Am éischte lëtzebuerger Artillerie-Batailloun

Duerch de Bäitrëtt vu Lëtzebuerg an d’Nato am Joer 1949 krut Lëtzebuerg den Optrag, en Artillerie Batailloun zur Verfügung ze stellen.

Well Lëtzebuerg keng Artillerie-Erfarung hat, gouf 1951 eng Grupp vun jonken Offizéier an Ënneroffizéier, souwuel Beruffszalodete wéi och Fräiwëlleger, an der belscher Artillerieschoul zu Brasschaat ausgebilt, fir duerno Instruktere vun eisem 1. Artillerie-Batailloun zu ginn.

Den 1. Batailloun huet aus 3 Batterië bestanen: A, B an C. Eng Batterie hat sechs Kanounen. Mir waren d’A Batterie an domat ware mir eigentlech déi éischt lëtzebuerger NATO-Zaldoten.

An esou huet et ugefaangen: De 15. Oktober 1952 hunn sech aus alle Géigende vum Land 120 jonk Lëtzebuerger, vun de Joergäng 1932 an 1933, an der Helleg-Geescht-Kasär versammelt.

Déi meescht ware gudder Déng, hu gelaacht a ware frou, fir alt emol e Bekannten erëmzegesinn, „Bass du och do?“. Et goufen awer och traureg Gesiichter, well fir munchereen wat et déi éischte Kéier, dat hie vun doheem fort war.

D’Infanterie-Ausbildung zu Bitburg

Nom Opruffe vun den Nimm si mir agekleet ginn. D’Camione stounge scho bereet fir eis op Bitburg ze féieren. Hei si mir op d’Zëmmer agedeelt ginn, meeschtens an alphabetescher Reiefolleg. Mir waren zu 5 um Zëmmer, vun deenen ech der 3 kannt hunn. Lëtzebuerg ass nun emol kleng. Jidderee krut e Bett an e Spind zougedeelt an eng Einleitung iwwer d’Uerdnong, déi ze hale war. Elo goung et drëm, sech anzefügen an un d’Zesummeliewen ze gewinnen.

Dunn huet déi streng an haart Infanterie-Ausbildung ugefaangen, schliesslech sollte mir jo eppes wéi eng Elite-Trupp ginn. An deene sechs Wochen huet et awer bal all Dag gereent an dat schlëmmst waren déi naass Kleeder, déi dacks och den Dag duerno nach net dréche waren. Awer trotz deem haarden Drill an de schlechte Bedéngungen ass kaum ee krank ginn. Dat louch bestëmmt och un där sougenannter „Päerdssprëtz“, déi mir direkt am Ufank kritt hunn.

Dofir ware mir all an d’Infirmerie geruff ginn. Mir hunn den Uewerkierper misse fräi maachen an eis een hannert deen aneren opstellen. D’Infirmierë si komm mat groussen, laange Sprëtzen, déi hire Spëtznumm net fir näischt haten. Munchereen ass zesummegaangen, wann e gesinn huet, datt säin Noper virdrun an der Rei eng Sprëtz an de Réck gemaach krut.

D’Stëmmung war am Allgemenge gutt. E puer Béier owes an der Kantin hunn deen haarden Dag dann erëm ausgeglach.

Déi éischt 7 Woche bis zur Vereedegung gouf et kee Congé an och keen Ausgank op Bitburg. Esou hate mir keng Geleeënheet, fir Suen auszeginn a mir si gutt mat eisem klenge Sold vun 12 Frang den Dag auskomm. Als „Besatzungstruppe“ krute mir nach zousätzlech 50 Pfennig den Dag. Zigarette konnte mir steierfräi zu 3 Frang fir en 20er-Pak Maryland oder zu 4 Frang fir e 25er-Pak Africaine kafen. Wien net gefëmmt huet, konnt spéider domat e klengt Geschäft maachen, wann en se am Stroossenhandel fir 1,20 Mark resp. 1,50 Mark verkaaft huet. Fir 1,50 Mark krut een deemools beim „Reuter bei der Kirche“, enger Wirtschaft mat Metzlerei, e gudde Schwéngsschnitzel mat Fritten.

