Kinosverbuet war déi schlëmmste Strof

An de fofzeger Joren war et eng Traditioun, sech samsdesowends oder sonndesnomëttes bei engem schéine Film ze entspanen. Mir hate jo nach keng Televisioun. Soubal ech al genuch war, hu meng Eltere mech sonndes mat an de Kino geholl. Fir d’éischt waren et Kannerfilmer, do stong an der Fënster „Für Kinder erlaubt“ an da waren nach verschidden Altersgrenzen gesat „ab 12 Jahre“ oder „ab 16 Jahre“. Duerno dann déi nëmme fir Erwuessener.

E wichtegt Erliefnes fir mech war de Film Le Monde du Silence, e groussen Documentaire vum Jacques-Yves Cousteau. Dee war ech mat menger Mamm kucken an duerno war d’Ënnerwaasserwelt fir mech dat schéinst, wat een sech konnt denken. Ech hu mir doheem tëschent véier Still e Läinduch opgespaant. Meng Mamm hat mir aus faarwegem Karton allerlee Fësch an e ganz geféierlechen Tëntefësch ausgeschnidden. Déi hongen u Fiedem erof an dotëschent war ech den Taucher.

Bei anere Filmer sinn et oft Diskussioune ginn, well ech onbedéngt wollt matgoen, och wann de Film fir mech verbuede war. Dann ass meng Mamm mat enger Frëndin oder hirer Schwëster an de Kino gaang, a fir mech ze tréischten huet mäi Papp mech mat an den „Alfa“ op de Café-Concert geholl. Dat war ëmmer e schéinen Nomëtteg, wou allerlee Animatioune waren. Dat spannendst war de „Kanner-Crochet“: Kanner hunn op der Bühn mat Begleedung vum Orchester e Lidd gesongen. Et ass och ëmmer e schéine Präis fir de Gewënner ginn. Dat war awer näischt fir mech, well ech konnt net gutt sangen a war och esou schei, datt ech fir kee Präis vun der Welt op déi Bühn gaange wär.

Mat 16 Joer war et dann endlech esou wäit. Ech konnt (bal) all Film kucke goen an dat hunn ech mer net zweemol soe gelooss. Meng Frëndin vu Bouneweg war grad esou verhext op Kino ewéi ech. Just um Täschegeld huet et ons gefeelt. Do koum et mer ze gutt, datt mäi Papp als Geschäftsmann ëmmer eng Plakat vun den neie Filmer kritt huet fir an d’Fënster ze hänken an dobäi war all Kéier e Fräibilljee. Dee krut ech da vun him geschenkt. Et war eng Konditioun gesat: an der Schoul hunn ech mussen eng ordentlech Leeschtung bréngen. Déi schlëmmste Strof war, wann ech Kinosverbuet kritt hunn.

Bis haut sinn ech e richtege Kinosfreak a wann ech drun denken, wéi lues a lues all déi schéi Kinos-Gebaier verschwonne sinn, hunn ech d’Häerz déck.

Op der Gare hate mer de Marivaux, bei der Zithaklinik, dat war deen elegantsten. Den Ecran mat deenen dräi Figuren driwwer, déi gëlle Sailen an de roude, samette Rideau ware säi Markenzeechen. Och de Capitole, an der Aler Avenue, hat seng typesch Skulptur iwwert dem Ecran. Et ware Gänsen, déi vun de Gänse vum Kapitol zu Roum inspiréiert waren. Grad esou populär wéi dëse Kino waren och d‘Filmen: z.B. den Hauptmann von Köpenick, Die 12 Geschworenen an Das fliegende Klassenzimmer.

Den Eldorado, direkt nieft der Gare, war deemools de modernste Kino. Aussergewéinlech war déi breet Trap no baussen, iwwert déi een op de Balcon komm ass. De Sall war wonnerschéin. Iwwert dem 6,50 m breeden Ecran stong en elegante Posaunenengel an e Gong huet den Ufank vum Film ugekënnegt. De schwéiere Rideau war gréng, grad ewéi d’Panneauen un de Mauere mat engem Stär an der Mëtt. Hei konnt een däitsch Schlager- a Revuefilmer gesinn an d’Leit sinn hir Staren, wéi d‘Marika Röck a virun allem d’Germaine Damar, kucke gaang. Selbstverständlech war ons Lëtzebuerger Ikon perséinlech komm fir d’Präsentatioun vun Tanzende Sterne. Mir hunn ons stonnelaang virun der Dier gedréckt, fir si vu ganz no ze gesinn an och en Autogramm ze erwëschen.

Déi giel Kinosblieder goufen an der Stad un all Haushalt verdeelt

Niewent der Caissière war et virun allem d‘„Platzanweiserin“, déi wichteg war. Mat enger Täscheluucht huet si de Leit gehollef, hir nummeréiert Plazen ze fannen, besonnesch wann de Film schon ugefaangen hat an et huet ee missten iwwert deenen aneren hir Bee klammen. An der Paus ass déiselwecht Damm mat engem Kuerf, deen si ëm den Hals hänken hat, laanscht d’Reie gaang an huet geruff: „Choco-glacé“. Wéi hätt een do kënne widderstoen? Dat war de grousse Moment, wou mir onse Choix tëschent deene verschiddenen Zorte gemaach hunn. Déi an der Mëtt hunn dem Noper d’Sue gereecht, deen se weiderginn huet an op deemselwechte Wee koum dann d’Glace.

No der Virstellung si richteg Mënschemassen an de Stroossen zirkuléiert an och vill Autoen. Meng Mamm war emol wéinst enger Operatioun an der Zithaklinik, déi vis-à-vis vum Marivaux war. Si huet sech beklot, datt si keng Nuecht konnt schlofen, wéinst dem Kaméidi virum Kino.

Extrait aus deem neie Buch vum RBS-Biographiegrupp: „Eis fofzeger Joren. Fräizäit a Gesellegkeet“ (Oktober 2018)