De Kleesche kënnt an d’Haus

Kuerz virun Niklosdag schellt et owes un der Hausdier. Meng Mamm geet kucken. De Monni Joke (eisen Noper) steet op der Trap a freet : „Madame Arendt ass eist Suzanne (seng Fra) bei iech?“

„Nee“, äntwert meng Mamm. „D‘Suzanne ass net hei.“

„Ech verstinn dat net. Hatt sot mir: Ech ginn iwwer bei d‘Madame Arendt, an elo ass hatt net hei. A wou soll et da nëmme sinn?“

„Si kënnt sécher nach“, berouegt meng Mamm de Monni Joke. „Kommt eran an d‘Stuff, da waart der do op se.“

Meng Schwëster an ech sëtze mam Papp an der Stuff a kucken de Fernseh.

De Monni Joke kënnt an d‘Stuff eran a stellt sech bei den Uewen.

„Aha, hei ass et besser wéi dobaussen“, seet hien. „Et ass richteg kal ginn. Hoffentlech kënnt eist Suzanne elo geschwënn. Ech brauch hatt nämlech doheem fir mir eng Hand unzepaken.“

Net laang duerno, schellt et erëm un der Dier.

„Dat wäert eist Suzanne sinn“, seet de Monni Joke.

Meng Mamm geet kucken.

A wie kënnt an d‘Stuff eran?

De Kleesche mam Houseker!

Meng Schwëster an ech sinn erféiert.

Ech klamme ganz séier bei mäi Papp op de Schouss an hale mech fest un him un. Menger grousser Schwëster ass et och net ganz geheier an hatt muckst sech och net méi.

Mir hunn e Grapp voll Nëss a Kamelle kritt an dann ass de Kleesche mam Houseker erëm gaang.

De Monni Joke ass mat engem breede Laachen am Gesiicht erëm heem gaang an huet gemengt: „Elo ass eist Suzanne bestëmmt erëm doheem.“

De Kleeschen an den Houseker waren nämlech eis Nopeschen: D‘Tatta Suzanne de Kleeschen an déi aner Tatta den Houseker.

Dem Kleeschen säi Besuch ass fir eis och nach haut eng schéin Erënnerung aus eiser Kannerzäit.

 

Eng kleng Anekdot hannendrun:

Am Fréijoer sinn ech mat menger Mamm op d‘Dippecher Gare gaang fir mam Zuch an d‘Stad ze fueren. Wéi mir an d‘Gare kommen, si mir der Tatta Suzanne begéint. Sie ass och an d‘Stad gefuer an huet an der Gare op den Zuch gewaart.

Deemools war et Moud dass Fraen sonndes oder wann se an Stad gefuer sinn, och am Fréijoer oder am Summer, Händschen un haten. Et ware meeschtens wäiss, dënn a ganz elegant Händschen. Meng Mamm an Tatta Suzanne haten och e souer un.

Wéi mir do zesummen op den Zuch waarden, ass mir op emol eppes ganz Interessantes opgefall. „Héi, d‘Tatta Suzanne huet déi selwecht Händschen un wéi de Kleeschen“, hunn ech festgestallt an net schlecht gestaunt.

Awer do sinn der zwéi erféiert.

D‘Tatta Suzanne huet hir wäiss Händschen séier an d‘Posch gestach a se net méi ugedoen.

Meng Mamm awer huet sech ëmmer erëm gefrot wéi ech klengen Däbbes dat an Uecht konnt huelen.