Eis R.A.D.-Zäit a Pommern an a Griichenland, Deel 2

D’Rees a Griichenland

Vu Belgard op Belgrad an nach méi wäit –  A Jugoslawie bottert et  –  Chrëschtdag um Balkan  –  Mir lueden of

Freideg, 18.12.1942

Et gëtt haut Fréibiren. Um 5 Auer musse mir opstoen, eis wäschen, den Tornëschter paken an d’Stuffe botzen. Mat eisem ganze Bagage marschéiere mir dann op d’Gare, wou alles an an op d’Waggone geluede gëtt. Mir huele mat, wat mir als onofhängeg Unitéit brauchen: Handwierksgeschir vu jidder Zort, eng ganz Kichenariichtung, 40 Vëloen, 2 Camionen, 1 Luxusauto, een décke Koup Verfleegung. Alles an allem ginn et 9 Waggone voll: 4 M-Wagen (Mannschaftswagen fir d’Arbeitsmänner), 2 L-Wagen (Langwagen fir d’Autoen an d’Gulaschkanoun), 2 G-Wagen (Gedeckte Güterwagen fir d’Vëloen, d’Handwierksgeschir an d’Verfleegung) an 1 W-Wagen (Wohnwagen fir d’Cheffen).

Um 11 Auer ass den Depart. Mir leien zu 40 Mann um Buedem an engem Véiwon, wou,wéi et baussen drop steet, 40 Mann oder 8 Pferde, draginn. ‘T ass net grad eng herrlech Luxusrees mat all Confort, déi elo ugeet. Zwou dënn Decken sinn alles wat een ënnert an iwwert sech leeë kann. Wéi mer op dem haarde Buedem a mat dem Gestuckels vum Zuch schlofe kënnen, dat froe mer eis all. D’Tornëschteren, d’Gewierer an d’Stahlhelmer hänke schéin an der Rei un de Wänn. An all Waggon steet een zimlech groussen Uewen, fir dee mer dat néidegt Brennes op deenen diversen Halten hamstere ginn. Op dem Uewen ass eng primitiv bleche Pan ugemaach, an där mer Waasser wiermen an doran den Eintopf an de Kaffi warem hale kënnen.

D’Rees fänkt lues un; mir bleiwe bal op all gréisser Gare fir e puer Stonnen hänken a musse waarden, bis d’Streck fir eis fräi ass. Mee et geet och net viru, well déi 3 aner Abteilungen (5/44, 1/45 a 6/41) vun eiser Grupp eng no der aner un eisen Zuch ugehaang ginn. Um grousse “Militärumladebahnhof” vu Schneidemühl ass eise ganze Convoi da komplett beieneen. Eppes iwwer 600 Mann a 36 Waggone fuere Richtung Süde vun Europa. Den éischten Dag geet et duerch Pommern (Neustettin, Schneidemühl) a Polen eran. Posen ass déi éischt gréisser polnesch Stad, déi mir passéieren. An der Nuecht fuere mir duerch de „Warthegau”, deen Deel vu Polen, dee vun Däitschland annektéiert ginn ass.

Samschdeg, 19.12.1942

Iwwer Rawitsch (11 Auer) an Trachenberg komme mir op Breslau (14 Auer), fueren duerch Schlesien an d’Tschechoslowakei eran a sinn an der Nuecht zu Brno (Brünn).

Lues a lues hu mir eis elo ageriicht an eis ënnereneen arrangéiert, well mir leien am Waggon wéi d’Hierken an der Tonn, an ouni Regard fir de Noper wier d’Zesummeliewen an esou engem klenge Raum eng Schënn sonnergläichen. Mir kréie regelméisseg z’iessen.

Mueres gëtt et aus der Gulaschkanoun waarme Kaffi, mëttes een Eintopf (Bounen, Ierbëssen oder Kolrawen) an owes erëm Kaffi. Donieft hu mir 1 Brout fir 5 Mann an dobäi Kéis oder Zoossiss.

Sonndeg, 20.12.1942

D’Dierfer an d’Haiser an der Slowakei maachen eng schéi propper Impressioun. Mir fueren duerch eng hiwweleg Géigend, an där villes un eist Ländchen erënnert. Iwwrigens, um 12 Auer passéiere mir dee selwechte Breitengrad wéi Lëtzebuerg. Mir profitéiere vun all Klengegkeet, fir un eis Heemecht ze denken, vun deeër mir ëmmer méi wäit ewech kommen. Owes si mir zu Bratislava (Pressburg), wou mir iwwert d’Donau fueren.

Méindeg, 21.12.1942

An der Nuecht si mir an Ungarn eragefuer an hu Budapest passéiert. Wéi mir mueres erwächen, si mir an enger ganz anerer a fir eis ongewinnter Géigend. Alles ass erëm flaach, sou wéi et schonns a Pommern war; d’Vue geet Kilometere wäit. Mir fuere laanscht de Plattenséi a kréien och een Deel vun der Puszta ze gesinn, wou immens Träpp Béischte weeden. Typesch fir d’Landschaft sinn déi eegenaarteg Buren, wou d’Eemere fir d’Waasser ze schäffen un enger laanger, héijer Staang hänken.

Da kënnt eng Géigend mat vill Wangerten, déi schéin an der Rei sinn. An den Dierfer gesi mir oppe Schäpp, an deene giel Maiskolwe gedréchent ginn. Et geet eng zweete Kéier iwwert d’Donau. D’Fuererei fänkt elo un, eis esou lues op d’Strëmp ze goen, well et geet erëm net virun. Wa mir op enger Gare halen, musse mir an eise Waggone bleiwen; mir dierfe nëmme raus fir d’Iesse sichen ze goen a fir eis ze wäschen.

Dënschdeg, 22.12.1942

An der Nuecht passéiere mir rëm eng Grenz a fueren a Jugoslawien eran. Hei ass alles vill méi aremséileg, wéi dat, wat mir bis elo gesinn hunn. Haut hu mir keng Geleeënheet fir eis ze wäschen. Vun elo un ginn d’Wuechte verstäerkt. Apaarti wa mer an der Nuecht hale bleiwen, mussen aus all Waggonen eng hallef Dose Leit op Posten zéien. Mee och am Dag muss bei all Halt Wuecht gehal ginn. Mir ginn avertéiert datt all Moment d’Partisanen ugräife kënnten an datt mir duerfir ganz gutt oppasse missten.

Well mir keng Toiletten an eise Waggonen hunn, musse mir vum Hale profitéieren fir eis hannert eng Heck ze huppen. Wann eis Lokomotiv da päift, well et virugeet an d’Poste mat deem Signal an d’Ween zeréckgeruff ginn, muss een an aller Vitesse erëm an de Waggon eran. Heiansdo geet et nëmme knapps duer, fir den Zuch nach just z’erwëschen.

Kuerz viru Belgrad, dat mer lénks leie loossen, fuere mir eng drëtte Kéier iwwert d’Donau.

Mëttwoch, 23.12.1942

An der Nuecht mierke mir datt d’Bierger lénks a rechts vun der Bunn ëmmer méi héich ginn. Mir sinn „in den Schluchten des Balkan”.

De Bredimusse Jäng vu Schëffleng erzielt :

Mueres um halwer 6 stoppt eisen Zuch brüsk mëtten an der Landschaft. Et geet net méi virun. D’Wuechte gi verstäerkt. E puer honnert Meter virun eis ass een däitsche Militärzuch op eng Minn gefuer. Et gëtt vun 21 Doudegen a 85 Blesséierte geschwat.

Mär bleiwe bis 12 Auer blockéiert; da sinn d’Gleiser erëm provisoresch gefléckt an d’Streck ass fräi. Wéi mir lues laanscht déi Plaz fueren, wou den Zuch an d’Luucht geflunn ass, gesi mär verbéite Schinnen a futtis Waggonen op där enger Säit vun de Gleiser leien. Si sinn einfach ewechgeraumt ginn, fir datt d’Streck erëm sou séier wéi méiglech befuer ka ginn.

Mir mengen alt, mir wiere mat engem bloen A dovu komm, well wa mir virun deem aneren Zuch gewiescht wieren, hätt et fir eis gelaut.

Eis Rees fänkt elo un ongemitterlech ze ginn. An deenen nächsten Uertschaften, déi mir passéieren, gesi mir datt d’Leit net grad frou mat den Däitsche sinn. Keen eenzegen, och kee vun de Kanner, hieft eng Hand fir ze wénken. Am Géigendeel, si stuerksen eis u mat Blécker, déi eis duerch Muerch a Schank ginn.

Donneschdeg, 24.12.1942

D’Uertschaften an d’Wunnenge ginn ëmmer méi aremséileg. Et gesäit een, datt hei vill Aarmut ass. Mir sinn a Serbien a mir kommen dësen Owend bis op Nish.

Um halwer 6 steet eng „Weihnachtsfeier” um Programm, well haut ass Hellegen Owend. Als Cadeau kritt jiddereen zwéin Äppel, e Grapp Kamellen an e puer dréche Kichelcher mat waarmem Téi. Apaarti un dësem Dag sëtze mir do ze brucken an ze dreemen an un eis doheem ze denken.

De Bruchesch Mars vu Canech erzielt :

Mir héiere wéi d’Cheffe feieren. Wéi mer an der Däischtert op eemol matten op der Streck hale bleiwen, komme si bei eis fir mat eis ze schwätzen. Si wëlle sech de schéine Männche maachen. De Gusske ass komplett besoff, hie kritt bal kee Wuert méi eraus. Hien hätt gär vun eis Lëtzebuerger, mir sollen him e Lidd aus eiser Heemecht sangen. Prompt gëtt de Feierwon ugestëmmt. Besonnesch de Schluss „mir wëlle jo keng Preise sinn”, kritt hie richteg betount ze héieren.

Hie fënnt eist Lidd „sehr schön“. A well hien nach gär een anert héiere géif, sange mir him déi eischt an déi lescht Strof vun der Heemecht. Nach ni ass hei um Balkan eng Heemecht mat esou enger Begeeschterung gesong ginn, mee och nach ni sinn duerno esou batter Tréine gekrasch ginn, wéi hei an eisen däischtere Waggonen, an déi mer eis verkroch hunn.

Freideg, 25.12.1942 : Chrëschtdag

Mueres, wéi mir waakreg ginn an zur Waggonsdier erauskucken, gesi mir eng wonnerschéi Landschaft, an där mëtten tëschent de Bierger eng gréisser Stad aus engem anere Kontinent läit. D’Impressioun ass fantastesch. Mir mengen et kënnt net wouer sinn. Eisen Zuch fiert biergof laanscht d’Stad, déi vun der Mueressonn beliicht ass. Mat hire wäisse flaachen Haiser, mat hire groussen, platte Kuppelen op de Moscheeën a mat hiren héije schmuele Minaretter gesäit si aus wéi eng Uertschaft aus dem Orient. Mir sinn zu Üsküb (Skopje).

An hei geschitt eppes Grujeleges.

De Bintnesch Marcel vu Blaaschend erzielt :

Op der Gare vun Üsküb bleift eisen Zuch halen. Wéi et Virschrëft ass, sprangen déi Leit, déi dee Muerge Wuechtdéngscht hunn, mam Stahlhelm op a mam Karabiner an der Hand zu deenen 2 Säiten aus de Waggonen eraus, fir uecht ze ginn, datt näischt geschéie soll. Ma schonns ass et passéiert.

Vun eisem 4. Zuch geet een däitsche Posten ouni opzepassen iwwert d’Nopeschgleis. Dee Moment kënnt op deeër Bunn een aneren Zuch. De Jong ass mat de Gedanke wahrscheinlech enzwousch anescht; hien héiert a gesäit en net. D’Lokomotiv kritt den Däitschen ze paken. ´T ass grujheleg nozekucken. Déi 2 Bee ginn him wechgerappt; hie blutt fierchterlech, mee hie lieft nach. Mir droen en an d’Gare, wou et laang dauert bis eng Ambulanz hie siche kënnt. An dem Spidol stierft en. Üsküb ass op Chrëschtdag d’Endstatioun vun engem jonke Liewe vun nach net emol 18 Joer.

Et dauert eng ganz Zäit bis mir eis vun deem fuerchtbare Schock erholl hunn. D’Rees geet virun.

D’Bierger ginn ëmmer méi héich, d’Dällten ëmmer méi schmuel. Mir fueren engem rapide Floss, dem Vardar, no. Wat eis hei am meeschten opfällt, sinn déi kleng Leemhaipen a besonnesch déi vill Ieselen an den Dierfer.

Fir Chrëschtdagscadeau kritt mëttes jiddereen 2 Päckelcher bulgaresch Zigaretten. Mir sinn nämlech zënter gëscht a Bulgarien. No dem Balkankrich ass am Juli 1941 Jugoslawie vun den Däitschen nei opgedeelt ginn. Seng Provënz Mazedonien mat der Haaptstad Skopje ass deemools u Bulgarien komm.

Géint den Owend hale mir op enger Gare; um Nopeschgleis steet en Zuch mat italieneschen Zaldoten, déi an de Congé fueren. Si offréieren eis alles, wat si hunn, fir un Zigaretten ze kommen. Souguer hir Gewierer kréie mir ugebueden, wa mer hinne Fëmmes géife ginn. Mir hunn zwar just Zigarette kritt; mee et kënnt zu kengem Handel tëschent hinnen an eis. Wat mir momentan mat engem italiéinesche Gewier ufänke sollen, dat wësse mer nämlech net.

Samschdeg, 26.12.1942

Mueres fréi si mir op der jugoslawesch-bulgaresch-griichescher Grenz.

De Rathse Marcel vu Biissen erzielt :

De Gusske huet ee Saucharakter. Fir all Eefällegkeet geet en an d’Luucht. Wann en no e puer Deeg gesäit, datt e sech selwer domat eng gespillt huet, kuckt e fir d’Saach rëm riicht ze béien.

Op der ganzer Rees fir a Griichenland muss ech him all Dag de Baart maachen. All Mueres kréien ech dat selwecht ze héieren: „Also Raths! Heute machen wir die Sache besonders gut. Drei Millimeter unter der Haut und trotzdem nicht geschnitten.“ Sou laang wéi den Zuch hält, kann dat eventuell reusséieren. Mee iwwert dem Fueren de Baart maachen ouni eemol auszerëtschen, dat ass verdäiwelt schwéier.

Den Dag no Chrëschtdag geschitt et: ech schneiden en. „Er will mich umbringen. Alle Luxemburger wollen mich umbringen“, brëllt e ganz hysteresch. „Ich kann Sie nicht mehr sehen. Verschwinden Sie!“

Ech weess, datt no e puer Deeg erëm eng aner Klack laut. Fir de Moment sinn ech där miserabler Aarbecht, déi mir nëmme Gebrëlls a Vernennes abréngt, lass.

 Wäit virun eis gesi mir Bierger, deenen hir Kopp mat Schnéi zougedeckt ass. Vläicht ass den Olymp dobäi? Um halwer 3 komme mir zu Saloniki un, eng grouss Stad vu 500 000 Awunner an Nordgriichenland direkt um Mëttelmier.

Hei ginn déi 4 Abteilungen, déi bis elo déi wäit Rees matenee gemaach hunn, ausernee gerappt. Jiddereng huet hiert eegent Asazgebitt. Eis Abteilung gëtt un een aneren Zuch gehaang, deen eis weider transportéiere soll; mee de ganzen Owend an d’ganz Nuecht bleiwe mir op der Gare hänken. Kanner, deenen den Honger zu den Aen erauskuckt, heesche Suen; anerer verkafen Zigaretten an Orangen zu gepefferte Präisser. Mir kafen hei eis éischt Orange fir 1 Mark d’Stéck.

Sonndeg, 27.12.1942

De ganze Muergen hale mir nach zu Saloniki. Eréischt um 12 Auer fuere mir lues a westlecher Richtong ongeféier 60 Kilometer méi wäit. Endlech si mir op eiser neier Plaz. Aeginion heescht d’Uertschaft, wou mir bei Schnéi a Reen ukommen.

Den Dag virdru schonns ass e Vorkommando vu 4 Mann mat engem Chef heihi komm, fir de Führer hiren Ënnerdaach ordentlech ze botzen a fir an de Logementer vun den eenzelnen Züge graff opzeraumen.

Op der Gare ass e grousse Quai, an hei kënne mir eis Gefierer ouni Schwiregkeet vun de Waggonen oflueden. Da ginn d’Camione voll getässelt, an d’Chauffeuren tommele sech fir e puer Mol zwëschent der Gare an der Uertschaft hin an hier ze fueren, well et fänkt séier un däischter ze ginn.

