Meng Kommioun

Ech hu meng éischt hl. Kommioun 1954 zu Bouneweg gemaach.

Ons Kierch war den 9. August 1944 duerch e Bommenugrëff zerstéiert ginn an ass am  Joer vu menger Kommioun duerch eng nei ersat ginn. Déi hat e ganz moderne Baustil mat engem véiereckege Klackentuerm, fir déi Zäit ongewinnt. Si war der Muttergottes geweit a krut den Numm „Maria Regina Pacis“. De schéine Mosaik vun der Muttergottes iwwert dem Portal, eng Aarbecht vum Daniel Loire vu Chartres, war eng Sensatioun. Vill Leit hunn awer gemengt, bannendra géif se éischter un eng Fabrik erënneren, mat deene strenge Linnen, den Eisestäiler an dem schwaarzen Naturschifer un de Maueren.

Ons Kanner war dat egal. Mir hunn ons op onse Kommiounsdag an der fonkelneier Kierch gefreet.

Kommiounskand

Fir mech war alles wonnerschéin. Mäi Rack war zwar aus zweeter Hand, awer ganz elegant.

Mir haten alles gutt geprouft: D’Gebieder an d’Lidder ware bestëmmt honnert Mol mam Kaploun widerholl ginn. Mir wossten, wéi mer ons sollte fir de Cortège opstellen, wéi mer ons bei der Kommiounbänk knéien a wéi mer ons Plaz nees erëmfanne sollten. Dat Kostbaarst bei der Kommioun war ee mat echt Gold iwwerzunnen Tellerchen, dee mir sollten ënnert de Kënn halen, datt d’Hostie net konnt eroffalen an dann un onsen Noper weiderreechen.

Fir meng Kommioun hat mäi Pätter mer e Magnificat geschenkt an e Rousekranz, deen an enger Pëchelchen war aus dem selwechte Lieder

Fir meng Kommioun hat mäi Pätter mer e Magnificat geschenkt an e Rousekranz, deen an enger Pëchelchen war aus dem selwechte Lieder

Nomëttes war fir den Ofschloss vun deem schéinen Dag eng „Danksagungs-Vesper“. Mir alleguer, a besonnesch onsen Här Paschtouer Paul Heinen ware frou, datt alles gutt geklappt hat an et war eng ganz entspaanten Atmosphär. Den Här Heinen ass zum Schluss op de Priedegtstull geklommen an huet eng lescht Usprooch fir d’Kommiounskanner an hir Eltere gehalen. D’Nomëttessonn huet duerch déi schéi Fënstere gestraalt a faarweg Kréngelen op ons Käpp gemoolt.

A senger Begeeschterung huet hien du seng Hänn an d’Luucht gehuewen, deene faarwege Stralen entgéint an huet mat enger Stëmm, déi sech vun Emotioun iwwerschloen huet, gesot: „Und wir möchten rufen, Sonne bleib stehen, damit dieser schöne Tag nie zu Ende gehen möge.“ Mat engem herrlechen „O Mamm, léif Mamm“ huet den Organist den Ofschloss gemaach.

Mäi Papp, deen ëmmer Sënn fir Humor hat, sot zu menger Mamm, wéi mer erausgaange sinn: „Mengs de net, do hätten awer elo de Galilei an de Kopernikus sech am Graf ëmgedréit, wann se dat vun der Sonn héieren hätten.“