Meng Kannerzäit am Krich – Deel 7: „A wuer gi mir elo?“

Enges Daags am Dezember 44 stung meng Mamm mat Nopeschen um Trottoir zesummen ze deedegen. Wéi se erakoum, sot se zu mengem Papp, d’Nopere géifen all „fortlafen”. Mir sollten och fortgoen! Awer wuer, a wéi? Déi eenzeg Gefierer, déi mir haten, waren eng Kannerkutsch an eng Poussette. Meng Mamm huet eis néidegst Habséilegkeeten an d’Kannerkutsch gepaakt. An der Nuecht si mir déck waarm ugedoe an zu zwee an d’Poussette gesat ginn. Mäi Papp ass mat der geluedener Kannerkutsch gefuer a meng Mamm mat der Poussette. Si sinn duerch Ettelbréck geschréckt, bis op e Schläichwee laanscht d’Uelzecht. Et waren nach vill aner Leit ënnerwee mat Handweenercher, Veloen a Päerdsgespänner.

Heiandsdo ass eng Granat héich iwwer äis geflunn. Da sot meng Mamm: „Kanner biet!” a mir hunn de „Schutzengel mein” gebiet. Mir si vun deem Wee ofgebéit an du gung et géi de Bierg aus. Meng Mamm huet äis zwee net méi an der Poussette gepackt an ech hu missten erausklammen an zu Fouss goen. Wéi mer uewen op der Glécht waren, du ass et besser gaangen a mir hunn och keng Granate méi héieren. Mir si gaangen a gaangen a gaangen. Géint der Mueren koume mir op eng Kräizung. Mir sollte riichtaus goen a Richtung Bungeref, wou mäi Papp e Monni hat. Mee vun do koume masseg Leit erof mat Rucksäck, Wallissen a Poschen. Si soten: „Zu Bungeref,  do schéisst et ganz schlëmm!”

Meng Mamm huet an den héijen Himmel op gekrasch. „A wuer gi mer elo?” Mäi Papp huet iwwerluecht a sot, mer géngen elo op Platen goen, do géif hien eng Léierin kennen. Eng Stëmm aus dem Hannergrond sot: „Op Platen braucht der net ze goen, do paken se all selwer.” Dat war net grad dat, fir menger Mamm Courage ze ginn a si huet erëm gekrasch aus Verzweiflung a Middegkeet. Eng Hausdier as opgaang an eng Fra huet äis erageruff. Si huet mat mengen Eltere geschwat. Ech sinn iwwerdeems op hirem Canapé entschlof. Déi gutt Fra hat mengen Elteren en eidelt Haus ugebueden. Mee meng Mamm wollt net mat äis eleng an engem friemen Haus sinn. Ech gouf waakreg gerëselt a mir si weidergezunn. Mäi Papp huet zu Platen zwee Haiser kannt. Dat war d’Haus Kemmer, e Schoulmeeschter, mee dee war net doheem. Also si mer weidergaangen bei d’Famill Weyland. Do si mer mat enger immenser Selbstverständlechkeet opgeholl ginn. Et war den 20. Dezember. Nom Mëttegiesse goufe mir Kanner an e waarmt Bett gestach. Meng Elteren konnten sech vun hire Strapazen erhuelen, fir den aneren Dag awer ze probéieren bei de Monni op Bungerëf duerchzekommen.

Géint der Owend, sinn ëmmer méi Leit bei Weylands opgetaucht, déi en Daach iwwert dem Kapp gesicht hunn. Ee Gléck, datt dat e grousst Haus war! D’Leit aus dem Haus waren den Här Leo, d’Joffer Pauline, d’Joffer Amelie an de Kniecht Charel. An do waren nach d’Jofferen Cécile a Suzanne vun Eschduerf, den Här an d’Madame Nosbusch an hire klenge Josy vu Pëtschend, den Här an d’Madame Blees vun Ettelbréck, den Här an d’Madame Koetz mam Fernande a Colette, an d’Famill Hinger zu véier. Meng Elteren haten de Plang, fir op Bungerëf ze goen nach net opginn, mee den aneren Dag koume schlecht Norichte vu Rammerech an Ëmgéigend. Et wier onméiglech fir do duerchzekommen.

Freides, den 22. Dezember, hu mer zur Fënster erausgekuckt. