Eis R.A.D.-Zäit a Pommern an a Griichenland, Deel 1

* R.A.D.: Reichs-Arbeits-Dienst

Wa mir äis all Joer op eisem Conveniat erëmgesinn oder wann e puer Komerode sech zoufälleg begéinen, da kënnt d’Gespréich ganz séier op d’Zäit vum Krich. „Erënners de dech?“ – „Weess de nach?“ – „Erziel nach eng Kéier!“ heescht et gläich. An da kommen all déi al Geschichte vun deemools ëmmer erëm op d’Tapéit.

Et war näischt Extravagantes, näischt Spannendes, beileiwen näischt Heroesches, wat mir an eiser R.A.D.-Zäit erlieft hunn. Et huet och net laang gedauert ; et waren „nëmme“ 6 Méint. Mä trotzdem hält déi kuerz Zäit äis haut nach no.

Mir waren deemools bluttjonk, wéi mer brutal aus eiser Familjen erausgerass goufen. Kee war dru gewinnt fir all Dag vu muerges bis owes vernannt, verdommt a lächerlech gemaach ze ginn; kee war drop gefaasst fir wéinst där klengster Eefällegkeet un d’Mauer gedréckt a moralesch fäerdeg gemaach ze ginn; kee war drop virbereet fir deene verrécktesten Uerderen, ouni ze mucksen, follegen ze missen.

Fir datt déi Zäit, sou wéi se war, och mat hiren Topegkeeten a Kannereien, net vergiess soll ginn, wëlle mer eis Erliefnesser nidderschreiwen. Mir maachen dat awer och, fir datt eis Komeroden net an de Vergiess kommen, déi d’Chance net hate fir d’Heemecht nom Krich erëm ze gesinn. Mir waren an enger Zäit beieneen, déi äis fir ëmmer zesummebruecht huet.

Joss Eyschen, Summer 1990

 

Awuar Lëtzebuerg

 

Am Haff vun der Garer Primärschoul – D’Rees a Pommern – D’Receptioun am Lager

Mëttwochs mueres, de 7. Oktober 1942, stongen am groussen Haff vun der Garer Primärschoul an der Stroossbuerger Strooss an der Stad ongeféier 850 Lëtzebuerger Jongen, déi an der Woch virdrun dee verhaasste Stellongsbefeel fir den R.A.D. (Reichsarbeitsdienst) kritt haten. Hei war de virgeschriwwene Rendez-vous mat en etlech R.A.D.- Cheffe vun där anerer Säit vun der Musel, déi den Uerder hate fir dës Lëtzebuerger a verschidde Lageren an Däitschland ze féieren.

Déi 850 hunn e bësselche verschotert dra gekuckt an et huet ee gesinn, dat si glat net begeeschtert vun där ganzer Affär waren. ’T huet bal keen deen anere kannt, well si koumen aus alle Géigende vum Land. Et waren Aarbechter, Baueren, Wënzer, Studenten, Employéen, Handwierker. Si ware bluttjonk : déi meescht haten nach keng 20 Joer. Elo sollte si hir éischt grouss Rees an hirem Liewe maachen, an dat och nach an ee Land, mat deem si net apaarti frou waren. Bal all hate se schwéier Wallisse bei sech, an deenen d’Mamm Iesses vun doheem fir déi éischt puer Deeg agepaakt hat.

Déi allermeescht hunn d’Iwwerhieflechkeet vun de Preise kannt, an si hate scho laang erausfonnt, datt mat deenen Hären net gutt Kiischten z’iesse wier.

Den Cigrangs Raym vu Bous bei Réimech erzielt:

Sonndes, de 4. Oktober, hu mir zu Bous zu enger Dose Jongen d’Äddie gemat. Mir hunn d’Wiertschaften all geklappt a mir sinn ëmmer méi stoark ginn. Nuets géint 12 Auer si mir an der Haaptstrooss do passéiert, wou op där enger Säit de Buergermeeschter an op där aner den Ortsgruppenleiter gewunnt hunn. Hei sinn du natierlech e puer béis Wierder gefall, déi vun deene Leit, un déi se adresséiert waren, och gehéiert a verstane goufen.

Mir sinn nach op Assel an op Rolleng gaangen dee leschte Patt huelen. Fir heem si meng Komeroden heemlech iwwert d’Gewan spadséiert, ech ganz kéng op der Strooss. An der Entrée vu Bous sinn ech vum Buergermeeschter a vum Ortsgruppenleiter ugehale ginn. Dat eenzecht, wat se soten, war : Männchen, moar kënnt de Rescht. Ech hu mer scho geduet, wat kéim.

Um halwer 8 méindes mueres stungen d’Gestapoleit virun eiser Dier a si hunn eis an d’Villa Pauly geschleeft. Dat éischt, wat se beim Verhéier gefrot hunn, war : „Sie wissen, was sie unterschrieben haben?“ Ech war 1941 schonn eng Kéier gepëtzt ginn an hat deemools ënnerschreiwe missen, ech géif mech vun elo u roueg verhalen an déi däitsch Neuordnung net méi kritiséieren.

Si wollte vu mir wëssen, wat ech dann dës Kéier verbrach hätt. Näischt, hunn ech gesot. „So“, huet et geheescht, „deutschfeindliches Benehmen ist wohl nichts?“ Ech hunn all Moment geduet, lo gëtt et fatzeg Streech; mee ech hat Chance: si hu mech „nëmmen“ an de Prisong am Gronn agespoart. Dënschdes owes hu se mech lafe gelooss.

A menge Pabeiere war awer alles notéiert, wat ech bis dohi verbrach hat. Wéi mir am R.A.D-Lager waren, huet de Chef mech gläich am Ufank komme gelooss an huet mech ugebrëllt, ech misst sou séier wéi méiglech meng deutschfeindlech Haltung revidéieren. Ech hunn net eng Kéier Ausgang kritt.

Och aner Jongen haten duerch d’Preise schonn allerhand matgemaach a ware guer net gutt op si ze spriechen.

De Cleese Joss vu Näidsen erzielt:

Bei der Musterung, am Februar 1942 zu Dikrech, hat ech um Revers va mengem Paltong 3 Spéngele stiechen, eng rukt, eng wäiss en eng blo. Wéi alles eriwwer wor, guff ech dofir van e paar Poliziste zu Riäds gestallt, verhaft an an den Dukkes gestasch.

Ech guff weent “deutsch-feindlicher Kundgebung” zu 14 Mänt Zuuchthaus veruertelt. Virdran hate se mech gefrot, ob ech mech an d’Wehrmacht oder an den R.A.D. melle géif, an ech hat nee gesot. Ech hann du de ganze Summer op der Eisenbahnstreck Köln-Oochen an der Rott schaffe mussen.

Van do ha se mech mam Prisongswon direkt no Lëtzebuerg op d’Gare brat. Hei sinn ech an dee selwechten Zujch geklommen, deen äis allegaar zesamen an d’Lager va Gross-Tychow geféiert hatt.

An der Mëtt vum Haff vun der Garer Primärschoul sinn eng 25 bis 30 Däitscher a bossege brongen Uniforme stolz a stramm op an of marschéiert. Äis hunn se fir de Moment ignoréiert. Wat äis bei hinnen am meeschten opgefall ass, war um lénken Aarem e Brassard mam Hakekräiz drop an um Kapp eng droleg Kap mat engem laange Stuerz an enger déiwer Fur vu vir bis hannen; „Arsch mit Griff“ huet se duerfir geheescht.

Punkt 9 Auer huet den Haaptmann vun de Preisen sech an d’Broscht geworf an am militäresch zackege Stil erausgebillt : „Alles mal herhören! Ich werde jeden einzelnen namentlich aufrufen. Derjenige, dessen Namen ich nenne, antwortet laut und deutlich : Hier. Er begibt sich dann mit seinem Gepäck zu dem Feldmeister, der rechts am Portal steht. Verstanden?“ ’T ass Bewegung an d’Affär komm a gläich hu mir ee Virgeschmaach vum wonnerschéinen däitsche Kasärejargon ze héiere kritt.

De Brebsoms Francis vu Schëffleng erzielt:

Déi Jongen, déi opgeruff gi sinn, hu brav „Hier“ geäntwert, déi éischt nach mat beluegter Stëmm, déi nächst scho vill méi king. Op eemol huet een et gewot, „Hei” ze ruffen. De Preis huet ee Moment gezéckt, huet geduet: probéier nach eng Kéier; erem „Hei” als Äntwert an nach eng Kéier „Hei”.

Dat war him dees ze vill. Hien ass an d’Luucht gaang wéi ee Späizmännchen an huet gebaupst: „Es heißt Hier und nicht Hei; Hei frisst der Ochs.“

Een nom anere sinn esou déi 850 Lëtzebuerger an 11 verschidden Abteilunge verdeelt ginn. An eiser Abteilung waren et déi 76 Jongen, déi sech an deenen nächste puer Méint lues a lues besser kenne léiere sollten, déi ferrem zesummegehal hunn an aus deene ganz séier gutt an trei Komerode gi sinn:

 

 

AREND Jean Heeschdrëf DIENHARDT Pierre Rouspert
AREND Jos Péiténg DITSCH Jos Lëtzebuerg
BARTHOLOMEY René Méchela DUMONG Greg Kielen
BAULESCH Mathias Harel ELTGEROTH Nic Pärel
BIEVER Camille Baaschelt ELSEN Jos Béiwen/Atert
BINTNER Marcel Blaaschend EMERINGER JP Jonglënster
BISDORFF Jean Schëffléng ERPELDING Pierre Brandenbourg
BOURSCHEID Camille Téiténg ETGEN Nic Uewerfeelen
BRACONNIER Henri Maarnech EYSCHEN Jos Ettelbréck
BRANDENBURGER Gilbert Käl FABER Marcel Bartréng
BRASSEL Jean Schwiddelbruch FALTZ Nic Ierpeldeng/Ett
BRAUN Alphonse Äischen FAUTSCH Nic Ierpeldéng/Wo
BRAUN JP Wolz FEIDT Jos Miersch
BREBSOM Francis Schëffléng GALES Norbert Bech-Kleemaacher
BREDIMUS Jean Schëffléng INFALT Jean Ettelbréck
BRILL Jos Alschend LACAF Roger Dikrech
BRIX Pierre Rodange LIESCH Léon Lëtzebuerg
BROCHMANN Roger Schëffléng LINDEN Raymond Rodange
BROSTUS Nicolas Käerch LOESCH Marcel Péiténg
BRUCHER Marcel Canech MARGUE Edouard Uewerkäejéng
BUCHEL Pierre Dikrech MARTIN Charles Lorraine
BUCK Fred Déifferdéng MAY Dennis Gréiwemaacher
BUSCH Jean Helzen MEURIN Charles Lëtzebuerg
CHRISTMANN Vic Bungeref MEYLENDER Jos Téiténg
CIGRANG Raymond Bous MOUTRIER Norbert Lëtzebuerg
CLEES Jos Näidsen MULLER JP Keiwelbaach
COLJON JP Ell NEPPER Jos Kolmer-Bierg
CONRAD Camille Béiwen/Atert RATHS Marcel Biissen
CONTER Jos Äischen REHLINGER Ady Keespelt
COUNOTTE Paul Stackem REICHLING Aloyse Garnech
DAHM Alphonse Hierber SCHOSSELER Emile Noojem
DAMIT Arsène Lëtzebuerg SCHRIEBER Nic Nidderfeelen
DEISCHTER Ernest Rodange SCHRITZ Eugène Gouschténgen
DELE Jean Esch/Uelzecht TURK Jean Lëtzebuerg
DHUR Jos Wäiswampech WEBER Bernard Rëmëléng
DUHR Fernand Ohn WEBER Hubert Miedernach
DIDERRICH Arthur Elléng WILTGEN Aloyse Wolz
DIDIER René Miedernach ZURN Victor Lëtzebuerg

 

Op eisem Stellungsbefeel stong, datt mir an d’R.A.D.-Abteilung K4/44 op Gross-Tychow agezu wieren. Jiddereen hat op der Landkaart nogekuckt an déi Uertschaft a Pommern no bei Belgard fonnt, ongeféier 100 Kilometer südlech vu Stolp.

Déi aner Lëtzebuerger Jonge koumen an d’Abteilungen

K3/40 op Lübtow (ganz uewen a Pommern, 4 Kilometer vun der Ostséi, no un der polnescher Grenz),

K4/40 op Gans (Kreis Lauenburg, nordëstlech vu Stolp, net wäit vun der Ostséi zwëschen Degendorf a Leba),

K6/41 op Wussow (40 Kilometer südlech vu Stolp a 40 Kilometer ëstlech vu Köslin),

K7/41 op Neu-Jugelow (20 Kilometer ëstlech vu Stolp, eng 10 Kilometer virun der polnescher Grenz),

K8/41 op Wusseken (10 Kilometer nërdlech vu Köslin a bal un der Ostséi),

K5/44 op Falkenburg (50 Kilometer südlech vu Belgard no um Wansowséi),

K1/45 op Wurchow (10 Kilometer nërdlech vu Neu-Stettin an 10 Kilometer ëstlech vun äis).

Dës 8 Abteilungen (jiddereng mat 70-80 Lëtzebuerger) louchen also all a Pommern an der Ausbildung an engem Ëmkrees vun 120 Kilometer ronderëm Stolp. Mat äis sinn awer och nach op d’mannst 3 aner Abteilungen a Pommern gefuer. Déi Lëtzebuerger koumen op Peenemünde an d’Lager Karlshagen, wou 230 Jongen an 3 Abteilunge verdeelt waren (1/50, 4/52, 4/54).

Am Haff vun der Garer Schoul sin därbaanst d’Präparative fir eisen Depart weidergaang. Deen éischte vu jidder Grupp huet ëm den Hals engt Kartrongs-Schëld gehaang kritt, op deem d’Nummer vun der Abteilung grouss drop geschriwwe stong. Well mir Lëtzebuerger vun der militärescher Uerdnung awer och net déi Boun vertstan hunn, haten déi däitsch R.A.D.-Cheffe fatzeg Schwieregkeete fir äis zu 4 a 4 opzestellen an äis an där Formatioun ze behalen.

Géint 11 Auer ass eng Abteilung no där anerer duerch d’Joseph-Junck-Strooss op d’Haaptgare dirigéiert ginn, mat der Begleedung an ënnert der Opsiicht vu vill däitsche Polizisten, déi mat hirem martialeschen Optrieden an hire fierchterleche Stahlhelmer engem d’Fäerten agedriwwen hunn. Ee gudde Mount virdru war d’Wehrpflicht ageféiert ginn an dorop de Streik ausgebrach. Duerfir haten d’Preise streng Mesuren ergraff fir datt et zu kengem Zwëschefall sollt kommen. Hannen un äis koum ee Won voller Polizisten, déi jidder Zäit agräife konnten, wann eppes net klawéiert hätt. Si haten dat schonns déi Deeg virdrun ausprobéiert, well méindes de 5., an dënschdes, de 6. Oktober 1942, waren ewell e puer Honnert Jongen an den R.A.D. agezu ginn. Och donneschdes, den 8. Oktober 1942, ass erëm eng grouss Zuel vu jonke Leit an den R.A.D. fortgefuer. Et kann ee soen datt déi 4 Oktoberdeeg de ganze Joergank 1922 fortkomm ass. Mee fir déi däitsch Polizei war dat och een Training fir déi nächst schwéier Missioun, well fir sonndes, den 18. Oktober 1942, haten déi éischt Lëtzebuerger hire Stellungsbefeel fir d’Wehrmacht kritt a si sollte wéi mir mam Zuch an Däitschland verschleeft ginn.

