallgehalen huet, bis an d’Nuet. Wéi si endlech laanscht war, war et däischter, a si hunn de Pätter mam Schlitt an de Kierfecht eragesat. Deen aneren Dag sollte si dann d’Graf aushiewen, mee do war net drun ze denken, well de Buedem war schankenhaart gefruer. Si hunn d’Lued mam Pätter op säi Graf gesat a mat e bësse Schnéi a Buedem zougedeckt. An eréischt, wéi de Schnéi ofgaang war, an alles entdeet war, gungen se nach eng Kéier lass mat Schëppen a Piochen an hunn de Pätter definitiv begruewen.

Wéi mir no der Offensiv fir d’éischte Kéier op Wanseler koumen, krute mir all Detailer verzielt an et gouf vill gekrasch.

Meng Kannerzäit am Krich – Deel 8: Erëm heem op Ettelbréck
Wéi d’Amerikaner d’Preisen definitiv „heim ins Reich” gejot haten, ass et am Land méi roueg ginn, a mäi Papp huet sech zu Fouss mam Rucksak um Réck op de Wee gemeet, fir heem op Ettelbréck. E puer Deeg drop huet hien äis e Mann mat engem Auto geschéckt, deen eis siche komm ass. Et war e schéinen, mee kalen Dag mat bloem Himmel. Et war meng éischt Rees an engem Auto. Op eemol ass e klenge wäiss a schwaarzen Hond äis virun den Auto gelaf. De Chauffeur huet versicht em auszewäichen. Mee, ze spéit, de Mupp huet eng Kéier gejingst, a wéi mir zu der hënneschter Fënster erausgekuckt hunn, louch hien op der Strooss. Hien huet keng Oder am Leif méi gerouert. „Nach een, deen de Krich net iwwerlieft huet,” sot de Chauffeur.

Hei kann ech nach verzielen, wéi de klenge Josy mat sengen Elteren heemgefuer ass. Et war en Auto an de Weylandshaff eragefuer. De Josy a seng Eltere stunge prett op der Trap. Den Auto huet gehalen, et war där aler, véiereckeger Virkrichsautoen een, dee beim Halen esou geschnaddert huet. De Josy huet sech dat Spill ugekuckt, et huet een him ofgesinn, datt et him net geheier war. Seng Mamm huet de Béifche mat der Hand geholl a gesot: „Nu komm Josy, elo gi mer heem!” De Josy huet haart ugefaang mat Kräischen an huet hannerzeg gehalen. „Da komm Josy!” sot Mamm. „Neen,” jaut hien, „ech gi mat de Féiss iwwer de Buedem!”

Wéi huet et zu Ettelbréck ausgesinn, wéi mäi Papp ukoum!

Et war e „Blindgänger” an eis Strooss gefall, an dobäi waren d‘Fënstere vun allen Haiser a Schierbele gaangen. Eis Hausdier war esouguer an de Gank geflunn. Eisen Noper, den Zammermann, hat se erëm agesat, mee well se net méi gehalen huet, hat hien se mat laangen Neel zougeneelt. Aus dem Haus waren all Decken a Diwwie verschwonnen. Mäi Papp huet Sperrholz a Kartrong an d’Fënsterlächer geneelt. Well nach keen Elektresch do war, huet hien no sengem Känki gesicht, deen huet hie beim Noper erëmfonnt, deen en, wéi e sot, ënnen an Ettelbréck organiséiert hat. Mäi Papp huet de Känki un enger Bascht am Schiirm erëmkannt, well hien säin Exame bei deem Känki geléiert hat. An eisem Keller waren d’Gromperen an d’Äppel nach do, mee si waren erkaalt. Mir hunn se awer nach giess, faute de mieux.

Wéi mer erëm doheem waren, gouf sech organiséiert. Mäi Papp goung bei e Bauer op Waarken Kuef sichen, déi meng Mamm an Zichen agefëllt huet. Dat gouf elo eist Bettgedecks. Déi Kuewekësse ware schwéier, awer gutt waarm.

Et gouf Fréijoer. Ech goung mat menger Mamm akafen, wat een ze kafe krut op Ticketen. Vill Haiser ware futti, déi eng hate Lächer an de Maueren, déi aner keen Daach méi, esouguer de „Kindergarten” louch komplett an engem Koup.

Meng Kannerzäit am Krich – Deel 7: „A wuer gi mir elo?“
Enges Daags am Dezember 44 stung meng Mamm mat Nopeschen um Trottoir zesummen ze deedegen. Wéi se erakoum, sot se zu mengem Papp, d’Nopere géifen all „fortlafen”. Mir sollten och fortgoen! Awer wuer, a wéi? Déi eenzeg Gefierer, déi mir haten, waren eng Kannerkutsch an eng Poussette. Meng Mamm huet eis néidegst Habséilegkeeten an d’Kannerkutsch gepaakt. An der Nuecht si mir déck waarm ugedoe an zu zwee an d’Poussette gesat ginn. Mäi Papp ass mat der geluedener Kannerkutsch gefuer a meng Mamm mat der Poussette. Si sinn duerch Ettelbréck geschréckt, bis op e Schläichwee laanscht d’Uelzecht. Et waren nach vill aner Leit ënnerwee mat Handweenercher, Veloen a Päerdsgespänner.