De Rathse Marcel vu Biissen erzielt :

Op der Gare zu Aeginion rifft de Gusske : „Wo ist der Fahrer vom PKW? An die Arbeit, Arbeitsmann Raths! Bringen Sie den Wagen zu meiner Unterkunft!“  D’Blad huet sech erëm gedréint. Ech ginn op e neits Chauffeur beim Gusske. Mee ech hu wierklech Pech. Et ass däischter, wéi mer de Peugeot vum Zuch erof hunn. Viru mir fueren déi 2 Camionen, déi vun de Fransouse gesteiert ginn. Ech hu mat der Luxusmaschinn e Retard vun 100 Meter. An der Däischtert gesinn ech d’Phare riicht viru mir liichten. Wat ech nit weess, ass datt d’Strooss hei e grousse Bou mécht. Ech halen d’Richtung op d’Camionen zou, an ech rennen de Rampli erof an e Feld eran.

Wat soll ech maachen? Ech lafen zu Fouss op d’Gare zeréck, fannen de Chef vum 1. Zug an erzielen him mäi Malheur. Dee gëtt mer eng Hallef Dose Mann mat, fir de Peugeot rëm op d’Strooss ze kréien. Déi zéien an drécken, mee ëmsoss. A scho kënnt de Rescht vun der Abteilung ugetraatscht, de Gusske un der Spëtzt. „Was machen diese Arbeitsmänner hier?“ freet hien. Den Eggenberger, de Chef vum 1. Zug, erklärt him, wat geschitt ass. Lo geet et rëm lass. „Raths, Sie haben wieder einmal versagt. Scheren Sie sich weg!“ D’Fransousen zéien de Peugeot mat engem Camion op d’Strooss erop.

Den Dag duerno ass rëm alles an der Rei. De Gusske gëtt mer den Uerder, den Auto ze wäschen. Ech lafe bei den Zeugmeister, fir e Fënsterlieder ze kréien. „Mensch, Sie kommen wohl vom Mond. Im vierten Kriegsjahr gibt es sowas nicht mehr. Nehmen Sie Ihre Fusslappen!“ heescht et. Wéi ech fäerdeg sinn, mengt de Gusske mol ausnahmsweis: „Haben Sie fein gemacht.“ Ech sinn erëm bei him an der Gnod.

„Fahren Sie mich zum Bahnhof!“ An erëm geschitt eng. Mir si just op der Gare, du geet de Motor aus. Ech maachen de Capot op; et ass kee Waasser am Kühler. Well d’Fransouse gefaart hunn, an der Nuecht géif et fréieren, hu si owes d’Waasser eraus lafe gelooss. Elo kréien ech virgeworf, ech wier am Feeler, well ech dat net kontrolléiert hätt.

Ech si rëm beim Gusske ënnen, a wéi et sech gehéiert, ginn ech op en neits als Chauffeur ofgesat.

 Um 7 Auer owes ass endlech jidder Zug a sengt neit Logement agezunn. Mir hu méi wéi 2000 Kilometer Rees an deenen 10 Deeg mat der Bunn gemaach. Wa mir op eng Landkaart kucken, stelle mir fest datt mir a Loftlinn 1600 km vu Lëtzebuerg ewech sinn. Et kann ee soen, mir hunn eng kleng Weltrees hannerun eis.

 

Aeginion

 D’Uertschaft an hir Leit –  D’Geforen zu Aeginion  –  Den Ënnerdach vun deene verschiddenen Züge  –  Ee kënnt ze spéit

 

Aeginion ass eng wäit ausernee gezunnen Uertschaft mat ongeféier 2000 Awunner. Et läit nieft dem suppegen, 10 Kilometer breede Mündungsdelta vum Aliakmon, deem längste Floss vu Griichenland. Deen ënneschten Deel steet am Flaachen, deen ieweschten ass dogéint an den halwen Hank gebaut. Bis op d’Mëttelmier sinn et 5 Kilometer. Am Süde gesi mir op 50 Kilometer Distanz den Olymp, dee bal 3000 Meter héich ass an deem seng wäiss Schnéikopp wäit an d’Géigend eraliicht.

D’Uertschaft huet eng gewëss strategesch Bedeitung; hei begéine sech 2 wichteg Haaptstroossen, déi eng vu Saloniki an déi aner vun der jugoslawesch-griichescher Grenz, fir dann op Athen ze goen. Ausserdeem huet si eng gutt equipéiert Gare op där grousser Eisebunnslinn vu Saloniki op Athen.

Aeginion mécht äis keng ganz gutt Impressioun. D’Haiser gesinn zimlech aremséileg a vernoléissegt aus. Zweestäckeg Gebailechkeete si rar. Déi allermeescht Haiser si kleng, aus Leem gebaut a mat engem Stréidaach gedeckt. An der Mëtt vun der Uertschaft steet eng zimlech grouss orthodox Kierch. Zweemol kënne mir e Begriefnes materliewen. Déi Doudeg sinn einfach an engem Duch agewéckelt a ginn op engem niddrege Won op de Kierfecht geféiert, deen ënnen am Duerf rechts vun der Haaptstrooss op Athen läit. Op där anerer Säit vun der Strooss steet do eng zimlech grouss, mee verkomme Millen.

D’Leit liewen haaptsächlech vun der Landwirtschaft. Si hunn e puer Oliven- an Orangeplantatiounen. Op en etlech Plaze gesi mir och Figebeem. Dernieft hält all Familljen eng méi oder wéineger grouss Zuel vu Schof, an dat schéngt de Leit hire gréisste Räichtem ze sinn. Ieselen a Waasserbüffele sinn hir Schaffdéieren. Et gesäit een datt d’Leit mat allem nach wäit hannen dra sinn.

Industrie gëtt et keng an der Uertschaft. Och Butteker si rar, ze kafe gëtt et souwisou näischt. Uewen am Duerf, ongeféier zwëschent dem Logement vum 1. a vum 2. Zug, ass eng kleng Epicerie mat enger aremséileger Wiertschaft. Duernieft huet de Schmatt seng Wierkstatt. D’Stroosse gläichen eise Feldweeër; si sinn net gestéckt a net goudronnéiert. Well et am Ufank vun eisem Openthalt vill reent, si mir owes vun ënne bis uewe mat Bulli begladdert. Déi griichesch Leit hu keng fest Schong un; si hunn eng Art Schlappen aus Schofslieder un de Féiss.

D’lescht Joer (1941) ass Griichenland vun den däitschen an italiéineschen Truppe besat ginn. Am Wanter an dëst Fréijoer ass eng fuerchtbar Hongersnout ausgebrach. An 3 Méint sollen am Wanter 40 000 Leit, an duerno solle vum Mäerz un all Dag 1500 Leit erhéngert sinn. Griichenland huet virum Krich all Joer 60% vu senge Liewensmëttelen importéiere missen. Well d’Land elo total vu senge Noperen ofgeschnidden ass, feelt et um Néidegsten. Weess gëtt praktesch kee gezillt, well déi gutt Biedem si rar. Lo kënnt kee méi aus deenen anere Länner eran an duerfir mussen d’Leit sech mat Maisbrout erhalen. D’Hongersnout ass apaarti an deene grousse Stied ze fannen, hei um Land zillt alt jidderee selwer wat e fir z’iwwerliewe brauch.

Däitsch Truppe leien nëmmen zu Saloniki, zu Athen an an e puer anere gréisseren Zentren, haaptsächlech laanscht d’Mier. Déi e bësselche méi wichteg Uertschaften, besonnesch op der Linn Saloniki-Athen, si vun den Italiener besat. Mee hei zu Aeginion si mir déi eenzeg Friem, ofgesi vun zwéin däitschen Zaldoten, déi op der Gare stationnéiert sinn.

Hannert dem Duerf geet et erop an d’Bierger. Mir kréie verzielt, d’Partisanen hätten do hir Stëtzpunkten an duerfir wier eng Attack vun där Säit aus méiglech. Dee griichesche Maquis ass ënnert sech net eens. Zwou Gruppen, déi monarchistesch orientéiert EDES an déi vun der kommunistescher Partei organiséiert ELAS bekriche sech ënnereneen. D’EDES operéiert nëmmen am westlechen Deel vum Land (Epirus), därbaanst d’ELAS, déi bei wäitem déi stäerkst Partisanegrupp ass, praktesch iwwerall ze fannen ass. Am Fréijoer 1943 ginn et an eiser Géigend zwee gréisser Zentere vun den ELAS-Partisanen, déi eng 50 Kilometer vun Aeginion ewech sinn, ee ronderëm den Olymp (südlech vun äis) an een aneren an de Vermion-Bierger (westlech vun äis).

Eng aner Gefor fir äis ass d’Malaria, well mir jo ganz no bei enger komplett suppeger Géigend liewen, wou alles voll vu Moustiquen ass. Wéi et schéngt, gëtt et awer eréischt vum Abrëll u geféierlech fir déi Kränkt z’erwëschen. Well da klëmmt d’Temperatur dobaussen héich genuch erop, fir datt d’ Moustiquen, déi d’Malaria iwwerdroen, äerdeg sinn, doruechter fléien an d’Leit picken. Duerfir heescht et och gläich am Ufank vun eisem Openthalt hei, datt mir méi wéi sécher virum Abrëll heemkéimen.

Eis Abteilung ass iwwer d’ganz Uertschaft verdeelt. Op der zimlech grousser Haaptplaz vun Aeginion, der Agora, ass d’Kiche mat hiren Dependenzien ënnert engem héijen Zeltdaach installéiert. Hei parken d’Camionen an dem Gusske säi Peugeot. D’Aaarbechtsgeschir läit och zum gréissten Deel op där Plaz, déi duerfir mat pickegem Drot agemaach ass an déi gutt bewaacht gëtt. Eise Proviant ass an engem Haus nobäi ënnerbruecht.

Nieft där Plaz hunn den 3. an de 4. Zug a gréissere Gebailechkeeten hiren Ënnerdaach. Ganz nobäi hunn d’Cheffe sech an engem groussen a schéinen Haus aquartéiert.

D’Heilstuff ass eng 200 Meter méi wäit vun der Haaptplaz, den Hank erop, an engem neie Bau no bei dem Dokter vun Aeginion sengem Haus ageriicht.

Den 2. Zug läit nach eng 500 Meter méi wäit an dem Hank an engem zolitten neie Gebai, dat ganz Aeginion dominéiert. Et ass eng Schoul, déi awer eréischt am Réibau fäerdeg ass. Bis elo hunn Zigeiner dra gehaust, lo musse si fir déi nei Lokatairen d’Blad botzen.

Den 1. Zug ass matten am ieweschten Duerf an enger klenger uraler Primärschoul logéiert. An engem grousse Sall am Rez-de-chaussée hu mir eng dënn Lo Stréi ausgespreet. Doriwwer leien eis Zeltplanen an dorop mir. An engem Eck steet een Uewen, deen äis net nëmme wiermt, mee op deem mir och all méiglech Saache bratsche kënnen. Duerfir ass deen Iefchen dat wichtegst Stéck an eisem ganze Stot. Eng baussenzeg Trap geet op den 1.Stack, wou zwee méi kleng Reim sinn, déi mir och bewunnen. Mir hu keng Schief, alles läit um Buedem, muss awer ëmmer ordentlech opgeraumt sinn. Eis Mäntel, d’Spueden, d’Gewierer an d’Helmer hänken an engem klenge Virraum.

An deem Zëmmer, wou mir dran hausen, ass net vill Plaz, weeder fir ze schlofen nach fir ze sëtzen. Mir liewen zu 16 Mann an engem Raum vun 8 op 4 Meter. An deenen zwee méi klengen Zëmmeren um 1. Stack sinn a jidderengem 12 Mann aquartéiert, an och hei kreien der vill op d’Zéiwe getrëppelt. Et ass nëmme gutt datt mer net vill doheem sinn. Gott sei Dank kréie mer Enn Januar Better mat Stréi­säck, a vun elo un hu mer besser Plaz.

Hannert der Schoul hiewe mir een déiwe Gruef aus, virun deem op 50 cm Héicht eng staark Dunn op e puer hëlze Käffere ge­neelt gëtt. Dat ass eisen „Donnerbalken“, primitiv, net ganz hygie­nesch, mee vill benotzt.

An der éischter Woch, vum 28. Dezember bis den 3. Januar, si mir vu mueres bis owes am Gaang eis anzeriichten an eis Raimlechkeeten ze botzen an ze rafistoléieren. Op Sylvesterowend muss d’ganz Abteilung bei der Kichen untrieden. ‘T ass bal net ze gleewen: jidderee kritt „zur Feier des Tages“ eng Boll Glühwäin a säi Kachgeschir geschott. Dat ass fir d’éischt, mee leider och fir d’lescht, datt esou eppes geschitt. Och hei a Griichenland sinn déi gutt Saache schrecklech rar.

All Mueres mussen déi 4 Züge op der Haaptplaz zum Ap­pell untrieden, fir d’Aarbechte vum Dag explizéiert ze kréien.

De Lacafs Rosch vun Dikrech erzielt:

Fënnef Deeg si mir lo zu Aeginion, an hett geschitt eppes ganz Verwonnerleches. Mir stinn am Garde-à-vous, de Gusske ass am Gaang ze téinen. Hei kënnt aus dem Duerf een deitschen Ar­beitsmann op heen dor, steet stramm a seet: „Arbeitsmann XY mel­det sich vom Austreten zurück.“ De Gusske kuckt grouss mat senge klenge Schwéngsaen. „Vom Austreten zurück? Na, Mann, wo waren Sie um diese Zeit austreten?“ An et kënnt di aartlich Äntwert: „Kurz hinter Belgrad, Herr Oberstfeld.“

Op eiser Rees heihin hat de Jong sech ënnerwee hannert eng Heck zréckzie mussen. Op eemol ass den Zuch fortgefor. Eise Preiss kum net mi mat. Heen hot sich du op eege Fauscht 500 Kilometer weit durchschloe missten, fir eis erëmzefannen. Wat an där Affär unverständlich ass: bis elo ass seng Absenz mol nach net opgefall.

 

Eis nei Aarbechten

 D’Bréck bei Korinos D’Strooss hannert Aeginion D’Aarbecht ass eng Plo D’Päckelcher vun doheem Dei éischt Lëtze­buerger am Prisong zu Saloniki

 

Méindeg, de 4. Januar 1943, fänke mir mat den Aarbechten un.

D’Leit vum 1. Zug fueren all Dag mat engem Camion ongeféier 20 Kilometer südlech vun Aeginion bis hannert ee klengt Duerf, dat Korinos heescht. D’Haaptstrooss muss do eng zimlech déif Dällt iwwersprangen, an deeër eng kleng Baach leeft. D’Bréck iwwer déi Baach ass am Abrëll 1941 vun der 2. neuseelännescher Divisioun gesprengt ginn, wéi d’Englänner an d’Griichen sech virun den däit­schen Truppen zeréckgezunn hunn. An der Zwëschenzäit ass iwwert d’Baach eng Betonsdall geluecht ginn, mee déi läit nach vill ze déif géintiwwer dem Niveau vun der Strooss.

Bis elo ass ee groussen Deel vum wichtegen Noschub fir dem Rommel seng Divisiounen an Nordafrika iwwert d’Bunn vu Saloniki op Athen gaang. Mee virun engem Mount, de 25. November, hunn englesch Parachutisten, zesumme mat griichesche Partisanen, déi grouss Eisebunnsbréck vu Gorgopotamos südlech vun äis bei Lamia an d’Luucht gesprengt. Elo muss de ganzen Trafic iwwert d’Strooss. Duerfir ass et fir déi Daitsch ongeheier wichteg datt dëse Stroossendeel sou séier wéi méiglech reparéiert gëtt, fir datt déi schwéier Camionen en erëm benotze kënnen. D’Deviatioun ass op dëser Plaz bis elo iwwer schmuel a futtis Feldweeër gaang.

Mir musse Buedem iwwert d’Betonsdall bis op de Niveau vun der Strooss opschëdden. Lénks a rechts vun der Bréck si Schinne bis an den Hiwwel era geluegt ginn, an hei schëppe mir Buedem a 4 Buggien. Da loosse mir si eroflafen an tippen de Buedem iwwert d’Betonsdall. Op all Säit vun der Baach sinn 2 Buggien a Betrib. Fir all Dag gëtt äis virgeschriwwen, wéi vill mer der lueden an tippe mussen. Déi eppes dovu verstinn, schätzen datt mir ongeféier 5000 Meter Kipp Buedem transportéiere mussen, bis alles am Niveau ass.

De Busche Jang vun Helzen erzielt:

D’Eesse fir mëttes ha märr moies matbrajcht. Mee et gëtt réischt ze baffen, wa märr déi virgeschriwwen Zal va Buggie getippt hann. Déi Aarbecht ass relativ schwéier, well märr mussen all Daj 80 grouss Buggie (moies 40 an nomëttes 40) fël­len, eraffaren, tippen an erëm eropdrécken. Bei all Buggi schaffe 6 Lëkt, 4 fir ze schëppen, 2 fir de Buadem mat Piosche lasszekappen a mat de Buggien ze faren. Schëppen ass Tromp, a méi wéi eng Kéier ass et 3 Auer, éi märr gett z’eesse krei­en. Nomëttes gëtt et da spéit, bis märr eise Kont gepackt hann.

Fir äis d’Aarbecht e bësselche méi liicht ze maajchen, gëtt dee Buadem, dee mer luede mussen, e puer Mol am Daag aus dem Hiwwel lassgesprengt.