Vill Leit, virun allem vill vun eise Familljememberen, stongen op den Trottoiren an hunn äis nogewénkt. Well den Haff vun der Schoul an der Stroossbuerger Strooss vun de Polizisten ofgespaart war a well de Quai op der Gare, wou den Zuch op äis gewaart huet, och zou war, konnte mir nëmmen hei eise Leit ee leschten Äddi zouruffen. Jidderengem vun äis war et schwéier ëm d’Häerz. Mir hu misse fort vun doheem a mir sinn an eppes era forcéiert ginn, wouvu kee wousst, wéi een Enn et kréich.

Op der Gare stong dee laangen Zuch schonn ënner Damp. Knapps ware mir dobannen a scho war den Depart. Mee du gong et lass : d’Fënstere goufen opgerass, well jidderee wollt nach ee leschte Bléck op Lëtzebuerg werfen. Zur Bouneweeger Säit zou stong eng Onmass vu Leit, déi gewénkt a geruff a gesong hunn. An hei, wéi et och schonns virdrun op der Garer Plaz geschitt war, si Wierder gefall, déi de Preisen net grad agreabel waren. Bei äis si roud-wäiss-blo Fändelcher geschwenkt ginn. De Feierwon an d’Heemecht sinn ugestëmmt ginn. „Vive d’Grande-Duchesse” ass geruff ginn. „Roude Léiw, huel se”, ass gejaut ginn. Et war dat déi eenzeg Méiglechkeet fir eiser Roserei lass ze ginn a fir de Preisen ze weisen, datt mir mat hinnen net d’accord wiren.

Mee ganz séier war et mat eiser Oppositioun um Enn. Däitsch Polizisten, déi eng an Uniform, déi aner an Zivil, waren och am Zuch an hunn ugefaang op déi ze schloen, déi gewot haten d’Fënsteren an d’Dieren opzeräissen oder d’Heemecht ze sangen.

De Fautsche Néckel vun Ierpeldeng bei Wolz erzielt:

Op déi äänzel Waggoe waren Zuchpolizisten an Uniform verdellt. Do wou déi sech gewisen hoan, ass et séier roueg ginn, well déi hoan nik laang gezéckt fir droanzeschloen. Mee wann si laanst waren, ass erëm dichteg gesonge ginn. Op eemol krut onerwaart ee voan eis eng ferm an d’Sabbel.

Si koum voan engem Polizist an Zivil, deen dunn ugefongen hoat, eis Pabeieren ze froen an eis Näm opzeschreiwen. Hän hoat eis ugedrät, ee Rapport voan eisem skandaléise Behoale kéim an eisen Dossier, an da kéinte mir domat rechne, viroan ee Krichsgeriicht ze kommen. Mee déi ganz Affär war nëmmen gedoacht, fir eis et bang ze maachen a fir eis op déi Manéier roueg ze kreien. An dat hoan d’Preisen och domat erreecht.

Nach eng leschte Kéier, an dat wéi mer zu Waasserbëlleg d’Grenz passéiert hunn, huet jidderee gehollef mat aller Kraaft de Feierwon ze sangen.

Mee dunn ass et roueg ginn. Mir waren net méi op eiser Mëscht, a lues a lues huet deen däitsche Geleetkommando äis an d’Gidd kritt. Jidderee vun äis huet sech a säin Haischen zeréckgezunn, ass nodenklech ginn an huet vläicht fir d’éischte Kéier den Eescht vun der Situatioun erkannt. E puer Flauterten hunn et nach fäerdeg bruecht, zu Tréier an zu Koblenz de Preisen op dem Quai appetiterlech Lëtzebuerger Zoossissen an Hamen ënner d’Nues ze reiwen. D’Stëmmung war ëmgeschloen, an eise laangen Zuch ass ëmmer méi wäit an Däitschland eragekroch.

Géint den Owend si mir zu Marburg ukomm, wou mir eng warem Ierbëssenzopp vum däitsche roude Kräiz offréiert kruten. An der Nuecht hu mer am Sëtze geschlof a mir hu Kassel, Magdeburg a Wittenberge passéiert. Mir sinn nërdlech laanscht Berlin gefuer, krute mueres zu Neu-Strelitz eng Taass waarme Kaffi, sinn op Stettin komm a vun do op Belgard. Zwëschent Neu-Strelitz a Stettin war eisen Zuch schonn ausernee gerappt ginn, well d’Jonge vu Peenemünde eng aner Direktioun ageschloen hunn.

Lo hei zu Belgard ass de Rescht vun eisem Konvoi opgespléckt ginn. Mir vun der Abteilung 4/44 sinn owes an een aneren Zuch geklomm, deen äis op Gross-Tychow bruecht huet. ‘T war nëmme gutt, datt mir genuch Proviant vun doheem matbruecht haten, well op där ganzer Rees ware mir net mat Zoossissen ugestréckt.

War et eng Expressegkeet oder net, mee et huet staark no enger Revanche fir eist Behuelen op der Gare zu Lëtzebuerg ausgesinn: an der Däischtert si mir eng Statioun ze wäit gefuer, a mir konnten dunn um 11 Auer nuets mat eisem schwéiere Gepäck ongeféier 8 Kilometer zu Fouss zeréckmarschéieren. Ënnerwee ass méi ewéi eng Wallis mat Iesses an Drénkes am Stroossegruef leie bliwwen. Doudmidd vun där beschwéierlecher Rees, an apaarti vun deem schéine Nuetsspadséiergank, si mir Freides mueres um halwer 1 am Lager ukomm.

Fir eng Rees vun ongeféier 1200 Kilometer hate mir 36 Stonne gebraucht; a Loftlinn ware mir bal 900 Kilometer vu Lëtzebuerg ewech.

Am Lager si mir provisoresch op e puer Brake verdeelt ginn, an deene schonn däitsch Jongen, déi an déi selwecht Abteilung wéi mir agezu waren, op äis gewaart hunn.

Den Dhurs Joss vu Wäiswampech erzielt :

Als Begréissongsmenu hat de Koojch eng formidabel Surprise, a jidder Brak juffen 3 Wääschschossele mat waarmem Wasser, an deem Kabbesbläder geschwomme sen, opgedron. Dat hat dem Faass de Buadem ausgeschloen. Mir hann déi hënnescht Fënster opgerapt an dee wonnerbare Menu do erausgeschutt.

Jiddereen hat säin eigene Proviant (Hamm, Zoossiss, wäist Brukt, sugar Schokela) erbäigeholt, an de Preise bluffen d’Auen an de Mond opstoen, wéi si déi Herrlechkeete sujchen. Esu jett Hamm hate si an hirem Liäwen najch net ze schmaajche kriet.

Dee Moment ware mir nach ganz staark. Mee mir hunn äis gefrot, ob et och nach no e puer Woche sou wier, wann d’Preisen äis mol richteg duerch d’Mang gedréint hätten. Wee wousst deemools, wat äis nach alles bléie géif?

 

 

Déi éischt 3 Deeg am Lager vu Gross-Tychow

 

D’Uertschaft Gross-Tychow –  D’Lager  – D’Leit am Lager  –  Mir kréien eng Uniform

Deen éischten Dag kënne mir méi laang wéi normal schlofen, fir datt mer äis vun deene schwéiere Strapaze vun der Rees erblose kënnen. Virmëttes versiche mir da, fir äis no an no an dëser friemer Géigend erëmzefannen.

D’Gewan ronderëm d’Lager ass platt ewéi e Su; de Buedem ass rabbelege Suebel, an deem haaptsächlech Gromperen a Rommele gezillt ginn.

D’Uertschaft Gross-Tychow ass engt laanggestreckte Stroossenduerf. D’R.A.D.-Lager läit un deem engen Enn, eng 200 Meter virun deenen éischten Haiser. Um anere Wupp steet d’Gare, ongeféier eng hallef Stonn vun äis ewech. D’Duerf, dat net grad eng groussaarteg Impressioun mécht, soll 2000 Awunner hunn, bal nëmmen arem Kräizerbeiercher. D’Haiser sinn niddreg Heipen. Eng Bäckerei, eng Metzlerei, eng Epicerie, souguer 2 Wiertschaften an eng Post gehéieren zu deene bessere Gebailechkeeten. An der Ëmgéigend vu Gross-Tychow leien e puer Bauere-Gidder, déi adelege Krautjunkere gehéieren.

Ee klenge Floss, d’Persante, kräicht gemächlech duerch déi flaach Landschaft a leeft 70 Kilometer méi wäit bei Kolberg an d’Ostséi.

D’Lager ass mëtten an engem schéine Kifere-Bësch installéiert. Mir wunnen a Braken aus Holz, déi op Betons-Pilare ronderëm d’Appellplaz opgeriicht sinn. Am ganze sinn et der 11: 4 Mannschaftsbraken, 1 Führerbrak, 1 Verwaltungsbrak, 1 Materialbrak, 1 Wäschbrak, 1 Kichebrak, 1 Toilettebrak an 1 Schapp. Dat ganzt Lager ass mat engem hëlzenen Zonk agemaach. D’Plazen, d’Weeër, de Wues, d’Brake si vun enger provokanter Propretéit; d’Feldweeër awer, déi laanscht d‘Lager lafen, gesi knaschteg a verfueren aus.

An all Mannschaftsbrak sinn 3 Stuffen, déi sech genee gläichen a wou mir dra wunnen a schlofen. Duerch eng Dier kënnt een an ee klengt Virzëmmer, wou d’Spueden hänken, déi net fir ze schaffe mee fir ze paradéiere gebraucht ginn. Duerch eng zweet Dier geet et an d’Stuff, wou 14 Better stinn, an zwar ëmmer der 2 iwwereneen. Zu all Bett gehéieren e Stréisak, e Spind, e Schemel an eng Wäsch-bittchen. An der Mëtt vum Zëmmer steet en Dësch a bei der Entrée een décken Uewen.

Freides, am Laf vum Nomëtteg, musse mir äis alleguer, och déi Däitsch, der Gréisst no op der Appellplaz opstellen, an deemno gi mir a verschidde Gruppen agedeelt. D’ganz Abteilung besteet aus 4 Zügen, jidder Zug (= peloton) huet 3 Trupps. A jidder Trupp sinn am Prinzip 14 Arbeitsmänner.

Jidder Trupp wunnt an enger Stuff fir sech. Déi Gréisst, déi Gebeemt, sinn also am 1. Trupp, an dee besteet aus 12 Lëtzebuerger an 2 Däitscher; déi Klengst par conter, d’Biddestëpp, sinn am 12. Trupp, an dora sinn 11 Däitscher an 3 Lëtzebuerger.

Am ganze Lager sinn ouni déi Gradéiert 168 Mann; net grad d’Halschent si Lëtzebuerger an de Rescht Däitscher, déi also d’Majoritéit hunn. Si sinn all e puer Joer méi jonk wéi mir; si si Joergank 1925. Déi Jonge komme virun allem aus Pommern; et sinn och e puer Volksdeutsche aus Polen dobäi, déi nach méi schlecht däitsch schwätze wéi mir.

De Bisdorffs Jäng vu Schëffleng erzielt :

Dat Däitscht vun de Volleksdäitschen aus Polen ass ganz apoart. Ech menge jidderee kennt déi hei zwou Geschichten :

 Zwee Volleksdäitscher schwätze mateneen :

-Hast du gesehn mein Dackel?

-Dein Dackel; seit wann hast du Dackel?

-Hab ich verloren, mein Kochgeschirr-Dackel.

 An déi hei :

Ee Volleksdäitschen, deen sech krank mellt:

Da hab ich gegessen 2 Eier Rührt-Eich. Da hab ich geschissen wie das Wasser so dinn.

Mee dat Däitscht, wat mär Lëtzebuerger schwätzen, ass och heiansdo net eeschtlech brillant. Ech gi mat engem Komerod an d’Duerf op d’Post. De Kolleeg, ech verrode säin Numm net, stellt sech bei de Guichet an hie gëtt gefrot: „Was wünschen Sie?“ Hien äntwert: „Käppercher!“ – „Was möchten Sie?“ – „Käppercher!“ – „Was soll das denn sein? Wozu brauchen Sie die Käppercher?“ – „Ma, für auf den Brief zu pechen.“

An deenen éischte 14 Deeg sinn och nach e puer Elsässer bei äis. Si hunn hir R.A.D.-Zäit ëm a si waarden drop fir entlooss ze ginn. Den 1. Zug huet fir déi éischt Deeg esou ee Jong, ee feine Kärel vu Mulhouse, als Vormann.

Eisen ieweschte Chef ass den Oberstfeldmeister Gusske; sträppweis gëtt e vum Oberfeldmeister Schmahl ersat. Jidder Zug huet een Unterfeldmeister oder een Obertruppführer als Chef :

den 1. Zug den Unterfeldmeister Eggenberger,

den 2. Zug den Obertruppführer Egger,

den 3. Zug den Unterfeldmeister Biedermann,

den 4. Zug den Unterfeldmeister Domröse (Hans Huckebein genannt).

D’Chargë ginn eréischt no 14 Deeg sou verdeelt. Déi zwou éischt Woche kommandéieren den Oberfeldmeister Schmit an den Unterfeldmeister Eggenberger den 1. Zug, den Oberfeldmeister Franke an den Obertruppführer Gehrke den 2. Zug, den Unterfeldmeister Biedermann an den Obertruppführer Egger den 3. Zug, den Unterfeldmeister Domröse an den Obertruppführer Ott de 4. Zug. D’Cheffe Schmit, Franke, Gehrke an Ott ginn Enn November an d’Wehrmacht agezunn. Dem Zugführer steet e Vormann zur Säit, dee fir Klengegkeeten an der Ausbildung zoustänneg ass. Hie muss äis léieren d’Better sou ze maachen an d’Spinden sou anzeraumen, wéi et virgeschriwwen ass; hien hëlleft beim Drill an hien iwwerwaacht eis Aarbechten.

Am 1. Zug ass de Vormann Degenhardt,

am 2. Zug de Vormann Schwenk,

am 3. Zug de Vormann Overhoff,

am 4. Zug de Vormann Hackel.

Op der Schreifstuff sëtzt als Zahlmeister de Feldmeister Dettmann; als Zeugmeister figuréiert den Unterfeldmeister Peitz; an der Kichen hantéiert eng däitsch Fra als Kächen. Op der Heilstuff zauberen zwee Heilgehilfen, den Obervormann Schmuderer an de Vormann Maferding. Mee well si nëmme Léierbouwe sinn, kënnt all zweeten Dag en Dokter vu Gross-Tychow an d’Lager, fir déi seriös Fäll ze behandelen.

Freides lafe mir nach ëmmer an eisen Zivilkleeder doruechter. Et huet och nach keen Déngscht ugefaang. Alles geet bis elo schéi gemitterlech; et schéngt, wéi wa mir eng gutt Impressioun vum Lager a vum R.A.D. kréie sollen.

Samschdes, den 10. Oktober, ass den Dag vun der Akleedung. Een Trupp nom anere presentéiert sech op der Kleederkummer, a jidderee kritt do alles, wat en an sengem Liewen als Arbeitsmann brauch. Muncherlee wat mer kréie si gebrauchte Saachen, déi scho vu villen Arbeitsmänner virun äis gedroe goufen. Dat meescht ass an engem propperen a ganzen Zoustand; mee aparti bei der Ënnerwäsch kann een dach mol Saachen erwëschen, déi zerrass sinn. Well déi meescht Lëtzebuerger grouss Kärele sinn, kréien déi bal lauter nei Saachen. An deenen Abteilunge virun äis waren déi Laang zimlech rar, a sou ass de Stock vun deene groussen Uniformen nach nei an net gedroen. Bei der Akleedung gëtt net laang geträntelt; den Zeugmeister huet bei senger Aarbecht e schéinen Tempo drop.

