Meng Kannerzäit am Krich – Deel 3: Alldag am Krich

Als Kand empfënnt een dat dagdeeglecht Liewe vill méi einfach. An de Joren 1941-1943 gouf wäit ewech gekämpft. Fir eis Kanner war d’Spillen am Gaart, am Haus oder op der Strooss ganz gemittlech. Mee d’Zäit war schwéier fir déi grouss Leit mat alle Schikanen, deenen si ausgesat waren an alle Suergen, déi d‘Liewe mat sech bruecht huet. Mee et ass de Kanner net opgefall, oder si hu sech näischt dorausser gemat, datt vun Zäit zu Zäit hu missten déi elle rout Hakekräizfändelen ausgehaang ginn, datt de Bréifdréier mat der gieler Uniform d’Post ausgedeelt huet, datt de Papp sonndes an der gieler Uniform mat der rouder Rabbelbéchs huet missten heesche goen.

A propos Uniformen, do hunn ech zwou kokass Erënnerungen: Mäi Grousspapp, Schoulmeeschter zu Uewerwampech, huet heiansdo misste mat anere Schoulmeeschteren a Beamten op Ettelbréck a „Schulungen” goen. Owes éier hien op den Zuch gung, koum en äis nach huerteg Moie soen. A wéi war hie verkleet! Hien hat eng Gielemännerchersbox un a Getten, uewen e schwaarze Paltong an eng schwaarz Dunn um Kapp. Wéi mäi Papp d’Dier hannerun him zougezunn hat, hunn déi zwéin sech dout gelaacht!

Eisen Noper, den Zammermann, koum eng Kéier eis Kellertrap erop am vollen Gielemännercher-Ornat, d’Kap huet op sengem wujelege Krauselkapp geschaukelt. Meng Mamm krut e Schreck an huet Kreesch gedon. Hien huet d’Kap ofgedon an do hu mir hien erkannt. Meng Mamm an hien hu sech eng Boss gelaacht. Duerno hu mir hien ni méi an deem Dress gesinn.

An der Zäit, wou et un esou villem gefeelt huet, hate mir awer ëmmer genuch z’iessen. Et goufen dacks nëmme Grompere mat Mëllech oder Brach. D’ganzt Joer duerch goufen et Geméiszoppen, well mir haten e grousse Gaart, wou mir all eist Geméis gezillt hunn, fir de Wanter mat. Et goufe Saubounen, gring Bounen, Kornischongen, Iertsen a Wuerzelen agemeet, Mous getuckt, Bier a Kréischele gepléckt a Gebeess gekacht, Kiischten a Quetschen „ageweckt”. Mäi Papp ass alt Hielenterbier plécke gaangen. Dovun ass Sirup gekacht ginn an deen hu mir mat Mëllech vermëscht gedronk. Et war schonn eng Art „Milkshake”, mee dat hu mir deemools nach net kannt.

Vun Zäit zu Zäit, koum de Monni Jemp oder de Wämper Pätter mat engem Kuerf Eeër, schéin am Hee verpaakt, engem geschluechten Hung oder enger Kanéngchen, oder engem Stéck Speck.  En Zapp-Ee oder Gréiwen op de Gromperen, dat waren Delikatessen. Meng Mamm huet Miel vun de Ratiounen zesummegehal an heiansdo Brout gebak. Wann se och Zocker versuergt hat, da goufen et, ganz rar, Kichelcher. Wann de Kleesche koum goufen extra Kichelcher gebak, keng einfach ronn oder véiereckeg. Neen, mäi Papp huet Kartongsschabloune gebastelt a meng Mamm huet den Deeg no deene Schablounen ausgeschnidden. Et goufen Zwergen, Dännebeemercher, de Wollef an d’Routkäppchen, jee eng ganz Mäerchewelt. Ech erënnere mech nach haut, mat wat fir engem Genoss ech dem béise Wollef de Kapp ewech gebass hunn.

D’Spillsaache fir Niklosdag waren och „fabrication de la maison”. Nuets, wann ech am Bett louch, awer nach net richteg entschlof war, hunn ech dacks e komescht Gesouers héieren an ech hu mech gefrot, wat dat wier. Ech war net esou kéng, fir kucken ze goen, well an der Däischtert hunn ech gefaart, d’Luten hu jo missten ausbleiwen, wéinst der „Verdunkelung“. Och war et mir am Gank an an der Trap ze kal, well d’Kuele rationéiert waren a well de „Kohlenklau” ëmgung – en ellene schwaarzen Houseker mat engem Sak um Réck, deen zu all Spléck konnt erakommen an d’Hëtzt klauen.

Also, wann et owes esou komesch gesouert huet, huet mäi Papp mat enger klenger elektrescher See aus Sperrholz Spillsaache gebastelt: d’Schnéiwittchen, déi siwen Zwergen, Dännebeemercher, all d‘Béischten aus dem Bësch a vum Bauerenhaff, esouguer eng Krëppche stung fir Chrëschtdag ënnert dem Beemchen. Déi Figure waren, wa mir se Niklosdag um Dësch fonnt hunn, schéi fuerweg op zwou Säiten ugestrach a stungen op engem breede, flaache Fouss. Wat hu mir domat gespillt! Mir haten och en hëlzenen Zuch kritt mat e puer Waggonen, deen ee mat enger Ficelle noschleefe konnt. Da sinn all déi Déieren a Männercher mam Zuch gefuer.

Mam Gezei huet meng Mamm sech vill misste ploen. All Fiedemche Woll gouf zesummegestréckt, egal wat fir eng Fuerf, an duerno gouf déi Box oder dee Pullover mat donkelbloer Fuerf agefierft, a well déi verschidde Wollen d’Fuerf net gläichméisseg ugeholl hunn, war dat Gezei ganz getigregt.