 De Bisdorffs Jang vu Schëffleng erzielt:

Ee gudden Dag ass ee Filmreporter vun der Wochenschau do. Wéi en eis verschidden Aarbechte gefilmt huet, wëllt en och nach eng Sprengung a seng Këscht kréien. Hie stellt sech hannert ee Buggi a Positur fir vun do seng Biller ze maachen. Amplaz eng Kartusch, wéi et normal ass, stoppe mär him zu Éieren eng zweet an d’Buerlach. „Ich möchte ein bom­bastisches Feuerwerk sehen”, hat hien nämlech gemengt.

An dat kritt en. D’Explosioun ass sou stoark, datt de Buggi un d’Lafe kënnt; eise Reporter gëtt mat ewech geholl, an hie landt ënnen op der Bréck. Hie jéimert a klot: „Die Ladung scheint doch etwas zu stark gewesen zu sein“.

Mär si frou datt en seng déck Maul gestoppt kritt huet.

 D’Leit vum 2., 3., a 4. Zug schaffen am südlechen Ausgank vun Aeginion, wou mir d’Haaptstrooss op enger Längt vun 3 Kilome­ter vollständeg nei maachen. Déi iewescht Lo ass op eng Déift vu 40 Zen­timeter wechgeschëppt ginn. Doran tässele mir héichkanteg déck Steng een nieft deen aneren. Mat dem Zwéckel, engem klengen Hummer mat engem laange Still, schloe mir vun de Steng déi iewescht Spëtzten of, déi an d’Zwëscheraim falen an déi gutt opfellen. D’griichesch Bauere musse mat hire primitive Ween, déi vu Waas­serbüffelen oder Iesele gezu ginn, déi néideg Wuer erbäiféieren.

All déi Aarbechte gi geschwënn zu enger grousser Plo, an zwar aus diversen Ursaachen:

– D’Wieder ass miserabel fir dobaussen ze schaffen: Nuets schneit et, daagsiwwer reent et. Mir sinn dreckeg vun ënne his uewen, well mir hu keng ordentlech Wäschgeleeënheet; vun Dusche geet keng Ried. Am Dag si mer vu Fléi geplot, an der Nuecht gi mer d’Wanzen net Meeschter.

Den Delés Jang vun Esch/Uelzecht erzielt:

Ech stelle mat Schrecke fest, datt ech allergesch géint Fléi sinn. Do, wou ech vun deene léiwen Déiercher gebass ginn, kréien ech Bloderen, déi voll Eeter ginn. Den Infalts Jang be­handelt mech op der Heilstuff. Et ass esou schlëmm, datt ech sträpperchesweis do am Bett bleiwe muss. Mee ech brauch net méi mat op d’Strooss schaffen ze goen. Dat gefällt mär na­well guer net schlecht. Meng Aarbecht besteet doran, datt ech dem Heilstubenchef sengt Zëmmer propper halen an e bëssel­chen an der Kichen hëllefe muss.

 – Mir musse mueres schonn um 5 Auer opstoen, fir mam klo­ren Do eis Aarbechten ufänken ze kënnen. Owes um 9 Auer ass ewell Zaapestreech, well jo kengt Elektresch do ass, fir äis den Owend ze verlängeren. Dat eenzegt, wat mir als Beliichtung hunn, sinn extra konstruéiert Käerzen, sougenannt Hindenburglichter, an e puer Pëtrolskänkien. Am Fong si mär frou, fir an d’Klapp ze kommen. Mir hu kaum e Raschtdag: et gëtt praktesch all Sonndeg geschafft, well mir musse fir de festgesaten Datum fäerdeg sinn. All Mueres mellen sech der vill krank, fir sech op déi Manéier e bësselchen erblo­sen ze kënnen.

De Lacafs Rosch vun Dikrech erzielt:

 Ech weess nach hett net, wi ech mich ugestallt hunn: op jidde Fall, bei der Aarbicht op der Strooss fällt mir een décke Steen op meng rechts Hand. Drai Fangere se wond. Den Infalts Jang konstatiirt, datt et naischt Graves ass. Am Contraire, et ass eng wonnerbar Saach, fir sich laanst d’Aar­bicht ze drécken. De Jang mécht mer eppes drop, fir datt d’Entzündung net ze vill sier fort geet. Ech gi fir 8 Deeg krank geschriiwen a muss déi Woch op der Stuff bleiwen.

Mei gruusse Frënd, den Damits Ars, ass dukdunglécklich. Net weenst ménger Kränkt, mee well heen och gären su eppes hätt. – „Wi hoss de dat nëmme gemaach?“ – „Ech weess et selwer net.“ „Ma, da loss mir ee Steen op de Fouss falen.“ „Dat bréngen ech net fäerdisch.“ „Dach, maach et!“ „Neen, ech maachen et net; du kanns et jo selwer maachen.“

Mir hu bal deen déckste Streit kriit, well ech net esu kéng war, ee Steen op dem Ars sei Fouss falen ze lossen.

– Dann ass de Kascht miserabel schlecht. Den Eintopf gëtt ëmmer méi kloer; mir bräichten awer eppes Ordentleches, fir bei Kräften ze bleiwen. Schwéier Aarbecht a moer Zoppen, heescht et an dësen Deeg. Déi eenzeg Extrawurscht si 17 Orangen, dei jiddereen enges gudden Dags beienee spendéiert kritt. Pro Dag gëtt et norma­lerweis ee Kammessbrout vu 500 Gramm mat enger Grimmelchen Zoos­siss. Dat ass fir mueres a mëttes alles. Owes, wa mir vun der Aar­becht erëm sinn, gëtt et da warem z’iessen. Op de Kapp hu mir zwou Bol­len Eintopf mat Muerten oder Kolrawen ze gutt.

Glécklecherweis fonktionnéiert d’Verbindung mat der Heemecht onerwaart gutt. Et dierfen allerdéngs nëmmen 100 Gramm ­Päckelcher op eis Feldpostnummer 18067 geschéckt ginn. D’Post kënnt sträppweis all 2. bis 3. Dag. Wann et mol eng Kéier méi laang dauert, da kommen d’Päckelcher kuerbelweis an da kritt jidder Lëtzebuer­ger der 20-25. De Rekord gëtt vum Rathse Marcel gehal, deen et enges Daags op 78 Stéck bréngt.

Et kann och mol virkommen, datt ee Chance huet an onerwaart zu engem extra Mäifelche kënnt.

De Lacafs Rosch vun Dikrech erzielt:

Do, wu mir op der Strooss schaffen, ass op där enger Säit eng Heck. O Wonner, an där Heck leit enges Moies engt schingt deckt Héngeree. Ech weisen et mengem Frend Ars. ­„Nondikass, vun dëser Säit komme mir net drun.“ „Wat solle mir maachen? Iiwer an duurch d’Heck komme mir net.“ „Werf deng Kap op di aner Seit a géi bei den Unterfeldmeister d’Er­laabnis froen fir dei Kepi erëm sichen ze goen, seet den Ars.“ „Mee dee rennt mech mam Fouss an de Réck.“ „Ma da so, du misst op d’Toilette goen.“ „Dat ass eng Iddi!“

„Arbeitsmann Lacaf bittet austreten zu dürfen.“ Den Dom­röse kuckt mich rosen un a brëllt su haart, datt iewer och jiddfereen et sollt hiiren: „Fressen und Scheissen ist das ein­zige, was die Luxemburger können. Ab, hinter die Hecke!“ Just do wu d’Ee leit, huppen ech mech a schonns ass et an der Täsch. Et hot mir zwar eng déck Frechheet abroocht, mee dee klenge Meifelche schmaacht eis zwee ganz ausgezeechent.

 Fir äis opzemonteren, kréie mir heiansdo, mat Bour­scheids Cam als Operateur, Cinema gespillt. Mee dat ass eng kom­plizéiert Affär. Mir musse bis op d’Gare, wou ee neit Genossen­schaftslager steet, an deem ee grousse Raum genuch Plaz fir d’ganz Abteilung offréiert. Hei ass och Elektricitéit. Well keng Still do sinn, musse mir eise gepaakten Tornëschter matbréngen an äis dropsetzen. Dat ass Luxus éischter Klass.

Mee dat alles hëlleft äis net vill, fir iwwer dës schwéier Deeg ewechzekommen. Jiddereen huet eng schrecklech Flemm, a mir schwätzen nëmme méi vun doheem. Mir halen et bal net méi aus. Wéini komme mir hei fort? Ee Mol heescht et, mir kënnte schonn ufanks Mäerz heemgoen, da gëtt erem geschwat, mir missten et bis an de Mee an dëser gottverloossener Géigend aushalen.

Lues a lues ass äis alles egal. Mir si sou depriméiert an esou fäerdeg datt mer un näischt méi Interessi hunn.

 De Counottes Paul vu Stackem erzielt:

Glaich am Januar lockt et fir äis. Mär sëtzen zu 4 Mann op der Waajcht viran der Dir vam 3. a 4. Zujch ze schlofen a gi vam Gusske perséinlech erwëscht. Sou eppes hat heen a senger ganzer Carrière nach net erliäft. „Morgen, 10 Uhr, zum Rapport.“

Deen aneren Daajch sti mär virum Abteilungsführer, dee Fei­er späizt, äis verdonnert, äis Krichsgeriicht undreet an äis zu 4 Woche Bunker verurtelt. Eis Entschëllegong, mär wiren total futti vu Middegkeet, hëlleft äis näischt. 4 Mann, déi zesumme „Wachvergehen“ begaang hunn, an dat och najch lauter Lëtzebuerger, do wëllt heen een Exempel statuéieren.

Mär kommen op Saloniki an d’Zitadell, jiddereen an eng Eenzelzell. Moies beim Frühsport, wou alles an den Haff eraus muss, gesi mär datt mär net eleng sënn. Zwëschen 300 a 400 Mann vun alle Waffegattungen sënn hei agespaart, vum einfajchen Arbeitsmann oder Schütze bis zu deenen héichste Graden.

An der Zitadell ass ojch ee Paschtouer fir de Prisonnéier all Moies eng Mass ze halen. Een Daajch iwwert deen anere gi mär zu zwéi Mann him d’Mass déngen. Duerno hëllt de Paschtouer äis mat op säin Zëmmer, an hei gëtt en äis dann eng Zoossiss­ oder Hameschmier zum besten. Mär wëssen dat z’appreciéieren, well deen normale Kascht ass miserabel. Hee schwätzt mat äis, héiert datt mär Lëtzebuerger sënn, mécht äis Courage a mengt mir kéime bestëmmt all heem. Déi paar frëndlech Wierder all zweeten Daajch doen äis gutt a monteren äis e bësselchen op.

 

 

D’Rapporte mat de Griichen

De Kontakt ass net liicht Aeginion entdeckt Lëtzebuerg Mir sinn däitsch

 

Am Ufank ass et bal onméiglech, fir mat den Awunner vun Aeginion Kontakt opzehuelen. Op där enger Säit ass et äis vun uewen erof streng verbueden, irgendee Rapport mat der Populatioun opzehuelen; mir dierfen net an hir Haiser; mir dierfen emol net mat hinne schwätzen. Mir mussen dat alles heemlech maachen. Op deeër anerer Säit sinn d’Griichen ongeheier mësstrauesch, well si jo net wëssen, datt vill Lëtzebuerger ënnert deenen Däitsche sinn, dei hiert Duerf besat hunn. No an no geléngt et äis, trotz der Schwie­regkeet mat der Sprooch, e puer Awunner vun eiser Sympathie ze iwwerzeegen.

Am Duerf praktizéiert ee jonken Dokter, dee gutt franséisch schwätzt. Den Infalts Jhang hëlt mat him Kontakt op an erzielt him, wéi et mat de Lëtzebuerger ass. Den Dokter versteet ganz séier, wéi eis Astellung zu den Däitschen an zu de Griichen ass. No enger gewësser Zäit proposéiert hien esouguer, hie kënnt e puer Leit vun äis iwwert d’Grenz an d’Tierkei eraschmoggelen.

Mee vun äis ass kee sou kéng, dee Risiko anzegoen. Den Dokter kläert och seng Kompatrioten op, an op eemol mierke mir, datt d’Leit sech fir äis interesséieren. Et mellt sech een Awunner, dee virun e puer Joer zu Rodange op der Schmelz geschafft huet an dee weess datt mir keng Preise sinn. Et ass unzehuelen datt den Dokter och d’Partisane sou wäit kritt, datt si äis a Rou loossen, well wéi wier et soss ze verstoen, datt mir an deenen 3 Méint zu Aeginion net eng Kéier Schwieregkeeten duerch si hunn.

Wa mir froe fir eppes z’iessen ze kréien, ginn d’Griichen äis vun hirem Wéinege mat, haaptsächlech gielt Maisbrout, dat äis net apaart gutt schmaacht, a Figen, déi mer awer gär hunn. Mee de Geste ass et, deen zielt. Mir ginn hinnen dat bësselchen, wat mir entbiere kënnen: Seef, Zigarettepabeier, Zacharintablet­ten an Asprotabletten, vun deene si mengen, et wier Chinin géint Malaria. Heiansdo erwësche mir och vun hinnen e puer Fësch, déi si an d’Mier fänke ginn an déi mir dann owes op eisem Uewe broden.

De Rathse Marcel vu Biissen erzielt:

D’Griiche gesinn datt ech Coiffeur sinn, well ech oft de Komeroden hir Hoer bei guddem Wieder heibausse schneiden. Si froe mech, op ech och bei si komme kënnt, well zu Aeginion ass nëmmen ee Coiffeur an dee schafft nit séier an nit oft.

Op déi Manéier kréien ech zwou griichesch Familljen an d’Clientèle. Ech muss natierlech alles heemlech maachen, owes wann et däischter ass, an zwar an den Haiser vun den Awunner. Si gi mir Brout a virun allem Uzo, sou vill wéi ech wëll.

Eng Kéier schmaacht dee Branntewäin mir esou gutt, datt ech dees eng Grimmelchen ze vill drénken. Just déi Nuecht muss ech op Posten. Ech sëtze mech a mengem Dusel hannert eng Mauer a schonns ass et geschitt; ech enttompen. Mee ech hu Chance; ech gi vun engem Lëtzebuerger Komerod ofgeléist; dee fënnt mech am déiwe Schlof um Buedem leien. Wann de Gusske dat gewuer wier ginn, da wier méi wéi engt Donnerwieder lass gaang. An domat wir et sécher nit duergaang.

 Och aner Lëtzebuerger kënne mat griichesche Leit Kon­takt ophuelen a kréien dichteg ënnert d’Äerem gegraff.

Den Ditsche Joss vu Lëtzebuerg erzielt:

Mir kréien zu 2 Mann Kontakt mat enger griichescher Familljen duerch ee Fransous, deen um Bord vum Duerf an enger verfalener Häip haust. Wat fir eng Roll hien hei zu Aeginion spillt, dat gi mir net gewuer. Wéi mir enges Daags mat him an d’Gespréich kommen, gesäit en datt mir hongreg sinn a schéckt ons an d’Gässel beim 1. Zug an een Haus, wou mer bestëmmt eppes kréichen.

Dat ass och de Fall. D’Leit ginn ons Maisbrout; d’Fra vum Haus mécht ons souguer warem Saubounen. Vun elo u bréngt si ons an der Mëttespaus 1-2 Mol d’Woch waremt Iessen op d’Strooss, wou mir schaffen. Dat muss natierlech alles heem­lech gemaach ginn; et dierf näischt opfalen, well soss géif si vernannt a mir schwéier bestrooft ginn.

Ech sinn der Fra haut nach dankbar, datt si ons esou groussarteg gehollef huet.

 Onglécklecherweis gëtt ee vun eis Lëtzebuerger erwëscht, wéi hien aus engem griicheschen Haus kënnt.

De Busche Jhang vun Helzen erzielt:

Mir lägde schrecklech Honger. Du dajht ech: probéier mol; vläicht krëss de gëtt bei de Lägden. Ech ha gett Zigarette­pabeier fir ze koppelen. D’Griiche giä märr dofir engt déckt Stéck hires Maisbrout. Wéi ech erëm an eis Heip zeréckkom­men, et ass zwëschent Dajh a Najht, hatt ech d’Brout ënnert mengem Hiäm verstoppt. Onglécklecherweis begeenen ech dem Domröse. Ech well séier laanst e schlaufen. Mee hie rifft mech zeréck a brëllt: „Sie können wohl nicht mehr grüßen!“ Ech muss e par Schratt hannerzeg an dun d’Hand an d’Luucht hiä­wen. Dee Moment gesékt den Domröse dei déck Knupp ënnert menger Uniform. Heen deet mech d’Brout eraushualen a melt mech natierlech beim Abteilungsführer.

Deen anere Moie stinn ech beim Gusske, dee mech sching abrëllt. Hie verlaangt, ech soll him soen a wéi engem Haus ech d’Brout kricht han. Ech soen ech géif net wassen, a wéi engem Haus ech gewiäst wir. Du jeitzt de Gusske: „In dem Fall gebe ich Ihnen die Höchststrafe wegen verbotenen Umgangs mit Zi­vilpersonen.“

An esou han ech 14 Deeg op keng ganz agreabel Manéier an dem Bing zu Aeginion verbrajt.