Den Turke Jang vu Lëtzebuerg erzielt :

Fir d’éischt kritt jiddereen eng Zeltplan. Déi leeë mir op de Buedem, an durdrop gëtt dann de ganze Buttek getässelt, dee mer ze gutt hunn. De Kummervirgesetzten, dee Kammerbulle genannt gëtt, mécht net vill Konschten. Hie schätzt ee mat engem Bléck an der Gréisst an an der Statur of, a werft engem ee Koup Kleeder dohin. Geet ee reklaméieren, dat hei wir ze grouss oder dat do ze kleng, heescht et kategoresch „Passt”, an domat ass d’Affär gedon.

Mir koppelen ënnert ons déi divers Saachen, probéiren dat eent an dat anert, a schliisslech huet jiddereen eng Uniform, déi engegermoosse sëtzt, mee déi ons trotzdeem net gefale kann.

D’Vormänner weisen äis, wéi mer déi vill Wull Kleeder falen an am Spind rangéiere mussen. No viller Méi a laanger Zäit huet jidderee seng siwe Saache propper an op där richteger Plaz am Schaf leien. Hei wat zu eisem kompletten Equipement gehéiert:

1 Mantel, eng éischt (déi houbescht fir extra Okkasiounen) an eng zweet (déi fir all Dag) Uniformgarnitur (Box a Paltong), 1 wäissen Drillichanzug (fir ze schaffen), 2 Hiemer, 2 laang Kalzongen, 2 Handdicher, 1 Pullover, 2 Puer Strëmp, 3 Schnappecher, Kopfschützer, 2 Puer Händschen, zwou Mutzen (1 Schëffelchen an eng Schirmmütze: dat ass den “Arsch mit Griff”), 1 Puer Stiwwelen, 1 Puer Schong, eng kuerz Sportsbox, 1 Trainingskostüm, 1 Puer Turnschlappen, 1 Tornëschter, 1 Brotbeutel, eng Zeltplan, 1 Koppel, zwou Kragenbinden, 1 Puer stofte Getten , 1 Puer Fusslappen, 1 Nuetshiem, 1 Schlofsak, 3 Decken, 1 Kachgeschir, 1 Koppel, 1 Spuet, eng Erkennungsmark.

Vun deem ganze Klimbim kréie mir all Woch, an zwar samschdes, nëmmen 1 Hiem, 1 Kalzong, 1 Nuetshiem an 1 Handduch op frësch Saachen ëmgetosch; all deen anere Krom musse mir selwer wäschen a propper halen.

Eis Privatsaache musse mir an eis Wallisse paken; déi géifen an deenen éischten Deg heemgeschéckt, heescht et. Domat ass de Schlussstréch ënnert eist Zivilliewe gezunn. Lo fänken aner Zäiten un; an deenen nächste Woche solle mir zum perfekten däitschen Arbeitsmann ausgebildt ginn.

Lo, wou mer agekleed sinn, kréie mer och gesot, wéi den Hues hei leeft. Den Oberstfeldmeister Gusske deelt äis nämlech mat, datt mir 6 Méint ënnert sengem Kommando bleiwen. Déi 3 éischt Méint solle mir hei zu Gross-Tychow eis Ausbildung kréien an duerno solle mir 3 Méint an den Asaz kommen. Wouhi mir kéimen, wier nach net bestëmmt; et kënnt an Däitschland an enger Fabrik oder an engem Land sinn, dat vun den Däitsche besat ass.

Sonndes mueres gi mir alleguer vum Doktor ënnersicht, a jidderee kritt zwou Piqûre gemaach. Nomëttes si mir fräi, mee mir mussen am Lager bleiwen. Mir profitéiren dovu fir déi éischt Bréif un d’Famill, u Frënn a Bekannter ze schreiwen, fir datt mer sou séier wéi méiglech erëm Kontakt mat der Heemecht kréien.

Eis Adress ass déi hei:

Arbeitsmann XY

Gross-Tychow ü/Belgard ( Pommern)

R.A.D.- Abteilung K4/44.

No 3 Woche fällt de K viru 4/44 ewech. Et heescht, de K sténg fir Kriegseinsatz. Wann dat esou ass, da kéime mer no der Ausbildung jo nawell mat engem bloen A dervun.

An den éischten Deeg dierfe mir nëmme Kaarte schécken. Mir kréien dobäi och gesot, datt d’Kaarte kontrolléiert géifen. Domat soll erreecht ginn, datt mir eise Leit net ze vill grujeleg Saachen aus dem Lager schreiwen. Mee well all Dag scho Lëtzebuerger aus dem Lager an d’Uertschaft kommen, spille si Facteur an huelen déi verbuede Bréif mat op d’Post.

An dat lescht vun deenen éischten Deeg aus dem Lager Gross-Tychow: samschdes ginn 2 Lëtzebuerger géint 2 aner ausgetosch, well si aus Versinn an eng falsch Abteilung gerode waren. Uerdnung muss sinn, aparti hei an Däitschland!

 

 

 Déi éischt Woch : 12.10. – 18.10.1942

 

All Dag dee selwechte Programm –  Eist Liewen am Lager

Dëse Méindeg leeft de Betrib richteg un an zwar gläich op vollen Touren. Mir sinn dee ganzen Dag um Trapp an hu praktesch keng Minutt méi fir äis; owes si mir um Enn a frou an d’Klapp ze kommen.

Een normalen Dag gesäit esou aus :

Um 6 Auer geet et aus de Plommen. Virun de Brake päift den F.V.D. (Feldmeister vom Dienst) a brëllt sou haart wéi e kann: „Ganze Abteilung: Aufstehen!“ Da lafen hien an den T.V.D. (Truppführer vom Dienst) an aller Vitesse a mat vill Gebrëlls duerch d’Stuffen a kontrolléieren, ob och jiddereen op ass. Wann een sech krank fillt, mellt e sech bei där Geleeënheet, an et gëtt een da notéiert. Vun 8 Auer u ginn déi Krank op der Heilstuff ënnersicht an entweder do behal oder no enger kuerzer Behandlung un d’Aarbecht geschéckt.

Scho 5 Minutten duerno sti mir am Sportsgezei dobausse fir „Frühsport” ze maachen.

Vu 6.15 bis 6.45 Auer wäsche mir äis, maachen d’Better genee no Virschrëft a raumen d’Stuff propper op.

Vu 6.45 bis 7.20 Auer huele mir d’éischt „Frühstück” eran; dat ass Kaffi, e Stéck Kamëssbrout (ongeféier 3 Schmieren) a Gebeess. E puer Mol gëtt et och gesalzent Schmalz.

Um 7.20 Auer ass de „Morgenappell”, wou d’ganz Abteilung op der Appellplaz untriede muss. Hei kréie mir vum Oberstfeldmeister d’Bemierkungen an d’Kritiken iwwert eist Behuelen an eist Schaffen ze héieren, a mir gi gewuer wéi d’Uerdere fir deen neien Dag sinn.

Vu 7.30 bis 14 Auer ass Déngscht, dee vun Dag zu Dag changéiert.

De Webesch Hub vu Miedernach erzielt :

An deenen éischten Deeg a Wochen sinn et meeschtens „Ordnungsübungen”. Sou heescht de Kasärendrill: Antreten, Stillgestanden, Rührt euch, Augen rechts, die Augen links, Wendungen, Marschieren, Halt, Marsch, Grüßen, Spatengriffe an dee ganze Bataklang.

Bei schlechtem Wieder ass et „Arbeitstechnische Ausbildung“: mir léiere mat verschiddenem Handwierksgeschir ëmzegoen; mir kréien z.B. gewisen, wéi ee mat enger Schëpp schaffe muss, an ëmmer erëm gëtt eis agetrotert: Es folgen sich Schub, Hub, Wurf. Déi 3 Wierder héiere mer nach am Schlof.

Et kann awer och Aarbecht sinn: mir musse Gromperen eraushuelen, Beem ëmhan a botzen, ee Läschbaseng uleeën, Drainagegrief a Luftschutzgrief aushiewen.

 Dësen Déngscht gëtt um 9.30 Auer fir eng hallef Stonn ënnerbrach, well d’zweet „Frühstück” mat Botter, Zoossiss oder Kéis op äis waart. Brout kréie mer kengt méi, well mueres si mir jo schonns bis owes domat verproviantéiert ginn.

Um 14 Auer iesse mir zu Mëtteg. Gewéinlech gëtt et Eintopf, deen an zwee gewaltege Kesselen an der Kiche gebratscht gëtt, sonndes Schwéngsbrot mat roudem Kabes a Gromperen oder Gulasch mat Gromperen a vill „Tunke”. Heiansdo wëllen se äis eng Freed mat Nuddelen a gebake Quetsche maachen; mee da kréie mir alleguer e fatzegen Duerchfall. Dessert gëtt et ausnahmsweis sonndes: eng Kéier Pudding aus Bottermëllech, eng aner Kéier Kamellen an eng drëtte Kéier (e Wonner) 10 Schokelasknippercher. Fir äis sat ze kréien, gëtt et och mol eng ganz Schossel Schmull pro Stuff.

Nom Iesse si mir bis 16 Auer fräi; offiziell heescht dat Bettrou, mee a Wierklechkeet si mir domat beschäftegt ze wäschen, ze bitzen, d’Strëmp ze flécken, d’Schong an d’Stiwwelen ze wichsen, fir um Appell vun owes net opzefalen.

Den Delés Jang vun Esch-Uelzecht erzielt :

Mär hu séier den Trick eraus, wéi mär eis uleeë mussen. D’Schong, d’Stiwwelen an de Koppel gi gutt mat Wichs ageschmiert an dat mat enger wëllener Lomp blénkeg geriwwen. Zum Schluss gëtt e puer mol drop gespaut, erëm geriwwen, an da blénkt dat Liedergeschir wéi eng Sonn. De Spuet gëtt mat ganz rengem Glaspabeier poléiert, net nëmmen d’Blad, mee och de Still, deen aus Eschenholz ass an deen eng schéi wäiss Foarf kréie muss. An der Box vun der 1. Uniformgarnitur muss eng Fal sinn, déi, sou kréie mir gesot, “scharf wie ein Rasiermesser” muss sinn. Dat brénge mär doduerch faërdeg, datt mär owes d’Box an der Fal naass maachen an an der Nuet ënnert de Stréisak op d’Brieder vum Bett leeën. Mär schlofen also op eiser Box. Mueres gesäit se da wéi gestreckt aus. D’Zännbiischt, de Kamp an d’Schnappech hu mär duebel : déi eng Garnitur ass fir de Gebrauch, déi aner nëmme fir beim Appell ze weisen.

Vu 17 bis 18 Auer hu mir Unterrecht iwwer Politik, Geographie, Geschicht, alles natierlech mat staark nazistescher Tendenz. Mir ginn och beléiert iwwert d’Geheimhaltung, iwwert d’Behuele vis-à-vis vun de Cheffen, iwwert d’Optrieden an der Ëffentlechkeet, iwwert d’Déngschtgraden asw.

Vun 18 bis 18.30 Auer ass Appell an deenen diverse Kleedersaachen. Mir mussen all Dag aner Stécker virweisen, déi genee kontrolléiert ginn. Wann ee mat eppes opfällt, gëtt e bestrooft.

Um 18.30 Auer sti mir erëm op der Appellplaz fir de Programm fir de nächsten Dag gewuer ze ginn.

Um 18.45 Auer iesse mir ze Nuecht; gewéinlech gëtt et Kaffi, Zoossiss oder Kéis, heiansdo eng Schmullzopp oder Huewerbräi.

Vun 20 bis 21 Auer hu mir 2 bis 3 Mol an der Woch Gesangsprouf.

Um 21.30 Auer musse mir an d’Bett, an duerno ass um 22 Auer Zapestreech; d’Luuchte mussen ausgemaach an et muss geschlof ginn.

Et kënnt natierlech vir, datt dëse Programm aus där enger oder aner Ursaach eng Grimmel changéiert gëtt.

Den Dag ass also gutt opgefëllt; mee duernieft sinn nach aner Aarbechten um Programm. De Baart muss owes erof, well mueres keng Zäit duerfir ass. Et gi Leit gebraucht fir an der sougenannter Fräizäit Gromperen ze schielen. Et sti Leit op Posten. All owes ginn d’Stuffe kontrolléiert, ob déi 2 Arbeitsmänner, déi „Stubendienst” hunn, an déi sech dobäi vill ploe mussen, och alles propper an d’Rei gesat hunn. Duernieft mussen déi 2 mueres an owes de Kaffi siche goen an zervéieren, wa mer eng Molzecht am Iessraum eranhuelen.

Sonndes hu mir et awer besser, well da leeft een anere Programm. Mir brauchen eréischt um 7 Auer opzestoen. Mueres gëtt da gebotzt a gefléckt. Mir kréien eventuell d’Hoer geschnidden (op „Streichholzlänge“). Nomëttes si mer fräi.

Am Lager ass eng Kantin, déi nëmmen e puer Deeg an der Woch owes vu 7 bis 9 op ass. Hei kréie mir Ersatzbéier, Limonad, Kaarten, Schreifpabeier, Enveloppen an aner Klengegkeeten ze kafen. Et ass souguer eng kleng Bibliothéik do, wou ee Bicher geléint kritt, allerdéngs bal nëmmen N.S- Literatur.

All Woch gëtt et 12 Zigaretten op de Kapp. Mee mir dierfen eréischt nom Mëttegiessen ufänken ze fëmmen. Als Ursaach gëtt gesot, déi Däitsch wieren nach ze jonk fir scho mueres ze raachen.

Samschdes owes kréie mir eng warem Dusch op däitsch Manéier.

De Rehlingesch Ady vu Keespelt erzielt :

De ganzen Trupp steet plakeg an dem groussen Duschraum. Am Ufank huet dat äis e bësselche genéiert, mee et gewinnt ee sech un alles. Op Kommando kënnt vun uewen erof 30 Sekonne laang waremt Waasser gestrutzt, fir äis gutt naass ze maachen. Dann hu mir 1 Minutt Zäit fir äis ganz anzeseefen. Zum Schluss kënnt erëm op Kommando 30 Sekonne laang waremt an duerno woodlecht Waasser, fir d’Seef an den Dreck ofzewäschen. Bei den Däitsche muss eben alles op Kommando goen.

Wéi schonns dee leschte Sonndeg, kréie mir och op dëse Feierdag vum Doktor eng Piqûre gemaach.

 

 

Déi 2. Woch : 19.10. – 25.10.1942

 

Mir léieren eppes ganz Wichteges –  Eis éischt Aarbecht : Gromperen eraushuelen  –  D’Bréif an d’Päckelcher vun doheem

Mir hunn elo eng gutt Woch laang den däitsche System matgemaach, an an deenen Deeg hunn déi meescht vun äis eppes ganz Wichteges geléiert. Fir net kujenéiert ze ginn, dierf een net bekannt ze sinn. Dat heescht, et dierf een net am schlechte mee och net am gudde Sënn opfalen; et muss een an der grousser Mass verschwannen. Engem säin Numm dierf net public ze sinn; et dierft ee praktesch net existéieren. Wann een no deem Prinzip fiert, da kënnt ee laanscht vill Ploerei.

Ass een awer bis eng Kéier bekannt, da kënnt een de Cheffen net méi aus de Féiss. Si vernennen nämlech nëmmen déi an engem Grupp, déi si beim Numm kennen. Sou gëtt een da ganz séier de Stoussnéckelchen, an dee kritt et no allen Noute geblosen, wann hien dee klengste Feeler mécht.

