Memories » religion

Meng Kommioun
Ech hu meng éischt hl. Kommioun 1954 zu Bouneweg gemaach.

Ons Kierch war den 9. August 1944 duerch e Bommenugrëff zerstéiert ginn an ass am  Joer vu menger Kommioun duerch eng nei ersat ginn. Déi hat e ganz moderne Baustil mat engem véiereckege Klackentuerm, fir déi Zäit ongewinnt. Si war der Muttergottes geweit a krut den Numm „Maria Regina Pacis“. De schéine Mosaik vun der Muttergottes iwwert dem Portal, eng Aarbecht vum Daniel Loire vu Chartres, war eng Sensatioun. Vill Leit hunn awer gemengt, bannendra géif se éischter un eng Fabrik erënneren, mat deene strenge Linnen, den Eisestäiler an dem schwaarzen Naturschifer un de Maueren.

Ons Kanner war dat egal. Mir hunn ons op onse Kommiounsdag an der fonkelneier Kierch gefreet.

Fir mech war alles wonnerschéin. Mäi Rack war zwar aus zweeter Hand, awer ganz elegant.

Mir haten alles gutt geprouft: D’Gebieder an d’Lidder ware bestëmmt honnert Mol mam Kaploun widerholl ginn. Mir wossten, wéi mer ons sollte fir de Cortège opstellen, wéi mer ons bei der Kommiounbänk knéien a wéi mer ons Plaz nees erëmfanne sollten. Dat Kostbaarst bei der Kommioun war ee mat echt Gold iwwerzunnen Tellerchen, dee mir sollten ënnert de Kënn halen, datt d’Hostie net konnt eroffalen an dann un onsen Noper weiderreechen.

Fir meng Kommioun hat mäi Pätter mer e Magnificat geschenkt an e Rousekranz, deen an enger Pëchelchen war aus dem selwechte Lieder

Nomëttes war fir den Ofschloss vun deem schéinen Dag eng „Danksagungs-Vesper“. Mir alleguer, a besonnesch onsen Här Paschtouer Paul Heinen ware frou, datt alles gutt geklappt hat an et war eng ganz entspaanten Atmosphär. Den Här Heinen ass zum Schluss op de Priedegtstull geklommen an huet eng lescht Usprooch fir d’Kommiounskanner an hir Eltere gehalen. D’Nomëttessonn huet duerch déi schéi Fënstere gestraalt a faarweg Kréngelen op ons Käpp gemoolt.

A senger Begeeschterung huet hien du seng Hänn an d’Luucht gehuewen, deene faarwege Stralen entgéint an huet mat enger Stëmm, déi sech vun Emotioun iwwerschloen huet, gesot: „Und wir möchten rufen, Sonne bleib stehen, damit dieser schöne Tag nie zu Ende gehen möge.“ Mat engem herrlechen „O Mamm, léif Mamm“ huet den Organist den Ofschloss gemaach.

Mäi Papp, deen ëmmer Sënn fir Humor hat, sot zu menger Mamm, wéi mer erausgaange sinn: „Mengs de net, do hätten awer elo de Galilei an de Kopernikus sech am Graf ëmgedréit, wann se dat vun der Sonn héieren hätten.“

Den Här Meier an d’Gnod Gottes
An de 50er Joren, wéi ech zu Bouneweg-Nord an d’Primärschoul an der Rue des Vergers gaang sinn, hate mir am Reliounsunterricht den Här Kaploun Paul Marie Meier. Déi Zäit hat de Paschtouer an enger grousser Par wéinstens zwee Kapléin, déi him gehollef hunn seng Scheewercher ze betreien.

Den Här Meier war bei ons all beléift, well hie war ëmmer fein. Hien huet och méindes mueres, wann ee sonndes virdrun net an der Mass war, keng Pouten ausgedeelt, wéi dat bei anere Geeschtlechen Usus war an, et huet mol keen eppes dobäi fonnt. Hien huet all d‘Geschichten aus der Bibel esou gezielt, wéi wann et an der haiteger Zäit wär an hien et perséinlech erlieft hätt.

Et huet ons och imponéiert, datt hie mat engem Auto an d’Schoul komm ass, wat déi Zäit éischter aussergewéinlech war. Et war en neie VW-Käfer, schwaarz, ëmmer frësch gewäsch a gewichst. Et war säi ganze Stolz. Seng Bezéiung zu deem Gefier war esou grouss, datt hien säi Käfer och mat an seng reliéis Geschichten agebaut huet.

Wéi d’Zäit vun der Kommioun ëmmer méi no komm ass, huet hien ons och vun der Gnod Gottes gezielt. Wat verstinn déi kleng Meedercher vum Begrëff „Gnod“? Dat war net esou einfach: et war näischt, wat ee konnt gesinn, héieren oder spieren. Hien huet dunn d’Léisung fonnt, fir ons dat bildlech ze maachen: „Kuckt Kanner, wann ech mat mengem Volkswon fueren, da leeft deen nëmmen esou laang bis den Tank eidel ass an da bleift e stoen. Sou ass et och mat der Gnod Gottes. Déi brauch är Séil all Dag fir nei opgetankt ze ginn. D‘Tankstell fir är Gnod, dat ass d’Gebiet. Ouni d’Gnod vum Herrgott geet guer näischt. Déi ass wéi de Benzin fir den Auto. Déi hëlleft Iech, brav ze bleiwen, gutt ze léieren a léif mat äre Schoulkolleginnen ze sinn, sou wéi den Herrgott dat vun iech wënscht.“

Mir hunn dat Beispill sou gutt fonnt, datt mir dunn alles verstan haten, wéi dat sech mat där Gnod verhält. Mat deem Trick hat hien sech richteg „Musterschülerinnen“ erugezillt!