Op Hochzäitsrees an Italien

1959 si mir bestuet ginn. Den Automobil-Club hat eis d’Route fir d’Hochzäitsrees virbereet. Do hu mir och Bensinsticketen kaaft, well an Italien war de Sprit méi deier.

Franséisch Frangen, schwäizer Fränkli, italienesch Liren, vläicht och e puer D-Mark, all dës Wärungen huet ee gebraucht, fir duerch déi verschidde Länner ze fueren. Mat de Liren ass net geknausert ginn, mir hate jo och wëlles anzekafen: Kleeder, Schong, Poschen. An dann de Maart, deen all Woch op d’Touriste gewaart huet, do gouf et ëmmer eppes ze entdecken, wat ee gebraucht huet.

Autobunne sinn et déi Zäit nach keng ginn, alles iwwer d’Nationale. Et war ee gutt beroden, am Frankräich an engem „Routier“ ze iwwernuechten, do war d’Iessen einfach a gutt an d’Zëmmer propper an nett zu engem gënschtege Präis. Et waren de Camions-Chauffeuren, de Routiers, hir Statiounen op hire laange Strecken.

„Du brauchs net heiheem anzekafen“, hat ech gesot kritt, „an Italien sinn d’Mailloten, an alles wat ee brauch fir un d’Mier, méi schéin a méi bëlleg wéi hei.“

Dofir hu mir zu Genua en Arrêt gemat an esou e Geschäft gesicht a fonnt. Wéi alles kaaft a bezuelt war, hunn ech nach eppes gesinn, wat ech onbedéngt wollt, a mat de Schäiner, déi ech an der Hand hat, bezuelt. D’Leit am Geschäft hunn eis iwwer d’Géigend informéiert, sou si mir voller Erwaardung op Sestri-Levante gefuer.

Wéi mir am Hotel ausgepaakt hunn, seet mäi Mann: „Hues du eis Liren?“ Déi grouss 100.000 Lire-Schäiner hate mir sonner agepaakt an enger Mäppchen, awer d’Mäppche war néierens ze fannen. Net am Zëmmer an net am Auto. Owes si mir traureg laanscht d’Mier getrëppelt an duerno hu mir schlecht geschlof.

Deen aner Mueren, direkt nom Kaffi, hu mir eis op de Wee gemat, zréck op Genua an d’Geschäft, eis eenzeg a lescht Hoffnung. Wéi mir zur Dier erakoumen, huet dee frëndleche Mann scho gewénkt, an der Hand d’Poschette mat eise Suen. Wat eng Erléisung. Op ee Schlag war d’Welt nees an der Rei. Lo maache mir Vakanz! Grazie Mille.

 

Um Wee an Italien 1959