D’Schoul zu Réimech nom Krich

Am Krich waren zu Réimech d’Schoulkanner gemëscht. Duerno, vun 1945 un, sinn d’Jongen nees vum Schoulmeeschter ënnerriicht ginn an d’Meedercher vun de Schoulschwësteren.

D’Klasse woaren op dräi Joer opgedeelt: Primär 1-3 a 4-6, Oberprimär 7-9. Nom 6. oder 7. Schouljoer sinn déi, déi konnten a wollten an d’Stad an de Secondaire gaangen.

Den Zuch vu Réimech an d’Stad ass um 6.15 Auer gefuer. Op all Statioun huet e gehal. Mat Chance huet een op der Gare gläich en Tram kritt fir an d’Stad oder op de Lampertsbierg. Fir owes heem ass den Zuch um 16.30 Auer gefuer. Dann ass een nach eng Kéier gutt duerchgerëselt ginn an ‘t woar een um 6 Auer zu Réimech.

Dat woar ustrengend, owes sollte jo och nach Hausaufgabe gemaach gi fir den aneren Dag. Dofir ass bal nëmmen d’Internat a Fro komm.

Fir meng Eltere woar dat eng grouss Dépense: d’Pensioun, de Minerval, den Zuch, den Tram an d’Bicher. Alles hunn se misse bezuelen an dat fir zwee: mäi Brudder woar am Lycée an an der Boulette an ech woar um Verluerekascht.

Dofir war d’Oberprimär net nëmmen eng gutt Fortbildung fir déi, déi nom 9. an e Beruff gaange sinn, awer och fir déi Schüler, déi méi spéit weiderléire gaange sinn. Eng gutt Basis fir am Secondaire e Joer z’iwwersprangen oder op d’mannst dat éischt Joer gutt ze packen. Ech hunn dofir och d’Oberprimärschoul fäerdeg gemaach.

Et woaren net nëmme Réimecher Meedercher: vun den Dierfer ronderëm, bis Remerschen, Bous a Greiweldeng sinn se komm, an dat mam Vëlo all Dag, Summer wéi Wanter. Am Wanter hunn déi meescht am Kinderheim giess, soss sinn se och nach mëttes heemgefuer. Dat woare bis op Remerschen 7 km, dat zweemol am Dag, hin an zréck. D’Milly vu Remerschen huet mir dat gezielt. Eng Kéier hat et mam Irène, mat deem et zesumme gefuer ass, gewett, et géng de ganze Wee fräihänneg fueren. Ënnerwee begéinen se de Gendarmen, och mam Vëlo. „Hues du d’Hänn kal?“, huet deen ee geruff. Hatt hat se net séier genuch aus den Täsche geholl! Duerno ass hatt nees fräihänneg weidergefuer.

D'7., 8. an 9. Schouljor aus der Oberprimärschoul vu Réimech, 1950

D’7., 8. an 9. Schouljor aus der Oberprimärschoul vu Réimech, 1950

Déi mat de Krauselen op der Foto haten eng „Permanente“, dat woar esou ugesot. Vill hunn der e Schiertech un. D’Pullover woaren, wéi och d’Jacketten, handgestréckt a mat faarwege Sträifen, fir esou d’Wollreschter ze verwäerten. D’Juppe woaren aus grousskaréiertem Stoff dat Joer.

D’Foto ass virun der Schoul am Meederchershaff opgeholl, de Jongenhaff ass hannendrun. D’Bouwen haten hiren eegenen Agang an duerch d’Verbindungsdier am Gebai si mir ni gaang. Sou woar et net verwonnerlech, dass een d‘Jonge vum eegene Joergang net all kannt huet bis den éischt Konveniat!

Eis Léierin, déi dräi Joer, woar d’Schwëster Marie-Paule, allgemeng beléift a respektéiert.

 

Hommage fir eng Schoulschwëster

Wann hiren Numm haut gëtt genannt

gëtt si elo nach unerkannt

Si woar kompetent, si woar gerecht

wat eng gutt Léierin versprécht.

 

Nom 6. Schouljor hu mir eis gefrot

„Wéi soll dat am siwte weidergoen?“

‘t woar unanime: géi roueg hin.

Jiddereen huet si geluewen:

Do bass du gutt opgehuewen.

 

Si woar vu schlanker Gestalt

an hirem laange schwaarze Gewand.

E wäisse Bok an donkel An

déi kucken déif an dech eran.

 

Si woar och streng, awer gerecht

hiert ganz Wiesen, dat woar echt.

Si huet wat si wollt eis geléiert

vu jidderengem ugehéiert.

 

D’Schoul woar keng Plo:

si woar jo do.

Och no de Stonnen

konnt een do kommen.

„Wëlls du e Buch?

ass dat genuch?

Fir d’éischt dat do

an dat duerno.“

 

Si hat d’Siwent, d’Aacht an d’Néngt

dat woar genuch wéi et mir schéngt.

Huet Englesch mat eis geléiert,

mir hu mat Freed bei hir studéiert.

Wann si gespillt huet op der Gei

hu mir gesongen an der Rei.

Egal wat si huet proposéiert

mir hu mat Spaass kooperéiert.

 

Een Dag du woar si net méi do!

Oh Gott, wat gëtt dann dat elo?

 

Si goung ersat. Wien ass dann dat?

 

Mir woaren ausser Rand a Band

eis huet gefeelt hir roueg Hand.

 

Mir hate keng Uerdnong, keng Disziplin

Wou féiert dat mat der do hin?

 

Wéi d’Schwëster Marie-Paule du koum zeréck

wat eng Freed, wat e Gléck.

 

Ech géing hir haut gär Merci soen,

am Numm vun allen déi si kannt.

Fir wat a wéi si eis geléiert

sief si heimat zu déifst geéiert.