Meng Vakanz fréier

Ronderëm d’Vakanz dréit sech haut eng ganz Mediewelt. Zentimeterdéck Broschüre lackelen mat deene schéinste Verspriechen, fir de Lieser derzou ze bréngen, seng Wallis ze paken a sech am Schnéi oder an der Sonn ze entspanen, ze erhuelen, sech verwinnen ze loossen an de Stress vum Alldag ze vergiessen. Fluch- a Schëffsreesen op déi entleeënst Plaze vun der Welt sinn in.

Fréier, virum zweete Weltkrich, ass net vill rieds gaang vun Entspanung oder Erhuelung. Weltreese waren net fir gewéinlech Leit, duerfir hate si kee Geld.

Mäi Papp huet seng puer fräi Aarbechtsdeeg am Joer versuergt, fir mengem Monni Jäng am Heemount, am Karschnatz an an de Gromperen ze hëllefen. Dat war seng Vakanz a seng Erhuelung vun der Schmelzaarbecht.

Meng Frëndin Germaine ass mat hiren Elteren mam Zelt eng Woch op d’Buurschtermille gefuer. Bei der Sauer hunn si d’Natur genoss an den Alldag am Minett vergiess.

Menger Schwëster hir Frëndin Marcelle ass mat den Elteren mam Vëlo a mam Zelt op d’Diirbech gefuer, fir d’Schéinheete vum Éisleck ze genéissen. Deemools war Vëlofueren op eise Stroossen nach e genoss, well seelen ass een engem Auto oder soss engem Gefier op den Niewestroosse begéint. Den Auto hat d’Strooss nach net fir sech eruewert.

Eis Noperen sinn Mëtt der drësseger Joren eng Woch op d’belsch Plage a Vakanz gaangen. Dat war en Ereegnes fir d’ganz Strooss, et war eng richteg Sensatioun esou wäit ze reesen.

Meng Vakanz hunn ech bei menger Groussmamm zu Haassel verbruecht. Dat war stéits meng ganz grouss Freed, well do war och meng Lieblingscousine Aline. Hatt war 18 Méint méi al wéi ech. Vun him hunn ech esou Villes geléiert. Um Flouer an am Bësch huet hatt bal all Planzen, Streicher a Beem kannt. Bei Spadséiergäng an der Natur hat d’Léierin hinnen d’Nimm vun de Planze genannt an hinnen och den Notze fir de Mënsch an d’Véi erklärt. Fir mech, de Minettsdapp, ass do eng ganz nei Welt opgaangen, eppes dat mech mäi ganzt Liewe faszinéiert huet. D’Aline hat mir d’Aen opgemaach fir d’Schéinheet an de Wäert vun der klengster Blimmchen an deem onscheinbarste Kraidchen.

Sou hunn ech mech och net gewonnert, datt fir Léiffrawëschdag, Mariahimmelfahrt mir zwee uerter de Bann gezu sinn, fir déi schéinste Kraider fir eise Wësch ze sammelen.

Um Programm vum Nomëtteg stung all Dag, mat Ausnahm vum Sonndeg, Kéi hidden. Hektaren agepärchte Wisen, wéi haut, gouf et deemools nach net. Et gouf vill Aarbechter-Baueren, wou de Mann op der Schmelz geschafft huet, an d’Fra sech ëm de Stall an d’Haus gekëmmert huet. Déi haten dann och nëmmen e puer Kéi. E grousse Bauerebetrib hat deemools ëm déi zwanzeg Kéi, well do goufen et jo och nach vill Schwäin a Päerd, wou haut et e pure Mëllechvéibetrib gëtt mat fofzeg a méi Kéi.

Ëm dräi Auer huet meng Groussmamm eis eng Taass Mëllech an eng Schmier ginn, dann hu mer de Kéibengel geholl a sinn duerch d’Duerf op d’Wisestécker mat eise fënnef Kéi gezunn. Eng Stréck oder e Buch hu mer matgeholl an hu gehofft, dass op nopesch Wisen nach Duerfkanner Kéi hidde giffen, fir dass mer e bësse méi Spaass hätten. Um halwer siwen Auer hu mer eis op den Heemwee gemaach, hunn am Duerf am Trach, beim Wäschbuer, d’Kéi gedränkt an hu si duerno an de Stall geleet.

Elo huet meng Groussmamm d’Kéi gestrach, an d’Aline an ech hunn, bis zum Nuetsiessen, an der Stuff Millche gespillt.

Dat war meng Vakanz, op déi hunn ech mech stéits gefreet. Et ware fir mech ëmmer herrlech Wochen.