Heiandsdo ass eng Granat héich iwwer äis geflunn. Da sot meng Mamm: „Kanner biet!” a mir hunn de „Schutzengel mein” gebiet. Mir si vun deem Wee ofgebéit an du gung et géi de Bierg aus. Meng Mamm huet äis zwee net méi an der Poussette gepackt an ech hu missten erausklammen an zu Fouss goen. Wéi mer uewen op der Glécht waren, du ass et besser gaangen a mir hunn och keng Granate méi héieren. Mir si gaangen a gaangen a gaangen. Géint der Mueren koume mir op eng Kräizung. Mir sollte riichtaus goen a Richtung Bungeref, wou mäi Papp e Monni hat. Mee vun do koume masseg Leit erof mat Rucksäck, Wallissen a Poschen. Si soten: „Zu Bungeref,  do schéisst et ganz schlëmm!”

Meng Mamm huet an den héijen Himmel op gekrasch. „A wuer gi mer elo?” Mäi Papp huet iwwerluecht a sot, mer géngen elo op Platen goen, do géif hien eng Léierin kennen. Eng Stëmm aus dem Hannergrond sot: „Op Platen braucht der net ze goen, do paken se all selwer.” Dat war net grad dat, fir menger Mamm Courage ze ginn a si huet erëm gekrasch aus Verzweiflung a Middegkeet. Eng Hausdier as opgaang an eng Fra huet äis erageruff. Si huet mat mengen Eltere geschwat. Ech sinn iwwerdeems op hirem Canapé entschlof. Déi gutt Fra hat mengen Elteren en eidelt Haus ugebueden. Mee meng Mamm wollt net mat äis eleng an engem friemen Haus sinn. Ech gouf waakreg gerëselt a mir si weidergezunn. Mäi Papp huet zu Platen zwee Haiser kannt. Dat war d’Haus Kemmer, e Schoulmeeschter, mee dee war net doheem. Also si mer weidergaangen bei d’Famill Weyland. Do si mer mat enger immenser Selbstverständlechkeet opgeholl ginn. Et war den 20. Dezember. Nom Mëttegiesse goufe mir Kanner an e waarmt Bett gestach. Meng Elteren konnten sech vun hire Strapazen erhuelen, fir den aneren Dag awer ze probéieren bei de Monni op Bungerëf duerchzekommen.

Géint der Owend, sinn ëmmer méi Leit bei Weylands opgetaucht, déi en Daach iwwert dem Kapp gesicht hunn. Ee Gléck, datt dat e grousst Haus war! D’Leit aus dem Haus waren den Här Leo, d’Joffer Pauline, d’Joffer Amelie an de Kniecht Charel. An do waren nach d’Jofferen Cécile a Suzanne vun Eschduerf, den Här an d’Madame Nosbusch an hire klenge Josy vu Pëtschend, den Här an d’Madame Blees vun Ettelbréck, den Här an d’Madame Koetz mam Fernande a Colette, an d’Famill Hinger zu véier. Meng Elteren haten de Plang, fir op Bungerëf ze goen nach net opginn, mee den aneren Dag koume schlecht Norichte vu Rammerech an Ëmgéigend. Et wier onméiglech fir do duerchzekommen.

Freides, den 22. Dezember, hu mer zur Fënster erausgekuckt. Et hat geschneit. D’ganz Landschaft louch wäiss am Niwwel. Mir hu just nach d’Stroossebeem erkannt. Bei all Stroossebam stung en Zaldot geduckt. Waren et Preisen oder Amerikaner? Durch den Niwwel konnt een d’Fuerf vun den Uniformen net erkennen. Et ware baang Momenter, bis een iwwer de Gank gelaf koum a geruff huet: „D’Amerikaner sinn do!” D’Leit am ganzen Haus hunn opgeotemt.

D’Joffer Amélie ass mat engem Liter Branntewäin op d’Strooss gelaf, fir den amerikaneschen Zaldoten eng Wëllkommsdrëpp unzebidden. D’Joffer Pauline hannendrun mat engem Kuerf Äppel, déi si den Zaldoten ausgedeelt huet. Si sote merci mat: „Merry Christmas!” Mäi Papp gung och op d’Strooss an d’Amerikaner wollte vun him wëssen, wou d’Preise géife leien. Hien huet gemengt, si wieren nach 10 km wäit ewech, well et wosst keen, dass si nëmme knapps 2 km wäit ewech waren.

No der Erliichterung, datt d’Amerikaner do waren, koum erëm den Hummer. Et huet geheescht: apaken a fort, awer wouhin? D’ganzt Weylandshaus huet sech prett gemeet fir fort. Mee et gouf ofgewaart bis e formelle Bescheed vun den Amerikaner kéim. Den Här Blees koum aus dem Duerf mat der Noriicht, datt mer roueg bleiwe kënnten, d’Amerikaner hätte Schëlder un de Beem ugeschloen, datt et verbuede wier, d’Uertschaft ze verloossen. Gott sei Dank!