Well eis Führer unhuelen, datt an de Bierger hannert dem Duerf Partisane liewen, muss all Nuecht eng grouss Zuel vun Doppelposten opzéien, fir datt een onerwaarte Besuch sou fréi wéi méiglech signaliséiert ka ginn. Dat dréit natierlech dozou bäi, datt mir kierperlech ëmmer méi op den Hond kommen. Op d’mannst all 4. Nuecht ass jiddereen drun, fir stonnelaang Wuecht ze halen. Trotzdem muss deen aneren Dag geschafft ginn; mir hu kee Fräi, fir äis vun de Strapatze vun der Nuecht ze erhuelen.

Den Emerings Jhämp vu Jonglënster erzielt:

An enger kaler, naasser Januarnuecht stinn de Meurins Charel an ech beim 1. Zug op der Wuecht. Wéi ëmmer ass d’Gespréichsthema Nummer 1 op der Tapéit. Mir hunn en Honger wéi e Wollef. „Komm“, seet de Charel, „ech hunn de Muere vun doheem ee Päckelche Pudding kritt. Wa mer deen a Waasser opléisen an um Uewen opkachen an dann heibaussen ofkille loossen, hu mir nach virum Schluss vun der Wuecht eng Kléngegkeet géint den Honger.“ Ech si gläich d’accord.

Sou wéi hien et proposéiert huet, maache mir et. Datt mir allen zwéin zesummen an eise Logis ginn, ass natierlech eng onverzeilech Dommheet. Mee d’Keelt an den Honger sinn esou grouss, datt mer net drun denken datt mer kontrolléiert kënnte ginn. Mee grad dat geschitt. Op eemol héiere mir dobaussen ee ruffen: „Wache! Wo ist die Wache?“ Mir lafen esou séier, wéi et geet, eraus. Do steet den Unterfeldmeister Domröse, deen ouni weider Explikatiounen eis Nimm opschreift.

Mueres musse mir bei de Gusske. ´T ass déck Loft beim Abteilungsführer. Hie späizt Gëft a Gal. Mir kënnen näischt leegnen, wat en äis virwerft; mir wëssen, datt mir an der Feel sinn. Hie gëtt äis 10 Deeg verschäerfte Bunker. Mat engem Camion fuere mir op Saloniki op d’Zitadelle, wou d’Kelleren als Prisongszellen amenagéiert sinn. Vill méi wéi Kamessbrout an hei an do eng warem Waasserzopp kréie mir an deem Luxushotel net. Mee mir denken all Dag un dee gudde Pudding, deen äis laanscht d’Nues gaang ass.

 D’Cheffe gi mat de Griichen ëm, wéi wa si mannerwäerteg Leit wieren. Wa si beim Schaffen net séier genuch mat hire Jabele fueren, gi si vernannt. Si sinn deen däitschen Tempo net gewinnt a fir si ass et eng richteg Sklavenaarbecht, déi si leeschte mussen.

All Woch muss een Holzkommando vum 3. Zug mat Griichen an hire Ween an de Bësch an d’Bierger, fir hei Holz fir d’Kichen haen ze goen. Och déi Leit ginn all Kéier vun den däitsche Führer verdommt an no allen Noute verbotzt, well si op all Won nëmmen een dënne Beemche lueden. Si hunn nämlech déi gréisst Schwieregkeet fir op där géier, schlechter Strooss mat hire primitive Käerercher erofzekommen. D’Waasserbüffele maachen d’Been auserneen a rutsche sou erof. Mee d’Griichen halen äis Lëtzebuerger näischt no; si deelen heemlech mat äis, wat si vun Iesses mat op d’Aarbecht geholl hunn.

D’Griiche géifen och zwéi Lëtzebuerger verzeien, déi e bësselche vun hinne profitéiert hunn, fir sech e puer Mol ee schéine Sonndeg ze maachen.

De Bruchesch Mars vu Canech erzielt :

Well de Gusske och Ortskommandant vun Aeginion ass, hat en heiënsdo mam Buergermeeschter ze dinn. Allerdéngs hunn déi 2 allerhand Schwieregkeete fir sech ënnereneen ze verstännegen. De Gusske schwätzt a versteet nëmmen däitsch; de Buergermeeschter kann nieft griischech och e wéineg franséisch. Duerfir mussen elo d’Beutegermanen asprange fir zwëschent deenen 2 ze dolmetschen. De Lindens Raym an ech, mir mussen dat maachen. Wann de Gusske eppes brauch, schéckt en eis bei de Buergermeeschter fir dat z’arrangéieren.

Fir sonndes kritt de Gusske all Woch 2 Poulete geliwwert. Samschdes mueres musse mir d’Bestellung beim Buergermeeschter maachen, an owes gi mir déi schéi geplëmmten a gebotzten Hënkelcher da sichen. Si gesi sech esou appetitterlech un, datt mir no enger Méiglechkeet sichen, fir och un esou en Déierchen ze kommen.

Bei där nächster Visite beim Buergermeeschter fällt bei eis de Frang. Mir bestelle ganz einfach net wéi bis elo nëmmen 2 mee gläich 3 Pouleten. Deen 3. ass fir eis als Doloun fir eis Dolmetscherei. Sou hu mir elo all sonndes, sou laang wéi mir nach zu Aeginion bleiwen, een herrleche Poulet um Menü.

 Déi griichesch Leit erzielen äis, et wir ganz liicht d’Lëtzebuerger vun den Däitschen z’ënnerscheeden. Déi laachen a frëndlech sinn, wann se laanscht ginn, dat si Lëtzebuerger. Déi rosen drakucken a brëllen, dat sinn Däitscher.

Sonndes kënnt eng Kéier een ambulante Fotograf an d’Uertschaft, dee mat engem Apparat aus der Stengzäit grujheleg Fotoe mécht. Jidderee profitéiert dovun, fir sech ofmolen ze loossen, obschonns an Natura bezuelt muss ginn. Fir 2 Fotoe freet hien 1 Stéck Seef an 2 Päckelcher Zigarettepabeier. Suen hu mir keng, well eis Pei bleift op engem Kont stoen a gëtt un eis Elteren iwwerwisen ( 66 Mark fir 2 Méint).

Mir sinn eréischt Enn Januar, an d’Middegkeet ass scho grouss ënnert äis. Op der Wuecht ginn der ëmmer méi erwëscht, déi ageschlof sinn: Een däitsche Poste schléift an deem hellege Peugeot vum Gusske, gëtt vum Unterfeldmeister Eggenberger fonnt a kritt Bunker. Ee Lëtzebuerger an een Däitsche sëtzen op der Wuecht beim Feier fir sech ze wiermen, gi vum Vormann Hackel entdeckt a schwéier bestrooft.

Duernieft kommen nach aner Saache vir : Een Däitsche gëtt vum Obertruppführer Egger gepëtzt, wéi en an engem Haus Brout hamstere geet a kënnt an de Bing. Een aneren Däitschen, deen engem Komerod eng Füllfieder an 10 RM an dem Zürns Wuckes 30 RM klaut, kënnt och an den Duckes. Dat schlëmmst an dësem Fall ass, datt de Wuckes och bestrooft gëtt an zwar well e méi wéi déi erlaabt 10 RM bei sech hat.

 

 

D’Wollefsjuegd

D’Wëllef kommen Mir solle se schéissen

 

De ganze Januar ass verreent, mee lo am Februar gëtt d’Wieder vill besser. An der Nuecht ass et wuel nach kal, mee am Dag klëmmt den Thermometer scho bis op 25 Grad. Eis Moral klotert och eng Grëtz an d’Luucht, apaarti well d’Verfleegung endlech bes­ser gëtt. Jidderee kritt nieft dem Eintopf, vum 15. Februar un, all Dag ee Brout vu 750 Gramm.

Well mir no um Mündungsgebitt vum Aliakmon hausen, lie­wen an eiser Géigend ongehéier vill Zorte vu Waasservigel. D’Chef­fe profitéieren dovun, fir bal all Dag op d’Juegd ze goen a fir haaptsächlech wëll Inten ze schéissen. Mir kréien natierlech kee vun deene gudde Mäifelcher ze schmaachen.

An dësen Deeg kréie mir de Besuch vu Wëllef. Si briechen nuets an d’Duerf an, erbäissen en etlech Schof a schleefe se mat fort. Déi griichesch Bauere sinn natierlech net ganz enchantéiert dovun, well fir si ass dat e grousse Schued. Enges Nuets alertéi­ert ee Posten d’ganz Duerf mat gewaltege Kreesch: „Wëllef, Wëllef!“ De Wollef ass a Wierklechkeet ee klengen Hond, dee spazéiere geet. Mee op eemol gëtt et doudseriös.

Den Eyschens Joss vun Ettelbréck erzielt:

Dënschdes, den 10. Februar, stinn Elsens Joss an ech op Wuecht bei der Schoul vum 1. Zug an zwar zwëschen 23 an eng Auer. D’Stäre blénken um kloren Himmel. Mir gi schéin eise virgeschriwwene Wee ronderëm d’Gebai a waarden drop ofge­léist ze ginn, well et ass fatzeg kal.

Nieft der Schoul steet e klengt Bauerenhaus mat enger Pierch virdrun, déi mat enger Heck vun 1,5 Meter Héicht age­maach ass. Hei schlofen d’Schof an der Nuecht. Mueres kënnt den Duerfhiert se sichen, fir mat hinnen an d’Bierger op d’Weed ze goen. Owes bréngt hien s’erëm an da gi si fir d’Nuecht an dee Päsch agespaart.

Geent halwer 1 héiere mir datt d’Schof, déi bis elo geschlof hunn, onroueg ginn. Si sprangen op a lafen opgereegt hin an hir. Äis zwee geet de Wapp; mir sinn iwwerzeegt, d’Schof wieren erféiert, well friem Leit kéimen. Mir huelen un, datt et Partisane sinn, dei äis ugräife wëllen. Solle mir Alarm schloen? Mir entsécheren d’Gewier a stellen äis mol hannert d’Schoul an Deckong. Dee Moment héiere mir, wéi e puer Schof ee fiirchterlechen Doudkreesch vu sech ginn. Mir lafen op de Päsch zou a gesinn nach just 4-5 Schieden iwwert d’Heck sprangen. Et ass ze spéit fir ze schéissen.

Um 1 Auer gi mir ofgeléist a mir erzielen deenen neie Posten, et wiere wahrscheinlech Wëllef an d’Pierch agebrach. Wéi mir mueres um 5 Auer opstinn, gi mir bei de Bauer, deen am Gaang ass erbäermlech ze jéimeren.  An engem Stéck jäizt en: „Lykoi, lykoi!“ (Wëllef,Wëllef). Hie gëtt äis mat Zeechen ze verstoen datt 4 Schof verschwonne sinn. Wat een nit fir méiglech géif halen ass geschitt. D’Wëllef hu 4 Schof erbass, si mat hinnen an der Schnëss iwwert d’Heck gesprong an dunn an der Emgéigend verschwonn.

Well dat elo scho fir d’zweet ass, datt Wëllef Schof aus dem Duerf verschleefen, kënnt eng Delegatioun vu Griiche bei eisen Abteilungsführer. Si hätte gär, wa mir eng Juegd op d’Wëllef or­ganiséiere géifen. Well et hinne verbueden ass ee Gewier ze hunn, kënne si sech net géint déi geféierlech Déiere wieren. De Gusske ass d’accord. Esou gëtt fir sonndes, de 15. Februar, eng grouss Wol­lefsjuegd opgezunn.

Mueres, um 8 Auer, muss d’ganz Abteilung sech an d’Géi­gend deplacéieren, wou den Aliakmon an d’Mier leeft. Hei sollen d’Wëllef op enger klenger onbewunnter Insel hausen. Et ass alles mat däitscher Grëndlechkeet virbereet. D’Griiche mussen e puer Naache mat deenen néidege Leit erbäischafen, déi äis op dat engt Enn vun där laanggestreckter Insel an d’Cheffe mat hire Gewierer op dat anert Enn iwwersetze sollen. Eis Missioun ass et, Dreiwer ze spillen an d’Wëllef virun d’Gewierer vun de Cheffen ze joen.

Dee Moment, wou déi éischt Leit an ee Naache klammen, geet e grousst Gejäiz un. Zwéi Wëllef si vun der Insel an d’Mier gesprong a schwammen an engem grousse Bou op d’Land zou. D’Griiche ruffen eise Cheffen zou, net ze schéissen, well soss de Wollefsruddel op der Insel alertéiert géif.

De Christmanns Vic vu Bungeref erzielt weider:

D’Klappjuegd geet un. Jidderee vun äis huet sech aus den Hecken een décke Bengel erofgebrach. Et ass äis nit grad vir wéi hannen, well mär hu jo kee Klabes fir äis ze wieren. Duerfir jäitze mär iewer gutt haart.

Mär schaffen äis duerch déi suppeg, zougewuessen Ënsel an enger breeder Linn ëmmer méi no un d’Cheffen erun. Et fällt kee Schoss. Mär hunn d’ganz Ënsel duerchkämmt: et ass kee Wollef méi do. Déi zwéin eenzeg sinn äis am Ufank vun der Juegd duerch d’Latte gaang.

 De Gusske brëllt natierlech wéi e gestachene Bock; hie vernennt d’Griichen, déi net verstinn, datt net méi Wëllef op der Insel waren. Si behaapten elo, da wier den Haaptruddel an de Bierger a mir missten do eng zweet Juegd organiséieren. Mee de Gusske ass der Meenung, datt d’Griichen äis an d’Bierger lackele wëllen. Do géif wahrscheinlech eng Klappjuegd vun de Partisanen op äis gemaach.

D’Kapitel Wëllef ass fir äis eriwwer. Mir si midd an dreckeg a frou, datt alles ouni gréissere Schued iwwert d’Bühn gaang ass.

 

 

Allerhand aus Griichenland

Mir kréien net vill ze gesinn D’Waffen-SS ass erëm do

 

Mir hate gehofft a schonns dovu gedreemt, mir kréichen hei allerhand aus där brillanter Vergaangenheet vu Griichenland ze gesinn. Doheem an der Schoul hate mir Stonnen a Stonne vun där algriichescher Kultur an Zivilisatioun ze héiere kritt a mir ware begeeschtert dovu gewiescht. Lo si mir op der Plaz, an enger Géigend, wou ronderëm villes un dei fréier Zäiten erënnert; mee mir kréie keng Geleeënheet a keng Erlaabnes fir eppes vun deemools kucken ze goen.

Nëmmen 30 Kilometer nërdlech vun ais läit Pella, eng Uertschaft, déi ronn 400 Joer viru Christus d’Haaptstad vu Mazedonie war. Hei huet de Philipp II. regéiert, an hei ass säi Jong, den Alexander de Groussen, op d’Welt komm. Deem seng Schwëster, Thessalonike, huet de Grënner vu Saloniki bestuet, deen där Stad de Numm vu senger Fra ginn huet.

Nëmme 15 Kilometer südlech vun äis, nobäi wou den 1. Zug all Dag schaffe geet, läit Kitros; fréier huet et Pydna geheescht. Hei sinn d’Réimer 168 v. Chr. iwwert de leschte mazedonesche Kinnek an enger gewalteger Schluecht Meeschter ginn, an dat war d’Enn vum deemolege Griichenland.

Dat alles an nach vill aneres kréie mir net ze gesinn; ´t as just den Olymp, dee mir äis all Dag vu wäitem ukucke kënnen. Et deet äis wierklech leed, mee mir kommen net aus eisem klenge Kader eraus. Heiënsdo kënnt mol een op Saloniki fir eppes fir d’Abteilung sichen ze goen.

De Webesch Hub vu Miedernach erzielt:

De Bourscheids Cam an ech, mir kréien den Uerder, fir mam Zuch op Saloniki ze fueren an do Proviant fir eis Abteilung ofzehuelen. Wéi mir beim Verfleegungslager ukommen, gesi mir, datt et sech haaptsächlech ëm e grousst Faass Wäin handelt dat an ee Waggon geluede gëtt, wou mir zwéi gutt drop oppasse sollen. Mir wëssen, datt dee Wäin fir d’Cheffe bestëmmt ass; mir hunn näischt dervun ze gutt.

 „Gesäis de“, seet de Cam,  „gutt datt ech dru geduecht hunn.“ Hien zitt ee Gummmisschlauch vun engem halwe Meter Längt aus der Täsch. Soubal wéi mir am Zuch eleng mam Wäi sinn, loosse mir de Schlauch vun uewen an d’Faass eran. Eent ass sécher: op där ganzer Streck vu Saloniki bis op Aeginion leide mir keen Duuscht. ´T ass nëmme schued datt d’Rees esou kuerz ass. Trotzdem: ganz eleng si mer net méi, wéi mer zu Aeginion ukommen.

