24/11/2014

Meng Kannerzäit am Krich – Deel 4: An der Vakanz

De Summer hu mer eis déi meeschten Zäit am Gaart erëmgedriwwen an d’Schoulvakanzen (mäi Papp war jo Schoulmeeschter) si mer mam Zuch op Wanseler gefuer bei menger Mamm hir Leit. Dat war ëmmer eng Expeditioun! Da gouf geplangt an agepaakt a ganz dacks ass mäi Wämper Pätter (mengem Papp säi Papp vun Uewerwampech), deen e ganz praktesche Mënsch war, eng Hand mat upake komm. Et hu misste Walissen op d’Gare geschleeft ginn, eng Poussette, zwee kleng Kanner, Mäntel a Jacketten.

Wa mer dann am Zuch souzen an d’Lokomotiv huet gepaff, gezischt a gedonnert, da ware mer all erliichtert. Lire la suite

09/11/2014

D’Schoul zu Réimech nom Krich

Am Krich waren zu Réimech d’Schoulkanner gemëscht. Duerno, vun 1945 un, sinn d’Jongen nees vum Schoulmeeschter ënnerriicht ginn an d’Meedercher vun de Schoulschwësteren.

D’Klasse woaren op dräi Joer opgedeelt: Primär 1-3 a 4-6, Oberprimär 7-9. Nom 6. oder 7. Schouljoer sinn déi, déi konnten a wollten an d’Stad an de Secondaire gaangen. Lire la suite

03/11/2014

Schluechtlatäin

All Joer hunn um Duerf missen eng ganz „Kompanie“ Schwäin dru gleewen, dat heescht, si goufe geschluecht. Zu Oulje war dat och esou Usus. D’Bauereleit alleguer an déi meescht kleng Leit waren an der Zäit, wat d’Fleeschbeschafung ugeet, Selbstversuerger. Sou ass et liicht ze verstoen, dass d’Duerfmetzler dacks geklot an e ganz markante Sproch vum Stapel gelooss hunn: „De Summer sch… d’Mécken äis op eist Fleesch, an de Wanter d’Baueren. » Lire la suite

27/10/2014

Meng Kannerzäit am Krich – Deel 3: Alldag am Krich

Als Kand empfënnt een dat dagdeeglecht Liewe vill méi einfach. An de Joren 1941-1943 gouf wäit ewech gekämpft. Fir eis Kanner war d’Spillen am Gaart, am Haus oder op der Strooss ganz gemittlech. Mee d’Zäit war schwéier fir déi grouss Leit mat alle Schikanen, deenen si ausgesat waren an alle Suergen, déi d‘Liewe mat sech bruecht huet. Mee et ass de Kanner net opgefall, oder si hu sech näischt dorausser gemat, datt vun Zäit zu Zäit hu missten déi elle rout Hakekräizfändelen ausgehaang ginn, datt de Bréifdréier mat der gieler Uniform d’Post ausgedeelt huet, datt de Papp sonndes an der gieler Uniform mat der rouder Rabbelbéchs huet missten heesche goen. Lire la suite

21/10/2014

Deemools op der Sauer, ier et de Stauséi gouf

Ech si vu Léifreg an hunn nach Erënnerungen aus der Kanner- a Jugendzäit, wéi et deemools op der Sauer war. Den Dall war fréier e ganz schéinen Dall, an ass vill opgesicht ginn, haaptsächlech vu Fëscher. Fir aner Leit war en e bëssen entleeën, et hat net jiddwereen en Auto, et huet ee misse mam Vëlo fueren oder den ëffentlechen Transport huelen. Den Dall war och dofir sou schéin, well en ofgeleeë war vun alle gréisseren Uertschaften a keng grouss Strooss derduerchgaangen ass. Lire la suite

20/10/2014

Entstehung des amerikanischen Militärfriedhofes bei Hamm

An einem Sonntagmorgen im Januar 1945, radelte ich zu früher Stunde, es dunkelte noch, nach Schaedhof, um eine Flasche Milch zu hamstern. Dort wirtschaftete ein Pächter polnischer Herkunft namens Witkowski. Als ich ankam, erzählte er eben seiner Frau, dass eine amerikanische Delegation auf dem Flurdreieck zwischen Flëppekräizbierg, Eisenbahnlinie und Schaedhof gewesen sei, weil dort ein Soldatenfriedhof vorgesehen sei. Eine wichtige Entscheidung, die den Bauer sehr betroffen machte, eine Mitteilung, die ihm zu groben Flüchen Anlass gab. Es war seine Art, bei jeder passenden und unpassenden Gelegenheit fürchterlich zu fluchen. So erfuhr er, dass er sein bestes Ackerstück verlor, idyllisch gelegen, eingekeilt zwischen Buchenwäldern, mit fruchtbarer Erde, auf dem noch im letzten Herbst ergiebig Weizen geerntet worden war. Lire la suite

13/10/2014

Meng Kannerzäit am Krich – Deel 2: Meng fréi Kandheet

Mir ginn an de Kino

Eng Kéier koumen Nopeschkanner mech sichen, mir géngen an de Kino. Et muss am Advent gewiescht sinn. Meng Mamm huet mech ugedoen, mee ech krut eng aner Mutz u wéi soss. De Kino war e grousse Sall voller Kanner, ech gouf op e Klappstull gesat a krut gesot, ech misst brav sëtze bleiwen. Et ass däischter ginn an de Film ass ugaangen. Et war „Hänsel und Gretel”. Ech war ganz traureg mat den aarme Kanner bei der béiser Hex an duerno och ganz frou, wéi déi béis Hex am Bakuewe verbrannt ass. Lire la suite

29/09/2014

De Karschnatz – 2. Deel: Et gëtt gedresch

Deemools haten déi déck Baueren – dat waren déi, déi op d’mannst 5 oder 6 Päerd am Stall stoen haten – eng Manege an deeër eng „mechanesch“ Dreschmaschinn amenagéiert war a vun engem Päerd a Beweegung gesat ginn ass. Dat Ganzt huet een un e Karussell erënnert. An dat aremt Päerd, dat fir déi Aarbecht virgesi war, huet missen, gedëlleg wéi e Schof, am Krees ronderëm goen. D’Dreschen an der Manege war zwar nach eng Gedoldsaarbecht, mä géintiwwer dem Dresche mam Fléiwel a mat der Maschinn, déi mat Muskelkraaft ugedriwwe gouf, war et dach e gewaltege Fortschrëtt. Lire la suite

De Karschnatz – 1. Deel: D’Fruucht gëtt geméit

Ausgangs deeër 20er Joeren hunn d’Baueren zu Ouljen de Karschnatz nach no der aler Method gemaach. Soubal si festgestallt hunn, dass d’Geescht, d’Kar, de Wees oder d’Huewer zeideg genuch war, gouf de Kniecht oder ee vun de Bauerejongen an d’Stéck geschéckt, fir mat der Flaus „lasszeméien“, dat heescht, hien huet laascht dem Noper säi Stéck „e Gankbreet“ geméit, fir dass Plaz genuch do wier, fir mat der Méimaschinn den nächste Gank kënnen ëmzeleën, ouni brauchen iwwer dem Noper säi Stéck ze fueren. Wann eng Rei ëmlouch, huet de Fruuchtméiert sech Seeler aus Stréi gemaach. An all Hand huet en eng gewëssen Zuel Stréihällem geholl a se mat vill Geschéck mat engem Knuet unenee gestréckt. Sou hat en dann e Seel, dat laang genuch war, fir eng déck Gaarf dermatt zesummenzebannen. Lire la suite