Vun der glater, hëlzener Bréck

Nom Kréich woaren déi vun der anerer Säit keng Däitsch méi. Als Saarländer hunn si elo politesch a wirtschaftlech zu Frankräich gehéiert.

D’Preisen haten um Enn vum Kréich déi Réimecher Bréck gesprengt fir d’Amerikaner ze behënneren. An der Evakuatioun hunn d’Amerikaner nach eng Kéier nogesprengt. D’Musel woar voll Steng a Sand. Fir de Verkéier ass eng Pont (eng Fähr) agesat ginn. Een hëlze Bréck ass duerno provisoresch gebaut ginn. Wann d’Holz naass ginn ass, woar et spigelglat.

Déi Säit hannert der Bréck, am éischten Haus, hunn Antons gewunnt. Hir zwee Meedercher si no Réimech bei eis an d’Schoul komm.

Schwämm Réimech

Déi Réimecher Schwämm nom Krich. Am Hannergrond gesäit een déi provisoresch gefléckte Bréck an och dat éischt Haus op der däitscher Säit

Nach ganz séier, an der Mëttesstonn, sinn se bei eis eriwwer an d’Epicerie eng Fläsch Mëllech kafe komm. Ech hunn hinnen direkt ugesinn, datt eppes net an der Rei woar. Deem Klenge seng Hänn hu geziddert wéi et d’Mëllech geholl huet. Se waren och naasskal an ouni Gefill an d’Fläsch ass him entbutscht. D’Kand erféiert, fängt u mat kräischen a seet: „Op der Préck ass e kriisser Ongléck passiert. En Frau ass met hirem Wagen beino an d’Waasser gestierzt. D’Frau sëtzt nach dren a weess net wouhen.“

Antons hir Meedercher haten deen Dag gesinn wéi d’Frau Gliedner vun Nennig op der naasser Bréck beim Bremse quer un d’Hale koum. Hiren Auto huet hallef op der Bréck gestan an hallef iwwer d’Musel gehaang.