Dës Woch fänke mir un ze schaffen, an zwar murkse mir an engem immense Gromperestéck. Dat gehéiert zou engem grousse Bauerewiesen, dat dem Grof von Kleist säint ass. Et gëtt äis erzielt, de Moment géif hien a Südrussland leien. Mir huelen un, datt et de Generaloberst von Kleist ass, de Kommandeur vun der 1. däitscher Panzerarméi, déi Rostow besat huet an déi bis an de Kaukasus virgestouss ass.

Fir op dat Gutt ze kommen, musse mir 4 Kilometer zu Fouss goen; déi éischte Kéier, wou mer do sinn, kréie mir dat ganzt Wiese gewisen.

Den Emerings Jämp vu Jonglënster erzielt :

Mir kënnen äis nëmme wonneren, datt et esou eppes nach gëtt. Dat Gutt ass 18000 Muerge grouss, déi alleguer uneneen hänken. Praktesch all Lännereie ronderëm Gross-Tychow gehéieren duerzou.

Jonk Aarbechter gesäit ee keng; déi sinn agezunn. Nieft villen ale Leit, déi aus dem Duerf kommen, schaffen nach krichsgefaangen Zaldoten an zwar 50 Russen, 60 Fransousen a 90 Pole mat 80 Päerd an 21 Trakteuren hei.

De Betrib ass haaptsächlech op Grompereproduktioun spezialiséiert. Eng Gromperebrennerei, eng Gromperemielfabrik an eng Grompereflockefabrik ver-wäerten ee groussen Deel vun der Recolte. 2000 Schof a 500 Maaschtschwäi gi mat den Offäll gefiddert. Eng 160 Kéi liwwere Mëllech, déi an enger eegener Molkerei verschafft gëtt.

D’Grompere gi vu Maschinnen aus dem Buedem gehuef an agesammelt. Déi laanscht falen, musse mir a Kierf oprafen an a grouss Ween schëdden. All Dag schaffe mir 4 Stonnen do, an owes hu mir alleguer d’Schong voller Féiss, well et gëtt net vill ze raschten. A 4 Deeg hu mir 120 Hektar Gromperen erausgeholl.

No der Aarbecht musse mir erëm 4 Kilometer zu Fouss zeréck an d’Lager. Well eis Féiss sech nach net un d’Stiwwele gewinnt hunn, kréien déi meescht Bloderen a Wonne besonnesch an der Fiescht.

Mee eis Aarbecht gëtt bezuelt; samschdes kréie mir Pai: fir déi eischt Woch 1,20 RM a fir déi zweet 2,50 RM. Domat kann een och nach keng grouss Spréng maachen. Well déi meescht e puer Su mat vun doheem bruecht hunn, kënnt den Uerder, et dierft kee méi wéi 10 RM bei sech ze hunn. Op déi Manéier soll verhënnert ginn, datt Geld geklaut gëtt. Mee mir verstoppe wat mer ze vill hunn, well et weess ee jo ni, wou ee nach Sue brauche kann.

Wat äis dergéint schrecklech Freed mécht, ass datt d’Kommunikation mat der Heemecht klappt. Maandele voll Bréif a Päckelcher kommen un; d’Bréif brauchen 2 – 3, d’Päckelcher 4 – 6 Deeg. Mir gammse richteg op de Moment, wou d’Post verdeelt gëtt; dat ass all Dag gläich nom Mëttegiessen.

Apaarti d’Päckelcher si wëllkomm, well mat hinne kënnt neie Proviant, deen ëmmer méi néideg gëtt. Mir kréie scho mueres d’Brout fir de ganzen Dag. Mee mir kënnen äis net enthalen dovun z’iessen, sou laang wéi nach eppes do ass. Duerfir hu mir méi wéi eng Kéier nom 2. Frühstück keen oder nëmme méi e bësselche Brout a Reserv fir de Rescht vum Dag. Dat ass natierlech d’Ursaach firwat mir da virun allem owes schwaarzen Honger leiden.

Well mir äis bestänneg an der frëscher Loft ophalen an duerfir ee formidablen Appetit hunn, a well d’Iessen am Lager staark noléisst, sinn d’Päckelcher déi eenzeg Méiglechkeet fir sat ze ginn.

Déi Däitsch kréie bal näischt geschéckt; duerfir fänkt den Oberstfeldmeister un ze brëllen, d’Zuel vun den Päckelcher misst reduzéiert ginn. All Dag kommen der 25 – 30 vu Lëtzebuerg; jidderee kritt also praktesch all 2 – 3 Deeg e Friesspak vun 1 – 5 Kilo duerch d’Post oder iwwert d’Bunn. Zu 99 Prozent ass et Iesses, wat de laange Wee vu Lëtzebuerg op Gross-Tychow mécht. D’Brout ass am meeschten erwënscht; et kënnt am Klenge mee och am Groussen un. Et si Päck dobäi, déi bis 15 Kilo schwéier sinn. Grouss Plourieder Bauerebrout, ganz Hamen, gedréchent Zoossissen, Speck, Uebst, mee och Zigarette komme regelméisseg un. Jidderee kritt also nieft sengem normale Kascht am Lager nach eng zweet Ratioun vun doheem.

Mir kréie verbueden Iesses am Spind ze versuergen. Mee mir fanne vill Stoppen op deenen onméiglechste Plazen. All Kéier, wa Spindappell ass, ginn d’Iesssaachen op d’Beem oder hannert dem Zonk oder, sou laang wéi d’Feier nach net un ass, am Uewe verstoppt a vun de Führer net fonnt. ‘T ass traureg datt eis Leit vun doheem äis och nach erhale mussen. Si schécke souguer hirer Fleesch- a Broutmarken, déi se sech vum Mond ofspueren, fir datt mir genuch sollen hunn.

 

 

 Déi 3. Woch : 26.10. – 1.11.1942

 

D’Iessen hëlt staark of –  Vill Kranker  –  D’Ausbildung mam Gewier fänkt un  –  Mir hunn d’Flemm

Dës Woch ass eng vun deenen, an där mir alleguer eng ongeheier Flemm hunn. Eng Rei Ëmstänn sinn doru schold:

– Méindes mueres ginn eis Wallisse mat den Zivilkleeder heemgeschéckt. Dat gëtt ee Schock, well mir hunn heemlech gehofft, mir kéimen nach vläicht méi séier heem, wéi mir gesot kruten.

– Da fällt an dëser Woch d’Iessen op een onméiglechen Niveau. Do hëllefen och déi schéinst „Tischsprüche“ näischt, vun deenen all Kéier virum Iessen een opgesot muss ginn, wéi:

Es isst der Mensch, es frisst das Pferd, doch heute sei es umgekehrt. – Wer ehrlich seine Arbeit tut, dem schmeckt auch diese Suppe gut. – Am Leibesumfang kann man messen, ob wirklich gut auch war das Essen.

Mëttes kréie mir ee richtegt Schwéngsfriessen: eng klor Waasserzopp mat Stéckelcher Kolrawen dran. An owes ass et och net besser; eis Ratioun besteet aus 6 klenge gequellte Gromperen an engem dënne Rondel Zoossiss. Onglécklecherweis ass dës Deeg e Stopp an der Leitung vun der Post; et komme keng Päck méi vun doheem.

De Schosselesch Emil vu Noojem erzielt :

 Mär sinn esou hongereg, datt mär owes iwwer den Zonk ginn, fir an engem Stéck nieft dem Lager Kolrawen erauszehuölen a réi z’iessen. Sie schmaache mol guer nit sou schlecht; si hunn e Goût wéi Réidercher. Mär verstoppen der och am Spind.

Mee beim nächsten onerwaarte Spindappell stéisst onglécklecherweis de Feldmeister op e puör ugebasse Kolrawen. Hie schuömt sech selwer a mengt: Zustände, schlimmer als in Russland! Mee well et eng Blamage fir déi Iewescht a well et verbuöden ass, ginn déi Schëlleg déck gestrooft.

– Da musse mir nach ëmmer Gromperen oprafen. Et ass zwar déi lescht Woch vun där schwéierer Aarbecht, mee d’Gromperen hänken äis zum Hals eraus; mir géifen se léiwer an der Zopp gesinn.

– Vill Komerode gi krank; all Dag sinn et der 20 – 25, virun allem wéinst Gripp, Mowéi, Bloderen, Erkältungen a Schwëlle vu Fangeren an Zéiwen. Den Heilgehilfe kuréiert déi Kränkte rau a schlau; och den Dokter mécht keng laang Fisematenten. E puer Pëllen, eng Plooschter, eng Sallef ass alles wat si als Medezin offréiere kënnen. Gottseidank ass elo och den Infalts Jang um Revéier, dee Medezinstudent ass an deen äis no Méiglechkeet hëlleft eis Boboen ze heelen. Hie bréngt et fäerdeg datt och méi Kranker an d’Heilstuff kommen, wou et gutt waarm ass a wou si op wonnerbare Matratzebetter schlofe kënnen an net op deem haarde Stréisak leie mussen.

– Da kréie mer dës Woch deen éischten Unterrecht iwwert d’Gasmask an iwwert de Karabiner. Bis elo hate mir all Dag de Spuet um Menü. Jiddereen huet ëmmer an ëmmer erëm opsoe mussen: Der Spaten besteht aus 3 Teilen, dem Spatenblatt, dem Spatenstiel und dem Spatengriff an esou weider. Lo léiere mir op déi selwecht Manéier déi verschidden Deeler vum Karabiner bis an dee klengsten Detail kennen; mir kréie gewisen, wéi e fonctionnéiert, wéi e gelueden a geséchert gëtt. Dësen Unterrecht gëtt sou gehal datt jiddereen alles versteet. Hei weist et sech mat aller Däitlechkeet, datt den R.A.D. net nëmmen Aarbechtsdéngscht, mee virun allem  virmilitäresch Ausbildung ass.

– An zum Schluss falen op sonndes a méindes zwéin Deeg, déi doheem als Allerhellgen an Allerséile vu jidderengem respektéiert ginn. Hei sinn et zwéin Deeg wéi irgend eng aner.

Dat alles ass schold drun, datt d’Stëmmung gedréckt ass; mir denke vill un déi gutt Zäit vun doheem. Et heescht elo fatzeg op d’Zänn ze bäissen. ‘T ass nëmme gutt, datt bei äis och Lëtzebuerger sinn, déi sech net ënnerkréie loossen an déi duerfir suergen datt déi aner net ganz ënnerginn.

De Bourscheids Cam vun Téiteng erzielt:

Ech melle mech eng Kéier, fir an der Kiche matzehëllefen Gromperen ze schielen. An deem Raum, wou mär dat maachen, ass och d’Spënnche vun der Abteilung. Wat mär hei apaarti an d’Ae stécht, si grouss Eemere mat Äerdbiersgebeess dees mär schonn e puermol sonndes kritt hunn an dat eis excellent geschmaacht huet.

Ech iwwerleeën, wéi ech dees Gebeess op meng Stuff transportéiert kréich. Et gëtt nëmmen eng Méiglechkeet. Aus jidder Eemer schäffen ech, fir datt näischt soll opfalen, nëmmen eng Handvoll Gebeess, dat zimlech déck ass, a stoppen et an d’Täsche vu mengem Drillechspaltong. Da mellen ech mech beim Vormann, deen d’Opsiicht huet an deen an der Kiche mat engem Kolleeg schwätzt : „Arbeitsmann Bourscheid bittet austreten zu dürfen!“

A voller Vitesse geet et op d’Stuff; do fëllen ech d’Gebeess a mäi Kachgeschir. Schonns sinn ech erëm zeréck an der Kichen; schonns hunn ech erëm d’Täsche voll; scho stinn ech erëm virum Vormann a froen: „Arbeitsmann Bourscheid bittet austreten zu dürfen!“ – „Na, Mann, haben Sie Schwierigkeiten mit der Blase?“ – „Jawoll, Vormann!“ – „Dann also zum letzten Mal: Ab zur Latrine!“

Op der Stuff hu mär eng ganz Woch Äerdbiersgebeess z’iessen: hanneno steet et eis zum Hals eraus. An ech hu vill Aarbecht fir d’Iwwerreschter vun deem pechege Gefréiss aus mengem Drillech eraus ze kréien.

 

 

Déi 4. Woch : 2.11. – 8.11.1942.

 

Eng nei Aarbecht –  Et gëtt Wanter  –  D’Relatioune mat den Däitschen

Ufanks dëser Woch changéiere mir de Beruff. D’Gromperebauere vu gëscht ginn d’Bëschaarbechter vun haut. Gläich hannert dem Lager leeë mir mat enger grousser Drummsee Beem an engem grousse Bësch ëm; d’Stämm gi gebotzt an a Stécker geschnidden. Dat ass eng gemächlech Aarbecht, déi kengem wéi deet.

Sou kréie mir mueres ouni gréisser Ustrengung d’Zäit gutt erëm. Zwee Aarbechtsdeeg falen och nach an d’Waasser, well et riicht era reent. Duerfir gi mir dee ganzen Dag da mat Unterrecht gefiddert. Et sinn dat langweileg Stonnen, a mir si frou wa mol eppes Amusantes eng Ofwiesselung bréngt.

De Braconniers Heng vu Maarnech erzielt:

Den Turke Jang an ech, mir luschen e paar Deeg zesaamen op der Heilstuff. Hee wor hei gutt kënneg, well heen hat et wonnerbar verstannen, sech ëmmer erëm krank schreiwen ze loossen.

An der Nuet héieren ech op eemol wéi de Jang opsteet. Hee mécht d’Verdonklung van der Fënster erop, hëlt säi Schemel, stellt e viran den Uewen, mécht deen op. Wat der Däiwel soll dat jen?, han ech gedaajcht.

Hee stung do a sengem extra laangen Nuetshiäm, iwwer dat ech ganz nëgdesch wor, well mengt hat nëmme jhust de Pissoir verdeckt. Du gong den Zauber lass. Mat der enger Hand zéit heen deen hënneschte Läpp zwëschen de Been no vir, mat der annerer Hand zéit heen de viischte Läpp no hannen zwëschen de Been durrech, setzt sech op säi Schemel, fänkt eng Zigarett an a bléist den Damp an den Uawen eran.

Dat lescht konnt ech verstoen, well hee wollt net mam Fëmmen opfalen. Mee wat mech staark intrigéiert hat, dat wor dat Gedeessems mat de Läpper. Ech konnt net anneschter, ech han hee misse froen. Ma du bass gutt, huet de Jang gemengt. Setz du dech mol mam blanken Hënner op e kale Stull.

Mee och am Unterrecht kann et mol heiansdo eppes ze laache ginn, besonnesch wann de Bourscheids Cam eng komme léisst.

Den Didiers Ren vu Miedernach erzielt:

Am Unterrecht gëtt natierlech iwwert déi aktuell Situatioun a Russland geschwat. Den Oberfeldmeister Schmahl stellt dem Cam d’Fro : „Was sagt Ihnen der Name Stalingrad?“ De Cam gëtt keng Äntwert. „Also Arbeitsmann Bourscheid, überlegen Sie mal! In den letzten Tagen haben Sie doch öfters den Namen Stalingrad gehört. Das muss Ihnen doch was sagen! Denken Sie an Geographie, denken Sie an den Krieg, an den Feldzug in Russland!“

De Cam wëllt net an eng quokeleg Situatioun eragezu ginn an hien äntwert: „In Geographie war ich nie ganz stark und über Krieg kann ich nicht sprechen; wir hatten noch keinen in Luxemburg.“

Mëtt der Woch schléit d’Wieder ëm. Bis elo war et naass a kal, mee lo kënnt de Wanter. Nom Reen gëtt et fatzeg kal, et fréiert; deen éischte Schnéi fällt, a mir dierfen d’Feier an eisem Uewen daagsiwwer ufänken. Mee mir musse schrecklech mam Brennes spueren; et gëtt nëmme 6 Brikette pro Dag fir eng Stuff. Duerfir versiche mir mat alle Mëttelen, fir u Brennmaterial ze kommen.

