Bouneweger Geschichten
Zu Bouneweg, an der Pierre-Krier-Strooss steet eng schéi Villa, eng aussergewéinlech Architektur. Do hat an de 50er Joren den Dr. Schmit seng Praxis an hien huet och do gewunnt. Hie war e ganz beléiften Dokter, besonnesch bei den Dammen, well hie war jovial an huet sech vill Zäit fir seng Patiente geholl. Dobäi war hie Jonggesell an huet extra gutt ausgesinn. Och meng Mamm ass nëmme bei den Dokter Schmit gaang a wa meng Tatta vu Paräis an d’Vakanz komm ass, hat si ëmmer e Bobo fir sech bei dem Bouneweger Dokter tréischten an heelen ze loossen. Lire la suite
