22/09/2014

De Karschnatz – 1. Deel: D’Fruucht gëtt geméit

Ausgangs deeër 20er Joeren hunn d’Baueren zu Ouljen de Karschnatz nach no der aler Method gemaach. Soubal si festgestallt hunn, dass d’Geescht, d’Kar, de Wees oder d’Huewer zeideg genuch war, gouf de Kniecht oder ee vun de Bauerejongen an d’Stéck geschéckt, fir mat der Flaus „lasszeméien“, dat heescht, hien huet laascht dem Noper säi Stéck „e Gankbreet“ geméit, fir dass Plaz genuch do wier, fir mat der Méimaschinn den nächste Gank kënnen ëmzeleën, ouni brauchen iwwer dem Noper säi Stéck ze fueren. Wann eng Rei ëmlouch, huet de Fruuchtméiert sech Seeler aus Stréi gemaach. An all Hand huet en eng gewëssen Zuel Stréihällem geholl a se mat vill Geschéck mat engem Knuet unenee gestréckt. Sou hat en dann e Seel, dat laang genuch war, fir eng déck Gaarf dermatt zesummenzebannen. Weiterlesen

06/08/2014

Deemools op der Sauer, ier et de Stauséi gouf

Ech si vu Léifreg an hunn nach Erënnerungen aus der Kanner- a Jugendzäit, wéi et deemools op der Sauer war. Den Dall war fréier e ganz schéinen Dall, an ass vill opgesicht ginn, haaptsächlech vu Fëscher. Fir aner Leit war en e bëssen entleeën, et hat net jiddwereen en Auto, et huet ee misse mam Vëlo fueren oder den ëffentlechen Transport huelen. Den Dall war och dofir sou schéin, well en ofgeleeë war vun alle gréisseren Uertschaften a keng grouss Strooss derduerchgaangen ass. Weiterlesen

04/08/2014

Meng Kannerzäit am Krich – Deel 1: Meng fréi Kandheet

1939, wéi ech gebuer gouf, war bei äis am Land d’Welt nach zimlech an der Rei, obschonn den Hitler mat senge Panzere schonn seng ëstlech Nopeschlänner iwwerrannt hat. Den 10. Mee 1940 sollte mir, déi westlech Nopeschlänner, un d’Rei kommen. Wéi si sech dunn hei am Land installéiert haten, sollt villes anescht ginn.

Mäi Papp war Schoulmeeschter zu Woltz an der Jongeschoul an zwar de Jéngsten, dat heescht deen, deen am leschte genannt gi war. Weiterlesen

20/06/2014

Mëttes huet de Rollesbierg eis gehéiert

 

Wéi laang läit dat zréck? Mär Déifferdenger Bouwe waren Här a Meeschter um Rollesbierg. Dat awer nëmme mëttes, well an der Krichszäit hate mer muerges vun 8 bis mëttes 1 Auer Schoul, an d’Aarbecht „à ciel ouvert” um Rollesbierg war vu muerges 6 bis mëttes 2. Hate mer dann de more Krichskascht eran, da gong et op de Bierg. „Der Berg ruft”, huet meng Groussmamm gesot.

Wat war dann do esou interessant fir eis Bouwen? Ma um Rollesbierg louch d’Minett bal direkt iwwert dem Buedem an dofir sinn d’Flanke vum Bierg opgerappt an d’Minett erausgesprengt ginn. Dann ass et mat Buggien, déi op engem laange Schinnennetz stungen, direkt mat der Damplokomotiv „Guckuck” op d’Déifferdenger Schmelz „HADIR” gefouert ginn. Muerges huet een nëmmen „gare la mine”, d’Explosiounen, d’Kräische vun de Buggien an d’Gepäifs vum Guckuck héieren, awer mëttes, jo mëttes huet de Bierg eis gehéiert. Weiterlesen

16/05/2014

Menger Mamm hiren Néieschatelier

Et war ëm 1925, wéi meng Mamm sech nom fréien Doud vu mengem Papp zu Esch, op der Norbert-Metz-Plaz, e Bitzatelier ageriicht hat, wou si zäitweis zwee Meedercher beschäftegt huet.

Ech hu mech, als klenge Bouf, ëmmer missen no beim Atelier ophalen, fir datt meng Mamm mech an den Ae konnt behalen. Wann ech es genuch hat, fir mat mengem klengen Dräirad iwwer de Palier vum Stack, vun engem Zëmmer an dat anert ze jauwen, hunn ech mech mat engem zolitte Magnéit ameséiert. Domat sinn ech iwwer de Buedem gefuer an hu mech wéi e Geck gefreet, wann d’Spéngelen aus den Ecken an de Foue vum ,,Plancher” oder hannert engem Dësch oder Stullbeen mat aller Vitesse erfort geschoss koumen an u mengem Zaubereisen hänke bloufen. Weiterlesen

15/05/2014

Ein ereignisreiches junges Leben

Ostern 1924

Meine Eltern, Anna Streitz und Charles Poiré, heirateten am 20. Mai 1920. Meine Mutter war eine tüchtige Näherin, aus diesem Grunde hatte sie erst später geheiratet. Mein Vater war Bauunternehmer. Er arbeitete mit zwei Arbeitern aus dem Nachbarsdorf. Heute steht noch immer ein Haus in Senningerberg, welches mein Vater gebaut hat.

Mein Vater arbeitete öfters in Frankreich, denn damals wurde noch nicht so viel in unserm Land gebaut. Er und sein Schwager Mathias Grethen beschlossen, für ein Jahr ganz nach Frankreich arbeiten zu gehen. Jeden Monat schickte Vater meiner Mutter das Geld zum Leben. Mein Bruder Jean-Pierre war damals erst zwei Jahre alt. Als aber wieder mehr Arbeit in Luxemburg war, kamen sie zurück nach Hause.

Weiterlesen

14/05/2014

Den Här Meier an d’Gnod Gottes

An de 50er Joren, wéi ech zu Bouneweg-Nord an d’Primärschoul an der Rue des Vergers gaang sinn, hate mir am Reliounsunterricht den Här Kaploun Paul Marie Meier. Déi Zäit hat de Paschtouer an enger grousser Par wéinstens zwee Kapléin, déi him gehollef hunn seng Scheewercher ze betreien.

Den Här Meier war bei ons all beléift, well hie war ëmmer fein.  Hien huet och méindes mueres, wann ee sonndes virdrun net an der Mass war, keng Pouten ausgedeelt, wéi dat bei anere Geeschtlechen Usus war an, et huet mol keen eppes dobäi fonnt. Hien huet all d‘Geschichten aus der Bibel esou gezielt, wéi wann et an der haiteger Zäit wär an hien et perséinlech erlieft hätt. Weiterlesen