De Schosselesch Emil vu Noojem erzielt:

No 3 Wochen am Lager ginn ech krank. Dem Dokter op der Heilstuff seng Diagnose ass Mittelohrentzündung. Ech ginn och dorop behandelt, mee et wëllt nit an d’Rei goen. Si schécke mech duerfir bei ee Spezialist op Köslin. Deen ënnersicht mech genee a gëtt mir 2 Bréif mat, ee fir den Dokter an een anere fir den Abteilungsführer.

An dem Gusske sengem Schreiwes steet als Conklusioun: Wird Arbeitsmann Emil Schosseler nicht operiert, ist er nicht einsatzfähig. Wéi de Gusske dat liest, kënnt en an d’Roserei a brëllt: „Noch ein Kranker mehr! Was mach ich bloß mit Ihnen? Ab zur Heilstube! Dort bleiben Sie bis zum Schluss!“

Ech hunn näischt dogéint, well hei kann ech eng roueg Klatz dréinen. Lues a lues gëtt och mäin Ouer besser. Fir d’Zäit erëmzekréien, ginn ech all Dag e puermol an de Schapp Brikette fir d’Heilstuff sichen. Um Wee erëm muss ech viru menger fréierer Stuff passéieren. Ech maachen all Kéier mäi Brikettekuerf schläichvoll. Wann ech da viru menger Stuff sinn, rëselen ech e gehéiereg duercherneen. En etlech Brikette falen dann aus dem Kuerf op de Buedem. Scho sinn 2 Mann, déi hannert der Dier gelauert hunn, heibaussen a verschwannen esou séier wéi et geet mat dem Brennes an d’Stuff. Op déi Manéier hunn ech de Kolleegen alt e bësselche gehollef fir d’Keelt besser z’iwwerstoen.

An dësen Deeg weist et sech datt et zwëschent de Lëtzebuerger an den däitschen Arbeitsmänner net richteg klavéiert. Am Ufank hunn si äis kommandéiere wëllen; dat hu mir äis awer net bidde gelooss, an et ass du zu deem éischte Sträit komm. Si hu schonn ëmmer e Pick op äis gehat, well mir si als Schnuddeler bezeechent a behandelt hunn. Wa mir ënnerenee poteren, maache mir dat nëmmen op lëtzebuergesch; si verstinn äis dann net. Ëmgekéiert si mir am Virdeel, well mir alles matkréien, wat si ënnert sech schwätzen.

Dat geet hinne géint de Stréch a si betitelen sech stolz als „Reichsdeutsche“ vis-à-vis vun äis „Volksdeutschen“. Mir mengen alt, mir wiere weeder dat engt nach dat anert. Da gi mir als „Beutegermanen“, an zu gudder Lescht, wann se guer näischt méi wëssen, als „Sau-Latzeburger“ vernannt.

Dat mécht natierlech och bei äis béist Blutt. Wann se dann iwwert den Nationalsozialismus, den Hitler an de Krich allerhand Wourechte vun äis ze héiere kréien, da lafen se bei d’Führer fir äis unzeschmieren, mir géife „Wehrkraftzersetzung“ maachen. Dorop gi mir vun där Säit zu Rieds gestallt, mir kréie Krichsgeriicht ugedrät. Alles dat hëlleft net, de Klima ze verbesseren. Sträit a Kläppereie kommen op. Mee schliesslech behale mir dat lescht Wuert. D’Preise gesinn an, datt si bei enger neier Uschësserei de Kierzeren zéien an da vun de Cheffen als Boxeschësser dohigestallt géifen, well si äis net Meeschter ginn.

Op där anerer Säit bréngt dat natierlech mat sech, datt zwëschen de Lëtzebuerger alles besser leeft. Mir récken zesummen, an et entstinn Komerodschaften a Frëndschaften, déi ee ganzt Liewen unhalen. Een hëlleft deem aneren, an d’Eenegkeet bréngt mat sech datt d’Moral erëm gewalteg an d’Luucht klëmmt. Mir hunn et fäerdeg bruecht äis duerchzesetzen; mir fillen äis staark a mir halen den Däitschen ouni Schwieregkeet de Bass.

Zwéi Lëtzebuerger ginn een anere Wee; si loosse sech vun den daïtsche Cheffe begaachelen, well si versprach kréien, si géifen zum Vormann ernannt ginn. Si sinn awer net sou kéng eis Schwieregkeeten ze maachen; mir streide net mat hinnen. Vun elo u loosse mir se einfach lénks leien a schwätze kee Wuert méi mat hinnen.

Aner Vormänner kréien allerdéngs ze spieren dat se sech net alles erlabe kënnen.

Den Ditsche Joss vu Lëtzebuerg erzielt :

Mir komme mat onsem däitsche Vormann net richteg ze Wee. Hien ass een agebilten, domme, freche Jong, dee mengt, ouni hie géif d’ganz Abteilung net fonctionnéieren. Hie kommandéiert ons, wéi wa mir Schoulbouwe wieren, an hie schmiert ons bei de Cheffe wéinst all Klengegkeet un.

Bei engem Spindappell fënnt hie bei e puer Lëtzebuerger vun onser Stuff, ech sinn och dobäi, ugebasse Kolrawen am Spind verstoppt. Hie mellt dat dem Zugführer, a prompt kréie mir eng Woch Bereitschaftsdéngscht als Strof. Mee mir huelen ons Revanche.

2 bis 3 Wochen duerno huet onse Vormann Déngscht; hie muss also och owes an der Däischtert d’Stuffe kontrolléieren. Soubal e bei ons passéiert ass, schläiche mir ons zu 4 Mann aus onser Stuff, loossen hien nach 2 aner  kontrolléieren, a wéi en aus där 3. eraus kënnt, sprange mir op en duer, schloen him eng Decken ëm de Kapp an dreschen en no allen Nouten. Am Nu si mir erëm verschwonn. Hien huet keen erkannt; et si keng Zeien do; hie kann absolut näischt géint ons ënnerhuelen.

Hien huet seng Streech, a mir ons Satisfaktioun.

 

 

Déi 5. Woch : 9.11. – 15.11.1942

 

D’Vereedegung –  Mir schéisse schaarf

Dëse Méindeg ass den Dag vun der Vereedegung. Déi lescht Woch ass déi ganz Zeremonie ëmmer an ëmmer rëm geprouft, d’Lager ass vu bannen a vu bausse gebotzt an d’Uniform ass picobello propper gemaach ginn. An haut ass et esou wäit.

Mir stinn um 10 Auer alleguer an der houbeschter Uniform op der Appellplaz a Rei a Glidd. Et gëtt eng ganz bretzeg Zeremonie. Een extra R.A.D.-Fändel gëtt ënnert der Eskort vun zwéi Cheffe pompös eragedroen. Friem héier Arbeitsführer an och eise Gusske téinen an hire braleresche Riede vu Saachen, déi eis friem sinn an un déi mir net gleewen. Da solle mir d’Hand hiewen a schwieren. D’Hand strecke mir an d’Luucht, mee vun de Lëtzebuerger kënnt kee Wuert iwwert d’Lëpsen.

No engem sonndëssen Iessen hu mir da mëttes den éischten Ausgank op Gross-Tychow. Well guer näischt am Duerf lass ass, sinn déi meescht vun eis schonn no zwou Stonnen erëm am Lager.

Et ass besser beim waarmen Uewen ze sëtzen, well ‘t ass terribel kal. Duerfir doe mir an deenen nächsten 2 Deeg alles duebel un, fir dobaussen net ze erfréieren. Jiddereen huet 2 Puer Strëmp, 2 Kalzongen, 2 Pulloveren an 2 Puer Händschen un. An der Nuecht zéie mir iwwert d’Nuetshiem eis Pulloveren an doriwwer den Trainingskostüm. Da krauche mer an de Schlofsak a kuschelen eis ënnert eis 3 Decken.

An deeër Keelt gi mir zwee Mol op de Schéissstand fir schaarf ze schéissen. Deen ass 2 – 3 Kilometer vum Lager ewech an enger aler Sandkaul amenagéiert. Jidderee muss aus 100 Meter Distanz 3 Schoss op eng zwielefter Scheif ofginn, den éischten Dag am Leien opgeluegt, deen zweeten Dag am Sëtzen opgeluecht. Jiddereen huet fir d’éischt 2 Schoss ze gutt fir ze probéieren, déi 3 nächst ginn eréischt notéiert. Wann een de Maximum, also 36 Réng schéisst, soll ee Sonderurlaub kréien. Minimal muss een der 23 erreechen.

Well déi meescht Jonge fir d’éischte Kéier an hirem Liewen engt geluede Gewier an der Hand hunn, ginn et der vill, déi fuerchtbar fäerten an déi duerfir net méi normal raisonnéiere kënnen.

De Galesse Norbert vu Bech-Kleemaacher erzielt :

Wann ee schéisst, läit ee Chef nieft engem; huet ee geschoss, da muss ee mellen, wouhin ee mengt datt d’Kugel d’Scheif getraff hätt. Op déi Manéier kann een eventuell feschtstellen, ob d’Gewier ee klenge Feeler huet an duerfir net honnertprozenteg genee trëfft. Beim nächste Schoss kann een dat da korrigéieren.

De Chef freet also nom éischte Schoss: Abgekommen? Als Äntwert erwaart en: oben links oder unten rechts oder oben Mitte asw. Mee da kommen déi aartlechst Saachen op d’Tapéit, well der vill d’Aen zou maachen éi se ofdrécken an duerfir guer net gesi wou d’Kugel aschléit. De Clou als Äntwert ass ouni Zweiwel déi hei vun engem Däitschen, deen awer och glat näischt vun der Artillerie verstan hat: „Links, rechts, oben, unten,“ an dat alles an engem Otem.

Mee och bei de Cheffe geet allerhand duercheneen, an och si behuele sech net grad normal.

De Lindens Raym vu Rodange erzielt:

Et ass eng Opreegung sonnergläichen ënnert deene ville Gradéierten, déi oppasse sollen. Wahrscheinlech ass viru kuerzem een Ongléck beim Schéisse passéiert. Duerfir gëtt et fir alles däermoosse streng Virschrëften, an et gëtt dobäi sou verréckt gebrëllt, datt just dorëms villes falsch leeft.

Et sinn tatsächlech Jongen dobäi, déi zwou lénks Hänn hunn an déi sech fuerchtbar ongeschéckt uleeën. Vun hinne kënnt ee mengen, si wéissten net zu wéi engem Enn d’Kugel erauskéim. Duerch dat nervöst Jäize vun de Führer gi se nach méi opgereegt a mat engem geluedenen an ongesécherte Gewier an der Hand sinn si eng Gefor fir jiddereen. Mär stinn do wéi gezappten Hénger a si frou, wéi de ganzen Zauber eriwwer ass.

Glécklecherweis geet d’Schéissen ouni seriösen Zwëschefall eriwwer, mee et kritt een Nospill.

De Liesche Leo vu Lëtzebuerg erzielt :

Um Schéissstand muss ech d’Schiesskladde féieren; dat ass een Heft, an dat ech d’Resultater vu jidderengem notéiere muss. Wéi mir no där éischte Kéier erëm am Lager sin, léisst de Gusske sech gläich d’Resultater weisen. Hie geet an d’Luucht, wéi e gesäit datt d’Lëtzebuerger vill besser wéi déi Daitsch ofgeschnidden hunn. Owes beim Appell verbotzt a vernennt hien duerfir déi däitsch Arbeitsmänner gréng a giel, datt se net gutt si fir heeschen ze goen.

Éi mir dunn zwéin Deg duerno erëm op de Schéissstand ginn, verzielen di Däitsch iwwerall, dat jiddereen, dee gutt Resultater hätt, an eng Scharfschützen-kompanie a Russland an den Asaz kéim. Si hunn Erfolleg mat där Geschicht. Beim 2. Schéisse baatschen d’Lëtzebuerger laanscht d’Scheif, datt et eng Freed ass.

Owes beim Appell geet en Donnerwieder un d’Adress vun de Lëtzebuerger lass, déi all katastrophal Resultater opzeweisen hunn. Zu gudder Lescht kréien och déi Däitsch eng fatzeg Panzrappecht. D’Lëtzebuerger hate schlecht geschoss, ma déi Däitsch woren doduerch nach ëmmer net besser ginn. Dee groussen Ënnerscheed wor, datt d’Lëtzebuerger eben net wollt hunn, déi Däitsch awer net konnt hunn.

 

 

 Déi 6. Woch :16.11. – 22.11.1942

 

Komme mir fort ? –  D’Relatioune mat de Cheffen  –  D’Strofen

Et gëtt ëmmer méi dovu geschwat, wéi wa mir geschwë vun hei fortkéimen. Zwee Evenementer schéngen de Bewäis duerfir ze bréngen.

Dës Woch musse mir fir d’éischte Kéier den Tornëschter paken, a mir stelle mat Schrecke fest, datt et immens schwéier ass, eis siwe Saachen ënner Daach ze bréngen. Mir dierfen nëmmen dat mathuelen, wat mer an de Rucksak gepaakt kréien. Eis privat Ënnerwäsch musse mir duerfir heemschécken well keng Plaz méi am Tornëschter ass.

Da fiert d’ganz Abteilung an zwou Gruppen an zwee verschiddenen Deeg mam Zuch 20 Kilometer wäit op Belgard, eng Stiedche vun 20.000 Awunner, wou eng grouss Militärkasär steet. Hei gi mir all duerchliicht. Den Doktor stellt bei e puer Jonge fest, datt se e liichte Schiet op de Longen hunn; et gëtt gezielt, wéi wann déi Leit virun der normaler Zäit entlooss géifen; si kéimen also net an den Asaz. Mir hu gehofft, mir kënnten e bësselchen zu Belgard erausgoen. Mee dat ass Pillo. Um 15 Auer fuere mir am ganze Grupp dohin, um 22 Auer si mer erëm all schéi brav am Lager. An deen aneren Dag leeft erëm alles ganz normal.

Dës Woch ass vill Schnéi gefall; et bléist eng äiskal Loft, an et ass an där Keelt onméiglech fir dobaussen ze schaffen. Mir mussen duerfir erëm vill Unterrécht iwwert eis ergoe loossen. Dat gëtt eis d’Geleeënheet fir eis Führer besser kennen ze léieren.

De Brandenburgesch Gilbert vu Käl erzielt:

D’Cheffe kennen hoargenee eis Astellung vis-à-vis vum däitsche Regime. Si hunn dat vun uewen eroaf matgedeelt kritt. Duernieft kréie si vun den däitschen Arbeitsmänner eis negativ Bemierkunge geklaatscht. Derbäi mierke si an hirem politeschen Unterricht, wéi stoark mär un hirem System interesséiert sinn.

Op eng ganz naiv Manéier versiche si, deen een oder aneren ëmzebéien. Sou gëtt de Meylendesch Joss vun Téiteng, deen als Student just aus engem Erziehungslager erëmkomm ass, vum Unterfeldmeister Domröse, dee vu Beruff Schmatt ass, an deem seng Wunneng agelueden, fir mat him bei Kaffee und Kuchen iwwer déi politesch Problemer ze diskutéieren.

Datt dobäi näischt eraus kënnt, ass eng Selbstverständlechkeet. Och mat aneren erreeche si näischt. Mee well si keng Argumenter fannen, fir eis ze iwwerzeegen, setze si alles an, fir eis op eng aner Manéier kleng ze kréien.

