Meng Kannerzäit am Krich – Deel 1: Meng fréi Kandheet

1939, wéi ech gebuer gouf, war bei äis am Land d’Welt nach zimlech an der Rei, obschonn den Hitler mat senge Panzere schonn seng ëstlech Nopeschlänner iwwerrannt hat. Den 10. Mee 1940 sollte mir, déi westlech Nopeschlänner, un d’Rei kommen. Wéi si sech dunn hei am Land installéiert haten, sollt villes anescht ginn.

Mäi Papp war Schoulmeeschter zu Woltz an der Jongeschoul an zwar de Jéngsten, dat heescht deen, deen am leschte genannt gi war. D’Preisen hunn d’Schoulwiesen ëmgemodelt an an all gréissert Schoulgebai koum e „Schulleiter”, e Preiss, deen de Lëtzebuerger Schoulmeeschtere virun d’Nues gesat gouf. Mäi Papp war dunn zevill am Gebai, an hie gouf versat. Hie konnt op e preisescht Duerf goen oder op Ettelbréck, an hien huet Ettelbréck gewielt.

Mir sinn dunn op Ettelbréck geplënnert, an d’Waarkener Strooss. Mir haten e grousst Haus ze loune kritt, mat engem grousse Gaart hannen drun a frëndleche Nopere riets a lénks.

Mir hunn äis gutt agelieft an ech hunn do meng éischt Jore verbruecht. 1942 hunn ech eng kleng Schwësterche kritt. D’Famill aus dem Éislek ass nawell dacks op Besuch komm an dat war ëmmer eng grouss Freed. Vun Zäit zu Zäit koum mengem Papp seng Tatta, déi menger Mamm gehollef huet Gezei ze bitzen. Eng aner Tatta, d’Jeanne, eng Schwëster vu mengem Papp, war och eng Zäit laang bei äis. Si war am Frankräich am Déngscht gewiescht, an op eng abenteuerlech Weis aus dem besate Frankräich erëm heem op Lëtzebuerg komm.

Mäi Papp huet fir déi jonk Schoulmeeschteschkandidaten, déi zu Ettelbréck an der LBA (Lehrerbildungsanstalt) waren, praktesch Stonne gehalen. D’Normalschoul war ëmgedeeft ginn an huet zu Ettelbréck am Pensionat Ste-Anne fonctionnéiert. D’Schoulschwëstere waren aus dem Pensionat erausbugséiert ginn. Si sinn a verschiddene Spideeler ënnerkomm oder soss enzwousch higestach ginn, wou Personal gebraucht gouf.

D'Pensionat Sainte-Anne zu Ettelbréck, wou am Krich d'Normalschoul ënnerbruecht war

D’Pensionat Sainte-Anne zu Ettelbréck, wou am Krich d’Normalschoul ënnerbruecht war

Wa mäi Papp sou Léierstonne virbereet huet, huet hie mech mat an d’Schoul geholl. Da war ech doheem eraus. D’Mamm an de klenge Puppelchen haten hir Rou. Am Schoulsall krut ech dann eng Këscht faarweg Kräid an ech hu mech dru gi mat molen. Molen ass vill gesot! Ech hu vun all Fuerf e Stréch gemeet an hu mech dorunner gefreet. An där Baants huet mäi Papp op enger anerer Tafel en „Tafelbild” gezaubert. Ech ka mech nach haut un eent dovunner erënneren: Et war en décke Weidekapp mat ville Rudden, déi strutzewech stungen. De Weidestack hat e Gesiicht mat engem Schnurres an engem laange Baart. Hie stung op enger Wiss mat vill Gras, wouranner mof Blumme gewuess sinn. Mäi Papp huet mech gefrot: „Wéi fënns du mäi Bild?” Natierlech hunn ech et schéi fonnt, mee ech sot zu him: „Mäint ass méi schéin.” Spéiderhin, wéi ech dunn an d’Schoul gaange sinn, hunn ech d’Bedeitung vum Bild verstanen. Et war d’Illustratioun vum Liesstéck aus dem 3. a 4. Schouljoer: „Frau Wiese und ihre späten Kinder”. Et huet sech ëm „Herbstzeitlose” (Uuchteblummen) gehandelt, déi, well se sou plakeg waren, vun der Frau Wiese rosa-mof Kiddelcher geschnidde kruten, vun engem Rescht Stoff vum  „Wiesenschaumkraut” (Kéisblummen). D’Frau Wiese hat net méi mat sou spéide Kanner gerechent.

Dat war net déi eenzeg Kéier, wou ech mat an d’Schoul goung. Et war op engem fräien Nomëtteg. Mäi Papp an ech sinn op de Schoulspäicher geklomm. Hien huet eng Dier opgemeet a mir stungen ënner dem Schouldaach. Do war eng Hëtzt fir ëmzefalen. Mäi Papp huet Zeitungen op Dëscher auserneegefaalt, dorobber huet hie Kamillebléien an aner Bléien auserneegebreet. Hie war, wéi hie spéider nom Krich am Laache gesot huet „Heilkräutersammelstellenleiter”. Well am Krich hunn d’Schoulmeeschtere mat de Schoulkanner misste Kraider sammele goen, an hien hat d’Charge fir se ze dréchnen, ze verpaken an ze verschécken. Eng Kéier krut hien de ganze Saster erëmgeschéckt mat der Bemierkung: „Die Kräuter sind unbrauchbar, es waren Maden drin!” Du sinn ech erëm mat mengem Papp mat de Päck op de Schoulspäicher geklommen, hien huet d’Dier opgemeet a mat engem grousse Schwonk all déi Päck an de Schoulspäicher gejummt a sot: „Do, fäerdeg!” Wa keen se ewechgeholl huet, leien se haut nach do!