D’Gantebeensmillen

D’Gantebeensmillen war fir déi Bouneweger Leit ëmmer e beléiftent Ausfluchszil.
Nodeem si am 19. Joerhonnert eng Schläiferei fir Messeren, Säbelen an Aaxten war, ass si 1821 vum Här Pierre Gantenbein kaf an zu enger Millen ëmfonktionnéiert ginn.
De gréissten Erfolleg awer war d’Schwämm, déi 1934 entstaan ass a Leit vu wäit a breed ugezunn huet.

Gantebeinsmillen1941Kriercomp

1941, Photo Tony Krier, Photothèque de la ville de Luxembourg

Ech ka mech erënneren, wéi ech e Kand war, datt déi Schwämm och nach an de 50er Joren fir ons Bouneweger am Summer e richtege Magnéit war. Si hat zwee Schwammbasengen, eng Terrasse an e Café. Ënnert der Terrasse ware modern Kabinnen an Toiletten. Och eng Danzpiste ass an deeër Zäit entstan. Si hat elegant Arkaden an e Buedem mat Mosaik a besonnesch samschdes owes huet sou e richtegt Nuetsliewen fonktionnéiert. Et ass esou wäit komm, datt déi Bouneweger Leit, besonnesch déi aus der Izegerstrooss (déi haiteg rue Pierre Krier) an der Anatole France Strooss sech beschwéiert hunn iwwert déi vill Autoen, déi bis spéit an der Nuecht erop an erof gefuer sinn.
Meng Elteren hate mech eng Kéier samschdes owes matgeholl well si och wollten danze goen. Dat war fir e Kand vun 10-11 Joer eppes ganz Besonnesches. Ech weess nach haut wéi opgereegt ech war. Ech hat mäin neie Summerrack un, meng Mamm a mäi Papp haten sech chic gemaach. Et war Danzmusek fir Jonk an Al. Nach haut denken ech drun, wéi dat, déi Zäit berühmten Stéck, „Harry Lime Theme“ vum Anton Karas aus dem Film „Der dritte Mann“ gespillt ginn ass. Déi Musek war zu engem Welthit ginn an d’Leit ware begeeschtert.
De Succès vun där Schwämm huet gedauert bis Ufank de 60er Joren. Du ass et méi roueg ginn, bis op eemol de Betrib ganz agestallt ginn ass. An de 70er ass si vun engem neie Proprietaire iwerholl ginn. De Schwammbaseng ass nei gemaach ginn, mat engem flotte Bar op der Wiss. Och de Café mat Restauratioun huet nees fonktionnéiert. Et war esou een Undrang, datt souguer zwee nei Parkinge bis an de Bësch gemaach gi sinn, wou de Wee ugeet, deen d’Gantebeensmillen mat dem Izegerstee verbënnt.
Leider huet och dat net laang gedauert. Et ware spéider vill Projeten, awer et ass alles nees am Sand verlaf. Bis haut stinn d’Reschter vum Schwammbaseng, de Café mat zerfalene Maueren beim Bësch, a keen interesséiert sech méi dofir.
Wat ëmmer nach beléift ass, sinn déi schéi Spazéierweeër duerch de Bësch laanscht d’Uelzecht vun der Schläifmillen bis op d’Polfermillen, an déi aner Säit natierlech dee flotte Vëloswee vun Hesper bis an de Gronn. Och de Kayak-Club ass de Summer ganz aktiv an op der Picknickswiss beim Wier treffen sech de Weekend Familljen vun allen Nationalitéiten an Hautfaarwen wéi dat fir Bouneweg typesch ass.