Géintiwwer de Cheffe si mir aremséileg Männercher. Wa mir laanscht ee vun hinne ginn, musse mir fir d’éischt stramm stoen an da biedelen: „Arbeitsmann XY bittet, an Herrn Oberstfeld vorbeigehen zu dürfen.“ A wann den Här seng gnädeg Zoustëmmung gëtt, dierfe mir. Et ass komesch datt bei der Uried ëmmer d’Halschent vum Titel ofgeschléckt muss ginn; et heescht: Herr Oberfeld, Herr Unterfeld, Herr Obertrupp.

Hiert Optrieden an hiert Behuele sinn net ganz brillant. Alleguer sinn et Typen, déi ausgesinn a sech opféieren, wéi wann et verkraachten Existenze wieren. Den Obertsfeldmeister Gusske ass ee klengen, décken, opgelafene Sëffer mat Schwéngsguckelcher, deen ëmmer voll ass an dee weider näischt fäerdeg bréngt, ewéi ze brëlle wéi e Far. Bei him ass näischt geroden a näischt gebroden. Déi aner Gradéiert, et ginn e puer seelen Ausnahmen, bréngen och kee frëndlecht oder léift Wuert eraus. Et gëtt ëmmer nëmme gebrëllt a gebrëllt a gebrëllt.

Dobäi kënnt dann dee ganze preisesche primitive Kasärejargon vun A bis Z op d’Tapéit. Hei e puer Beispiller aus dem Braconniers Heng senger Kollektioun:

„Schießbudenfigur, Weihnachtsmann, Latrinenhengst, Halbe Portion, Saftheini, Waldschnecke, Knallfrosch, Witzfigur. – Sie an die Wand gewichstes Fragezeichen. – Sie stehen da wie Pik sieben. – Auf die Bäume, ihr Affen. – Ich schlag dir das Ding in die Fresse, dass die Zähne dir im Arsch Klavier spielen. – Denker sind keine Dichter und Arschlöcher keine Gesichter. – Überlass das Denken den Pferden, die haben einen größeren Kopf.“

Eng Ausnahm ass den Unterfeldmeister Biedermann, de Chef vum 3. Zug. Hien ass zwar streng, brëllt och mol, apaarti wann de Gusske an der Noperschaft ass, mee hie bleift fair mat de Lëtzebuerger; hien ass op jidde Fall net géint äis agestallt. Et schéngt éischter wéi wann en eis Säit géif halen.

Den Didiers Ren vu Miedernach erzielt:

Mir sinn eng Kéier am Unterricht am Gaang, iwwert eesen zoukënftegen Asaz ze schwätzen. Du mengt de Biedermann, et wier net ausgeschloss datt mir op dem Transport op ees nei Plaz duerch Lëtzebuerg kéimen.

Ee Volleksdäitschen aus Polen mécht ee ganz verwonnert Gesiicht, wéi de Numm Lëtzebuerg fällt. De Biedermann baupst him duer: „Glotz nicht so blöd! Du bist bestimmt kein Luxemburger!“ – „Nein, Herr Unterfeld.“ – „Das merkt man dir an; die sehen nämlich nicht so dämlich aus wie du.“

D’Panzrappechte sinn déi Strofen, déi am meeschte gebraucht ginn. Geleeënheete fir äis ze vernenne fannen d’Cheffen der vill. All Kéier wann een neien Deel vum dagdeegleche Programm ugeet, muss d’ganz Equipe op der Appellplaz untrieden. Dobäi dierf net geträntelt ze ginn. De Feldmeister vum Déngscht päift a kommandéiert: „Die ganze Abteilung! Antreten!“ Da muss jidderee sou séier, wéi e kann, an zwar am Lafen, op d’Plaz, wou de Feldmeister steet. Déi ze spéit kommen oder déi bei deene leschte sinn, ginn ugebrëllt a vernannt. Mee och aner Klengegkeete ginn als Ursaach geholl fir iwwert äis ze jäizen.

De Braconniers Heng vu Maarnech erzielt:

Ech kréien eng Kéier e Bréif, deen aan den Här H. Braconnier adresséiert ass. Dat gëtt dem Gusske rapportéiert, a bei där ischter Geleeënheet mécht e mech weenst där Aremséilegkeet viran der ganzer Abteilung lächerlech. Hee brëllt sou haart wéi e kann: „Was sind Sie? Sie sind ein Arbeitsmann und kein Herr. Im Laufschritt dort hinten vor das Scheißhaus. Sie schreien hundert Mal, so laut sie können: Ich bin ein Esel und kein Herr. Los! Marsch, Marsch!“

Wéi ech et sechzeg Mol gejaut hat, drickt en sech ëm a brëllt: „Lauter!“ A bei där achzegster Kéier mengt en: „Lauter! Arbeitsmann Braconnier, ich kann Sie immer nocht nicht hören.“

Ech muss éierlech soen, datt déi Saach mech am Afank béis gedréckt hatt. Mee ganz séier sinn ech wéi di meescht, di su blaméiert guffen, doriwwer ewee komm.

Mee mat de Panzrappechte geet et net duer. Bei deem klengste Feeler vun engem vun äis heescht et: „3 Runden um den Platz!“ oder zéng – zwanzeg Mol hannereneen: „Hinlegen-Auf; Hinlegen-Auf.“ Dobäi gëtt mat enger sadistescher Freed gekuckt, datt mir äis just an en décke Pull oder an ee groussen Dreckskoup werfe mussen. Oft gi mir forcéiert, Meteren a Metere wäit duerch de Bulli ze krauchen. Selbstverständlech muss fir owes d’Uniform rëm honnertprozenteg an der Rei sinn.

Eng aner Kujenad ass de „Maskenball“, zu deem opgespillt gëtt, wann eng ganz Stuff oder e ganzen Zug opfällt. „In 5 Minuten steht der ganze Zug in Sportkleidung auf dem Appelplatz,“ heescht et dann. Jidderee muss sech changéieren, sengt anert Gezei schéi propper am Spind rangéieren an dann op d’Plaz lafen. Hei gëtt kontrolléiert, ob jiddereen och richteg ugedoen ass. A scho kënnt deen nächsten Uerder: „In 10 Minuten steht der ganze Zug in 2. Garnitur mit gepacktem Tornister auf dem Apellplatz.“ Fir datt d’Saach méiglechst spannend bleift, brauch all Kéier deen éischten net méi matzemaachen. Mee déi aner gi Schëmmel a Bless vernannt, wann si voller Roserei op der Plaz ukommen. Esou muss een sech 5 bis 6 Mol anescht undoen, an et kënnt ee baschten, well ee näischt géint déi Kujenad ënnerhuele kann.

Spatenübungen a Gewehrübungen sinn aner Bestrofungen, déi äis kierperlech ongeheier dätsch maachen.

De Neppesch Joss vu Kolmer-Bierg erzielt:

Bei deenen Übunge muss een de Spuet oder d’Gewier, dat nach villech méi schwéier ass, e puer Minutte laang mat ausgestrecktem Arem lénks oder rechts héich halen. Oder et muss ee mat dem Gewier an den ausgestreckten Ärem op Kommando ëmmer méi déif, mee ganz lues, an d’Hippercher goen. An d’Sadisten hunn eng absëns Freed, de Spaass sou laang wéi méiglech daueren ze loossen.

Déi Excercicen sinn esou ermiddend, datt et vun uewen erof virgeschriwwen ass, datt ee Gradéierte se matmaache muss. Mee d’Fléipéiteren hannerginn d’Virschrëft doduerch, datt si sech all puer Minutten ofléisen, därbants mir eng hallef Stonn laang déi Schënn erdroe mussen.

Eng ganz schlëmm Bestrofung ass de Bereitschaftsdienst. Deen eng gestëpst huet oder deen aus iergend enger Ursaach opgefall ass, kritt 5-10 Deeg Bereitschaftsdienst opgekraacht. Déi Leit mussen ëmmer bereet si fir bei extra Aarbechten anzesprangen. All Kéier, wann et fir si päift (Bereitschaftsdienst raus), musse si am Rekordtempo op d’Appelplaz lafen, fir ugespaant ze ginn. Si mussen d’Toilette botzen, d’Kantin propper maachen an opraumen, an der Kichen hëllefen, d’Weeër an der Rei halen. Déi Jongen hu bei där Corvée keng Minutt Rascht a sinn owes um Enn, well si musse jo dernieft och nach hiren normalen Déngscht matmaachen.

Déi uergst Strof ass de Bunker. Fir schwéier Feeler, wéi Befehlsverweigerung oder Schlofen op Posten, ginn déi Schëlleg fir e puer Deeg bei Waasser a Brout agespaart. Mee och aner Saache gi mat Bunker bestrooft. Dëse Freideg huet een Däitschen d’Éier een anzeweisen. Hien hat gëschter owend widder eng Brak gepisst; dat kascht 3 Deeg Bunker.

Et gëtt also systematesch drop geschafft fir jiddereen esou wäit ze kréien, datt hie follegt ouni ze mucksen a fir d’Perséinlechkeet an den Initiativgeescht bei äis all z’ënnerdrécken. Mir sollen esou wäit bruecht ginn, datt mer nach am Schlof een Uerder exékutéieren.

D’Cheffe wëllen äis, kuerz gesot, kleng kréien. Bei deenen enge reusséiert et; dat ass bei den Däitschen, déi schon zënter Generatiounen un dee System gewinnt sinn. Bei deenen aneren erreechen se näischt; dat ass bei de Lëtzebuerger. Mir schlécken eis Roserei of a maachen d’Fauscht an der Täsch. D’Cheffe mierke ganz gutt, datt mir zwar no bausse méi oder wéineger paréieren, mee datt mir no bannen eis Haltung vis-à-vis vun hinnen net ëm ee Millimeter changéieren.

Wat ass an dëser Woch nach lass? Freides ginn aus eiser Abteilung 10 Handwierker erausgesicht, haaptsächlech Schräiner, Zammerleit, Steemetzer a Schlässer. Lëtzebuerger gi keng geholl, well et gëtt wuel gefaart, déi kënnte Sabotage maachen. Et si nëmmen Reichsdeutsche, déi d’Éier hunn, op Stolp versat ze ginn, wou se am Gau-Nachschublager, dat och fir äis zoustänneg ass, méi wéi sécher alles fir eisen Asaz fäerdeg maache mussen.

An dësen Deeg fänkt fir e puer Aarbechtsmänner een extrae Cours un. 6 Mann, ënnert hinnen de Bredimusse Jäng, sollen an e puer Owenter als Sanitäter ausgebildt ginn. Si léieren, wéi een eng Wonn behandelt an ee Verband uleet, wéi een e Been oder en Aarm schinnt. Och dat weist drop hin, datt eisen Asaz net méi laang op sech waarde léisst.

 

 

Déi 7. Woch : 23.11. – 29.11.1942

 

D’Aarbecht ass auszehalen – Den Innendienst – Et gëtt eescht  mam Plënneren – Mir hunn Inspektioun

An deene leschte puer Wochen hate mir lauter gemächlech Aarbechten. Den 1. Zug huet nach weider am Bësch geschafft an dobäi och eng kleng hëlze Bréck iwwert e Feldwee gezammert. Den 2. Zug schafft scho wéi laang un engem grousse Waasserbaseng, deen am Noutfall beim Feierläsche gebraucht ka ginn. Dee läit um aneren Enn vum Duerf, ongeféier 10 Minutte virun der Gare. Mir mussen all Dag duerch d’ganz Uertschaft iwwert dee wonnerbare Pawee traatschen, wou déi eng Steng 10 Zentimeter eraus- an déi aner 10 Zentimeter erastinn. De Läschbaseng ass fir eng Scierie geduecht, déi eng 100 Meter dovu läit. Mir mussen hei de Buedem bis op 2 Meter Déift erausschëppen an en da mat Buggien erausfueren. Den 3. Zug ass am Gaang, ronderëm d’Lager op naasse Plazen Drainage-Grief auszehiewen. De 4. Zug baut Luftschutzgrief.

De Brassels Jang vu Schwiddelbruch erzielt:

Ech sinn dës Woch als Schlässer an d’Gerätelager köum. Déi éischt Deeg hunn ech haaptsächlech Seeë gefeilt, well déi bei de Bëschaarbechte séier stompig gi sinn. Lo kreien ech mol eng aner Beschäftegung.

Am Bësch hannert den Toilettë gi vum 4. Zug Grief op eng Déift vun 1,50 Meter erausgehuöwen. Am Schapp hunn ech an deene leschten Deeg eng Onmass vun hëlze Rumme gezammert. Déi ginn elo eng nieft déi aner an de Grouf gesat. Dodrop kommen d’Brieder an dodriwwer gëtt dann nach eng déck Schicht Buedem geschëppt. Sou hu mär fein Ënnerstänn, wou mär dra lafe kënnen, wa vläicht eng Kéier Bomme fale géifen.

Mee bei all deenen Aarbechten ass keng Hetz méi, wéi dat an deenen éischte Woche bei der Grompererekolt de Fall war. Mir mierken datt méi Wäert op eng militäresch Ausbildung wéi op d’Schaffe geluecht gëtt.

Eng ganz Rëtsch vun eise Komerode schaffen am Innendienst. Si hunn d’militäresch Grondausbildung matmaache missen; an deene Stonnen, wou mir raus schaffe gaang sinn, hate si am Lager spezial Aarbechten z’erleedegen. Lo sinn si de ganzen Dag nëmme méi op dëse Plaze beschäftegt. Op der Schreifstuff sinn nieft 2 Däitscher de Brebsom Francis, de Brochmann Roger an de Moutrier Norbert. An der Kiche wudderen den Deischter Erny an de Reichling Al. Am Gerätelager muss de Brassel Jean alles flécke wat futti gaang ass. Den Infalt Jean féiert praktesch d’ganz Heilstuff. De Raths Marcel, als geléierte Coiffeur, huet d’Hänn voller Aarbecht, fir eis alleguer regelméisseg d’Akaul ze botzen. Als Ordonnanz beim Gusske figuréiert de Martin Charles. De Braconnier Henri muss eis Päerd fidderen a versuergen a mat hinnen allméiglech Transporter maachen. Doduerch huet hien d’Chance, och zu aussergewéinleche Stonnen aus dem Lager ze kommen.

Den Heng erzielt :

Well am Lager keng Méiglechkeet ass, fir eis Päerd ënner Daasch ze stellen, sti si an engem Stall niewent der Duerf-Epicerie, déi no bei der Gare läit. Den Epicier ass zwar staark géint d’Russen agestallt, mä heen diskutéiert säi Liewe gär mat mir iwwert de Krich. Duerfir hëlleft hee mir su vill wéi e kann, datt ech owes aus dem Lager kommen.

„Heute wollen wir uns mal wieder einen schönen Abend machen,” mengt e praktesch all Woch eemol. Well ech kee Fräi hunn, telefonéiert de gudde Mann owes géint 7 Auer an d’Abteilung: „Die Pferde sind unruhig. Schickt Arbeitsmann Braconnier vorbei!” Ech duerf mat engem Vëlo dahifaren. Wéini ech erëmkommen, dat hänkt natirrlech van de Päerd af. Su laang wéi si onroueg sinn, muss ech jo awer bei hinne bleiwen.

Ee Fall fir sech ass de Cleese Joss vu Näidsen. Hien erzielt:

Ech kommen an d’Lager als virgestroofte Volksgenosse, well ech Saajche gemajht hat, mat deenen déi Däitsch net averstanne woren.

