De Kleesche kënnt geschwënn

Bei eis doheem zu Betteng/Mess stoungen d’ Kierch, d’Schoul, eng Wiertschaft an de Buttek an der Mëtt vum Duerf. All Freiden ass meng Mamm an den Buttek akafe gaang. Grouss Akafszentre goufen et nach keng.

Wann da freides um 4 Auer d’Schoul aus war, sinn ech eriwwer an de Buttek gaang. Meng Mamm huet do op mech gewaart fir dann zesummen heem ze goen.

Wat war dat ëmmer eng  Iwwerraschung wann de Kleeschen seng Saachen am Buttek ausgepaakt hat. Ech sinn an de Buttek erakomm a meng Aen si grouss ginn.

D’Regaler ware voll getässelt mat Saache vum Kleeschen.

Alles aus beschtem Schockela an a faarwegem, blénkegem Pabeier agewéckelt. Wat huet dat geglënnert a geblénkt.

Op dem ieweschte Regal stounge Schockelaskleesercher, grousser a klenger, stramm en enger Rei.

Do dernieft ware Schnéimännercher an Engelcher opgestallt. An der Mëtt vum Regal stounge Këschte voll getässelt mat méi klenge Stécker, ewéi Fräschen, Mais, Autoen an nach villes méi.

Ënnen am Regal louch de Liefkuch. Et gouf es mat an ouni Zocker drop, mat Schockela drop  oder och mat Friichten dran. Dee mat de Friichten dran hat ech net esou gären. Esou vill Tute mat Boxeknäpp louchen dernieft. Dëst ware kleng Kichelcher mat faarwegem Zocker drop, déi mir Kanner besonnesch gären haten.

Eise klengen Duerf-Buttek hat sech iwwer Nuecht an dem Kleeschen säi Wonnerland verwandelt.

Wat fir eng Freed an Opreegung fir eis Kanner. Et louch eng gewësse Spannung an der Loft. Vun deem Dag u wosste mir all Bescheed!

Vun elo un huet et geheescht opzepassen an sech extra gutt ze schécken.

De Kleeschen an den Houseker waren erëm ënnerwee!