03/10/2016

Aus dem Liewe vun enger Infirmière

Wéi mir 1945 aus der Evakuatioun vu Lëntgen heem op Waasserbëlleg komm sinn, war eist Haus mam Geschäft, wéi och vill aner Haiser, verbrannt. Och déi zwou Brécke waren zerstéiert.

Schonn 1950 war d’Aweiung vun der neier Bréck tëschent Waasserbëlleg a Waasserbëlleg-Bréck. Et war déi éischt, déi nom Krich erëm opgebaut ginn ass. Dat selwecht Joer huet och d’Pont de Verkéier mat Oberbëlleg (D) nees opgeholl. Weiterlesen

19/09/2016

Am Meedercherslycée

1933 ware mir zu 3 Meedercher aus eiser Klass vun Diddeleng, déi den Aufnahmeexamen fir an de Meedercherslycée an der Stad um Lampertsbierg gemaach hunn. Mir hu muerens de Schülerzuch geholl, mir hate keng Ahnung, wou dee Lycée wier a sinn einfach deene méi eelere Schülerinnen nogaangen. Déi waren awer nomëttes fräi. Mëttes konnte mir am Lycée iessen. No 4 Auer huet d’Madeleine gemengt, wa mir no Süde géngen, misste mir d’Gare fannen. Weiterlesen

15/07/2016

Spillgeschichten

Ech sinn vum Joergank 59. Mir, dat sinn meng Mamm, mäi Papp a meng grouss Schwëster, hunn zu Betten op der Mess gewunnt. Meng Elteren haten do um Kiem e klengt Reienhaus mat engem schmuelen, awer laangen Haff hannendrun. Vun der Kichen ass een direkt an den Haff komm. Esoubal schéi Wieder war, stoung d’Kichendier grouss op. Mir hunn déi meeschten Zäit do hannert dem Haus am Haff verbruecht. Weiterlesen

27/06/2016

D’Schwëster Paula

Spillschoul Déifferdeng 1937

1937 war ech bei der Schwëster Paula zu Déifferdeng an der Spillschoul. 40 Joer duerno sinn ech hir erëm begéint wéi si hir 95 Joer gefeiert huet. Ech war bestuet an hat mäi Meedchen un der Hand. Trotz mengem Baart huet si mech direkt erkannt a geruff : „Hei, dee klenge Johny !“

21/03/2016

D’Stäckmécher

D’Holz war deier. Duerfir huet de Fierschter deene Leit, deenen hire Portemonni net esou déck war, d’Erlaabnis ginn, d’Holz vum Stack vun engem ofgeseetene Bam ze huelen. Dat war extrem gutt Feierholz, mee d’Wuerzele vun esou engem Bam si meterdéif an de Buedem gaangen, an et war eng Knachenaarbecht fir dat Holz eraus ze huelen. Elo war et am Minett esou, datt bal all drëtten an der Galerie geschafft huet, folglech also och Zougang zu Sprengstoff hat. Weiterlesen

26/02/2016

Meng Kannerzäit am Krich – Deel 12: Mam Pätter op Baastnech

Et muss kuerz nom Krich gewiescht sinn, am Wanter 1946. Eise Pätter, dee just pensionéiert gi war, koum nawell dacks bei äis op Besuch an hien ass dann och e puer Deeg bliwwen. Mir Kanner waren ëmmer begeeschtert. Hien huet äis Tricke gezielt a mir hunn eis futti gelaacht. A wann hie gelaacht huet, hu mir säin eenzegen Zant, deen hien nach am Mond hat, gesinn, an d’Haut op senger plakeger Kopp huet sech a Fale geluecht. Dat hu mir ëmmer witzeg fonnt.

Een Dag sot hien zu menger Mamm, si soll äis gutt undoen, hie ging gär mat äis op Baastnech fueren, hie wéisst gär, wéi et elo do ausgeséich. Weiterlesen

25/01/2016

Ein eigenes Poesiealbum hatte ich nicht

Zwischen dem 5. – 6. Schuljahr und den ersten Lyzäumsklassen, etwa bis zum Passageexamen, kursierten in den Mädchenklassen Poesiealben, in denen sich die Freundinnen verewigten.

An einem schulfreien Nachmittag brütete ich über einem solchen Album und konnte nicht viel damit anfangen. Was schrieb man da hinein? Ich blätterte es von hinten nach vorne durch. Da waren über zwei Seiten Vergissmeinnichte gemalt und dazwischen stand: „Rosen, Tulpen, Nelken, diese Blumen welken, nur die eine nicht und die heißt Vergissmeinnicht.“ Weiterlesen

06/01/2016

Meng Kannerzäit am Krich – Deel 11: An der Schoul zu Woltz

Ech sinn dunn zu Woltz an d’Schoul gaangen. Déi éischt Deeg ass mäi Papp mat mir gaangen, fir mir de Wee ze weisen. Hien huet op enger ganz anerer Plaz Schoul gehalen, well zu Woltz d’Bouweschoul an der Offensiv verbrannt war. Ech hu vill nei Kanner kennegeléiert, déi mech ausgelaacht hunn, well ech den Ettelbrécker Akzent hat. Ech hu mech séier dru gi fir ze schwätze wéi si, z. B.: Mooren flikt de Koob dem Hoas no, dee mat der Noas iwwert de Woas leeft durrich de Goort.

Wéi ech méi kënneg war, sinn ech selbständeg an d’Schoul gaang. Ech als „i-Butz” hat e wäite Schoulwee. Vun doheem aus gung et d’Industriestrooss erop, da laanscht de Kierfecht, de Kräizermécher, de klenge Park am Neidierfchen bis bei d’Schlottesch Schmëtt. Weiterlesen