Déi ischt Wojche leeft alles normal. Mee wéi meng Pabeiren an d’Abteilung kommen, gän ech bei de Gusske gerouf. Och mat him gän ech net richteg eens. Hie mengt du, ech wär net würdeg, d’Ehrenkleid des deutschen Arbeitsmannes ze droen. Ech muss all Ofzeeche va ménger Uniform erafhuelen. Déngscht därf ech kee matmaan, wat mer nawell Pläséier mécht. Ech muss mech prett halen, fir verschidde kleng Aarbechten ze man. Well ech mat Päerd emgoe kann, féieren ech alt d’Damme vun de Cheffe mat enger Kutsch op d’Partyen an der Emgéigend.

Gewéinlech sëtzen ech äwer op der Stuff d’Dommen ze drien. Eng Kéier kënnt ee Chef zoufälleg eran a frojht mech: „Mensch, was machen Sie denn allein auf der Stube?“ – „Ich sitze hier“, äntwerten ech him an aller Wurrecht. Hie schéckt mech op d’Kleederkamer mathëllefen den Inventar man. Mee do ass esu een Duerchernäen, datt ech kucke fir d’Blad su sier wi miglech ze botzen, fir spéider net an d’Labirenten ze kommen.

Schliesslech man ech bis zum Enn fir d’Kichen “Aafänkes fir d’Feier”: Ee Völkischer Beobachter, doran ajht hëlze Spéin, dorop ee Schotz Fett, alles gout zesamegewéckelt. Dat gät meng gruss Spezialitéit.

Mir maache net méi laang Mëscht hei zu Gross-Tychow. Alles weist drop hin, datt et geschwë fort geet. Schonns den halwen Oktober hat de Gusske eis matgedeelt, datt eis Ausbildung bis Enn November fäerdeg misst sinn. D’lescht Woch huet hie gesot, Enn dëses Mounts géife mir an den Asaz kommen, an zwar an Däitschland an eng Munitiounsfabrik. Mir kéimen also net a Russland, wat hie perséinlech staark bedauere géif, well am “Sowjetparadies” hätte mir bestëmmt eis politesch Astellung changéiert. Lo dës Woch heescht et vum Gusske, mir kéimen aus Däitschland eraus an zwar an de Süden, 1800 Kilometer vun hei ewech, mee et wier kee Fronteinsatz. Et gëtt ënnert der Hand verzielt, eist Zil wier Rumänien oder Griichenland.

Éi mir awer fortfueren, kommen 2 Leit an enger besonnescher Missioun an d’Lager.

De Brebsoms Francis vu Schëffleng erzielt :

Mëtt der Woch kréie mär de Besuch vun 2 SS-Leit, 2 germanesch Prachtexemplaren; grouss, schlank, blond Hoer a blo Aen. Si maache Propaganda fir d’Waffen-SS, erzielen eis all méiglech Geschichten iwwert de „Kampf gegen den Bolchewismus” a froe schliesslech een nom aneren, ob kee sech fräiwëlleg bei si melle géif.

 Vun den Däitsche sinn der e puer, déi sech iwwerzeege loossen. Mee vun de Lëtzebuerger léisst kee sech fänken. All Kéier, wa si froen, firwat mär net bei si kéimen, kréie si ze héieren: „Ich bin Luxemburger“. A komescherweis acceptéiere si déi Ausried.

Dës Woch sinn och zwou Inspektioune vum Gruppenführer, dem Oberstarbeitsführer Dippe, déi eng mëttwochs, déi aner samschtes. Mir mussen him alles virféieren, wat mir an eiser Ausbildung geléiert hunn. Wat hien dovun denkt, seet en eis net. Hie mengt nëmmen, vun en Donneschdeg an der nächster Woch u misste mir prett si fir hei d’Blad ze botzen. Eis Rees soll 10 Deeg daueren, well an der Kiche maachen se Marschverpflegung fir esou vill Deeg fäerdeg. Op Griichenland gëtt de Moment am meeschte getippt.

Donneschdes kréie mir zwee Mol, freides a sonndes nach all Kéier eemol Piqûre gemaach. Am ganzen hu mir siwe Sprëtze kritt a mir solle geent Tetanos, Scharlach, Diphterie, Typhus a Pouken immun sinn. Zu eisem normalen Equipement sinn elo nach e Stahlhelm an 2 Patrounentäsche komm. Duernieft kritt jiddereen eng Gasmask an ee Karabiner, mat deem mir jo schonns ëmgoe kënnen.

Op dem Gusske säin Uerder gi fir d’éischte Kéier dës Woch all Friesspäck, déi ukommen, konfiskéiert, opgemaach an an der Kantin un all Arbeitsmänner vum Lager gläichméisseg verdeelt. Mee och an dëser Situatioun hunn e puer Leit eng einfach Solutioun fonnt, fir dës Sanktioun ze hannergoen.

De Rehlingesch Ady vu Keespelt erzielt:

De Webesch Hub an ech hu bei engem Ausgank zwee Meedercher kenne geléiert. Déi zwee sinn d’accord, datt mir eisen Elteren hir Privatadress zu Gross-Tychow matdeelen, un déi d’Päckelcher geschéckt kënne ginn.

 An esou geet du vill Proviant, net nëmme vun eis zwéin, mee vun enger ganzer Rëtsch Lëtzebuerger, un déi nei Adress. Owes ginn d’Päck dann an d’Lager erageschmoggelt, ouni datt de Gusske eppes vun där Saach gewuer gëtt. Déi Päck schmaachen duebel sou gutt, eleng well mer de Gusske ugeschass hunn.

 

 

Déi 8.Woch : 30.11. – 6.12.1942

 

Mir gi gestriizt – Proviant fir den Uewen – Op Posten

An dëser Woch maache mir déi schlëmmsten Deeg mat, zënter datt mir am R.A.D sinn. Eis normal Instruktioun ass um Enn, mee lo gëtt a voller Vitesse nach eng reng militäresch Ausbildung dropgeprafft, déi net vu Kaffi a Kuch ass. Handgranate werfen, Bunkere stiermen, Meldungen iwwerbréngen, de Geegner sichen a fannen, dat gëtt stonnelaang trainéiert. 20 Mann gi bestëmmt, fir deeglaang um Maschinnegewier instruéiert ze ginn. Si musse souguer dee ganze Samschdeg déi Ausbildung iwwert sech ergoe loossen, déi och net grad lappeg ass.

Soll et do, wou mir hikommen, sou geféierlech sinn, datt mir esou perfekt ausgebildt musse sinn? Oder wëllen déi Iewescht eis dätsch maachen, well si mengen, mir kënnten eis op där laanger Rees erëm komplett vun dësen Ustrengungen erhuelen? Oder hu mir bei der Inspektioun sou schlecht ofgeschnidden, datt d’Cheffen eng Panzrappecht vum Gruppeführer kruten, déi se lo un eis weiderginn?

Op jidde Fall, mir gi gestriizt wéi nach ni. An engem Stéck stinn Übunge mat der Gasmask um Programm, déi eis futti maachen. Et kritt ee bal keng Loft, mir schweessen trotz der Keelt. Apaarti d’Lafe mat der Gasmask virum Gesiicht ass onmënschlech. Dobäi kënnt nach datt mir 2 Mol des Daags Gewehrübunge maachen, déi eis de Rescht ginn.

Souguer dat einfacht Marschéiere gëtt zur Plo. Weider näischt wéi: „Hinlegen – auf“; weider näischt wéi : „Tiefflieger von links oder von rechts“, fir datt mer eis an de Stroossegruef werfe mussen. All Klengegkeet gëtt als Ursaach geholl fir eis ze kujenéieren wéi nach ni. Dobäi läit 15 Zentimeter Schnéi; et ass schrecklech kal; deen äiskale Wand bléist an där flaacher Géigend mat voller Force; e geet duerch alles a jot äis kleng pickeg Schnéikristallen an d’Gesiicht.

Och op der Stuff kréie mir et net méi warem.

De Schritzen Usch vu Gouschténgen erzielt:

Well d’Feier am Uewen dichteg brenne muss fir d’Stuff warem ze kréien, a well d’Brennes ganz rar ass, fänke mir un, d’Brieder ënnert dem Stréisak eraus ze zéien, kleng ze maachen an ze verbrennen. Esou bléiwen op eemol bei en etlech Jongen nëmme méi 3 Brieder am Bett iwwreg.

Et muss een e richtegen Akrobat sinn, fir mat just engem Bried ënnert dem Kapp nach schlofen ze kënnen. Och e puer Scheemele mussen dru gleewen a ginn d’Päif aus.

Fir de Moment fällt näischt op; mee wéi mir entlooss ginn, ass an der Zwëschenzäit op all Stuff den Inventar gemaach ginn, a jidderee vum Trupp muss mathëllefen, dat wat feelt, ze bezuelen. Et wier och verwonnerlech gewiescht, wann de Preisen eppes entgaang wier.

An där Temperatur Poste stoen ass och keng Freed. Bis elo hu mir alleguer deen Déngscht schonn op d’mannst eemol gemaach. All Dag sinn et 3 Arbeitsmänner, déi 24 Stonne Wuecht hunn an zwar vun owes halwer 7 bis deen aneren Owend halwer 7. All 2 Stonne gëtt gewiesselt. Sou huet jiddereen 2 Stonnen Déngscht an da 4 Stonne Rascht. Bis 10 Auer owes steet de Poste virum Gardehaischen a passt op, wee ran a rausgeet. Da gëtt d’Paart zougespaart. An der Nuecht patrulléiert de Posten duerch d’ganzt Lager. An där Zäit huet e 4. Mann, de Schließerposten, d’Aufgab d’Paart opzespären, wann een eran oder eraus wëll.

Wa mir net ze vill oft als Posten dru kommen, si mir mol guer net béis doriwwer. Deen Daag brauche mir keen aneren Déngscht matzemaachen. Mir kënnen eis erblosen a mir hunn Zäit, fir vill Klengegkeeten ze erliedegen.

Wann een op Poste steet, kann een allerhand komesch Saachen erliewen.

De Rathse Marcel vu Biissen erzielt:

Et ass e grousse Problem, fir nuets op d’Toilette ze goen. De Wee dohin ass nit beliicht; oft läit héije Schné; et ass kal a wäit. Duerfir geschéien an der Nuecht ganz bosseg Saachen. Déi kleng Kommissioun gëtt an d’Wäschschossel oder an eng Fläsch gemaach. Mee meeschtens gëtt zur Fënster oder zur Dier erausgepisst. Ee vun de Lëtzebuerger huet d’Ongléck vum Gusske erwëscht ze ginn, just wéi hien am Gaang ass zur Dier erauszestrutzen. De Gusske pléckt sech eise Komerod a verschreift him 3 Deeg Bunker.

D’Wuecht kritt den Uerder, fir an der Nuecht laanscht Braken ze patrulléieren an déi Jongen, déi esou eppes maachen, opzeschreiwen. Ech kommen eng Kéier nuets als Posten hannen un enger Brak laanscht. Dee Moment gëtt d’Fënster opgerass, an et leet een sech un, fir d’Saach kommen ze loossen. „Gëff uecht,“ soen ech zu him. „Wann de Gusske kënnt, kriss de Bunker.“ Als Äntwert héieren ech : „Stéi schéin op d’Säit, soss kënns de mol naass ginn.“

 Eng ganz desagreabel Aufgab fir d’Wuechtpersonal ass, datt si all Nuecht déi Jongen, déi net propper sinn an déi nach an d’Bett maachen, um 1 Auer an um 4 Auer erwächen an op d’Toilette féiere mussen. D’Nimm vun deene Leit, mat der Nummer vun der Stuff a vum Bett (si mussen ënnen am zweestäckege Bett schlofen), sinn am Wuechtlokal affichéiert. Fir déi Jongen, déi esou een op der Stuff hunn, ass dat natierlech eng Erliichterung, well si soss dee penetrante Geroch net lass ginn. Mee fir déi Leit, déi domat behaft sinn, ass et eng fatzeg Ernidregung a Blamage, a si schumme sech net wéineg.

 

 

Déi 9. Woch : 7.12. – 13.12.1942

 

Déi lescht Preparative virum Depart – Et brennt bal – Dräi quokeleg Affären

Dës Woch geet et eng Grëtz méi lues mam Drill. Mir kréien offiziell matgedeelt, datt et Enn der nächster Woch definitiv fortgeet. Ee Puer Händschen, eise Kopfschützer, eisen Trainingskostüm an eng Decke musse mir op der Kleederkummer hannescht ginn, een Zeechen, datt mir an eng Géigend kommen, wou et méi warem wéi a Pommern ass. Duernieft loosse mir eis 1. Uniformgarnitur hei; dat heescht, datt net vill paradéiert, mee wahrscheinlech vill geschafft muss ginn.

Mëtt der Woch kënnt eng Gulaschkanoun un, mat engem neie Kach, engem Fransous, dee versteet domat ëmzegoen. Wahrscheinlech bedeit dat, datt mir an eng Géigend kommen, wou eise Logement net ganz komfortabel ass. Mir hu lo all Dag Unterrecht an hei kréie mir ze héieren, wéi mir an engem frieme Land optrieden a wéi mir eis vis-à-vis vun de Leit vun do behuele mussen. Et gëtt alles sou spannend gemaach, dat ee bal menge kënnt, mir hätten eng Geheimmissioun ze erfëllen.

Mir dierfen net heemzeschreiwen, a wéi ee Land mer kommen; fir dat ze kontrolléieren, ass et nëmme méi erlaabt Kaarten ze schécken. E puer Jongen, déi trotzdeem op enger Kaart un doheem hiren Eltere matdeele wëllen, mir kéimen a Griichenland, gi gutt vernannt a bestrooft. Et brauch ee jo och net grad, wann een esou eppes schreift, déi Kaarten op der Schreifstuff ofzeginn. Am Duerf ginn et och Bréifkëschten an déi ginn net kontrolléiert. D’Lëtzebuerger op der Schreifstuff kënnen eis souguer schonns eis Feldpostnummer vun donidde matdeelen an esou ass et méiglech, datt gläich no eiser Arrivée Bréif a Päckelcher vun doheem ukommen.

An dëser Woch passéieren noeneen dräi Saachen, iwwert déi ënnert eis vill diskutéiert gëtt.

Well et nach ëmmer barbaresch kal ass, erfréiere mir bal an eise Better. Op een Hoer wier et zu enger Katastroph komm.

De May Dennis vu Gréiwemaacher erzielt:

No der Stuffekontroll um 10 Auer däerf d’Feier am Uewen net méi brennen. Ma mir halen et vu Keelt bal net aus. Mir droe gléideg Kuele virun der Kontroll aus der Stuff hanner d’Brak, botzen den Uewen, an no der Kontroll fänke mir d’Feier erëm mat de Kuelen un.

Briketten an Holz hu mir am Schoop geklaut, fir nuetsiwwer Hëtzes ze hunn. Den Uewe gëtt vollgestoppt bis un de Bord; mee am Schlof ass d’Feier vergeess. Op eemol schloen d’Flamen zum Kamäin eraus. De Poste vun der Waach alarméiert d’ganzt Lager. Weil et Virschrëft ass, datt an der Nuecht éis Weeschbittercher mat Waasser gefëllt musse sënn, kënne mir dat Schlëmmst verhënneren.

Et geschéit kää Schued, ma d’ganz Stuff kréit 10 Deeg Bereitsschaftsdéinst verschriwen, a mir ginn nach an der Nuecht een ganz Stonn vum Gusske perséinlech sou geschlaff, datt d’Waasser iis am Hënner zesummelääft. Kal ass et iis duerno net méi.

Och de Bourscheids Cam geréit an eng Situatioun eran, déi fir hien immens geféierlech hätt kënne ginn.

Den Didiers Ren vu Miedernach erzielt:

Den Hitler hält eng Ried. D’Ganz Abteilung muss an d’Kantin fir nozelauschteren. Op enger Estrad steet e Radio an dobäi de Cam. Hien huet sech gemellt fir den Apparat ze bedéngen. Mir sëtzen andächteg do op d’Bühn ze stierksen. Virun ees hu sech e puer Cheffen niddergelooss, déi dem Cam de Réck dréien, fir ees am A ze behalen.

