08/07/2015

Viru 75 Joer: Evakuatioun vun Diddeleng

Den 10. Mee 1940. Et war de Freide viru Päischten. Mäi Papp hat sech scho Gedanke gemaach, wat mir Päischten ënnerhuele kënnten. Den traditionellen Tour zu Fouss vun Diddeleng op Zoufftgen, dann iwwer Kanfen no Volmerange-les Mines koum säit der Deklaratioun vum Krich den 3. September 1939 net méi a Fro, well d’Awunner vun deene franséischen Dierfer ware wéinst der Maginotlinn evakuéiert an d’Grenzen zu Diddeleng waren zou. Weiterlesen

22/06/2015

Den éischten Nationalfeierdag nom Krich

Wochelaang virdru schonn hate mir an der Schoul auswenneg geléiert a geprouft, den 22. Januar woar et sou wäit: an der Salle Baldauf zu Réimech ass grouss gefeiert ginn. Virum Portrait vun der Grande-Duchesse Charlotte stonge mir zu fënnef um Podium, am sonndesse Gezei, mat rout-wäiss-bloe Fändelcher an der Hand. Weiterlesen

10/06/2015

Der Fetschebuer

Der Fetschebuer in Hamm,  eine begehrte Wasserstelle weit und breit, die Lebensader für die wenigen Bewohner des Äppelweg und er gab der Umgegend des Hammertälchens den Flurnamen.

Noch bis nach dem 1. Weltkrieg war es die einzige Trinkwasserstelle für die wenigen Anwohner, wie Gärtner Schosseler, Bauer Jeck, meinen Großvater, Wollweber Dumont sowie Bahnwärter Ewen im Baueschbierg. Weiterlesen

01/06/2015

Kiermes ouni PS

D’Kiermes wor an ass d’Fest vun de Kanner an et mécht den Erwuessene grad esou vill Freed, wann si deene Klengen hir Begeeschterung op deene verschiddene Spiller gesinn.

Déi Eeler vun eis erënneren sech awer och un déi sëlleche Kanner, déi mam Fanger am Mond nëmmen nokucke konnten, well si déi néideg fënnef Su net haten, déi et deemools kascht huet. Weiterlesen

06/05/2015

Meng Kannerzäit am Krich – Deel 8: Erëm heem op Ettelbréck

Wéi d’Amerikaner d’Preisen definitiv „heim ins Reich” gejot haten, ass et am Land méi roueg ginn, a mäi Papp huet sech zu Fouss mam Rucksak um Réck op de Wee gemeet, fir heem op Ettelbréck. E puer Deeg drop huet hien äis e Mann mat engem Auto geschéckt, deen eis siche komm ass. Et war e schéinen, mee kalen Dag mat bloem Himmel. Et war meng éischt Rees an engem Auto. Op eemol ass e klenge wäiss a schwaarzen Hond äis virun den Auto gelaf. De Chauffeur huet versicht em auszewäichen. Mee, ze spéit, de Mupp huet eng Kéier gejingst, a wéi mir zu der hënneschter Fënster erausgekuckt hunn, louch hien op der Strooss. Hien huet keng Oder am Leif méi gerouert. „Nach een, deen de Krich net iwwerlieft huet,” sot de Chauffeur. Weiterlesen

23/04/2015

Meng Kommioun

Ech hu meng éischt hl. Kommioun 1954 zu Bouneweg gemaach.

Ons Kierch war den 9. August 1944 duerch e Bommenugrëff zerstéiert ginn an ass am  Joer vu menger Kommioun duerch eng nei ersat ginn. Déi hat e ganz moderne Baustil mat engem véiereckege Klackentuerm, fir déi Zäit ongewinnt. Si war der Muttergottes geweit a krut den Numm „Maria Regina Pacis“. De schéine Mosaik vun der Muttergottes iwwert dem Portal, eng Aarbecht vum Daniel Loire vu Chartres, war eng Sensatioun. Vill Leit hunn awer gemengt, bannendra géif se éischter un eng Fabrik erënneren, mat deene strenge Linnen, den Eisestäiler an dem schwaarzen Naturschifer un de Maueren.

Weiterlesen

29/03/2015

Klibberen

Et muss ëm 1935 gewiescht sinn. Et ass schonn esou laang hier …

Bei eis an der Strooss zu Déifferdeng-Fousbann huet de Schräinermeeschter Schuller gewunnt, deen zugläich Dirigent vum Kierchechouer war. Well ech (deemools) esou e léiwe Bouf war, hat de gudden Här Schuller mär eng Klibber gemaach. Handgemat, net aus dem Buttek, eng richteg Klibber, keng Jarre oder wéi déi aner Dénger geheescht hunn.

Stolz ewéi Oskar, ech gung nach an d’Spillschoul, hunn ech mech am Schoulhaff ugemellt. Weiterlesen

23/03/2015

Léierin um Duerf

Wann ech, op engem sonnegen Nomëtteg, hei uewen am Éislek iwwer d’Koppe fueren, bewonneren ech stéits di schéin a modern Regionalschoulen. Mir gëtt dann ëmmer méi bewosst, wéi grondleeënd sech d’Liewe vun der Duerfléierin, vu mengem bescheidenen Ufank zu Boukels op der Sauer, bis haut verännert huet.

Vum Gemengerot vu Géisdref gouf ech 1950 eestëmmeg als Léierin an d’Primärschoul vu Boukels ernannt. Weiterlesen