D’Amerikaner koumen an den Haff eragefuer, si wollten an der Scheier schlofen. Si kruten d’Scheier gewisen an eng Drëpp ugebueden. Een Amerikaner huet sech de Keller weise gelooss an hien huet den Hausleit geroden, sech drop gefaast ze machen, d’Nuet eventuell do ze verbréngen. D’Kellerfënstere goufe mat Dunnen, Brieder a Stréi verbarrikadéiert, jee, sou gouf gemengt, wiere mir sécher.

An där Baants wou d’Maansleit sech am Stall ëm d’Béischte gekëmmert hunn, hunn d’Amerikaner Batterien opgestallt, fir datt mer erëm Geliichts hätten. Iwwerdeems huet  dobaussen d’Artilleriefeier iwwer d’Éisleker Koppen erop gedonnert.

Chrëschtowend no der Mass an dem Nuetiesse souze mer nach an der Salle à manger beim Chrëschtbeemchen. D’Joffer Amélie huet Piano gespillt an d’ganz Gesellschaft huet Chrëschtlidder an Heemechtslidder gesongen, iwwerdeems d’Granaten eriwwer gehault hunn.

Meng Elteren hunn sech Suergen ëm hir Eltere gemeet, déi elo matten an der Hell vun der Offensiv gefaange souzen an vun deenen se keng Noriicht haten. De Radio huet net méi gesent a kee wosst, wat dobausse lass war. Just d’Batterien hunn aus dem „Daul” erop an d’Éislek gefeiert, datt d’Haus geziddert an d’Fënsteren an d’Diere geklabbert hunn.

Amerikanesch Zaldote koume verzielen, datt den amerikanesche Virmarsch gutt géif weidergoen, mee datt vill Dierfer et béis matkruten. Déck schwéier Panzer sinn an d’Éislek eropgefuer. Nuets hunn d’Leit wéinst dem Kanounendonner keen A zougedon.

All Dag koumen Zaldote fir Branntewäin ze kréien. Et war e richtege „Rush” op d’Branntewäinsfaass. D’Zaldoten hu Seef, Kaffi, Knätschgummi a Schockela géint Schnicki getosch. D’Leit hu verstan, datt et kee Pleséier war, fir a Gefor a Keelt, an haarde Kämpf, an Angscht a Verlaangeren, et hei auszehalen. Et koumen och alt emol Zaldoten, déi hu verzielt, wéi et elo an den Éisleker Dierfer géif ausgesinn. Mengen Elteren gouf et doudangscht ëm hir Leidercher zu Wanseler an zu Uewerwampech, déi do an där Hell mussten aushalen.

Vum 31. Dezember un hate mer erëm Elektresch an de Radio huet erëm fonktionéiert.  En huet Noriichte bruecht vun der batterer Schluecht ëm Baaschtnech. D’Rundstedtoffensiv huet geschéngt um Nullpunkt ukomm ze sinn. Eng amerikanesch Zeitung huet eppes vun enger ganz neier, preisescher Waff gemellt: vun der Atombomm, déi alles radikal kënnt zerstéieren. Eng Noriicht méi, fir d’Leit ze demoraliséieren.

Déi jonk Famill Weyland mat hire Kanner, déi op Kënzeg evakuéiert war, ass heemkomm, a mir, déi hiert Zëmmer beluecht haten, si bei mengem Papp säi Kolleg iwwergesidelt, wou mer nach e puer Woche verbruecht hunn. Ech erënnere mech nach, datt meng Mamm vun engem Amerikaner e Stéck Schockela krut. Dat war eng Iwwerliewensratioun vun den Truppen, déi keng Méiglechkeet haten, fir regelméisseg z’iessen. Si ass bei e Bauer Mëllech siche gaangen an si huet eng Rëpp Schockela an der Mëllech opgekacht. Sou krute mir de beschte Schockelaskaffi vun der Welt. Mir haten och keen Iddi méi, fir eppes aneres z’iessen, sou huet dee bäigehalen. Meng Mamm huet äis iwwer déi Krichswoche gerett, mir waren net hongereg an net krank.

Meng Kannerzäit am Krich -Deel 6: Liberatioun
An eiser Strooss, vis-a-vis vun eisem Haus, hu mer dacks en uniforméierte Preiss op der Trap gesi stoen. War et ee „waschechten“ oder e „Lëtzebuerger“ Preiss?

Dat weess ech net. Eisen Noper, den Zammermann, hat duerch irgendee Grond en Different mat him kritt an dee Mënsch oder Onmënsch hat dem Hary gedreet, et géif eng Handgranat a säin Haus fléien. Well et eisem Noper Hary net geheier war, koum hie bei äis a sot, mir sollte mat him a senger Famill e puer Deeg fortgoen, well wann de Preiss géif Eescht maachen mat der Granat, wire mir grad esou a Gefor wéi hien a seng Famill. Hien hat fir eis alleguer en Haus fonnt zu Bierden, wou gutt kënneg Leit äis alleguer géifen ophuelen.

