Nationalfeierdag fréier um Duerf

Et waren déi éischt Joeren nom zweete Weltkrich, wéi op den Dierfer de nationale Feierdag mat enger onbeschreiwlecher Begeeschterung, jo et kann ee bal soen mat enger gelleger Euphorie begaange ginn ass. Et huet ee gespuert, dass d`Lëtzebuerger d`Angscht an de Frust iwwer den zäitweilege Verloscht vun hirer Onofhängegkeet am Krich nach net richteg iwwerwonnen haten.

Si wollten elo der ganzer Welt weisen, dass mir an Zukunft wëllte bleiwen, wat mir virum Krich scho bal 100 Joer laang waren, nämlech fräi Lëtzebuerger. Jo, deemools hunn am ganze Land ze soen nach all Leit matgefeiert, wann et iwwer d`Wuel vum Land a senger Dynastie hirgoung. De Nationalfeierdag gouf op den 23. Januar, de Gebuertsdag vun der Groussherzogin Charlotte, geluecht, also op deen Dag, op deem Lëtzebuerger mat Respekt a mat Unerkennung un hir Fürstin geduecht a si héich liewe gelooss hunn, fir all dat, wat si am Krich fir d`Land gemaach hat.

D`Klacken hunn deen Dag feierlech gelaut, wa moies op der Duerfplaz en immense Cortège sech opgestallt huet. Un der Spëtz d`Pompjeeën an hirer Gala-Uniform, derno koumen déi wibbeleg Schoulkanner, déi äifreg mat hire rout-wäiss-bloe Fändelcher gewénkt hunn, déi se an der Schoul ausgedeelt kritt haten, dann all déi aner Veräiner; Gesank, Musek, de Gaart an Heem, de Fussballveräin an den Aarbechterënnerstëtzungsveräin mat hire faarwege Kapen.

Zum Schluss koum de ganze Schäffen- a Gemengerot, mam Léier- a Gemengepersonal, d`Gendaarmen an Douanieren, de Buergermeeschter an d`Schäffen mat de rout-wäiss-bloe Schärpen ëm de Bauch. D`Musek huet patriotesch Weise gespillt a schonn huet de Cortège sech a Beweegung gesat, fir an d`Kierch ze goen. Vill Leit stunge virun den Haiser an hu gewénkt. Un den Haiser hunge grouss Fändelen an hunn esou de patriotesche „Cachet vum Duerf“ completéiert. Meeschtens war et den 23. Januar verdäiwelt kal, wat iewer keen dovun ofgehalen huet, fir mat dobäi ze sinn. Och d`Musikanten hunn net opginn, wann och schon d`Téin an hiren Instrumenter bal zu Äis gefruer sinn.

An der Kierch, déi feierlech mat Fändele behaange war, gouf mat vollem Asaz den Te Deum gesongen. Zum Ofschloss vun der kierchlecher Feier gouf d`Heemecht vum Gesank ugestëmmt an all Mënsch huet aus voller Broscht matgesongen. Wéi e feierlecht Gebiet ass dee bekannte Saz aus der Heemecht géint Himmel geschwieft: Looss viru blénken d`Fräiheetssonn an a muncher An huet eng Tréin gefonkelt.

No deeër ergräifender Feier an dem Paschtouer senger déifgräifender Priedegt ass dee ganze Cortège erëm geschlossen op d’Duerfplaz zréckgaangen. De Buergermeeschter huet dunn an der Mëtt vun deenen am Kreess opgestallte Veräiner Plaz geholl an e feierlecht „Gelöbnis“ am Numm vum ganzen Duerf an der Gemeng ofginn, ëmmer trei zur Dynastie an zum Land ze stoen.

Wann dann och den offiziellen Deel eriwwer war, goung iewer dee relaxen, inoffiziellen Deel vum National-Feierdag eréischt un. Träppweis sinn d’Veräinsvertrieder no dem Beispill vun den Autoritéiten, an deene puer Duerfbistroe verschwonnen, fir bei engem gudden Himpchen oder engem genëssleche „Miseler“ deen ugebrachenen Dag mat nëtzlechem Gespréich an äifregen Diskussiounen zu engem gudden Enn ze bréngen, deen iewer och alt emol no méi wéi engem Himpchen an en etlech Pättercher a Jubel an Trubel ënnergoung.