Hei ass Radio Lëtzebuerg …

… Gong …

Hei ass Radio Lëtzebuerg op Mëttelwellen 208 Meter 1439 Kilohertz

… Gong …

Dës Uso huet nom Krich fir esou munnech Familljen de Feierowend agelaut. Well deemools huet de Radio nach net de ganzen Dag gesent. Ëm 6 Auer owes goufen et Neiegkeete vun heiheem an aus der Welt. Eng laang Zäit koumen duerno Suchmeldungen, d. h. et si laang Lëschte gelies gi mat Nimm vu vermëssten Ëmgesidelten oder Jongen, déi nach a Russland hätte kënne sinn. Esou munchereen huet och vu wäit ewech geschriwwen, fir gewuer ze ginn, wou seng Leit vun heiheem dru wieren. Op déi Manéier konnte Familljen erëm zesummefannen, oder si wossten, datt se sech hu misse mat enger grousser Enttäuschung aussernee setzen. Mir Kanner konnten net esou vill domat ufänken, mä mir hunn dach gespiert, wéi eescht déi Saach war. No an no goufen déi Lëschte méi kuerz an hu sech vum selwen opgeléist. Gewëss, scho virum Krich huet et deen neie Medium Radio ginn. Mä den Hitler a seng Leit haten e populariséiert, politesch ausgenotzt an och technesch verbessert. Mir däerfen och den Afloss vun der BBC, also dem Englänner, deen heemlech am Krich gelauschtert ginn ass, net vergiessen.

An de Stuwwe stonge geschwë Radiosapparate vu Blaupunkt, Siemens, asw. Et ware grouss Këschten, déi mat engem Duch bespaant waren an ënnen eng Skala hate mat villen Nimm. Wéi ech ugefaangen hunn ze liesen, hunn ech buschtawéiert: BRNO, HILVERSUM, RIAS-BERLIN … Ech sinn och un déi déck Knäpp dréie gaang a war faszinéiert vun deene Sproochen, déi ech net verstanen hunn, vun der Musek, déi op eemol an d’Haus koum. Allerdéngs war do vill Gekraachs dran an et huet och gerauscht a gekraazt. Mä et war eng Fënster an d’Welt, déi mer nach net kannt hunn.

Och scho virum Krich huet et e Sender an der Villa Louvigny ginn, deen du fir strategesch Zwecker genotzt ginn ass. Egal vu wat fir enger Säit. Déi lescht waren d’Amerikaner. No der Liberatioun awer war de Radio hei zu Lëtzebuerg Pionéieraarbecht. Dee Pionéier, deem seng Stëmm geschwënn iwwerall bekannt war, war mäi Papp, de Paul Leuck. Och bei äis doheem gouf et zur Nuecht z’iessen, wann de Papp geschwat huet. Jee no Sendung koum en da geschwënn heem – oder och net, well nach e Reportage oder en Interview op der Lee stong.

Déi Zäit goufen et keng Animateuren, Moderatoren, Quiz-Masteren oder wéi ëmmer. De Mann hannert dem Mikro war de „Radio-Speaker“, kuerz de „Speaker“, an deen huet einfach missen alles kënnen: vum Sport bis zu der Poltik, vum Wonschconcert bis zum Staatsbesuch. Hei hat all Spart hir besonnesch Nues an och hire speziellen Zweck. De Papp konnt dat einfach alles. Seng Stëmm hat e kritt, awer se huet gewierkt duerch seng Begeeschterung a seng Beruffsethik. An déi war de Fong vun der Saach. E Beispill: déi Zäit ass och am Radio net vill verdéngt ginn, vu bezuelten Iwwerstonne war net ze schwätzen. An obscho mer d’Sue gebraucht hätten, huet e sech kategoresch geweigert, fir Reklammen ze schwätzen. Ech ka mech hei un esou munnech Diskussioun och doheem erënneren. Mir hunn et awer héich respektéiert.

photo mariette leuck

Hei sinn ech zesumme mat mengem Papp, de Paul Leuck

Wéi meng Grousselteren zu Märel gewunnt hunn, hu meng Schwëster an ech missen heemgoen, wann de Papp ugefaangen huet um Radio ze schwätzen. Dann huet de Pätter „dem Paul säi politesche Kommentar“ gelauschtert a vun deem hu mir jo nach näischt verstanen. Wa mer dann d’Strooss erof gaange sinn, waren am Summer d’Fënsteren op, an hei huet de Papp geschwat, e wéineg méi wäit erop huet en erëm geschwat a wa mer doheem waren, war e fäerdeg. Déi Zäit konnten zwee Kanner nach eleng d’Lonkecher Strooss erofgoen. No e wéineg Musek koum elo e Reportage oder d’Emissioun vum Grénge Kräiz, vun der Verkéierspolizei, „Lëtzebuerger Leit a Saachen an der aler Zäit“, d’Krankenemissioun, medezinesch Rotschléi, asw. E wéineg méi spéit am Owend koum „d’Uucht“ mat Lidder, Spréchwierder oder Sketchen – alles direkt iwwerdroen. Duerno war et Schluss, bis den aneren Dag erëm: Pausenzeechen, Uso, Pausenzeechen … Déi Radioswelt do huet zu eisem Ëmfeld gehéiert. Déi Stëmmen, déi vu baussen an d’Stuff koumen, hunn iergendwéi d’Perspektiv op d’Welt verännert. Och fir déi aner Kanner, mä d’Monique an ech, mir waren „live“ derbäi.