Also hu mer äis enges Mueres op de Wee gemeet, wéi wa mer en Trëppeltour géife maachen. Eist Lisbeth souz an der Poussette, mir aner alleguer zu Fouss, just den Nico, den Nopeschjong, hat säi Vëlo mat, a vir um Gidong souz seng Kaz an enger Sacoche. Mir sinn aus Ettelbréck erausspadséiert op Waarken an dann de Bierg aus op Bierden.

Op eemol koum e Fliger, et war e klenge Jabo oder Storch, hien huet iwwer äis gedréint, ass méi déif erofkomm, a mir hunn eis alleguer an de Gruef op de Bauch gehäit, meng Mamm ass mat der Poussette ënner e Stroossebam gelaf. De Fliger ass ofgedréint, erëmkomm an dat e puer mol. Wien am meeschten Angscht hat, war dem Nico seng Kaz. Si hat an d’Sacoche gekackt an et huet fierchterlech gestonk. Den Nico huet d’Kaz aus dem Sak geholl an se mam Hënneschten iwwert de Wues geriwwen. De Fliger huet méi eng grouss Schleef gedréint a mir sinn an där Baants an e klengen Dännebësch gelaf, wou mer eis e gudde Strapp net méi erausgewot hunn. Meng Mamm huet aus hirer Posch eng kleng Branntewäinsfläsch erausgeholl an déi grouss Leit hunn emol eng Drëpp geholl. Ech hunn dierfe mäi Fanger a menger Mamm hir Portioun zappen, fir ze schmaachen. Uubrr!

Wéi mer laang näischt méi vum Fliger héieren hunn, hu mer ä is aus dem Bësch getraut a si weider bis an d’Duerf getrëppelt bei eisem Noper seng Bekannten, déi äis opgeholl hunn. Si haten an der Zäit emol eng Wiertschaft, déi se awer opginn haten a mir hunn an der fréierer Wiertsstuff logéiert. Et louche Matrassen um Buedem an do drop hu mir geschlof. D’Fra vum Haus huet fir déi ganz Gesellschaft gekacht, am Dag ass mäi Papp mat äis spadséiere gaang, fir datt mir de grousse Leit aus de Féiss waren. Den Zammermann huet mam Haushär allerhand geknéchelt an eis Mammen hunn der Hausfra eng Hand ugepaakt. Owes si mer an d’Kierch an d’Andacht gaangen. An der Kierch hunn se sou schéi gesongen, an ech wollt onbedingt matsangen. Dat eenzegt Lidd, wat ech konnt, hunn ech dunn ugestëmmt: „Margréitche, Margréitche, wou gees de?” Mäi Papp huet mir seng grouss Hand op de Mond gehalen an en huet ganz streng gekuckt. Do war ech roueg.

Sou gung dat e puer Deeg laang. Du koum d’Noricht: „D’Amerikaner kommen.” Mir hunn eis siwe Saachen zesummegeraaft a sinn erëm heemgetrëppelt. Den uerge Preiss war verschwonnen, hien hat sech nach zur Zäit aus dem Stëbs „heim ins Reich abgesetzt”.

Et war September 1944.

Et gouf ëmmer erëm Fligeralarm. Eisen Noper, den Zammermann, hat säi Keller mat Käfferen ofgestäipt a mat Brieder ausgekleet, fir e bommesécher ze maachen. Hien huet mengem Papp geschwat, fir en Duerchgang vun eisem Keller a säi Keller ze briechen. Da kënnte mir bei Bommenalarm mat a säi Keller sëtze kommen a mir wiere méi sécher. Nuets, wéi mir Kanner am Bett waren, gung d’Gehummers lass, an hei, den anere Mueren, war e grousst Lach an eiser Wäschkichen bis am Noper säi Keller. Méi wéi eng Kéier si mir, an Decke gewéckelt, an de Keller geschleeft ginn, wou mer dann zesumme geduckelt a schléifreg ofgewaart hunn, bis den Alarm eriwwer war. Den anere Mueren si mer erëm an eisem Bett erwächt. Et koumen ëmmer méi Leit, och aus aneren Haiser an de Keller, sou datt mir an eisem bliwwe sinn. Mäi Papp hat e Kannerbett erofgeschleeft a meng Schwëster an ech goufen do dra getässelt, eent ënnen an eent uewen.

D’Amerikaner waren do. No e puer Deeg waren se mat hire ville Gefierer iwwerall an Ettelbréck stationéiert. An eiser Strooss stungen hir „Trucks” laanscht den Trottoir. An all Haus waren e puer Zaldoten aquartéiert, sou och bei äis. Mir haten hinnen eis Stuff zur Verfügung gestallt. Et ware roueg Kadetten, nëmmen e puermol hu mer si ze gesi krut. Ee koum eng Kéier eng Biitche léinen, a frot fir waaremt Waasser ze kréien, hie géif sech gär wäschen, ob hien dat am Keller kéint maachen.

Meng kleng Nopesch an ech, mir souzen an der Kiche beim Dësch mat engem Blat a Fuerwen, fir ze molen. Op eemol koum en Zaldot bei eis eran an huet eis nogekuckt. Hien huet dem Christiane de Bläistëft aus der lénker Hand geholl an ëm en an déi „richteg” Hand ginn. Dunn ass hien erëm verschwonnen. Wa meng Mamm Fritte gemat huet, da kruten eis Amerikaner och e Plättel mat. Dacks sinn si och emol fir eng Zäit mat hire Camione verschwonnen an op eemol waren se erëm do.