All Woch huet eng aner Kompanie missen d‘Nuetsgarde stellen, an der Kasär selwer, awer och an deem grousse Munitiounslager, dat 3-4 km aus Bitburg eraus louch. Dat war guet net angenehm fir do Patrull ze goen, laanscht all déi Bunker, déi voller Munitioun louchen. Et war jo am Wanter an dacks haart gefruer. Virun all Bunker stoungen Tonne mat Waasser, als Läschmëttel. Dorop hat sech Äis gebilt, dat dann an der Keelt vun Zäit zu Zäit gekréckelt huet. Dat war an der Däischtert schonn onheemlech.

Als Ofschloss vun der Infanterie-Ausbildung war eis Vereedegung den 4. Dezember 1952, um Dag vun der helleger Barbara, der Patrounin vun de Kanonéier. An den nächsten Dag dann endlech den éischte Congé.

D’Artillerie-Ausbildung am Pafendall

No dëse fräien Deeg krute mir eise bloe Berri, als Zeechen, datt mir elo Artilleriste waren an eis Ausbildung ufänke konnten. Fir déi verschidde Sparten an der Artillerie hu mir missen am Pafendall en Eignungstest maachen, deen och spéider all Rekruten gemaach hunn. Jee no Talent oder Beruff si mir dann opgedeelt ginn. D’Basis (60-70%) waren d’Kanonéier. De Rescht war opgedeelt an T.S. (Funker an Telefon), Chauffeuren, Magasinieren, Käch an Assistenten am Bureau de Tir (Feuerleitstelle).

Déi interessantst Plaz haten d’Chauffeuren. Si konnten do de Führerschäi maachen, dee spéider konnt als Privatführerschäin iwwerschriwwe ginn. Leider war ech awer do net derbäi an ech koum mat 5 aneren an de Bureau de Tir. Mir hu misse berechnen, wéi d’Kanounen agestallt gi sinn. D’Distanz vum Schoss, de Wénkel an d’Ladung si mat an déi Kalkulatioune komm.

Nic.Duhr 5 Assistants

5 vun de 6 Assistenten aus dem Bureau de Tir: (vu lénks no riets) Raymond Duhr, François Schleder, Pierre Bour, Nicolas Duhr, Fernand Knaus. Et feelt den Armand Künsch.

No der theoretescher Ausbildung si meng Kollegen an de Manöver an d’Lüneburger Heide komm. Ech gouf iwwer d’Summerméint fräigestallt, fir doheem am landwirtschaftleche Betrib ze schaffen.

Duerno koum ech nach eng Kéier 5 Méint an d’Helleg-Geescht-Kasär an an de Pafendall. Am Manöver war ech och nach zweemol 3 Wochen zu Sissonne (Frankräich).

Den Dengscht fir d’Heemecht war domat ofgeschloss. Et war d’Zäit vum kale Krich an doduerch net ongeféierlech. De Korea-Krich war voll am Gaang, déi éischt lëtzebuergesch Fräiwëlleg sinn zréckkomm a goufen zu Bitburg aquartéiert. Net vun ongeféier hu mir no eiser Entloossung eis ganz Ausrüstung, mat Ausnam vum Gewier, misse mat heem huelen, fir am Eeschtfall esou séier wéi méiglech asazbereet ze sinn. An eisem Marinësak hate mir dräi Uniformen, en puer Hiemer, zwee Puer Militärstiwwele mat Guetten, an net ze vergiessen eis Gamelle.

Mir haten och all eng Erkennungsmark kritt. Am Fall vun engem Krichsasaz wier eis Nummer dorop agestanzt ginn a mir hätten d’Mark mat der Ketten ëm den Hals missen droen. Se huet sech an der Mëtt breeche gelooss. Wann en Zaldot gefall wier, hätt en een Deel ëm den Hals behalen an deen aneren Deel wier un d’Autoritéiten ageschéckt ginn. Herno seet een, et war jo awer keng schlecht Zäit a mir hunn och vill bäigeléiert.

Nic. Duhr Gaston Thorn

Déi al Jugendherberg am Pafendall, dat fréiert Stater Schluechthaus, gouf während de Wanterméint als Annex vun der Helleg-Geescht-Kasär benotzt. Op dëser Foto vun 1953 steet den Nicolas Duhr (5. vu riets) nieft dem spéidere Staatsminister Gaston Thorn.

Extrait aus dem Buch “Eis fofzeger Joren. Eng Gesellschaft am Wandel”