De Kaffisbiz

Et gëtt esou Saachen an onsem Liewen, un deene mir hänken, och wann se kee grousse materielle Wäert hunn. Et ass éischter en affektive Wäert duerch d’Erënnerungen, déi domat verbonne sinn.

Als Kand hat ech emol e Petzi. Dat war wierklech net dee schéinsten. En huet éischter ausgesinn ewéi eng grouss gro Maus. Seng Schnuff hat scho kee Pelz méi vun all deene Kussen, déi si vu mir kritt hat. E war iwwerall gefléckt ginn, awer ech wollt hie behalen. Esouguer eng ganz schéi Popp hat ech geschenkt kritt, datt ech soll endlech deen ellene Petzi ewechginn. Awer d’Popp huet mech net interesséiert an si louch séier an engem Eck. No laanger Zäit war dat gutt Stéck dann awer esou futti, datt seng Fëllung iwwerall erauskomm ass an en net méi zesummegehalen huet. Du war dann endlech Schluss an ech hunn en neie kritt.

Dir frot Iech elo vläicht, wat dee Petzi mat engem Kaffisbiz ze dinn huet. Déi Geschicht soll einfach e Beispill sinn, wéi een un eppes kann hänken vun deem kee Mënsch versteet firwat.

Wat fir mech deemools de Petzi, war fir meng Mamm hire Kaffisbiz. Et war e richteg alen aus Blech mat engem Filterasaz aus deemselwechte Material. Ënne ganz schwaarz vun der Gasflam, wou en ëmmer gekacht huet. Och e puer Téitschen hat e schonn erwëscht an d’Hänk war ofgenotzt vum ville Gebrauch, well meng Mamm war eng richteg „Kaffistut“. Mueres huet si schonn zwou bis dräi Tase gedronk, soss wär de Start an den Dag näischt ginn. Si huet behaapt, nëmmen an deem Biz hätt dat brongt Gedrénks dee richtegen Aroma. Mëttes nom Iesse waren déi nächst zwou Tase fälleg an natierlech huet deemools de Kaffi mat enger Mëtsch um véier Auer nomëttes net däerfe feelen. Déi Zäit ware bal all Fraen Hausfra an duerfir ëmmer doheem. De Véier-Auer-Kaffi war dann och d’Geleeënheet, fir eng Frëndin oder eng Nopesch ze invitéieren a bei engem gudde Stéck selwergebaken Taart oder Kuch mateneen ze poteren an déi lescht Neiegkeete gewuer ze ginn. Wat haut den Internet ass, waren deemools just d‘„Wort“ an d’Geschichten, déi ee beim „Kaffiskränzchen“ gewuer ginn ass. Déi eng oder aner Nopesch war sou eppes wéi eng lieweg Zeitung an do war bekanntlech de „Beschass“ och net wäit ewech.

D’Marie-Louise huet de Kaffisbiz vu senger Mamm gutt versuecht

Wéi gesot, deen ale Biz war ëmmer dobäi, just wann de Besuch komm ass huet meng Mamm de Kaffi a méi e präsentabele Krou vu Villeroy&Boch ëmgeschott.

Mäi Papp huet gemengt, hir eng Freed ze maache mat engem wäisse Krou aus Parzeläin, mat deem deemools beléifte Melittafilter drop. Dat huet awer net laang gedauert, du war deen ale Kaffisbiz nees am Asaz. Souguer eng schéin elektresch Kaffismaschinn war ëmmer nach keng Konkurrenz. Et war näischt ze maachen.

Ech hat scho 16 Joer, wéi mir aus onsem groussen Haus an en Appartement op der Gare geplënnert sinn. Awer och an där neier, moderner Kiche stoung de Biz nees op der Gasflam. Deen huet meng Mamm begleet bis zu hirem Doud.

Wéi mir d’Wunnung geraumt hunn, hätt ech et nimools iwwert d’Häerz bruecht, dat gutt aalt Stéck ewechzegeheien. Ech hunn ëmmer nach meng Mamm gesinn an hirem Schiertech beim Dësch stoen an de Kaffi erausschëdden. Sou ass de Biz bei ons am Haus gelant.

Dee stoung jorelaang am Keller tëschent villen ale Saachen, déi ech ni méi gebraucht hunn.

Awer wann ee vill Plaz huet, da sammelt sech esou vill un, datt een op eemol den Iwwerbléck verluer huet. Et ass ëmmer méi an déi Stellage getesselt ginn, datt een de Biz net méi gesinn huet an e ganz vergiess ginn ass.

Wéi ech gefrot gi sinn, fir eng Geschicht ze schreiwen iwwert eng Saach, mat där eng Geschicht verbonnen ass an een duerfir esou drun hänkt, hunn ech mech op d’Sich an de Keller gemaach. Ech war mir op eemol net méi sécher, ob ech de Biz am Laf vun de Jore vläicht dach ewechgehäit hätt. Nodeems ech eng Këscht voll Dëppen, Telleren a Vasen erausgeraumt hat, hunn ech de Biz gesinn do stoen. Ech hu mech gefreet, wéi wann ech e Schatz fonnt hätt an hu versprach, datt ech en ni wäert ewechginn. Mengen Enkelinne soen ech, datt si musse gutt op hirer Urboma hire Kaffisbiz oppassen. Am Fréijoer steet en an onser Stuff an déngt mat engem schéine Bukki Blummen als Vas.

 

Mir lançéieren en neie Projet mam Numm „Eng Saach – Eng Geschicht“ fir dee mer op d’Mathëllef vu Benevoller ugewise sinn. Mir sichen Texter, déi op liewegen Erënnerungen aus der Kandheet a Jugend baséieren an als Ausgankspunkt en Objet, eng Foto oder eng Plaz hunn. Bei den Text setze mir dann och eng Foto vum Auteur mat deem Objet, där Foto oder op där Plaz, iwwer déi hie geschriwwen huet.

Dës Texter publizéiere mir hei op eisem Site, an eiser Zeitung „Aktiv am Liewen“, a wa mer der genuch zesummen hunn, ass geplangt, e Buch draus ze maachen.

Zéckt net fir matzemaachen, mir freeën eis iwwer all Contributioun: memories@rbs.lu