Eng Kéier, datt d‘Camione fort waren an ech um Trottoir stung, koum eng Jeep d’Strooss eropgerannt, riicht op den Trottoir, op mech duer, an huet gestoppt. En Zaldot spréngt eraus , hëlt mech op den Aarm a laacht iwwert d’ganzt Gesiicht. Ech war esou erféiert, ech hunn haart gejaut, mat de Bee gestruewelt a mat den Äerm ronderëm mech gefacht. Wat ech mech méi gewiert hunn, wat hie mech méi fest ugehalen a gelaacht huet. Schliesslech huet e mech erëm op de Buedem gesat, ass a seng Jeep geklomm a fortgefuer. Ech sinn heem gerannt an hunn mat zwou Fäischt un eis Dier geknuppt, fir erageloos ze ginn. Ech hat dee Schreck vu mengem klenge Liewen.

Meng Kannerzäit am Krich – Deel 5 : Mäin eenzegen Dag an der Spillschoul
Et ass lues Hierscht ginn. Ech denken et war 1944.

D’Christiane, meng kleng Nopesch, war op eemol net méi do, fir mat mir ze spillen. Seng Mamm sot, hatt géif an de „Kindergarten“ goen. Ech hunn hannert menger Mamm geseet, fir och dohinner ze goen. Meng Mamm war d’accord. Deen aneren Dag sinn ech voller Erwaardung mam Christiane a senger Mamm zu Ettelbréck an de „Kindergarten“ geschréckt.

Dat Gebai war eng Aart prefabrikéierten, niddrege Schapp mat engem héijen Zonk ronderëm. Et ware vill Kanner do. D’Joffer war eng grouss Frau mat engem wäisse Schiertech, déi ganz streng gekuckt a keng Minn verzunn huet. Ech hat mir ze vill erwaart. Fir d’éischt hu mer missten de Mond halen, an dann de kapp op den Dësch leeën a maachen, wéi wa mer géife schlofen. Iergendwann am Muere si mer op d’Toilette gaang. Sou léif kleng Toiletten hat ech nach net gesinn! An direkt ass mer e Malheur geschitt: de Lastik vu menger Box ass duerchgefuer an si huet net méi erop gehalen. Ech si bei d’Joffer gaang an si huet mer e Knuet an de Lastik gemeet. Dat war dat eenzegt Positivt, wat si dee Muere gemeet hat.

Wéi et Zäit war fir heem ze goen, sinn d’Christiane an ech lues heem getrëppelt, hatt wosst jo de Wee. Ënnerwee hu mer zwee Fligeren um bloen Himmel gesinn, déi openee geschoss hunn. Mir si stoe bliwwen, a mir hunn erop an den Himmel gekuckt. Déi zwéin hu Fänkes gespillt an hu kleng wäiss Wolleke gespaut an dann huet et geknuppt. Op eemol ass meng Mamm uewen an der Gaass ëm d’Kéier gelaf komm, huet eis aus eisem Staunen erausgerappt, eis mat der Hand geholl an si ass vive mat äis heem gelaf „en rasant les murs“. D’Christiane an ech hate gemengt, datt dat e Spillche wier.

Dat war fir d’éischt a fir d’lescht, wou ech an de „Kindergarten“ gaange sinn.

Meng Kannerzäit am Krich – Deel 3: Alldag am Krich
Als Kand empfënnt een dat dagdeeglecht Liewe vill méi einfach. An de Joren 1941-1943 gouf wäit ewech gekämpft. Fir eis Kanner war d’Spillen am Gaart, am Haus oder op der Strooss ganz gemittlech. Mee d’Zäit war schwéier fir déi grouss Leit mat alle Schikanen, deenen si ausgesat waren an alle Suergen, déi d‘Liewe mat sech bruecht huet. Mee et ass de Kanner net opgefall, oder si hu sech näischt dorausser gemat, datt vun Zäit zu Zäit hu missten déi elle rout Hakekräizfändelen ausgehaang ginn, datt de Bréifdréier mat der gieler Uniform d’Post ausgedeelt huet, datt de Papp sonndes an der gieler Uniform mat der rouder Rabbelbéchs huet missten heesche goen.

A propos Uniformen, do hunn ech zwou kokass Erënnerungen: Mäi Grousspapp, Schoulmeeschter zu Uewerwampech, huet heiansdo misste mat anere Schoulmeeschteren a Beamten op Ettelbréck a „Schulungen” goen. Owes éier hien op den Zuch gung, koum en äis nach huerteg Moie soen. A wéi war hie verkleet! Hien hat eng Gielemännerchersbox un a Getten, uewen e schwaarze Paltong an eng schwaarz Dunn um Kapp. Wéi mäi Papp d’Dier hannerun him zougezunn hat, hunn déi zwéin sech dout gelaacht!

