D’Kolpecher Schlass

Den Emile Mayrisch a seng Fra Aline de Saint Hubert hunn 1917 d’Kopecher Schlass kaaft. Ënnert der Leedung vum Sosthène Weis, Architekt a Moler, huet den Emile Mayrisch d’Schlass ëmbaue gelooss. D’Madame Mayrisch huet zesumme mat engem Landschaftgäertner de Park nei gestalt.

1920 huet d’Koppel Mayrisch sech definitiv zu Kolpech niddergelooss. Kolpech gouf elo de Rendez-vous an Treffpunkt net nëmme vun Industriellen, och vu Schrëftsteller an Intellektuellen aus Frankräich, Däitschland an aneren europäesche Länner, mat der Iddi vun enger europäescher Kulturgemeinschaft.

Den Emile Mayrisch ass Matbegrënner vun der Croix-Rouge, Präsidentin gëtt d’Madame Mayrisch.

1928 kënnt den Emile Mayrisch bei engem Autosaccident zu Chalons en Champagne ëm d’Liewen. D’Land éiert hien mat engem Staatsbegriefnes. Zu Kolpech am Park, wou hie begruewen ass, steet e grousst Monument dat un hien erënnert.

1947 stieft d’Madame Mayrisch an hirer Proprietéit zu Cabris a Frankräich. Am Accord mat hirer Duechter vermécht si de ganzen Domaine der Croix-Rouge. D’Haus soll als Erhuelungsheem fir all Schichte vun der Bevëlkerung genotzt ginn. 1950 ginn d’Dieren op mat 50 Better. 1954 ass eng wieder Vergréisserung.

2010 gëtt den neien, moderne Bau bezunn, wéi mir en haut kennen.