Guillaume Lamesch

De Guillaume Lamesch (1868 Walferdange – 1923 Walferdange) war Schoulmeeschter zu Waldbriedemes an zu Mënsbech. Hien huet Gedichter, Lidder an Theaterstécker geschriwwen, am Ufank op Däitsch an duerno op Lëtzebuergesch. Den Här Constant Lamesch huet eis deen heiten Original vum Lidd „Den Tramm“ zur Verfügung gestallt, am Guillaume Lamesch senger Handschrëft.

  1. Den Tramm!

Den Tramm! Wien hätt dat jee geduecht,

dass mir en hätten iwwer Nuecht

an ouni Käschten fir d’Gemeng.

Kuckt d’Neiduerf, Hollerech, Bouneweg

wat ee Geleef, wat ee Gemeech

gong do alles fest an d’Streng.

Ref.: Déi Riicht an och déi Schlamm

si hunn nach näischt vum Tramm

  1. Den Tramm!

Zwar hu mir bloss de Fong,

mee liicht a flénker hupsen d’Schong,

haut driwwer fiert bis Dummeldeng

Eng Garantie ass dat näischt weist

mir hunn ni dass den Tramm hei bleift

maat iech keng Suergen drop a Bong

Ref.: Eng Kéier heescht et Mamm

kuck hei do kënnt den Tramm!

  1. Den Tramm!

An d’Hechterchen an d’Schnäpp

déi kommen ugeréckt mat Träpp,

all Tramm bréngt méi vun deeër Band

an d’Meedchen huet nach ëmmer Duuscht

an Honger fir eng Wurscht a Kuuscht

De Jong zielt roueg Mënz an d’Hand

Ref.: Da rifft hie stolz a stramm

`t ass grad nach fir den Tramm

  1. Den Tramm!

Dat gëtt emol kammout,

dir wäert gesinn kënnt an de Moud

`t fiert méi wéi een per Tramm an d‘Mass

a geet et fort an d’Feld an d’Hee

mam Tramm dat ass de liichste Wee

vill manner Schong a Strëmp ginn zrass

Rf.: Kee Schouschter mécht Reklamm

fir onsen neien Tramm

  1. Den Tramm!

Mir rullen `t ass eng Freed

soulaang wéi d’Liewen Blumme street

an d’Sonn ons laacht um Firmament

Dach eemol huelen d’Kräften af

d’Gesiicht gëtt schwaach an d’Ouer daf

bestell däin Haus maach d’Testament

Rf.: Well lauschter bim bim bamm

do kënnt däi leschten Tramm!

 

De Guillaume Lamesch mat senge Schoulklassen zu Mënsbech, 1893