Eisen Noper, den Zammermann, koum eng Kéier eis Kellertrap erop am vollen Gielemännercher-Ornat, d’Kap huet op sengem wujelege Krauselkapp geschaukelt. Meng Mamm krut e Schreck an huet Kreesch gedon. Hien huet d’Kap ofgedon an do hu mir hien erkannt. Meng Mamm an hien hu sech eng Boss gelaacht. Duerno hu mir hien ni méi an deem Dress gesinn.

An der Zäit, wou et un esou villem gefeelt huet, hate mir awer ëmmer genuch z’iessen. Et goufen dacks nëmme Grompere mat Mëllech oder Brach. D’ganzt Joer duerch goufen et Geméiszoppen, well mir haten e grousse Gaart, wou mir all eist Geméis gezillt hunn, fir de Wanter mat. Et goufe Saubounen, gring Bounen, Kornischongen, Iertsen a Wuerzelen agemeet, Mous getuckt, Bier a Kréischele gepléckt a Gebeess gekacht, Kiischten a Quetschen „ageweckt”. Mäi Papp ass alt Hielenterbier plécke gaangen. Dovun ass Sirup gekacht ginn an deen hu mir mat Mëllech vermëscht gedronk. Et war schonn eng Art „Milkshake”, mee dat hu mir deemools nach net kannt.

Vun Zäit zu Zäit, koum de Monni Jemp oder de Wämper Pätter mat engem Kuerf Eeër, schéin am Hee verpaakt, engem geschluechten Hung oder enger Kanéngchen, oder engem Stéck Speck.  En Zapp-Ee oder Gréiwen op de Gromperen, dat waren Delikatessen. Meng Mamm huet Miel vun de Ratiounen zesummegehal an heiansdo Brout gebak. Wann se och Zocker versuergt hat, da goufen et, ganz rar, Kichelcher. Wann de Kleesche koum goufen extra Kichelcher gebak, keng einfach ronn oder véiereckeg. Neen, mäi Papp huet Kartongsschabloune gebastelt a meng Mamm huet den Deeg no deene Schablounen ausgeschnidden. Et goufen Zwergen, Dännebeemercher, de Wollef an d’Routkäppchen, jee eng ganz Mäerchewelt. Ech erënnere mech nach haut, mat wat fir engem Genoss ech dem béise Wollef de Kapp ewech gebass hunn.

D’Spillsaache fir Niklosdag waren och „fabrication de la maison”. Nuets, wann ech am Bett louch, awer nach net richteg entschlof war, hunn ech dacks e komescht Gesouers héieren an ech hu mech gefrot, wat dat wier. Ech war net esou kéng, fir kucken ze goen, well an der Däischtert hunn ech gefaart, d’Luten hu jo missten ausbleiwen, wéinst der „Verdunkelung“. Och war et mir am Gank an an der Trap ze kal, well d’Kuele rationéiert waren a well de „Kohlenklau” ëmgung – en ellene schwaarzen Houseker mat engem Sak um Réck, deen zu all Spléck konnt erakommen an d’Hëtzt klauen.

Also, wann et owes esou komesch gesouert huet, huet mäi Papp mat enger klenger elektrescher See aus Sperrholz Spillsaache gebastelt: d’Schnéiwittchen, déi siwen Zwergen, Dännebeemercher, all d‘Béischten aus dem Bësch a vum Bauerenhaff, esouguer eng Krëppche stung fir Chrëschtdag ënnert dem Beemchen. Déi Figure waren, wa mir se Niklosdag um Dësch fonnt hunn, schéi fuerweg op zwou Säiten ugestrach a stungen op engem breede, flaache Fouss. Wat hu mir domat gespillt! Mir haten och en hëlzenen Zuch kritt mat e puer Waggonen, deen ee mat enger Ficelle noschleefe konnt. Da sinn all déi Déieren a Männercher mam Zuch gefuer.

Mam Gezei huet meng Mamm sech vill misste ploen. All Fiedemche Woll gouf zesummegestréckt, egal wat fir eng Fuerf, an duerno gouf déi Box oder dee Pullover mat donkelbloer Fuerf agefierft, a well déi verschidde Wollen d’Fuerf net gläichméisseg ugeholl hunn, war dat Gezei ganz getigregt.

Meng Kannerzäit am Krich – Deel 2: Meng fréi Kandheet
Mir ginn an de Kino

Eng Kéier koumen Nopeschkanner mech sichen, mir géngen an de Kino. Et muss am Advent gewiescht sinn. Meng Mamm huet mech ugedoen, mee ech krut eng aner Mutz u wéi soss. De Kino war e grousse Sall voller Kanner, ech gouf op e Klappstull gesat a krut gesot, ech misst brav sëtze bleiwen. Et ass däischter ginn an de Film ass ugaangen. Et war „Hänsel und Gretel”. Ech war ganz traureg mat den aarme Kanner bei der béiser Hex an duerno och ganz frou, wéi déi béis Hex am Bakuewe verbrannt ass.