 Och een anere Komerod kënnt bei enger extraer Geleeënheet aus Aeginion eraus a kritt eng schéi Parti vun eiser Géigend ze gesinn.

De Bisdorffs Jhang vu Schëffleng erzielt:

Enges Mueres kréie mär zu e puer vum Gusske matgedeelt, mär sollen eis prett halen, fir mat däitschen Zivilisten an d’Bierger ze fueren. Et si Journalisten a Fotografen, déi mat eis op Kolindros, ongeféier eng Dose Kilometer westlech vun Aeginion jabelen. Dat ass e klengt typescht Biergduerf, dat an enger wonnerschéiner Landschaft läit a wou ee mengt, d’Haiser wäre richteg an den Hank gepecht.

Do moachen d’Fotografe mat eis, op e puer extravagante Plazen, eng Rëtsch Biller. D’Journaliste schreiwen e Reportage iwwert den Asaz vun den R.A.D.-Abteilungen a Griichenland, deen an enger däitscher Zäitschrëft, Hella, an an enger Zeitung vun Tréier publizéiert gëtt.

Wann ee bedenkt, datt mär mol net heem däerfe schreiwen, mär wären a Griichenland, mee datt si et groussaarteg an den däitschen Zeitunge public moachen, da versteet ee wierklech näischt méi.

 Den halwe Februar kommen nach eng Kéier 2 Leit vun der Waffen-SS bei äis fir „Fräiwëlleger“ ze fänken. Si hunn net méi Chance, wéi hir Kolleegen deemools zu Groß-Tychow.

Den Didiers Ren vu Miedernach erzielt:

Nodeem si hir Litanei opgesot hunn, zéien si sech een nom anere vun ees op d’Broscht. Si si besonnesch schaarf op déi Grouss vum 1. an 2. Zug. An dës Kéier zitt d’Argument: „Ich bin Luxemburger“, net méi. Déi 2 Preise si fuerchtbar rabiat, si brëlle ganz am Stil vun eese Cheffen a verlaange vu jidderengem eng plausibel Ursaach, fir wat mir ees net bei si mellen. Et gëtt vill schwadronéiert a vill ronderëm de Bräi gefuer, a mir hunn ees léif Méi fir aus der Affär erauszekommen.

Een, deen seng Rou net verléiert ass de Bourscheids Cam. Wéi hie gefrot gëtt: „Wollen Sie zur Waffen-SS, ja oder nein?“ mengt hien am vollen Eescht:“ Nein!“ – „Wo möchten Sie denn bin?“ – „Ich möchte zur Kavallerie“. Dem SS-Mann bleift de Mond opstoen; da geet en an d’Luucht: „Sie wollen mich wohl auf den Arm nehmen. Sie wissen haargenau, dass in der modernen deutschen Wehrmacht kein Platz mehr für Kavalleristen ist.“ De Cam: „Entschuldigung! Als Luxemburger bin ich natürlich nicht über die letzten Neuerungen in der deutschen Wehrmacht informiert. Ich möchte trotzdem nicht zur Waffen-SS.“ – „Und weshalb?“ – „Wenn ich nicht zur Kavallerie kann, dann möchte ich zur Marine.“

D’SS-Männer gesinn an, datt beim Cam, mee och bei deenen anere Lëtzebuerger, näischt ze radetten ass. Voller Roserei maachen si sech duerch d’Bascht. Hoffentlech kréie mir se net nach eng Kéier ze gesinn.

 

De Gruppekommando zu Saloniki

 Zwee Lëtzebuerger aus eiser Abteilung am Stabszug

 

Zwéi Lëtzebuerger vun eiser Abteilung sinn an de Gruppekommando 45 detachéiert, deen zu Saloniki läit. Do steet, direkt um Hafen, e grousst Lager, wou de ganzen Noschub fir déi 4 Abteilunge vun eiser Grupp zentral organiséiert ass. Vun hei gëtt regelméisseg de Proviant un déi verschidden Abteilunge mat Camione geliwwert. Et ass och e Materiallager do, wou eist Handwierksgeschir gefléckt gëtt. Hei schafft de Brassels Jhang, därbanst de Bintnesch Marcel Chauffeur bei der Grupp ass.

De Brassels Jhang vu Schwiddelbruch erzielt:

Ech ginn de 7. Januar 1943 op Saloniki an de Gruppekommando versat. Un der Spëtzt dovu stinn 8-10 Cheffen. Da sinn ongeféier 15 Mann am Gerätelager, an den Atelieren, an de Garagen an am Proviantlager beschäftegt. 10 Chauffeure sinn do fir den Transport ze maachen. Et gehéiert och eng Wuechtmannschaft dozou, wou Arbeitsmänner aus deene 4 Abteilunge weider näischt ze dinn hunn, wéi Dag a Nuecht ronderëm d’Lager op Posten ze stoen. Si gi vun engem Lëtzebuerger kommandéiert. Am ganze wäerte mir zu 6070 Mann sinn.

An esou gesäit et bei äis aus: Déi hënnescht Face vum Haaptgebai, an deem d’Cheffen hir Büroen a mär eisen Ënnerdaach hunn, kuckt op d’Mier. Mär schlofen zu 5 Lëtzebuerger an engem Zëmmer. Am Keller sinn an der Gerätekammer Spueden, Schëppen, Pioschen, Heelen, Himmer, Zouschléier, Aaxen, Käiler, Eemeren, Neel, Drot, Traufelen asw. gelagert. Och 6 Vëloen sinn hei an der Reserv. Am Verfleegungslager leie Wäin, Kammëss­brout, gedréchent Geméis, Konserven, mee keng frësch Saa­chen. Um 1. Stack si 50 kleng franséisch Gewierer an ee schwéiert Maschinnegewier gelagert.

D’Reparaturwierkstat fir LKW a PKW ass un d’Haaptgebai ugebaut. Den Haff, dee vun 2 Maueren an dem Mier begrenzt ass, läit hannenaus. Wann d’Mier kënnt, bleiwe nëmme méi 60 Meter hannert dem Gebai fräi. Am Haff si laanscht eng Säit Käfferen an Dill an allen Déckten a Längten opgetässelt. D’Autoe ginn am Haff an an de Garagë reparéiert. 4 Mann, een däitschen Zivilist, de Schucht, als Wierksmeeschter, 2 Lëtzebuerger Arbeitsmänner an ee Fransous, déi Mécanicien geléiert hunn, sinn de ganzen Dag am Gaang un den Autoen ze schaffen.

Mäin Atelier war fréier e Gebai, wou d’Fësch gewien a verkaaft goufen. Bannena war eng schwéier Baskül, déi ech ofmontéiert hunn, fir méi Plaz ze kréien. Ech muss dat Geschir, wat futti oder ofgenotzt erakënnt, asammelen, déi selwecht Zuel Reparéiertes oder Neies an d’Plaz ginn an dann déi kapotte Saache flécken. Lues a lues ginn ech de Mann fir all kleng Reparaturen, souguer bei de Camionen. A mengem Atelier hunn ech eng Feldschmëdd, en Unzelt, e Schläifsteen an e bësselche Spezialgeschir. Ech muss d’Aaxen an d’Piosche schäerfen, d’Schëppestiller ersetzen, d’Briecheisen erëm riichten an all méiglech Reparature maachen.

Eist Liewen hei ass vill besser wéi an der Abteilung. Mär stinn um 6 Auer op, hunn all Dag mueres Appell, wou et nit: „Abteilung stillgestanden!“ heescht, mee: „Stabszug stillgestanden!“ Um 8 Auer fänke mär gemitterlech mat der Aarbecht un. Et ass absolut keng Hetz. Eis Verfleegung ass gutt; mär hunn e Kach extra fir äis eleng, e Lëtzebuerger vu Käl. Bal all Dag kréie mär Orangen, Mandarinen an Zitrounen, heiënsdo souguer e puer Zigaren. Owes kënne mär an den Cinema oder an de Variété goen. Mär hunn eng extra Feldpostnummer 230022.

 Schlecht hunn déi Jongen et net zu Saloniki, well si sëtze jo un der Quell. Si gesinn, datt e groussen Deel vum Proviant, virun allem de Wäin, verschummelt gëtt. Fuddere Wäin leien hei an der Reserv, mee mir kréie keng Schlupp dovun ze schmaachen. Et ass onméiglech, datt d’Cheffen et fäerdeg bréngen, sou vill Wäin eleng ze drénken. Wuer geet en a wie profitéiert dovun?

Mee och an der Grupp zu Saloniki ass et net ëmmer ganz schéin. Och hei heescht et: Här as Här a Max ass Max. A wat Här seet, muss Max man.

De Bintnesch Marcel vu Blaaschend erzielt:

Kuerz éi mir zu Gross-Tychow fortfueren, ginn ech bei de Gusske kommandéiert. Dee vernennt mech gutt a seet: „Arbeitsmann Bintner, Sie sind der erste, der in Griechenland eingesperrt wird“. Ech hat et gewot, op enger Kaart no heem ze schreiwen, mir kéimen a Griichenland an den Asaz.

Mee wéi mir donidde sinn, réiert sech näischt méi an där Affär. Si brauche mech nämlech als Chauffeur, e Beruff, deen hei ganz rar ass. Ech gi bei d’Grupp op Saloniki ofkommandéiert, an do muss ech ënner anerem och de Gruppechef op seng Bespreechungen an Inspektioune kutschéieren.

Enges Mueres kommen ech ze spéit. Mir haten owes e bësselchen ze vill roude Wäi gedronk, a mueres sinn ech net zur Zäit aus de Plomme komm. De Gruppechef soll deen Dag eng Inspektioun bei enger Abteilung maachen an ech soll en dohi féieren. Ech ginn zur Sau gemaach, well ech ze spéit u sinn, a kréien zwee Deeg Bunker.

Uewen op der Zitadell vu Saloniki ass de Prisong. Ganz fein ass et hei net. Jiddereen haust an enger Eenzelzell. D’Opsiichtspersonal si Leit vun der däitscher Marine, déi net vill Konschte mat eis maachen. Eng dréche Kuuscht a kloort Waasser ass alles wat mer kréien. All drëtten Dag gëtt et allerdeéngs warem z’iessen. Op dee Kascht gutt oder schlecht ass, kann ech net soen; ech hat jo nëmme fir zwee Deeg reservéiert.

 

 

D’Parad zu Saloniki

 Gebuertsdagsfeier zu Saloniki Mir begéine Bekannten Wat schaffen déi 7 aner Abteilungen a Griichenland?

 

Fir mëttwochs, de 25. Februar, hunn d’Preisen zu Saloniki eng grouss Parad mat deene 4 R.A.D-Abteilungen organiséiert, déi zur Grupp 45 gehéieren. Offiziell gëtt gesot, et wier fir de Gebuertsdag vum ieweschten R.A.D.-Führer, dem Konstantin Hirl, ze feieren ; mee inoffiziell gesäit et éischter aus, wéi wann déi Däitsch mat hirer Stäerkt hei a Griichenland paradéiere wëllten. Den 2. Februar huet dem Paulus seng 6. Arméi zu Stalingrad kapituléiert, an déi Däitsch wëlle lo vläicht weisen, datt se nach net op dem leschte Lach päifen. ´T ass och méiglech, datt déi Parad an dat ganzt Emgeréits mat der Deportatioun vun de Judden aus Saloniki zesummen hänkt (Kapitel 11).

Zënter enger Woch schaffe mir owes no Feierowend drun, fir déi verschidden Uniformstécker, déi an deene leschte Wochen uerg strapazéiert goufen, propper ze maachen. D’Marschéiere gëtt erëm trainéiert; Lidder gi geprouft. Mir kréien esouguer nei Neel an d’Suele vun eise Stiwwele geschloen.

Dënschdes mueres fiert d’ganz Abteilung mam Zuch vun Aeginion op Saloniki, wou mir géint 12 ukommen. Hei kréie mir an enger Wehrmachtskantin ee ganz passabelt Mëttegiessen zervéiert; et ass nëmmen net genuch.

Nomëttes gi mir dann an eng Buedanstalt, wou mir den Dréck vun 2 Méint Aarbecht endlech ofwäsche kënnen. Dat ass bis elo dat Bescht, wat mir a Griichenland gebuede kruten, a wéi neigebuer verloosse mir d’Schwemm. Owes kréie mir eng Variété-Virstellung presentéiert. Um 11 Auer gi mir schlofen a kënne bis halwer 7 leie bleiwen.

De Christmanns Vic vu Bungeref erzielt weider :

Mëttwochs mueres ass d’Parad op där groussarteger Avenue laanscht d‘Mier vum Hafe bis bei de Wäissen Turem, dem Wahrzeeche vu Saloniki. Do ass eng grouss Tribün opgeriicht ginn, op där déi iewescht Cheffe mat hiren Invitée Plaz geholl hunn. Virun allem sinn et R.A.D.-Führer, mee et sinn och Wehrmachtsoffizéier dobäi.

Virun deene Leit defiléiert dann eng Abteilung no der aner, am ganze ronn 600 Arbeitsmänner, mam Spuet op der Schëller. Griichesch Awunner gesäit ee keng. D’ganz Avenue gehéiert äis eleng.

Eis Parad muss „wonnerbar” unzekucke sinn. Mär haten e puer Mol gesot kritt, mär solle gutt oppasse fir de Gruppenführer ze gesinn. Just wéi eisen 3. Zug op der Héicht vun der Tribün ass, dréit den Damits Ars sech am Marschéieren ëm, trëppelt gemitterlech virun ouni am Schrack ze bleiwen a freet haart säi Komerod, de Lacafs Rosch: „Hues du e gesinn, den Här Gruppenführer?“

 Nom Mëttegiessen gi mir dann abteilungsweis d’Stad an d’Zitadell besichen, vu wou mer eng wonnerbar Vue op d’Mier hunn. Mir marschéieren a Rei a Glidd duerch d’Haaptstroossen a fir opzefalen, sange mir ee Lidd nom aneren.

Vun 8 Auer un ass dann e sougenannte Gesellschaftsowend mat Musek a Gesank. Hei muss jidder Abteilung matmaachen. Mir sangen e Lidd (Sabinchen war ein Frauenzimmer), dat mir d’lescht Woch all Dag geprouft hunn. Vu Radio Belgrad gëtt d’Gebuertsdagsfeier fir den Hirl iwwerdroen.

Donneschdes um 10 Auer geet et dann erëm mam Zuch op Aeginion zeréck. Ënnerwee hu mir eng Pann un der Lokomotiv, an et ass 3 Auer an der Nuecht, éi mir ukommen.

Déi ganz Rees war haaptsächlech interessant, well mir vill Lëtzebuerger Bekannter aus deenen aneren Abteilungen erëmgesinn hunn. Natierlech ass praktesch nëmme vum Heemfuere geschwat ginn. Aus allem wat erzielt gouf, schéngt et wéi wa mir nach bis Enn Mäerz hei bleiwe missten. Alleguer d’Lëtzebuerger beschwéiere sech iwwer déi miserabel Zoustänn an deene verschiddenen Uertschaften, wou si stationnéiert sinn.

D’Abteilung 5/44 läit zu Epanomi, eng 30 Kilometer südlech vu Saloniki, e puer Kilometer vum Mier ewech. Hir Haaptaarbecht besteet doran, un der Küst grouss Betonsbunkeren ze bauen, déi mat M.G.-Näschter verstäerkt ginn. Ganz fest ginn déi Stellungen net, well et gëtt vill Fuschaarbecht beim Betonnéiere geleescht. Well si vill schwéier Buggisaarbecht maache mussen, sinn och déi Jongen total um Enn a si hoffe sou séier wéi méiglech heemzekommen.

D’Abteilung 1/45 huet hire Logis zu Saloniki nobäi der Gare an engem fréieren Tubakslager, dat op där aner Säit vum Collège français läit, an deem d’Wehrmacht haust. Si schaffen u Befestegungen am Hafen a laanscht d’Mier. De wäissen Turem gëtt vun hinne mat Sandsäck verstäerkt. Dee leschte Mount vun hirem Asaz plënnere si an eng Virstad vu Saloniki an hëllefen äis beim Amenagement vum Flugfeld vu Mikra.

D’Abteilung 6/41 ass zu Agia Trias stationnéiert. Dat läit ongeféier 20 Kilometer südlech vu Saloniki direkt um Mier. Och hei ginn Ënnerstänn an M.G.-Stellunge laanscht d’Küst gebaut. Um Enn vun hirem Asaz musse si nach an de Bierger vun der Ëmgéigend u Stellunge schaffen. Si leien an engem Kannerheem an och si bekloe sech iwwer déi miserabel Verfleegung.

