An der Réimecher Schwämm

’t woar nëmmen e Pad, deen duerch de Gréin bei d’Schwämm an der Musel geféiert huet. Eng laang Mauer, an der Mëtt woar d’Entrée. Do souz d’Madame Stephany an der Keess. Hannert der Mauer gebaute Kabinnen. Rechts d’Jongen, lénks d’Meedercher. Eng kal Dusch woar och do.

Sou wäit wéi ee Buedem kritt huet, woar d’Musel mat Holzstämm ofgedeelt. Rechts eng Trap fir an den Dëmpel, do woar d’Waasser ganz déif. Vis-à-vis vun der Schwämm woar eng Krëpp fir d’Fëscher. Wéinst der Drëft hunn nëmmen déi gutt Schwëmmer sech getraut, iwwer ze schwammen, dat woar eng Leeschtung.

Sou richteg schwamme konnt ech nach net mat 11 Joer, awer ech hunn net gefoart. Wann déi Grouss es an der Schwämm midd woaren, hunn se sech gehuewen a sinn duerch d’Wisen op Bech-Maacher gaang, fir erof ze schwammen. „Komm, géi mat!“, hunn se zu mir gesot. „Mir passen op dech op.“ Ech hunn net laang iwwerluet, besser dat, wéi eleng hei bei deene Klengen.

De Wee op Bech woar et eleng scho wäert. Mir hu gelaacht an eis ameséiert. Et woar flott! Du huet et geheescht: „Hei gi mir eran.“ Wat sollt ech maachen? Alt hannendrun. E bëssen Angscht hat ech schonn, awer du woar alles ganz einfach a lit. D’Drëft huet mech gedroen. ’t huet och keen no mir gekuckt, jiddereen hat mat sech selwer ze dinn. Ech hu mech einfach dreiwe gelooss an ’t ass gaangen.

Wéi ech doheem vu mengem Exploit erzielt hunn, stonge menger Mamm d’Hoer zu Bierg. Mäi Papp sot: “Ech hunn och esou geléiert!“