An der Paus war ech awer ganz irritéiert, well do huet e Kasperl de Kapp aus enger klenger Fënsterchen erausgestreckt. Hien hat eng donkelgring Mutz u mat engem hellgringe Bord an enger hellgringer Bommel. Dat war jo genee déi selwecht wéi meng. De Kasperl huet mam Kapp gewackelt, dass d‘Bommel hin an hir geflunn ass, hien huet mat eis Kanner geschwat, an ech hu gemengt, hien hätt sou eng Stëmm wéi mäi Papp. D’Kanner hunn all gelaacht an dem Kasperl op seng Froe geäntwert, mee mir war et net geheier. Wéi de Kasperl seng Dommheete verzaapt hat, krut all Kand eng kleng Kartonskëscht, wou fréier emol eng elektresch Bir dra war a wou elo zwéin, dräi haart Kichelcher dra gerabbelt hunn. Dat war eis „Bescherung”. Du konnte mer heemgoen.

Meng Mamm huet mech gefrot: „Wéi war et dann?” Ech weess nach, datt ech geäntwert hunn: „De Kasperl hat meng gring Mutz un an en huet geschwat wéi de Papp!” Meng Mamm a mäi Papp hunn sech bekuckt a gegrinst, mee näischt gesot. An sou blouf ech mat mengem Staunen an Zweiwelen eleng. D’Kichelcher hunn ech missten déif an de Kaffi zappen fir se z’iessen, jee et war jo Krich an et konnt een näischt Besseres erwaarden. Meng gring Mutz mat der hellgringer Bommel hung erëm um Krop.

Beim Fotograf

D’Kanner aus der Strooss koumen eng Kéier schellen a soten zu menger Mamm, si soll mech schéin undinn, den Här Hoffmann uewen aus der Strooss géif eis „ofzéien”. Ech hunn näischt vun der Zeremonie verstan. Ech wousst just wann eng Kanéngche geschluecht gouf, da gouf se och „ofgezunn”. Ech wollt awer näischt vu menger Angscht weisen a hu meng Mamm gewäerde gelooss. Si war voller Begeeschterung an huet mir mäi sondesse Rack ugedoen. Frësch ugedoen, gewäsch a gekämmt, hunn d’Kanner mech matgeholl uewen an d’Strooss. Do stung den Här Hoffmann och scho prett mat sengem Photoapparat. Mir sinn opgestallt ginn. De Photograph huet sech a Positioun gehäit fir ze knipsen. Dee selwechte Moment hunn ech geduecht, elo ass et esou wäit an hien zitt dir d’Haut iwwer de Kapp. Ech war prett fir haart ze kräischen. Déi aner Kanner stungen do, léif ze laachen. „Zig“ ass et gaangen an et war geschitt, mir waren an der Këscht. Dat war et! Mee wann ech haut déi Photo kucken, gesinn ech, wéi meng Mondwénkelen no ënnen hänken an ech spieren nach de Schlucksert an der Strass.

Selwergemaachte Kamellen

Eng aner Kéier haten déi méi grouss Kanner mech mat heem geholl. Mir waren zu en etlech. Déi Kleng – do war ech derbäi – hu sech misste roueg op e Stull sëtzen an duerften sech net méi réieren. Déi Grouss hu gesot: „Elo maache mir Kamellen”. Et gouf eng Pan op d’Kachmaschinn gesat, an där e gutt Feier geduddert huet. E Schnatz Botter an d’Pan, deen direkt geschmollt ass, Zocker derbäi a geréiert. Den Zocker ass lues a lues brong ginn an huet geschaimt. Wéi alles hellbrong war, gouf d’Pan op de Kichendësch gekippt. Den zéiegen, flëssegen Zocker gouf mat Messeren zesummegeschäert an déi grouss Meedercher hu sech jiddereent eng Zockerknupp erofgeschnidden. Hu, waren déi nach waarm! Si konnten se net an de Fangeren halen. Si hunn se an d’Lut gehäit, wéi wann se mat engem Ball géife spillen an erëm opgefaang. Mir, déi Kleng, souzen do, deem Spillchen nozekucken. Wéi déi Zockerbulle méi kal goufen, goufen se an d’Längt gezunn, ëmmer méi laang an dann op den Dësch geluet, a mat engem Messer a mondsgeriet Stécker geschnidden. Mir hunn nach e bëssche misste waarden, éier mir eng Kamell kruten, si waren nach ze gliddeg. D’ganz Kichen huet esou lackeleg no Karamel geroch an äis ass d’Waasser am Mond zesummegelaf. Endlech war et esou wäit. Jiddweree krut esou eng pecheg Kamell an de Mond gestach. Mmm! Ech weess haut nach, wéi gutt mer déi Kamell geschmaacht huet. Kee Wonner, deemools war den Zocker rationéiert an d’Séissegkeete rar.

Meng Kannerzäit am Krich – Deel 1: Meng fréi Kandheet
1939, wéi ech gebuer gouf, war bei äis am Land d’Welt nach zimlech an der Rei, obschonn den Hitler mat senge Panzere schonn seng ëstlech Nopeschlänner iwwerrannt hat. Den 10. Mee 1940 sollte mir, déi westlech Nopeschlänner, un d’Rei kommen. Wéi si sech dunn hei am Land installéiert haten, sollt villes anescht ginn.