Mir ginn hei zu Saloniki och gewuer datt nach eng aner Grupp mat 4 Abteilungen, wou vill Lëtzebuerger dra sinn, a Griichenland schafft. Déi Grupp 40 ass zwar net op der Parad; wéi mir héieren, leie si am Nordoste vu Griichenland. Si si viru Chrëschtdag een Dag méi fréi wéi mir an engem anere Convoi a Pommern fortgefuer. Wéi mir, sinn si duerch Polen, Schlesien an Tschechoslowakei gereest. Vu Pressburg op Belgrad hu si awer een anere Wee geholl. Iwwer Wien, Graz, Marburg, Zagreb koume si op Belgrad, fir dunn nees déi selwecht Streck wéi mir ze benotzen. Si waren 13 Deeg an 13 Nuechten ënnerwee. Den 29. Dezember ware si zu Saloniki, a vun hei goufe si op verschidden Uertschaften an Ostmazedonie verluecht. Hire Gruppekommando ass am Ufank zu Saloniki, mee elo zu Nea Appollonia.

D’Abteilung 3/40 läit zu Nea Maditos um Volvi-Séi; dat ass 65 Kilometer ëstlech vu Saloniki zur tierkescher Säit zou. Si schaffen hei, zu Rendina an zu Stavros (um Mier) u Festungsbauten mat betonnéierten M.G.-Näschter a Bunkeren. Och si bréngen et fäerdeg, fir besonnesch bei de Fëllementer schéin ze fuschen, a si hoffen nëmmen datt hire Beton op d’mannst bis zu hirem Depart zesummenhält.

D’Abteilung 8/41 huet hire Quartéier zu Vrasna, 10 Kilometer vu Stavros ewech an de Bierger. Sie mussen an deenen éischte 14 Deeg mol Weeër maachen, fir iwwerhaapt an d’Duerf ze kommen. Duerno schaffe si dru fir eng grouss Stellung vun décker Artillerie auszebauen. Hei stinn etlech superschwéier Kanounen, déi d’ganz Bucht vu Strimonikos dominéieren. Déi Kanounen hunn esou een enormt Kaliber, datt d’Zaldoten an de Rouer eraklamme kënnen, fir se ze botzen. Ronderëm zéie si pickegen Drot, deen duerch Minnefelder geséchert ass. Da baue si déif ënnert dem Buedem eng Reparaturwierkstat an ënnerierdesch Verbindungsweeër, wou souguer Panzer doduerch fuere kënnen. Dës Stellung ass eng vun deene gréissten a wichtegsten, déi et um Thrakesche Mier gëtt.

D’Abteilung 4/40 ass nach 25 Kilometer méi wäit vum Golf vun Orfani an hëlze Braken, déi d’Arbeitsmänner selwer opgeriicht hunn, an engem isoléierten Dall no bäi Nea Kerdilla aquartéiert. Si leien direkt un der Struma, engem Floss, dee momentan d’Grenz zwësche Griichenland a Bulgarie mécht. Och hei huet no der „Neuordnung” vum Balkan duerch d’Preise Bulgarien e Stéck bäikritt, an zwar deen ëstlechen Deel vu Griichenland, vun der Struma bis un d’tierkesch Grenz. Dëser Abteilung hir Haaptaarbecht ass den Amenagement vu Batteriestellungen, déi mat franséische Kanounen arméiert sinn, op enger klenger Kopp 1 Kilometer vum Strand 100 Meter iwwert dem Niveau vum Mier, vu wou de ganze Golf vun Orfani z’iwwersinn ass. Et ginn och Schützegrief gebaut, déi mat pickegem Drot geséchert sinn. Si hunn zweemol Schwieregkeete mat de Partisanen, déi nuets d’Lager ugräifen.

D’Abteilung 7/41 ass zu Nikomedinon stationnéiert, eng 30 Kilometer ëstlech vu Saloniki. D’Leit vun där Abteilung schaffen haaptsächlech op de Stroossen an hirer Géigend a virun allem op där strategesch wichteger Strooss vu Saloniki laanscht de Koronia- an de Volvi-Séi. Duernieft ginn och op e puer Plaze Befestegungen ugeluecht. Hir Verfleegung ass esou schlecht, datt si schwaarzen Honger leiden; si packen d’Schëpp an d’Piosch net méi. Dat kënnt doduerch datt hire ganze Grompereproviant gläich am Ufank erkaalt ass.

Mir sinn also zu Saloniki vill Neies gewuer ginn an d’Moral geet och eng Grimmelchen an d’Luucht; mir tréischten äis alt domat, datt och déi aner Lëtzebuerger et net besser hu wéi mir.

 

De Bourscheids Cam

Ee Mann hält de Preisen de Bass – Déi schéinste Geschichte vum Cam

 

Déi allermeescht vun äis Lëtzebuerger versichen an der anonymer Mass ze verschwannen a net opzefalen, fir roueg iwwert d’Ronnen ze kommen. Et ass awer och méiglech fir eng aner Attitude vis-à-vis vun den däitschen Arbeitsführer anzehuelen: Dat ass hinnen de Bass ze halen a kee Millimeter nozeginn. Fir dat ze reusséieren, muss een natierlech ongehéier staark sinn: et muss ee gewëtzt an net op de Mond gefall sinn; et muss een e grousse Culot hunn, fir et fäerdeg ze bréngen, ëmmer dat lescht Wuert ze behalen. E puer Leit probéieren dat; mee et gëtt nëmmen een, deem et honnertprozenteg geléngt. Dat ass de Bourscheids Camille.

De Camille ass e Minettsdapp. Hien huet virum Krich zu Bréissel geschafft. Do huet hie geléiert mat de Leit ëmzegoen a sech an alle Situatiounen erëm ze fannen. D’Spiichte vum Camille si Lagergespréich. Et deet äis alleguerte gutt, wann hien erëm eng gestiicht huet, wou déi däitsch Führer kleng bäi gi mussen.

De Galesse Norbert vu Bech-Kleemaacher erzielt:

Wéi mir de Cam op der Rees vu Lëtzebuerg op Gross-Tychow am Zuch kenne léieren, gläicht hie ganz stoark, mat sengem typesche Boart a senger pelze Kap, engem bekannte russesche Politiker vun deemools an duerfir gëtt hien am Ufank nëmmen de Molotov genannt. Mee lues a lues mécht hie sech e Virnumm a schliesslech as hie fir d’ganzt Lager nëmme méi de Cam.

Hien ass et natierlech, deen op der Rees an d’R.A.D.­-Lager op der Gare vun Tréier a Koblenz de Preisen déi appetitterlech Hamen an Zoossissen ënnert d’Nues hält. Zu Gross-Tychow a spéider a Griichenland ass hien net eng Kéier bei der normaler Aarbecht dobäi. Entweder ass e krank gemellt oder hien hëlt eng speziell Beschäftegung un.

 All mueres beim Appell gi Spezialiste fir kniwweleg Aarbechte gesicht; de Cam ass ëmmer als éischten dobäi. Hie gëtt sech un alles, well hie weess datt hien dës extra Aufgaben an d’Längt zéie kann. Hie steet dobäi ënnert kenger Opsiicht an hie brauch sech net midd ze maachen. Well hien iwwerall am Lager hi ka goen, kann hien och Kontakt mat der Kichen, mat dem Fourréier a mat der Schreifstuff ophuelen. Sou kann hien hannen erëm villes besuergen, wat hien a mir bluttnéideg brauchen.

Zu sengen ënnerschiddlechste Beruffer gehéieren: Stellmacher (den Täissel vun engem Won muss gefléckt ginn), Vëlosmecanicien (d’Vëloe mussen an d’Rei gesat ginn), Steemetzer (iwwerall gëtt gebaut), Kinosoperateur (hie spillt äis Cinema).

Hei e puer där beschter Geschichte vum Cam.

Den Cigrangs Raym vu Bous erzielt déi éischt:

Mir si knapps 14 Deeg zu Gross-Tychow, do léischt de Cam sech krank schreiwen. Hie kënnt zwar net op d’Revéier, mee hie muss an eiser Stuff am Bett bleiwen. Wéi mir owes nom Déngscht heemkommen, ass hie frou wéi e Geck, datt hien erëm Komeroden do huet.

Fir sech an äis z’amuséieren, spillt hien de Clown. Hie fänkt un am Nuetshiem op dem Bett ze danzen an ze sangen: „Es geht der Dolly gut, die sitzt in Hollywood und ich bin hier.“ De Gusske geet zoufälleg laanscht, héiert de Kaméidi,gesäit e Mann um Bett hin an hir sprangen, räisst an enger Roserei d’Dier op. Alles spréngt op, de Cam erkennt am leschte Moment de Gusske. Hie reagéiert op der Sekonn; hie léischt sech zesummefalen, fänkt un erbäermlech ze jéimeren a kuerz z’otmen. Dem Gusske gëtt et baang. Et wäert dach näischt Eeschtes sinn? „Zwei Mann bringen den Kranken sofort zur Heilstube!“ De Cam léischt sech groussaarteg dohinner droen, spillt och hei e bësselchen Cinema a bleift nach 3 Deeg do. Wei en erëmkënnt, mengt hien: „Wat hunn ech dee verkasema­tuggelt! ’T deet mer nëmme leed datt 2 Mann mech hunn droe mis­sen. Mee anescht wier d’Fapp net reusséiert.“

An hei eng aner Geschicht, eng aus Griichenland. De Bourscheids Cam vun Téiteng erzielt se selwer:

Ech stinn an der Nuet op Wuecht. Op eemol gesinn ech de Gusske an een anere Chef vu fären op mech duerkommen, fir d’Posten ze kontrolléieren. Wéi hie bal bei mär ass, stinn ech stramm a mellen: „Arbeitsmann Bourscheid auf Wache. Keine besonderen Vorkommnisse.“ De Gusske fänkt un ze brëllen: „Na­türlich, wieder Arbeitsmann Bourscheid. Wenn ich Sie noch­mals auf Wache vorfinde, ohne dass Sie die Vorschriften be­achten, bringe ich Sie in den Bau.“ Ech froe ganz naiv: „Welche Vorschriften, Herr Oberstfeld?“

De Gusske: „Was, Sie kennen die Vorschriften nicht? Hören Sie gut zu! Weshalb haben Sie nicht Parole gerufen, als ich auf Sie zukam?“ Meng Äntwert: „Ich habe Herrn Oberstfeld doch erkannt.“ De Gusske: „Erkannt oder nicht erkannt. Sie haben die Parole zu verlangen!“ – „Jawohl, Herr Oberstfeld.“ – „Also, Arbeitsmann Bourscheid, merken Sie sich ein für allemal: Sie stehen auf Wache, Sie sehen jemanden kommen oder Sie hören ein verdächtiges Geräusch. Sie rufen: „Parole!“ Erfolgt keine Antwort, rufen Sie nochmal: „Parole!“ Erfolgt auch jetzt keine Antwort, dann schießen Sie, ohne Rücksicht auf Verluste. Haben Sie verstanden, Arbeitsmann Bourscheid?“ – „Jawohl, Herr Oberstfeld.“

E puer Deeg duerno, matten an der Nuet: e Schoss, deen duerch d’ganzt Duerf geet. Alarm. Alles leeft op d’Plaz, wou geschoss ginn ass. De Gusske och. „Natürlich, wie konnte es an­ders sein? Wieder Arbeitsmann Bourscheid. Sie sind wohl verrückt geworden, wie wild in der Gegend herumzuballern?­“ „ Verrückt geworden? Ich habe nur das befolgt, was Herr Oberstfeld mir vor kurzem aufgetragen hat.“ – „Wieso?“ – „Ich stehe auf Wache. Plötzlich höre ich ein verdächtiges Ge­räusch im Gebüsch vor mir. Ich rufe: „Parole.“ Keine Antwort. Ich rufe nochmal: „Parole.“ Wieder keine Antwort. Da habe ich geschossen, ohne Rücksicht auf Verluste, so wie Herr Oberst­feld mir befohlen hat. Dass der Hund dabei ums Leben kam, ist nicht meine Schuld.“

De Gusske ass perplex; déi Kéier huet en de Mond ge­stoppt kritt. Dee kontrolléiert soubal kee Poste méi, apaar­ti wann e weess, datt ech op der Wuecht stinn.

An hei nach eng Geschicht vum Cam. De Lindens Raym vu Rodange erzielt:

Mär sti mueres, den 1. Januar a Rei a Glidd op der Appellplaz. De Gusske kënnt. Hie kritt gemellt: „Abteilung 4/44 mit 148 Mann zur Befehlsausgabe angetreten!“ De Gusske rifft: „Morgen, Arbeitsmänner.“ D’Äntwert kënnt: „Morgen, Herr Oberstfeld.“ De Gusske mécht de Mond op, mee net méi zou.

De Cam trëtt aus dem Glidd (unfassbar),geet op de Guss­ke duer (ungeheuerlich), baut sech virun him op (undenkbar) a jäizt (unerhört): „Im Namen der ganzen Abteilung, ein glück­liches, neues Jahr, Herr Oberstfeld.“ Dee weess net wat e moache soll, op hie brëllen oder laache soll. Hien zitt sech mat enger Pirouette aus der Situatioun, geet op de Cam duer, schléit him op d’Schëller a mengt: „Also Bourscheid, aus Ihnen wird am Ende doch noch ein guter Arbeits­mann werden.“

De Cam reecht him voller Gnod d’Hand a seet: „Dann sind wir also doch einmal derselben Meinung.“

 An déi lescht vum Cam, erzielt vum Bruchesch Mars vu Canech:

D’Toilette vun de Cheffe rënnt. Wie soll se flécken, na­tierlech de Cam. Hie schafft e ganzen Dag fir alles erëm dicht ze kréien, gesäit selwer, datt seng Aarbecht net grad perfekt ass. Duerfir seet hien, si dierften nach 4-5 Deeg d’Toilette net benotzen. Hie mengt alt, mat der Zäit géif seng Fléck vum selwe méi fest ginn.

Wéi d’Toilette erëm fir d’éischt benotzt gëtt, geet natierlech alles bei der Däiwel. De Gusske geet an d’Luucht: „Welcher Hampelmann hat das Scheißhaus repariert?“ De Cam mellt sech. „Natürlich, Arbeitsmann Bourscheid. Was haben Sie sich dabei gedacht?“ – „Also,Herr Oberstfeld, ich hatte nicht den richtigen Zement.“ – „Nicht den richtigen Zement? Welchen Zement mussten Sie denn haben?“ – „Bei uns nennt man das Pariser Zement.“ – „Na, hören Sie mal; ich werde Sie wohl von Griechenland nach Paris schicken, um Zement für unser Scheißhaus zu holen. Sie sind wohl wahnsinnig geworden.“ ­„Nein,Herr Oberstfeld. Ich kann Ihnen aber versichern: mit Ih­rem Scheißzement wird Ihr Scheiß-Scheißhaus niemals dicht.“

 

Sondereinsatz Katerini

 Eng geféierlech Missioun Mir botzen engt provisorescht Flugfeld

 

Ufanks Mäerz mussen all déi Leit, déi bis elo Innendienst haten, mat op d’Aarbechte goen. Et schéngt, wéi wann eis Deeg zu Aeginion gezielt wieren. Duerfir gëtt elo alles agesat, fir datt mir mat eisen Entreprisen hei an der Géigend mat Zäit fäerdeg ginn. Glécklecherweis ass et vun där leschter Woch u gutt warem, an och an der Nuecht ass et mat där barbarescher Keelt eriwwer. Vum 1. Mäerz un dierfe mir eisen Uewen net mei ufänken.

Vum 8. bis den 13. Mäerz kënnt et dann zum „Sonderein­satz Katerini“ vum Zug Dupont. Aus dem 1. an dem 2. Zug gi 50 Mann erausgesicht, déi ënnert der Leedung vum Feldmeister Dupont (e Führer aus der Grupp vu Saloniki) mat Camionen op Katerini fueren. Dat ass eng Stiedche vun 30.000 Awunner um Fouss vum Olymp, ongeféier 30 Kilometer südlech vun Aeginion.

Mir sinn hei matzen an engem Gebitt, dat bal ganz vun de Partisane kontrolléiert gëtt. Bis elo hunn déi sech zimlech roueg verhalen, well si sech nach beméit hu fir ënnert sech eens ze ginn. Déi däitsch an italiéinesch Zaldoten hunn d’Maquisarde mat Rou gelooss a net am Feier gestëppelt. Si hu sech domat zefridde ginn, fir déi grouss Zentren, d’Stroossen an d’Eisebunn ze bewaachen. Mee elo fänken d’Partisanen u méi kéng ze ginn. Duerfir gëtt et am Gebitt ronderëm den Olymp lues a lues geféierlech.

De Fautsche Néckel vun Ierpeldang bei Wolz erzielt:

Gläich wéi mir zu Katerini ukommen, gesi mir wéi den Hoas leeft. Et läit eng italiéinesch Besatzung hei, an et schéngt, wéi wann déi fatzeg Schwieregkeete mat den Awoaner a mat de Partisanen hätt. Voa 7 Auer owes bis 7 Auer moies hoan d’Griichen Ausganksverbot.

An där Zäit kontrolléieren e paar däitsch Patrullen, déi extra vu Saloniki als Verstäerkung heihë verloagt goufen, déi ganz Stad. An dëser geféierlecher Situatioun solle mir e puer Dee an e puer Noaten hei verbréngen an hei schaffen. Dat gefällt eis nik zum Beschten.