Wat der Däiwel geet de Cam nëmmen un? An där Zäit, wou den Hitler schwätzt, zitt eise Frënd säi Kamp eraus, kämmt sech wéi beim „Führer” eng Säit d’Hoer iwwert d’Stir, hält sech de Kamp als Schnauz ënnert d’Nues a räisst de Mond grouss op. Wat hien a senger Liichtfankegkeet mécht, ka Suite kréien, un déi hien de Moment guert net denkt.

Alles fänkt un ze laachen. D’Cheffe sprangen op, dréien sech ëm, dem Cam zou. Dee rëselt mam Kapp a mengt : „Alles in Ordnung!“ ‘T ass net ze gleewen : hie gëtt vu  kengem  vun deenen däitschen Arbeitsmänner ugeschmiert. Méi wéi sécher huet kee vun hinne richteg matkritt, wat gespillt gouf. An dat ass d’Chance fir de Cam, well wat géif soss geschéien?

Dës Woch ginn nach eng Kéier d’Päck, déi vun doheem an d’Lager kommen, opgemaach an ënnert d’Leit all verdeelt. Mee d’Preisen erwëschen net alles.

De Brebsoms Francis vu Schëffleng erzielt :

De Müllesch Jempi woart voll Ongedold op eng Ham vun doheem. Si ass an engem Bréif annoncéiert, an et wär eng schrecklech Deceptioun, wann hie se net kréich. Just deen Dag kënnt se un, wou alles ënnert eis an ënnert d’Preise verdeelt soll ginn.

Wat soll e moachen? Hie kënnt op d’Schreifstuff gelaf, a mär huelen heemlech deen décke Pak aus dem grousse Koup eraus a verstoppen e bei eis op der Schreifstuff. Owes kritt de Jempi seng Ham. Dat gëtt natierlech grouss op der Stuff gefeiert. Beim Opschnëtt geet schonns d’Halschent vun der Ham d’Schléck of. An deen zweeten Owend geet et fir de Rescht. Well fir eng Ham op d’Rees matzehuelen, do ass keng Plaz am Tornëschter. „D’Haaptsaach,“ seet de Jempi, „d’Preisen hu se net ze friesse kritt.“

 

 

Déi lescht Deeg am Lager : 14.12 – 17.12.1942

 

Et ass sou wäit – Vill Misär mat den Autoen – En etlech Lëtzebuerger ginn entlooss

Mir waarden nëmmen drop datt et fortgeet. ´T ass alles fäerdeg gepaakt. ´T steet alles prett fir op d’Gare geféiert an opgelueden ze ginn.

Nieft der Gulaschkanoun hu mir zwee Dräitonnecamione geliwwert kritt. Ee Fransous, den Alban, un Français de Paris, wéi en sech nennt, an en zweete Fransous sinn d’Chauffeuren dovun. Deeër ganz braver schéngen et och keng ze sinn, well si gehéieren allen zwéin zu der Organisatioun Todt.

De Gusske huet een extra Luxusauto, eng déck Peugeot kritt; hien ass ganz stolz op déi nei Maschinn.

Et ass eng ganz Affär, éi déi dräi Ween am Lager sinn.

De Rathse Marcel vu Biissen erzielt :

Mueres beim Appell freet de Gusske, wien ee Führerschäin huet oder wie mat engem Auto ëmgoe kann. Dräi Mann mellen sech: een Däitschen, deen doheem an der Familljen e Luxusauto, mee kee Führerschäin huet, dann de Bintnesch Marcel, dee schonn op Camione fiert mee nach ouni Permis, an ech, mat engem Führerschäin fir e Luxuswon. Mir kréien den Uerder, fir mam Unterfeldmeister Biedermannn mam Zuch op Stolp ze fueren, wou de Gau-KFZG, e grousse Garage vum R.A.D., installéiert ass. Zwësche Gross -Tychow a Stolp sinn et ongeféier 110 Kilometer.

Mir komme géint den Owend un, an de Biedermann invitéiert eis op eng Hirschkeule an engem schicke Restaurant. Ech muss allerdengs d’Fleeschmarke spendéieren, déi ech virun e puer Deeg vun doheem geschéckt krut.

Mueres musse mir nach laang waarden, mee géint de Mëtteg kréie mir zwee Ford-Camionen an eng Peugeot Luxusmaschinn geliwwert. Ee Camion luede mer mat Karabineren, mat Munitioun a mat allméiglech Handwierksgeschir voll. Duernieft huele mir 2 Fässercher vu je 25 Liter Branntwäi mat. Deen ass fir d’ganz Abteilung bestëmmt; mee mir kréie keng Drëps vum Schnorri ze schmaachen. Et sinn d’Cheffe ganz eleng, déi en op der Rees a Griichenland schéi gemitterlech eranhuelen.

Ee vun de Camionen ass mat 25 Liter Sprit opgetankt ginn, deen zweete Camion an de Peugeot hu just e puer Liter als Reserve. Fir Bensin ze spueren, schleeft deen 1. Camion déi 2 aner Ween un engem décke Seel. Um 1. Camion sëtzen de Biedermann an ech als Chauffeur, um 2. Camion de Bintnesch Marcel, an um Peugeot den Däitschen.

Elo geet eng Himmelfaart sonnergläichen un. Mir ass et nit grad vir wéi hannen. Et ass déi éischte Kéier, dat ech op engem Camion als Chauffeur sëtzen. Gläich beim Depart kënnt déi éischt Schwieregkeet. Wéi mir aus dem Haff erausfueren, huelen ech d’Kéier ze kuerz an d’Seel fiert futti. D’ganz Strooss ass blockéiert an de Biedermann fänkt un nervös ze ginn.

Nit wäit hannert Stolp geet et liicht biergop. Ech vergiessen, zer Zäit zeréckzeschalten, de Motor bleift stoen an de Camion och. „Mensch Raths, was ist los?“ freet de Biedermann ganz opgereegt. „Der Wagen zieht nicht mehr,“ ginn ech als Äntwert. „Sind Sie ein Kraftfahrer oder ein Sonntagsfahrer?“ baupst hien. „Der andere Fahrer soll auf den ersten Wagen.“ De Bintnesch Marcel an ech changéieren d’Plazen.

Well d’Seel nach zweemol räisst, fiert elo jidder Won fir sech. Mee ongeféier 50 Kilometer no Stolp ass kee Bensin méi am zweete Camion. Ee Schlauch hu mer nit; mir dreinen am 1. Camion d’Schrauf vum Tank lass, loosse Bensin an eng Kaffiskan lafen, där mer e puer vu Stolp matkrueten, a fëlle mat engem Triichter rëm eng Grimmelchen an deen anere Won.

Et fänkt lo sou lues un däischter ze ginn. Eise Misär ass nach laang nit um Enn. De Peugeot kritt e Platten an da geet och him de Bensin aus. Mir strécken déi dräi Ween erëm uneneen; d’Seel fiert nach zweemol futti. Mir flécken et, mee elo ass et sou kuerz, datt déi 3 Autoe praktesch uneneenhänken.

Kuerz viru Gross-Tychow stoppt op eemol deen 1. Camion, well de Biedermann aus dem Won eraus engt Direktiounsschëld net liese kann. Ech bremse schaarf, an et geléngt mer e puer Zentimeter hannert dem 1. Camion un d’Halen ze kommen. Mee de Peugeot hannert mir kritt nit mat Zäit gebremst. Hie knuppt ënnert mäi Camion a gëtt schwéier ramponnéiert. De Biedermann ass mat de Nerven um Enn. Hie brëllt: „Ihr seid Saboteure. Alle seid Ihr Saboteure. Was sagt der Chef, wenn er merkt, dass sein Wagen kaputt ist?“

 Mir kréien erëm alles un d’Lafen. Mee 100 Meter virum Lager bleiwe mir definitiv am Bulli steechen. Vu wäitem gesäit de Gusske, dee voll Ongedold op de Convoi waart, d’Luuchte vun eise Ween. Hie kënnt op eis duer a kritt bal e Schlag, wéi e gesaït, datt säin hellegen Auto vir ganz agedréckt ass.

Mueres beim Appell gi mir nach eng Kéier gutt verbotzt an als Chauffeur ofgesat. De Peugeot gëtt an enger Garage zu Gross-Tychow reparéiert. Um leschte Stëppelchen, éi mir fortfueren, ass d’Aaarbecht fäerdeg. De Gusske otemt op.

Et sinn och nach 40 Vëloen ukomm, déi elo an deene leschten Deeg vun e puer Mann revidéiert ginn.

De Bintnesch Marcel vu Blaaschend erzielt:

D’Vëloe ginn am Schapp, wou d’Brikette leien, reparéiert. Ee vun eiser Stuff, de Lacafs Rosch, hëlleft do mat. Et ass haaptsächlech fir un d’Brennes ze kommen, datt hien déi Aarbecht ugeholl huet. Soubal et däischter gëtt, fänkt hien u Briketten heemlech hannert d’Dier ze tässelen. An da geet ee bestännegt Hin-an-Hier zwëschen der Stuff an dem Schapp un. An deene puer Deeg, wou mir nach zu Gross-Tychow sinn, leide mir op jidde Fall net méi ënnert der Keelt.

12 vun eise Lëtzebuerger Komeroden a 5 Däitscher ginn aus diverse Grënn net mat an de Süden. Solle mir si beneiden oder bedaueren? Mir wëssen net, ob si oder mir d’Haaptlous gezunn hunn. Zwéi Lëtzebuerger ginn de 15. Dezember entlooss. Een aneren, de Coljons Jämp, läit am Lazarett zu Belgard a kënnt vun do de 7.1.1943 heem. Déi aner bleiwen no eisem Depart nach 2 Wochen am Lager fir alles an d’Rei ze setzen, éi nei Arbeitsmänner heihi kommen. Si fueren de 4.1.1943 respektiv de 7.1.1943 zeréck op Lëtzebuerg. Et ginn also net mat an den Asaz: de Braconnier Henri vu Maarnech, de Brandenburger Gilbert vu Käl, de Brebsom Francis vu Schëffleng, de Brill Jos vun Alschend, de Clees Jos vu Näidsen, de Coljon J.P. vun Ell, den Duhr Fernand vun Ohn, de Liesch Léon vu Lëtzebuerg, de Meylender Joss vun Téiteng, de Moutrier Norbert vu Lëtzebuerg, de Schosseler Emil vu Noojem an den Turk Jean vu Lëtzebuerg.

Déi Arbeitsmänner, déi net mat a Griichenland fueren, mussen déi lescht Nuecht virun eisem Depart Wuecht halen, fir datt mir schlofe kënnen.

De Brandenburgesch Gilbert vu Käl erzielt:

De Schosselesch Emil an ech, mär hu mat engem Däitschen zesummen déi Nuet am Lager Wuecht. Vun 8 bis 10 Auer muss den Emil Poste stoen. Well hien denkt et kéim dach kee kontrolléieren, bleift en am Wuechtlokal, leet de Kapp op den Dësch an entnäipt. Eppes virun 10 Auer kënnt ee Führer eran, den Emil héiert en net. Ech sprangen aus dem Bett a mellen: „Drei Mann auf Wache.“ Ech gi gutt verbotzt, well keen op Posten ass, obschons ech guer net de Schëllege sinn. Et kënnt net zu enger Meldung un de Gusske, well deen anere Muere jo alles fortfiert. Hien hëlt mech an dee klengen, kleesperen Däitsche mat eraus a féiert eis mat engem Camion op d’Gare. Hei léise mär d’Posten of, déi mam Führer zeréck an d’Lager marschéieren.

Mär zwéin, de Preis an ech, mär sti mudderséileneleng bei eisem Camion an der Keelt a sollen op eis eidel Waggoen uechtginn, déi eréischt deen aneren Dag beluede ginn. Wäit a breet ass keen Haus ze gesinn. „Géi du fir d’éischt op d’Wuecht,“ soen ech zum Däitschen. „Nein, ich nicht,“ äentwert hien. – „Weshalb nicht?“ – „Ich habe Angst.“ – „Dann gehe ich.“ Hie fäert sech den Hënner aus der Box, kënnt mär no a bleift bei mär. Wéint där schrecklecher Keelt ass et heibaussen net auszehalen. Mär klammen allen zwee an de Camion, vu wou aus mär de ganzen Zuch iwwerblécke kënnen. Op eemol si mär ageschlof.

Géint 6 Auer mueres klappt et un der Dir vum Camion. Mär op an eraus. Mee et ass keng Kontroll. Et si véier Meedercher, déi ganz traureg sinn, datt hir Frënn, déi owes nach op Wuecht waren, elo verschwonne sinn.

Op der Wuecht huet een Zäit fir nozedenken. An dobäi ginn d’Gedanken oft no heem. Sou hun 3 Lëtzebuerger, de Brauns Aly, de Brüchesch Mars an de Lindens Raym, an der Neklosnuecht versicht hir Gefiller an engem einfache Gedicht erëmzeginn:

 

Ech stinn eleng am Schnéi op Wuecht

an d’Land dat läit an déiwer Nuecht.

De Wand päift scharef durech d’Beem.

Mäin Häerz dat schléit nëmmen no heem.

 

Munchmol ee Stär um Himmel blénkt,

deen da gläich drop erëm versénkt.

Ee Grouss mat heem ginn ech dem Stär,

wouhin ech rëm kéim dach sou gär.

 

De Spuet ginn ech dann aus der Hand

a kommen zréck a mäi klengt Land.

O Lëtzebuerg, däi Jong kënnt heem,

da sinn s’ all fort, déi gräisslech Dreem.

 

D’Neklosnuecht ass lo gläich um Enn

an ech stinn hei mat eidlen Hänn.

Neklos kënnt net a Pommerland,

wouhi sou wäit mir si verbannt.

 

Op der Heemrees vun de Komeroden, déi entlooss ginn, wier bal ee verluer gaang. Si kommen owes ganz spéit zu Lëtzebuerg un, an dräi vun hinnen hu keng Méiglechkeet méi fir heem ze fueren.

De Braconniers Heng vu Maarnech erzielt:

Mir ginn op der Gare an een Hotel schlofen. De Schosselesch Emil läit an engem klenge Bett, de Brills Joss an ech an engem groussen. Mir spären d’Dier va bannen zou a stellen eng Täscheluujcht op den Naatsdësch, well an der Naajcht d’Elektresch afgeschalt gëtt.

Wéi mir moies erwächen, ass kee Brills Joss méi do. D’Täscheluujcht feelt; eis Dier ass vu baussen zougespaart. Mir tuppe geent d’Dier; e Garçon kënnt mat engem Passepartout opspären. Mir man eis op d’Sich nom Joss. Op der Toilette fanne mir heen op engem Stoul mat engem ale Mantel zougedeckt. Hee schléift wéi een Dachs. Mir erwächen en, an hee verzällt eis, wat heen erliäft hat.

Matzen an der Naajcht hat hee missen op d’Toilette. Heen hëlt d’ Täscheluujcht, spärt d’Dier va bannen op a va bausse rëm zou. Wéi hee seng Affär erleedegt hat, konnt hee sech net méi an d’Nummer van eisem Zëmmer erënneren. Heen hat an där ischter bester Dier probéiert; déi war net zou; d’Dier geet op, heen eran, a schonns koum e mat engem décke Fouss bei d’Këscht erëm raus. Du wor heen net méi su kéng, un eng anner Dir klenschen ze goen. Ganz decouragéiert hat hee säi Wigwam fir de Rescht van der Naajcht op der Toilette opgeschloen.