Mäi Papp war Schoulmeeschter zu Woltz an der Jongeschoul an zwar de Jéngsten, dat heescht deen, deen am leschte genannt gi war. D’Preisen hunn d’Schoulwiesen ëmgemodelt an an all gréissert Schoulgebai koum e „Schulleiter”, e Preiss, deen de Lëtzebuerger Schoulmeeschtere virun d’Nues gesat gouf. Mäi Papp war dunn zevill am Gebai, an hie gouf versat. Hie konnt op e preisescht Duerf goen oder op Ettelbréck, an hien huet Ettelbréck gewielt.

Mir sinn dunn op Ettelbréck geplënnert, an d’Waarkener Strooss. Mir haten e grousst Haus ze loune kritt, mat engem grousse Gaart hannen drun a frëndleche Nopere riets a lénks.

Mir hunn äis gutt agelieft an ech hunn do meng éischt Jore verbruecht. 1942 hunn ech eng kleng Schwësterche kritt. D’Famill aus dem Éislek ass nawell dacks op Besuch komm an dat war ëmmer eng grouss Freed. Vun Zäit zu Zäit koum mengem Papp seng Tatta, déi menger Mamm gehollef huet Gezei ze bitzen. Eng aner Tatta, d’Jeanne, eng Schwëster vu mengem Papp, war och eng Zäit laang bei äis. Si war am Frankräich am Déngscht gewiescht, an op eng abenteuerlech Weis aus dem besate Frankräich erëm heem op Lëtzebuerg komm.

Mäi Papp huet fir déi jonk Schoulmeeschteschkandidaten, déi zu Ettelbréck an der LBA (Lehrerbildungsanstalt) waren, praktesch Stonne gehalen. D’Normalschoul war ëmgedeeft ginn an huet zu Ettelbréck am Pensionat Ste-Anne fonctionnéiert. D’Schoulschwëstere waren aus dem Pensionat erausbugséiert ginn. Si sinn a verschiddene Spideeler ënnerkomm oder soss enzwousch higestach ginn, wou Personal gebraucht gouf.

D’Pensionat Sainte-Anne zu Ettelbréck, wou am Krich d’Normalschoul ënnerbruecht war

Wa mäi Papp sou Léierstonne virbereet huet, huet hie mech mat an d’Schoul geholl. Da war ech doheem eraus. D’Mamm an de klenge Puppelchen haten hir Rou. Am Schoulsall krut ech dann eng Këscht faarweg Kräid an ech hu mech dru gi mat molen. Molen ass vill gesot! Ech hu vun all Fuerf e Stréch gemeet an hu mech dorunner gefreet. An där Baants huet mäi Papp op enger anerer Tafel en „Tafelbild” gezaubert. Ech ka mech nach haut un eent dovunner erënneren: Et war en décke Weidekapp mat ville Rudden, déi strutzewech stungen. De Weidestack hat e Gesiicht mat engem Schnurres an engem laange Baart. Hie stung op enger Wiss mat vill Gras, wouranner mof Blumme gewuess sinn. Mäi Papp huet mech gefrot: „Wéi fënns du mäi Bild?” Natierlech hunn ech et schéi fonnt, mee ech sot zu him: „Mäint ass méi schéin.” Spéiderhin, wéi ech dunn an d’Schoul gaange sinn, hunn ech d’Bedeitung vum Bild verstanen. Et war d’Illustratioun vum Liesstéck aus dem 3. a 4. Schouljoer: „Frau Wiese und ihre späten Kinder”. Et huet sech ëm „Herbstzeitlose” (Uuchteblummen) gehandelt, déi, well se sou plakeg waren, vun der Frau Wiese rosa-mof Kiddelcher geschnidde kruten, vun engem Rescht Stoff vum  „Wiesenschaumkraut” (Kéisblummen). D’Frau Wiese hat net méi mat sou spéide Kanner gerechent.

Dat war net déi eenzeg Kéier, wou ech mat an d’Schoul goung. Et war op engem fräien Nomëtteg. Mäi Papp an ech sinn op de Schoulspäicher geklomm. Hien huet eng Dier opgemeet a mir stungen ënner dem Schouldaach. Do war eng Hëtzt fir ëmzefalen. Mäi Papp huet Zeitungen op Dëscher auserneegefaalt, dorobber huet hie Kamillebléien an aner Bléien auserneegebreet. Hie war, wéi hie spéider nom Krich am Laache gesot huet „Heilkräutersammelstellenleiter”. Well am Krich hunn d’Schoulmeeschtere mat de Schoulkanner misste Kraider sammele goen, an hien hat d’Charge fir se ze dréchnen, ze verpaken an ze verschécken. Eng Kéier krut hien de ganze Saster erëmgeschéckt mat der Bemierkung: „Die Kräuter sind unbrauchbar, es waren Maden drin!” Du sinn ech erëm mat mengem Papp mat de Päck op de Schoulspäicher geklommen, hien huet d’Dier opgemeet a mat engem grousse Schwonk all déi Päck an de Schoulspäicher gejummt a sot: „Do, fäerdeg!” Wa keen se ewechgeholl huet, leien se haut nach do!