Am Dag botze mir en etlech Kilometer vun dem Stiedchen ewech engt grousst flaacht Stéck Land, dat mat laange Bréimen, mat héijem Onkraut a mat déckem Gestrëpp bewuess ass. Systematesch gëtt een Deel nom anere propper gemaach, fir datt dee Këpp am Noutfall als Feldflugplaz benotzt ka ginn. Bei enger gréisserer Aktioun vun de Partisanen muss fir déi Däitsch eng Méiglechkeet bestoen, fir séier Verstierkungen an dës Géigend ze bréngen, an da kënnt dës Plaz eventuell benotzt ginn.

Den Cigrangs Raym vu Bous bei Réimech erzielt:

Et muss hei net ganz geheier sinn, well mir hu fir eis Sécherheet engt schwéiert waassergekillt Maschinnegewier aus dem 1. Weltkrich matbruet, hannert deem ëmmer zwee Mann op engem strategesche Punkt als Wuecht leie mussen. Ob mir am Eeschtfall mat deem almoudesche Geschir ze wee kéimen, dat ass eng aner Gei.

Da stinn och nach op all Eck Poschte fir äis z’avertéi­eren, wann eppes net kauscher wär. Hei um fräie Feld fäerte mir net, well een der Gefor an d’Ae gesäit. Mir gleewen och net un eng Attack vun de Partisanen am kloren Do.

 Dat schlëmmst sinn d’Nuechten. Mir hunn äis an engem grousse Gebai aquartéiert, dat ronderëm mat enger décker Mauer vun 3 Meter Héicht agemaach ass, an där nëmmen eng grouss Paart era­geet. Hei fille mir äis zimlech sécher. An der Stad ass nuets keen Elektresch, a mir liewe ganz am Däischteren.

De Galesse Norbert vu Bech-Klengmaacher erzielt:

Den Diderrichs Arthur an ech, mir musse gläich den éischten Owend op d’Wuecht a mir si guer net enchantéiert dovun. D’Atmosphär ass onheemlech: et ass ganz roueg, well keng Leit op d‘ Stroossen dierfen: heiansdo héiert een e Kreesch, e puer Mol Schëss. Mir ginn als Ausseposchten eise virgeschriwwene Wee ronderëm d’Mauer; hei begéine mir den däitsche Patrullen, déi Maschinnepischtoulen an Handgranaten als Waffen hunn. Si laache, wa mir hinnen eis 5 Schoss Munitioun weisen, déi äis pro Kapp zur Verfügung stinn. Si soen äis och d’Parole, well an där ganzer Opreegung hunn d’Cheffe vergiess äis déi matzedeelen.

Mir hunn 2 Doppelposchten dobaussen, déi erëm d’Gebai patrulléieren, an dobäi nach 1 Doppelposchte bei der Poart. Jidderee kënnt all Nuet eng Kéier drun fir d’Wuecht ze iwwerhuelen an dat ass net grad dat feint. Méi wéi een huet den Dadder, wann et heescht an der Däischtert d’Ronnen ëm eise Logis ze dréien.

Griichesch Leit lackelen äis, mir solle bei si an d’Häi­ser kommen. Natierlech ass keen esou domm dorop anzegoen,well mir fäerte mat Recht, et géif kee gutt Enn kréien, wa mir dat maache géifen.

Mir si frou datt mir wéinegstens eng Nuecht, vum 10. op den 11., erëm op Aeginion zeréckfuere kënnen, fir eis Tornëschteren ze paken. Well an där Zäit wou mir nach zu Katerini fäerten, sinn déi aner vun eiser Abteilung am Gaang an eng Virstad vu Saloniki ze plënneren.

Frou wéi ee Geek kënne mir da samschdes, den 13. Mäerz, Katerini definitiv verloossen, ouni datt äis eppes geschitt ass. Um 6 Auer owes komme mir zu Kalamaria, enger südlecher Virstad vu Saloniki un. Hei soIle mir de Rescht vun eiser R.A.D.-Zäit a Griichenland verbréngen.

 

Kalamaria

 Mir kommen zeréck an d’Zivilisatioun Et geet geschwënn heem D’Juddendeportatiounen zu Saloniki D’Cheffen dréine sech

 

An där Zäit, wou een Deel vun äis am Sondereinsatz zu Katerini ass, sinn déi aner am Gaang, dee ganze Krom vun eiser Ab­teilung mat de Camionen, déi en etlech Deeg laang hin an hir fue­ren, op Kalamaria ze plënneren. Dat bedeit fir äis, datt mir no enger laanger Zäit endlech zeréck an d’Zivilisatioun kommen.

An eisem neie Logement si mir honnert Mol besser wéi zu Aeginion. Mir wunnen all zesummen an engem grousse, moderne Gebai mat héije, breeden Zëmmeren, wou Liicht a Loft erakommen. D’Haus läit an engem grousse Park, dee schéi mat Beem a Sträicher uge­luecht ass. Et sinn Niewegebaier do, wou d’Gefierer ënner Daach ge­stallt kënne ginn. Mir hu Waasser fir äis ze wäschen; hannenaus stousse mir direkt op d’Mier a mir kënne mueres an owes do dra puddele goen. Mir hunn Elektricitéit; mir hu Plaz fir eise Klimbim ënner Daach ze bréngen. Jee, et ass eng Erléisung sonnergläichen.

D’Wieder spillt och mat. D’Fréijoer ass do; alles fänkt u gréng ze ginn; d’Beem stinn an der Bléi. D’Stëmmung klëmmt. An de Clou: méindes, de 15. Mäerz, kréie mir offiziell matgedeelt datt mir Enn des Mounts op Groß-Tychow zeréckfueren, fir da geschwënn entlooss ze ginn. Déi meescht vun äis hunn Tréinen an den Aen, wéi mir déi Nouvelle héieren. Mir kréien eng Pakéitkaart, déi mir un eis Elteren adresséieren, fir datt si domat séier eng Walliss mat eisen Zivilkleeder op Groß-Tychow schécke kënnen (elo Abtei­lung 2/45).

Kalamaria ass dee südlechen Deel vu Saloniki zur Hallef­insel Chalkidiki zou. ’T ass eng Uertschaft, wou lauter imposant Haiser stinn, mat vill Gréngs, Beem a Sträicher dozwëschen. D’Stroosse si schéi breet; si hu propper Trottoire mat héije Beem. Et ass dee chicke Quartier vu Saloniki. Wa mir Ausgank kréi­chen, kënnte mir mam Tram bis dohi fueren; mee och hei gëtt et kee Fräi. Dat dréckt äis awer net all ze vill, well déi lescht 14 Deeg ginn och nach eriwwer.

Hei zu Kalamaria fällt äis gläich vun Ufank un eppes ganz Besonnesches op.

De Bredimusse Jhang vu Schëffleng erzielt:

Wéi mär Enn Februar op der Parad hei zu Saloniki waren a wéi mär deemools duerch d’Stad marchéiert sinn, hu mär eppes gemierkt, wat eis alleguerten onbekannt war. Vill Leit haten e giele Stär vir op hirer Kleedung opgebitzt. Mär hu ge­schwënn erausfonnt, datt d’Preisen op déi Manéier d’Judde ge­zeechent hunn.

Lo wou mär e puer Deeg zu Kalamaria sinn, fällt dat eis nach vill méi op. Et muss eng ongehéier grouss Zuel vu Jud­den hei liewen. Mee vun engem Dag op deen anere sinn déi Leit vun de Stroosse verschwonn. Entweder däerfe si net méi eraus, oder d’Preise sinn am Gaang se ze verhaften, fir se an ee KZ ze verschleefen.

 Mir kommen also just an där Zäit op Saloniki, wou d’SS ënnert dem Kommando vum Hauptsturmführer Brunner, dem Judde­mäerder Eichmann senger rechter Hand, ufänken d’Judden aus dëser Stad z’eliminéieren.

De Simon Wiesenthal, dee Mann, deen nom Krich den Na­zien duerch d’ganz Welt nogejot ass, schreift a sengem Buch „Recht, nicht Rache“ (1989) iwwert déi fuerchtbar Evenementer dat hei:

All Kéier, wann den Eichmann eng Deportatioun ulafe loosse wëllt, mécht hien Appell un den Alois Brunner. Am Fe­bruar 1943 schéckt hien en op Saloniki, wou zënter laangem eng grouss jiddesch Communautéit etabléiert ass. An e puer Woche soll de Brunner 50 000 Judden, zu deenen der nach 8000 aus Mazedonien dobäikommen, an d’Verdillegungslagere vun Ausch­witz an Treblinka transportéiere loossen.

Seng Experienz, déi hie bei aneren Deportatioune ge­maach huet, hëlleft dem Brunner vill dobäi. Gläich am Ufank léisst hie 25 Perséinlechkeeten als Geisele verhaften an drät hinnen si géifen erschoss, wann déi aner net paréiere géifen. Doduerch kritt hien d’Judden esou wäit, datt si all an e Ghetto zesummewunne kommen.

Ausser e puer Dausend Judden, deenen et geléngt Salo­niki ze verloossen an sech op Athen ewech ze maachen, huet de Brunner dunn all Awunner vum Ghetto deportéiert.

All däitsch Besatzungstruppen a Griichenland wëssen heiriwwer Bescheed. Den Eichmann selwer kënnt nëmmen een Dag op Saloniki; et ass net néideg e Mann wéi de Brunner unze­dreiwen. Dee wënscht nëmmen eppes: säi Bescht ze ginn.

Natierlech gehéiert och d’Stielen zum Brunner sengen Aktivitéiten; hie konfiskéiert Marber-Placke bei de jidde­sche Steemetzer a léisst domat d’Buedzëmmere vun den SS­-Cheffen dekoréieren. Wéi hie vu Saloniki aus 19 Convoien op Auschwitz an Treblinka geschéckt hat, mengt hien, de Judde­kierfecht wier vun elo un iwwerflësseg: eng Foto vun deemools weist eng grouss Piscine fir déi däitsch Offizéier, déi mat Marber vun de Griewer aus dem Kierfecht dekoréiert ass.

 Hei déi genee Zuele vun den deportéierte Judden aus engem anere Buch (Morin: Vidal et les siens):

Zu Saloniki hunn 1940 ronn 56.500 Judde gelieft. Vun deene sinn der 46.091 deportéiert ginn, déi praktesch all vergast goufen. 1947 hunn nëmme méi 1.900 Judden zu Saloniki gewunnt .

Mir sinn elo bal 6 Méint am R.A.D. a mir gesinn ëmmer besser, wat hei gespillt gëtt. No a no konstatéiere mir datt han­nert de Cheffen hirem ganze Gedeessems net vill stécht. Duerfir fänken e puer vun äis un, méi kéng ze ginn an de Preisen op den Zant ze fillen. D’ganz Affär geet domat un, datt et enges Daags engem Lëtzebuerger ze bont gëtt.

Den Neppesch Joss vu Kolmer-Bierg erzielt:

Den Zürns Wuckes ass schonns ëmmer de Stoussnéckelche vun de Führer gewiescht. Bei all Geleeënheet gëtt hie verdommt; bis elo huet hie säin Ierger ofgeschleckt a seng Nerve be­hale. Mee och hie fänkt op eemol un, sech nit méi alles bid­den ze loossen.

Mueres beim Appell wëllt de Gusske sech de Wuckes vir­un där ganzer Abteilung wéint enger Eefällegkeet op d’Broscht zéien. Dat gehéiert zu senge Manéieren: bal jidder Appell muss op d’mannst een dru gleewen. Fir d’éischt ver­botzt hien e gutt, da brëllt e wéi en Uess: „Hinlegen, Sie komischer Hampelmann!“ Wéi mir gesinn wat elo geschitt, bleiwen äis d’Aen an de Mond grouss opstoen. De Wuckes setzt sech ganz gemitterlech op ee Knéi, dann op deen zweeten, stäipt sech op een Arem, dann op deen aneren a léisst sech gemäch­lech op de Buedem falen. Déi ganz Operatioun, di normaler­weis an engem Ament eriwwer muss sinn, dauert dës Kéier ver­däiwelt laang.

Dem Gusske schwëllt de Kamp: „Auf, Arbeitsmann Zürn!“ De Wuckes steet am selwechte luesen Tempo erëm op. De Gusske kritt eng Faarf sou rout wéi ee Kriibs; seng Ae falen him bal aus dem Gesiicht: „Hinlegen! Schneller!“ Erëm déi selwecht Träntelei beim Wuckes. – „Auf! Marsch! Marsch!“ Nach ëm­mer dat selwecht. De Gusske: „Sie wollen wohl nicht, Ar­beitsmann Zürn!“ De Wuckes: „Ich kann nicht schneller, Herr Oberstfeld.“ De Gusske: „Los! 3 Runden um den Platz!“ An den Arbeitsmann Zürn spazéiert gemitterlech ronderëm den Haff. – „Schneller!“ –„ Ich kann nicht schneller, Herr Oberstfeld“, kënnt all Kéier als Äntwert.

Mir kucke ganz verwonnert no a mir froen äis, wéi dat Spill ausgoe soll. Abee, de Gusske zitt de Schwanz bäi; hie seet zwar pro forma: „Nach dem Appell melden Sie sich auf der Schreibstube!“ Mee och hei geschitt näischt Wéischtes méi mam Wuckes. De Gusske weist sech iwwerhaapt nit; hien iwwerléisst et engem aneren, de Wuckes nach eng Kéier ze vernennen. An dat ass alles.

Mir kënnen et bal net gleewen; mee déi meescht vun äis hu verstan. De Gusske kacht och nëmme mat Waasser a seng Au­toritéit ass nit vu wäit hir; et ass nëmmen eist Fäerten, wat se gestäipt huet.

An dem Wuckes säi Behuele gëtt vu villen nogemaach. D’Konsequenz dovun ass datt an där leschter Woch a Griichen­land d’Cheffen ufänken eng aner Plack opzeleeën.

 

 D‘ Flugfeld Mikra

 Mir bauen d’Militärflugfeld vu Saloniki aus D’Aarbecht ass hei auszehalen

 

Vu Kalamaria aus fuere mir all Dag op de Flughafe Mikra schaffen. Dëst offiziellt Flugfeld vu Saloniki läit eng 12 Kilometer vun dem Zentrum vun der Stad a südlecher Richtung direkt um Mier. Vun äis aus hu mir ongeféier 7 Kilometer mat de Camionen ze fueren. D’Leit vum 4. Zug mussen all Dag op de Vëloen déi Streck dohin an erëm drécken. Si fluche wéi d’Biischtebënner, well si all Owend, gläich wa si erëm sinn, och nach hir Gefierer botzen an eventuell reparéiere mussen. Bis elo waren d’Vëloen nach net benotzt ginn. Zu Aeginion war et wéinst deene miserable Stroossenzoustänn onméiglech sech op de Rieder ze déplacéieren. Mee elo kommen och si an den Asaz.

Um Flugfeld musse mir nieft dem Deel, dee fir d’Zivilfliger reservéiert ass, eng nei laang Pist fir d’Militärfliger bauen. Déi Bunn ass esou orientéiert datt d’Avione beim Starten a beim Landen zum Mier zou fléien oder vum Mier hirkommen. Op déi Manéier begéine se näischt, wat si beim Erop- oder Erofgoen hënnert.

Mir fannen hei d’Komerode vun der Abteilung 1/45 erëm, déi mathëllefen dat immenst Flugfeld z’amenagéieren. Och si leien net méi an hirem éischte Quartéier zu Saloniki. Wéi mir, si si virun e puer Deeg geplënnert an zwar och op Kalamaria. Därbaanst eise Logis direkt um Mier läit, hu si sech op der Héicht, e puer Kilometer wäit an d’Land eran, niddergelooss. Si hu souguer ee vun eise Lëtzebuerger Vormänner geierft. Soll hie bei äis net déi richteg Autoritéit gehat hunn?

Well alles ganz flaach ass, brauch net vill planéiert ze ginn. Déi eng vun äis hiewe Grief aus, déi als Drainage benotzt ginn. Déi aner tässele Steng an déi Grief. Déi drëtt Equipe muss dann iwwert dat Ganzt Pirell a Buedem spreeden. Mir sinn an 3 Equipen opgedeelt, vun deene jiddereng hir Spezialitéit huet.

De Webesch Hub vu Miedernach erzielt:

Déi rouegst Aarbecht ass déi, fir d’Grief mat Steng ze fëllen. Wann een d’Ween mat dem Opfëllmaterial esou dirigéiert, datt alles riicht an de Gruef rutscht, da brauch een sech net méi vill ze ploen, fir séier alles verschafft ze hunn. Et dauert all Kéier iwwert eng Stonn, bis sech erëm ee Won mat Material presentéiert. Et bleift also vill Zäit iwwreg, an do gëtt natierlech dovu profitéiert, fir sech gutt ze raschten.

Mee och bei deenen aneren Aarbechte rappt kee sech e Been aus. Komëscherweis gi mir net ugedriwwen; mir sinn esou wäit auserneen, datt eng Opsiicht net méiglech ass. Duerfir huele mir ees et gutt an et ass keen deen sech bascht.

