Den Här Meier an d’Gnod Gottes

An de 50er Joren, wéi ech zu Bouneweg-Nord an d’Primärschoul an der Rue des Vergers gaang sinn, hate mir am Reliounsunterricht den Här Kaploun Paul Marie Meier. Déi Zäit hat de Paschtouer an enger grousser Par wéinstens zwee Kapléin, déi him gehollef hunn seng Scheewercher ze betreien.

Den Här Meier war bei ons all beléift, well hie war ëmmer fein.  Hien huet och méindes mueres, wann ee sonndes virdrun net an der Mass war, keng Pouten ausgedeelt, wéi dat bei anere Geeschtlechen Usus war an, et huet mol keen eppes dobäi fonnt. Hien huet all d‘Geschichten aus der Bibel esou gezielt, wéi wann et an der haiteger Zäit wär an hien et perséinlech erlieft hätt.

Et huet ons och imponéiert, datt hie mat engem Auto an d’Schoul komm ass, wat déi Zäit éischter aussergewéinlech war. Et war en neie VW-Käfer, schwaarz, ëmmer frësch gewäsch a gewichst. Et war säi ganze Stolz. Seng Bezéiung zu deem Gefier war esou grouss, datt hien säi Käfer och mat an seng reliéis Geschichten agebaut huet.

Wéi d’Zäit vun der Kommioun ëmmer méi no komm ass, huet hien ons och vun der Gnod Gottes gezielt. Wat verstinn déi kleng Meedercher vum Begrëff „Gnod“? Dat war net esou einfach: et war näischt, wat ee konnt gesinn, héieren oder spieren. Hien huet dunn d’Léisung fonnt, fir ons dat bildlech ze maachen: „Kuckt Kanner, wann ech mat mengem Volkswon fueren, da leeft deen nëmmen esou laang bis den Tank eidel ass an da bleift e stoen. Sou ass et och mat der Gnod Gottes. Déi brauch är Séil all Dag fir nei opgetankt ze ginn. D‘Tankstell fir är Gnod, dat ass d’Gebiet. Ouni d’Gnod vum Herrgott geet guer näischt. Déi ass wéi de Benzin fir den Auto. Déi  hëlleft Iech, brav ze bleiwen, gutt ze léieren a léif mat äre Schoulkolleginnen ze sinn, sou wéi den Herrgott dat vun iech wënscht.“

Mir hunn dat Beispill sou gutt fonnt, datt mir dunn alles verstan haten, wéi dat sech mat där Gnod verhält. Mat deem Trick hat hien sech richteg „Musterschülerinnen“ erugezillt!