Meng Kannerzäit am Krich – Deel 2: Meng fréi Kandheet

Mir ginn an de Kino

Eng Kéier koumen Nopeschkanner mech sichen, mir géngen an de Kino. Et muss am Advent gewiescht sinn. Meng Mamm huet mech ugedoen, mee ech krut eng aner Mutz u wéi soss. De Kino war e grousse Sall voller Kanner, ech gouf op e Klappstull gesat a krut gesot, ech misst brav sëtze bleiwen. Et ass däischter ginn an de Film ass ugaangen. Et war „Hänsel und Gretel”. Ech war ganz traureg mat den aarme Kanner bei der béiser Hex an duerno och ganz frou, wéi déi béis Hex am Bakuewe verbrannt ass.

An der Paus war ech awer ganz irritéiert, well do huet e Kasperl de Kapp aus enger klenger Fënsterchen erausgestreckt. Hien hat eng donkelgring Mutz u mat engem hellgringe Bord an enger hellgringer Bommel. Dat war jo genee déi selwecht wéi meng. De Kasperl huet mam Kapp gewackelt, dass d‘Bommel hin an hir geflunn ass, hien huet mat eis Kanner geschwat, an ech hu gemengt, hien hätt sou eng Stëmm wéi mäi Papp. D’Kanner hunn all gelaacht an dem Kasperl op seng Froe geäntwert, mee mir war et net geheier. Wéi de Kasperl seng Dommheete verzaapt hat, krut all Kand eng kleng Kartonskëscht, wou fréier emol eng elektresch Bir dra war a wou elo zwéin, dräi haart Kichelcher dra gerabbelt hunn. Dat war eis „Bescherung”. Du konnte mer heemgoen.

Meng Mamm huet mech gefrot: „Wéi war et dann?” Ech weess nach, datt ech geäntwert hunn: „De Kasperl hat meng gring Mutz un an en huet geschwat wéi de Papp!” Meng Mamm a mäi Papp hunn sech bekuckt a gegrinst, mee näischt gesot. An sou blouf ech mat mengem Staunen an Zweiwelen eleng. D’Kichelcher hunn ech missten déif an de Kaffi zappen fir se z’iessen, jee et war jo Krich an et konnt een näischt Besseres erwaarden. Meng gring Mutz mat der hellgringer Bommel hung erëm um Krop.

Beim Fotograf

D’Kanner aus der Strooss koumen eng Kéier schellen a soten zu menger Mamm, si soll mech schéin undinn, den Här Hoffmann uewen aus der Strooss géif eis „ofzéien”. Ech hunn näischt vun der Zeremonie verstan. Ech wousst just wann eng Kanéngche geschluecht gouf, da gouf se och „ofgezunn”. Ech wollt awer näischt vu menger Angscht weisen a hu meng Mamm gewäerde gelooss. Si war voller Begeeschterung an huet mir mäi sondesse Rack ugedoen. Frësch ugedoen, gewäsch a gekämmt, hunn d’Kanner mech matgeholl uewen an d’Strooss. Do stung den Här Hoffmann och scho prett mat sengem Photoapparat. Mir sinn opgestallt ginn. De Photograph huet sech a Positioun gehäit fir ze knipsen. Dee selwechte Moment hunn ech geduecht, elo ass et esou wäit an hien zitt dir d’Haut iwwer de Kapp. Ech war prett fir haart ze kräischen. Déi aner Kanner stungen do, léif ze laachen. „Zig“ ass et gaangen an et war geschitt, mir waren an der Këscht. Dat war et! Mee wann ech haut déi Photo kucken, gesinn ech, wéi meng Mondwénkelen no ënnen hänken an ech spieren nach de Schlucksert an der Strass.

Selwergemaachte Kamellen

Eng aner Kéier haten déi méi grouss Kanner mech mat heem geholl. Mir waren zu en etlech. Déi Kleng – do war ech derbäi – hu sech misste roueg op e Stull sëtzen an duerften sech net méi réieren. Déi Grouss hu gesot: „Elo maache mir Kamellen”. Et gouf eng Pan op d’Kachmaschinn gesat, an där e gutt Feier geduddert huet. E Schnatz Botter an d’Pan, deen direkt geschmollt ass, Zocker derbäi a geréiert. Den Zocker ass lues a lues brong ginn an huet geschaimt. Wéi alles hellbrong war, gouf d’Pan op de Kichendësch gekippt. Den zéiegen, flëssegen Zocker gouf mat Messeren zesummegeschäert an déi grouss Meedercher hu sech jiddereent eng Zockerknupp erofgeschnidden. Hu, waren déi nach waarm! Si konnten se net an de Fangeren halen. Si hunn se an d’Lut gehäit, wéi wann se mat engem Ball géife spillen an erëm opgefaang. Mir, déi Kleng, souzen do, deem Spillchen nozekucken. Wéi déi Zockerbulle méi kal goufen, goufen se an d’Längt gezunn, ëmmer méi laang an dann op den Dësch geluet, a mat engem Messer a mondsgeriet Stécker geschnidden. Mir hunn nach e bëssche misste waarden, éier mir eng Kamell kruten, si waren nach ze gliddeg. D’ganz Kichen huet esou lackeleg no Karamel geroch an äis ass d’Waasser am Mond zesummegelaf. Endlech war et esou wäit. Jiddweree krut esou eng pecheg Kamell an de Mond gestach. Mmm! Ech weess haut nach, wéi gutt mer déi Kamell geschmaacht huet. Kee Wonner, deemools war den Zocker rationéiert an d’Séissegkeete rar.