Meng Kannerzäit am Krich -Deel 6: Liberatioun

An eiser Strooss, vis-a-vis vun eisem Haus, hu mer dacks en uniforméierte Preiss op der Trap gesi stoen. War et ee „waschechten“ oder e „Lëtzebuerger“ Preiss?

Dat weess ech net. Eisen Noper, den Zammermann, hat duerch irgendee Grond en Different mat him kritt an dee Mënsch oder Onmënsch hat dem Hary gedreet, et géif eng Handgranat a säin Haus fléien. Well et eisem Noper Hary net geheier war, koum hie bei äis a sot, mir sollte mat him a senger Famill e puer Deeg fortgoen, well wann de Preiss géif Eescht maachen mat der Granat, wire mir grad esou a Gefor wéi hien a seng Famill. Hien hat fir eis alleguer en Haus fonnt zu Bierden, wou gutt kënneg Leit äis alleguer géifen ophuelen.

Also hu mer äis enges Mueres op de Wee gemeet, wéi wa mer en Trëppeltour géife maachen. Eist Lisbeth souz an der Poussette, mir aner alleguer zu Fouss, just den Nico, den Nopeschjong, hat säi Vëlo mat, a vir um Gidong souz seng Kaz an enger Sacoche. Mir sinn aus Ettelbréck erausspadséiert op Waarken an dann de Bierg aus op Bierden.

Op eemol koum e Fliger, et war e klenge Jabo oder Storch, hien huet iwwer äis gedréint, ass méi déif erofkomm, a mir hunn eis alleguer an de Gruef op de Bauch gehäit, meng Mamm ass mat der Poussette ënner e Stroossebam gelaf. De Fliger ass ofgedréint, erëmkomm an dat e puer mol. Wien am meeschten Angscht hat, war dem Nico seng Kaz. Si hat an d’Sacoche gekackt an et huet fierchterlech gestonk. Den Nico huet d’Kaz aus dem Sak geholl an se mam Hënneschten iwwert de Wues geriwwen. De Fliger huet méi eng grouss Schleef gedréint a mir sinn an där Baants an e klengen Dännebësch gelaf, wou mer eis e gudde Strapp net méi erausgewot hunn. Meng Mamm huet aus hirer Posch eng kleng Branntewäinsfläsch erausgeholl an déi grouss Leit hunn emol eng Drëpp geholl. Ech hunn dierfe mäi Fanger a menger Mamm hir Portioun zappen, fir ze schmaachen. Uubrr!

Wéi mer laang näischt méi vum Fliger héieren hunn, hu mer ä is aus dem Bësch getraut a si weider bis an d’Duerf getrëppelt bei eisem Noper seng Bekannten, déi äis opgeholl hunn. Si haten an der Zäit emol eng Wiertschaft, déi se awer opginn haten a mir hunn an der fréierer Wiertsstuff logéiert. Et louche Matrassen um Buedem an do drop hu mir geschlof. D’Fra vum Haus huet fir déi ganz Gesellschaft gekacht, am Dag ass mäi Papp mat äis spadséiere gaang, fir datt mir de grousse Leit aus de Féiss waren. Den Zammermann huet mam Haushär allerhand geknéchelt an eis Mammen hunn der Hausfra eng Hand ugepaakt. Owes si mer an d’Kierch an d’Andacht gaangen. An der Kierch hunn se sou schéi gesongen, an ech wollt onbedingt matsangen. Dat eenzegt Lidd, wat ech konnt, hunn ech dunn ugestëmmt: „Margréitche, Margréitche, wou gees de?” Mäi Papp huet mir seng grouss Hand op de Mond gehalen an en huet ganz streng gekuckt. Do war ech roueg.

Sou gung dat e puer Deeg laang. Du koum d’Noricht: „D’Amerikaner kommen.” Mir hunn eis siwe Saachen zesummegeraaft a sinn erëm heemgetrëppelt. Den uerge Preiss war verschwonnen, hien hat sech nach zur Zäit aus dem Stëbs „heim ins Reich abgesetzt”.

Et war September 1944.

Et gouf ëmmer erëm Fligeralarm. Eisen Noper, den Zammermann, hat säi Keller mat Käfferen ofgestäipt a mat Brieder ausgekleet, fir e bommesécher ze maachen. Hien huet mengem Papp geschwat, fir en Duerchgang vun eisem Keller a säi Keller ze briechen. Da kënnte mir bei Bommenalarm mat a säi Keller sëtze kommen a mir wiere méi sécher. Nuets, wéi mir Kanner am Bett waren, gung d’Gehummers lass, an hei, den anere Mueren, war e grousst Lach an eiser Wäschkichen bis am Noper säi Keller. Méi wéi eng Kéier si mir, an Decke gewéckelt, an de Keller geschleeft ginn, wou mer dann zesumme geduckelt a schléifreg ofgewaart hunn, bis den Alarm eriwwer war. Den anere Mueren si mer erëm an eisem Bett erwächt. Et koumen ëmmer méi Leit, och aus aneren Haiser an de Keller, sou datt mir an eisem bliwwe sinn. Mäi Papp hat e Kannerbett erofgeschleeft a meng Schwëster an ech goufen do dra getässelt, eent ënnen an eent uewen.

D’Amerikaner waren do. No e puer Deeg waren se mat hire ville Gefierer iwwerall an Ettelbréck stationéiert. An eiser Strooss stungen hir „Trucks” laanscht den Trottoir. An all Haus waren e puer Zaldoten aquartéiert, sou och bei äis. Mir haten hinnen eis Stuff zur Verfügung gestallt. Et ware roueg Kadetten, nëmmen e puermol hu mer si ze gesi krut. Ee koum eng Kéier eng Biitche léinen, a frot fir waaremt Waasser ze kréien, hie géif sech gär wäschen, ob hien dat am Keller kéint maachen.

Meng kleng Nopesch an ech, mir souzen an der Kiche beim Dësch mat engem Blat a Fuerwen, fir ze molen. Op eemol koum en Zaldot bei eis eran an huet eis nogekuckt. Hien huet dem Christiane de Bläistëft aus der lénker Hand geholl an ëm en an déi „richteg” Hand ginn. Dunn ass hien erëm verschwonnen. Wa meng Mamm Fritte gemat huet, da kruten eis Amerikaner och e Plättel mat. Dacks sinn si och emol fir eng Zäit mat hire Camione verschwonnen an op eemol waren se erëm do.

Eng Kéier, datt d‘Camione fort waren an ech um Trottoir stung, koum eng Jeep d’Strooss eropgerannt, riicht op den Trottoir, op mech duer, an huet gestoppt. En Zaldot spréngt eraus , hëlt mech op den Aarm a laacht iwwert d’ganzt Gesiicht. Ech war esou erféiert, ech hunn haart gejaut, mat de Bee gestruewelt a mat den Äerm ronderëm mech gefacht. Wat ech mech méi gewiert hunn, wat hie mech méi fest ugehalen a gelaacht huet. Schliesslech huet e mech erëm op de Buedem gesat, ass a seng Jeep geklomm a fortgefuer. Ech sinn heem gerannt an hunn mat zwou Fäischt un eis Dier geknuppt, fir erageloos ze ginn. Ech hat dee Schreck vu mengem klenge Liewen.