 Et schéngt wéi wa mir nëmme beschäftegt misste ginn, fir d’Zäit bis zu eisem definitiven Depart z‘ iwwerbrécken. Well keng richteg Opsiicht méi do ass, kënnt et souguer an der Aarbechtszäit zu Flautereien.

De May Denis vu Gréiwemaacher erzielt:

Do, wou den 3. Zug schafft, läit een Abberzuel Zementbommen, déi fir d’Ausbildung vun de Bommefliger benotzt ginn. Bannendra së Fläschen, déi ausernää fuere wann d’Bomm opschléit, an da kënnt en décken Damp eraus, fir d’Plaz ze markéiere wou se opkomm ass. Weil kää Chef bäi iis ass, hu mir dat mol mat eener Fläsch probéiert. Et fonktionnéiert! Wéi de Biedermann sech een Kéier weist, leeë mir een Fläsch an een Käerchen, schëppe Buedem driwwer a loossen d’Kar en Hiw­wel eroflafe just op de Chef duer. D’Koar tippt, d’Fläsch ex­plodéiert an de Biedermann mécht vun Aangst bal an d’Box.

 Op deem Gelänn, wou mir schaffen, sinn immens vill Waas­serschildkröten. En etlech vun äis huele sech der mat op Kalama­ria. Et ginn der esouguer als Souvenir mat op Lëtzebuerg.

Dës Deeg schwätze mir nëmme méi vum Heemfueren. Mir kommen hei fort, wann déi Abteilung, déi äis ofléist, a Grii­chenland ukënnt. Mee mir waarden a waarden a ginn ëmmer méi onge­dëlleg. Et dauert nach 3 Wochen, éi endlech de groussen Dag do ass.

Just éi mir fortfueren, probéiert nach ee vun de Füh­rer fir vun engem vun äis ze profitéieren.

De Rathse Marcel vu Biissen erzielt:

Obschonns den Unterfeldmeister Domröse mech nit ausstoe kann, kënnt e bei mech uklappen, wann en eppes brauch. Ufanks Abrëll seet e mueres nom Appell zu mir, ech bräicht haut nit mat op d’Aarbecht ze goen. Hien hätt eng besonnesch Aufgab fir mech; ech soll d’Karabinere botzen. Dat ass nëmmen eng Ur­saach, fir ënner véier Ae mat mir schwätzen ze kënnen.

„Sie haben ja Geld vom Haarschneiden“, fänkt en un. „Geben Sie mir 110 Mark davon; ich möchte meiner Frau Schafswolle kaufen. Sie dürfen ja sowieso kein Bargeld bei sich haben. Ich werde Ihren Eltern die geschuldete Summe überweisen.“

Wat soll ech maachen? Ech muss him d’Geld ginn, well soss geet e mech bei de Gusske uschäissen, ech hätt méi Sue, wéi et erlaabt wier. Wéi ech heem kommen, ass nach ëmmer keng Mënz do; och 8 Wochen duerno ass nach näischt ukomm. Du ginn ech ro­sen an ech schreiwe verschidde Bréif: een un dem Domröse seng Fra op Herdfeld an Hessen an een aneren un den Zahlmeister Dettmann. Ech hunn hinnen den Tëppelchen op den I gesat.

Ufanks Juni kréien ech vun deenen zwéin eng Äentwert, ech soll mech gedëllechen, d’Geld kéim. An tatsächlech Enn Juni ass et endlech do. Ech si fest dovun iwwerzeegt: wann ech net geschriwwen hätt, wier ech bestëmmt ëm meng Sue gewiescht.

 

 D’Retourrees op Groß-Tychow

 D’Ofléisung ass do Mat enger anerer Equipe zeréck

 

Méindes, de 4. Abrëll 1943, ass et esou wäit. An der Nuecht sinn déi Abteilungen, déi äis ofléisen, endlech op der Gare zu Saloniki ukomm. Lo ass et un äis, fir eis siwe Saache mat de Ca­mionen op d’Gare ze féieren. All eist Aarbechtsgeschir, d’Vëloen, d’Camionen, d’Gulaschkanoun bleiwen zu Kalamaria. Eis Karabineren huele mir och net mat zeréck. Fir äis ënnerwee eventuell wieren ze kënnen, kréie mir kleng franséisch Gewierer aus dem 1. Welt­krich mat 10 Schoss Munitioun dobäi.

Esouguer eis Cheffe fueren net mat a Pommern zeréck. Si bleiwe bei där neier Abteilung, déi aus lauter bluttjonke Kärelcher besteet. Et sinn nëmmen Däitscher; eis Cheffe schwätzen zimlech offälleg iwwert dat neit Mënschematerial. De Gusske ass zënter enger Woch verschwonn; méi wéi sécher ass hien am Congé. Mir hunn also d’Éier net, fir him perséinlech Äddi ze soen.

Mat eisem Transport op d’Gare si mir ganz séier fäer­deg, well mir jo praktesch näischt vu Kalamaria mathuelen. Mir hannerloossen awer nach ee Souvenir vum Cam.

Den Cigrangs Raym vu Bous erzielt:

An eisem Logis zu Kalamaria hu mir eng grouss Schwieregkeet mat der Gulaschkanoun. Well si hanner Wands op enger Plaz installéiert ass, déi direkt un eise Bau stéischt, zéit d’Päif net gutt. Duerfir muss eng aner Solutioun fonnt ginn.

De Cam kritt den Optrag, ee neie Kamäin baussen un de Giewel vun deem Gebai ze bauen. Mee ganz einfach ass dat net. Éi Zillen a Sand geliwwert ginn, si 14 Deeg erëm. Zement ass nëmmen eng Grimmel do. De Cam kritt gesot, wann hien alles mat Waasser mëschen, seng Zille schéin an de Niveau setzen an de Kamäin mat Eisen am Giewel verankere géif, da mischt dat Ganzt halen.

Hie protestéiert vehement, esou eppes kënnt nimools stoe bleiwen an hie seet Jann a Mann, dat ee Kamäin vun 8 Meter Héicht, deen zesummefällt, allerhand Schued maache kënnt. Trotzdem kritt hien den Uerder fir ze bauen.

Jidderee vun äis verfollegt déi Aarbecht mat Spannung; dem Cam säi Kamäin ass d’Haaptgespréich an deene leschten Deeg zu Kalamaria. Eng Stee huet hien net; hie baut vun enger Leeder erof. Dat meescht Eise verschafft hie guer net, well dat ze vill eng schwéier Aarbecht ass. Hie vergrueft de gréischten Deel einfach am Buedem. „’T ass fir ee bessert Fëllement ze kréien“, mengt hien.

Dee Méindeg, wou mir fortfueren, ass hien op enger Héicht vu 4 Meter an d’Wonnerstéck steet nach ëmmer. Mee just wéi déi lescht mam Camion zur Poart erausfueren, gëtt et een on­heemleche Kraachert: Dem Cam säi Kamäin ass zesummegefall.

Wien huet erëm eng Keier d‘ lescht Wuert? Keen anere wéi de Bourscheids Cam.

 Och déi Jongen, déi um Gruppekommando zu Saloniki schaf­fen, fuere mat heem. Mee ee Mann vun do geet duerch d’Latten. Hien huet gemierkt, datt d’Situatioun quokleg gëtt an duerfir profitéiert hie vun der Occasioun, fir sech duerch d’Bascht ze maachen.

De Brassels Jhang vu Schwiddelbruch erzielt:

De Fransous Renaud verschwënnt e puer Deeg éi mär fort­fueren. Fir u Suen ze kommen, huet hien aus der Reserv ee ganze Koup Bougien an elektresch Bire matgeholl a sech dobäi guer nit domm ugeluegt. Et ass nit aus deenen ieweschten, mee aus deenen allerënneschte Këschten, woumat e sech geseent huet. Duerfir fällt et eréischt de leschten Dag beim Schlussinventar op, datt eppes feelt, an an där Zäit ass hie laang doduerch.

 Fir d’Retourrees huele mir deeselwechten Zuch, mat deem eis Ofléisung heihi komm ass. Déi Cheffen, déi mat erof ge­reest sinn, begleeden äis op Gross-Tychow zeréck. Et ass alles vill manner hektesch, wéi dat bis elo war. Mir kënnen op der Gare e bësselchen dorëmmer spazéiere goen an esouguer Wäi kafen, ouni datt mer dowéint vernannt ginn.

Méindes owes fuere mir scho fort; et gëtt versicht e puer Deeg erëm ze gewannen. Mir kéimen Enn Mäerz hei fort, war äis jo eemol verséchert ginn. Lo si mir Ufank Abrëll. Eis Ofléisungs­equipe hat also allerhand Retard. Mat eisem Zuch fueren och dei 3 aner Abteilungen vun eiser Grupp 45 a Pommern zeréck.

Den Trajet ass dee selwechte wéi deemools, wéi mir erofkoumen. Et gëtt just ee klenge Changement. Mir fueren iwwer Wien a jidderee ka vu wäitem de Stephansdoum mat sengem type­schen Daach bewonneren. Dat ass den 9. Abrëll an et schneit, wei mer zu Wien erafueren.

Dës Kéier si mer ënnerwee net esou niddergeschloe wéi op der éischter Rees. Déi nei Cheffe si vill méi kulant. Mee virun allem, eis Stëmmung ass vill besser, well jidderee weess, datt mir geschwënn doheem sinn. Mir hunn net vill Openthalt ënnerwee. Et ass nëmmen op zwou Plazen, wou mer en etlech Stonnen hänke bleiwen, well d’Schinne gesprengt sinn; dat ass an der Géigend vu Nish an hannert Belgrad. Mee soss geet et an engem schéinen Tempo virun, a mir brauchen nëmmen 9 Deeg vu Saloniki bis op Gross-Tychow.

Déi véier aner Abteilungen, déi vun der Grupp 40, fueren eréischt den 9. Abrëll zu Saloniki fort; si huele just dee sel­wechte Wee wéi mir a kommen de 16. Abrëll an hire Lageren a Pom­mern un.

 

 Et geet heem!

 Mir ginn entlooss – Ee wichtege Message fir äis – Mir fuere gemitterlech heem

 

Den 13. Abrëll 1943, um 4 Auer nomëttes, ware mir end­lech erëm an eisem Stammlager. Elo gung et Schlag op Schlag. An aller Vitesse ass eise ganze Klimbim vun der Gare an d’Lager transportéiert ginn. Dun hu mir äis mol richteg ausgeschlof, well an deene primitive Véiwaggone konnte mir dat net richteg maachen.

Den Dag duerno hu mir vu mueres bis owes dru geschafft fir eis „R.A.D.-Klamotten“ ze flécken an ze botzen. Nach een Dag méi spéit hu mir dee ganze Krom an der Kleederkummer ofginn. Wat net méi do war oder wat futti war, huet misse bezuelt ginn. Bei där Geleeënheet sinn och déi Bettbrieder an déi Schemele schéi brav bedaalt ginn, déi bei där grousser Keelt d’Päif ausgaang waren.

Mir hunn eis Privatkleeder, déi eis Elteren op Groß-Ty­chow geschéckt haten, undoe kënnen. Endlech hu mir äis erëm als Mënsch gefillt. Zwee vun eise Komeroden haten hiert Privatgezei net mat Zäit an d’Lager kritt. Si hunn duerfir missen an der Uniform heemfueren. Ganz stolz ware si net dobäi. Zu Lëtzebuerg hu si dunn hir Uniform an dem R.A.D.-Meldeamt 194 ofginn.

De 16. krute mir am Laf vum Dag eis Pabeieren (Entlas­sungsschein; Führungszeugnis) an och eis Billjeeën an dobäi nach ee Geelchen (R.A.D.-Erinnerungsnadel), fir un d’Broscht ze hänken. Jidderee konnt heemfueren, wéi hie wollt: mir hunn nëmme misse fir deen aneren Dag um 9 Auer mueres aus dem Lager sinn. E puer Kome­rode sinn nach net mat äis entlooss ginn, well si krank waren.

De Rehlingesch Ady vu Keespelt erzielt:

Ech hat a Griichenland, Gott weess wou, eng fatzeg Gielzecht opgeraf. Nodeem se zwee Deeg op der Heilstuff u mer erëmgedoktert haten, gouf ech op Saloniki an d’Lazarett am Universitéitsgebai ageliwwert. Hei hunn ech misse 6 Wochen a Behandlung bleiwen. Just éi mir zeréck op Gross-Tychow ge­fuer sinn, hat ech mech méi oder wéineger gutt erholl. Den Dokter huet mir d’Erlaabnes ginn, fir mat deenen aneren ze­réckzefueren. Ech si mam Tram vun dem Lazarett op d’Gare gejabelt a mat de Kolleegen a Pommern gefuer.

Mee wéi se mech hei sollten entloossen, koum déi grouss Iwwerraschung: meng Pabeiere waren net do. Déi louchen nach an dem Lazarett zu Saloniki. Et huet bal eng Woch gedauert, éi se zu Gross-Tychow ukoumen. Ech war den Dommen an der Affär, well ech konnt e puer Deeg méi laang wéi déi aner am R.A.D. bleiwen.

 De Conrads Camille ass eréischt 14 Deeg no äis entlooss ginn, well hien nach krank war. Dee gréisste Pech hat de Brosiusse Néckel. Wéint Gelenkrheuma ass hien no eisem Retour a Pommern an e Lazarett gestach ginn; vun do krut en Enn Mee 14 Deeg Urlaub, ass zeréck an d’Lazarett gefuer a gläich an d’Wehrmacht agezu ginn.

Ëm den Owend vum 16. Abrëll koum e ganz wichtege Mes­sage vu Lëtzebuerg. Dem Infalts Jhang säi Papp, dee Postperzepter zu Ettelbréck war, huet telefonéiert an eng vertraulech Matdee­lung gemaach, déi äis fir d’éischt geschockt, mee dunn awer Freed gemaach huet.

Hien huet gesot, d’Stellungsbefeeler fir d’Wehrmacht léiche schonns an der Post op äis ze waarden. Mee well mir nach net do wieren, géifen d’Bréifdréier se zeréckhalen. Et sténg drop, wann den Adressat bis den 19. Abrëll 0 Auer net z’erreeche wier, missten d’Stellungsbefeeler erëm un de Wehrbezirkskommando zeréckgeschéckt ginn. Déi haten also domat gerechent, datt mir méi fréi entlooss géifen. Déi Deeg, déi mir a Griichenland ëmsoss op eis Ofléisong gewaart hunn, déi sinn äis elo ze gutt komm.

Mir hunn duerfir mat eiser Heemrees lues misse maachen, fir datt de Stellungsbefeel ofgelaf wier, éi mir doheem wieren. Mir hu gehofft, datt et dann en etlech Wochen dauere géif, éi mir een neie Stellungsbefeel kréichen.

Mueres, de 17. Abrëll si mir op d’Gare getrëppelt. Nëmme sträpperchesweis si mir virugefuer, ouni ze vill Schnellzich ze benotzen. Zu Stettin an zu Berlin si mir all Kéier e puer Stonnen hänke blif. Hei hu mer Lëtzebuerger Komeroden aus deenen ane­ren Abteilunge begéint, déi och am Gaang waren heemzefueren. Mir hunn hinnen d’Geschicht mam Datum vum Stellungsbefeel erzielt. Vun deem Moment un hunn och si geträntelt, wou et nëmme gong, fir Zäit ze gewannen. Ganz virsichteg ware mer allerdéngs net. Et as vill an haart geschwat ginn. Op eemol hu mir vun däitschen Ziviliste gehéiert, wat si iwwert äis gesot hunn: „Das sind Holländer, die aus dem R.A.D. heimfahren. Die warten darauf, dass ihr Gestellungs­befehl zu Hause abgelaufen ist.“ Glécklecherweis hat déi Onvir­sichtegkeet keng nodeeleg Suiten.

Och de Rescht vun der Rees ass gemitterlech gemaach ginn. An der Nuecht si mir net weidergefuer. Mir stongen tëschent zwee Feieren; op där enger Säit wollte mir esou séier wéi méiglech eis Leit doheem erëmgesinn; op där aner Säit hu mir awer net ze fréi duerfen do ze sinn, fir dem Stellungsbefeel ze entwutschen.

Zu Lëtzebuerg koume mir owes spéit un. Jiddereen huet gekuckt fir d’Nuecht nach zu Lëtzebuerg ze verbréngen. Well trotz eisem Geträntels wiere mir nach bal ze fréi ukomm. Et war eréischt deen Owend um 0 Auer, wou de Stellungsbefeel ofgelaf ass.

Dënschdes mueres, den 19. Abrëll, ware mir endlech gléck­lech doheem. Sechs Méint, déi net där schéinster waren, hate mir hannerun äis. Mee fir déi meescht gouf et an deenen nächste Wochen, Méint a Joeren nach vill méi schro.

Ee Mount duerno, fir den 19. Mee 1943, koum de Stellungsbefeel fir d’Wehrmacht.