Ech entschëllege mech bei deene Leit, deenen ech zimlech kal äntweren, wa vun der Zaldotestonn rieds geet. Et deet mer einfach leed, datt e ganzt Lieweswierk nëmmen dorop reduzéiert gëtt. Gewëss, si war flott, e Feierwierk vun der Sprooch a vu Witz. Mir hu se allerdéngs net däerfe lauschteren. D’Mamm sot, dat wier nach näischt fir äis, a mir hu missten an d’Bett, well si war ëm 10 Auer – och „live“, all Samschdeg Owend. Iwwregens, do hunn d’Zaldoten an der Kasär an hire Stuwwen däerfen opbleiwen!

Déi Emissioun war no dem Krich e Politikum. No Zwangsrekrutéierung a Rundstedtoffensiv war Lëtzebuerg elo an der Nato an huet do duerch eng Arméi missen säi Beitrag leeschten. Dat huet och geheescht, datt d’Jongen agezu gi sinn. An „wie sag’ ich es meinem Kinde“ huet et geheescht. Wéi ka mondsgerecht gemat ginn, datt d’Leit dobaussen dat unhuelen. Hei war du de Radio an natierlech deem säi „Speaker“ gefrot. Et ass jo och gaangen, ’t war flott, de Papp huet et gär gemaach, et koume Maandele voll Bréif, an iergendwéi krut d’Wierklechkeet vun der Uniform nogehollef. Et war, wann ee wëllt, gelieft, volkstümlech Auslandspolitik. Et huet opgehalen, wéi et un der Zäit war. Mä et war e Stéck vun engem Puzzle an den Ausdrock vun der Zäit.

Ech ka mech erënneren, datt mer 1949 matgeholl gi sinn op den Tour de Luxembourg. Och do war vill Begeeschterung, och dat war en Ausdrock vun deem neie Fridden. De Bim Diederich huet e gewonnen, d’Bouwen hu Fotoen a Schockelasbiller vu Coureure getosch. Ech hunn net verstanen, firwat esou en Opwand gedriwwe gouf, well ee méi séier renne wollt wéi deen aneren. Awer nach haut weess ech, wéi gutt den éischte Coca-Cola beim Tour an der Sonn war.

Bei wäitem besser huet mech ugesprach, wéi mer mat no Huelmes an d’Schlass waren, wou Studenten aus der ganzer Welt an der Vakanz waren. Hei huet eng Chinesin gesongen an Afrikaner hu getrommelt. Si hunn esou léif gelaacht. Ee vun hinne wollt dem Monique en Elefant an enger Enveloppe schécken. Hatt huet nach eng ganz Zäit op déi Post gewaart. ’t huet awer op eemol verstanen, datt de Jong den Elefant net an d’Enveloppe kritt hätt oder datt e fortgelaf wier op deem laange Wee.

Spéider sinn ech dem Raymond Cartier, dem Jean Grandmougin, dem Franz Alt an de Kollege vu Saarbrécken begéint. Och dat waren Erliefnesser, an eng Säit vun der Medaille. Déi aner Säit huet et och ginn an op si ass e Schiet gefall. Dem Papp seng Plaz war deemools eenzeg am Land, a vill Artisten, oder esou, hätten se och gär gehat. An da brauch ee jo fir den Näid net ze suergen. Meng Mamm a mir Kanner hunn déi anonym Telefonsuriff gefaart. Wann eppes net esou gutt gelaf ass, krute mer et vergonnt, an dat krute mer och ze héieren. Et konnt sinn, datt mer vun hannen ugefall gi sinn, gekraazt oder geschloen, an dann huet et geheescht: „ Du bass dem Schnëssert säint. Gëff ëm déi do virun.“ D’Monique war méi staark an et huet erëmgefacht. Ech hunn no an no geléiert, Gemengheet a Feigheet ze ignoréieren. Et war am Ufank ganz schwéier, mä op eemol hunn ech gemierkt, wat fir eng souverän an haart Waff ech mer do fabrizéiert hunn. Mir stongen och am Verdacht, méi Protektioun ze hunn wéi déi aner. An dobäi war dem Papp säi Rot: „Dir sidd keng Protektiounsbengelen an dir fügt iech do, wou der sidd.“ An esou war et, mä och dat gouf dann net gegleeft. Mir krute bestänneg domm Froe gestallt, déi sollte witzeg sinn. Mä si waren dax absolut gemeng an nidderträchteg. Och domat hu mer liewe geléiert a mir sinn driwwer ewechgaangen.

No an no gouf d’Radioslandschaft méi wäit. Nei Kollege koumen. Emissioune koumen an aner Hänn. Et goufen iwwerhaapt aner Zäiten, a wie sech du bei äis wollt op de Stull setzen, huet fir d’éischt dem Papp seng Zeitungen erof gehäit well e war elo an deem, wat en ëmmer wollt: der Aussepolitik, an nëmmen do. Säi leschte Reportage war d’Begriefnis vum Prënz Felix. Dat huet e gemaach, well e sech ëmmer gutt mat him verstanen huet. „Elo“, sot en, „ass eng Zäit eriwwer, an eng aner geet un. Mir wiesselen elo d’Wellelängt.“