Camping hei am Land

Esch/Sauer war an de 50er Joren, nieft der Buerschtermillen a Veianen déi meescht besichten Uertschaft vum Tourismus hei am Land. Besonnesch de Camping war beléift. An der grousser Vakanz si mir och op de Camping gaang mat enger Roulotte, déi mäi Papp zesumme mat engem Frënd, dee vu Beruff Carrossier war, selwer gebaut hat. D’Roulotte war vun engem ale VW Bus, aus deem si d‘Sëtzer erausgeholl an duerch zwou Bänken an en Dësch ersat hunn. D’Bänke sinn owes eriwwergeklappt ginn, dorop koumen 3 Matrassen, dat waren ons Better. E Schaf fir déi néidegst Saachen ze verstaue gouf et och. Et war e bëssen enk, awer dat huet ons net gestéiert. Deemools waren d’Leit keen esou e Luxus gewinnt wéi haut. Gekacht huet meng Mamm op engem klenge Gaskocher, deen am Virzelt stong. D‘Iesswuere waren an enger Killbox, déi un d’Autosbatterie ugeschloss ginn ass an déi, déi net hu misse kal gehal ginn waren a Kartonskëschten, wou d’Gesichs no der richteger Tut oder Bechs net ëmmer sou einfach war. D’Drénkwaasser war an engem Waassersak mat engem Krunn. Deen ass an der Campingskantine ëmmer nei opgefëllt ginn.

Camping hat säin eegene Charme. Mueres ass ee vun de Villercher erwächt ginn, déi am Bësch gesongen hunn. Dann d’Geräisch vun den Tiretten, wann d’Zelter opgemaach gi sinn a jiddereen erausgekroch ass. Et huet iwwerall no frëschem Kaffi gericht. Da sinn och d‘Transisteradioen ugaang, fir déi éischt Noriichten ze lauschteren. Dotëschent huet de Bill Haley gesongen: „See You later Aligator“ oder de Peter Kraus huet no sengem „Sugar Sugar Baby“ geruff. Mir Meedercher hunn ëmmer matgerockt! Vu wäit ewech huet een d’Schell héieren, da wosste mer: elo kënnt dem Bäcker seng Camionnette iwwert de schmuele Wee a bréngt ons frësch Brout, Bréidercher a Mëtschen.

Et war och eng schéi Kollegialitéit ënnert de Camper. Et huet een deem anere gehollef fir säin Zelt opzeriichten oder et konnt een bei den Noper Kaffi, Zocker, Mëllech asw. léine goen. Net esou flott war, wa mir hu missten bei den Toiletten ustoen, déi net ëmmer ganz propper waren. Gewäsch hu mir ons am Gemeinschaftsraum mat Lavaboen an e puer Duschen.

Et waren haaptsächlech Hollänner a Belsch, a mir puer Lëtzebuerger op der Wiss. D’Hollänner hunn ech ëmmer ganz witzeg fonnt. Do hunn alt grouss Männer een deem aneren en Eemer Waasser an de Réck gehäit, wann d’Roulotte gewäsch ginn ass an dobäi geruff: „E lecker Soep.“

D’Kanner hunn all matenee gespillt, och wann si net ëmmer verstan hunn, wat deen anere gezielt huet. Den Hoola Hoop-Reef war op der Wiss ëmmer dobäi. Et war e richtege Concours fir ze gesinn, wiem säin am längsten ëm d’Taille gedréint huet.

Zur Ofwiesselung zum Camping hu mir och eng Kéier zu Esch/Sauer am Hôtel du Moulin e Weekend verbruecht. Dat huet mir awer net esou gefall wéi de Camping.

 

Um Camping Buerschter Millen

 

De Papp hat en ale VW-Bus zur Roulotte ëmgebaut

 

Auszug aus dem Buch der RBS-Biographiegruppe: « Eis fofzeger Joren. Eng nei Zäit: Wunnen, Iessen, Moud »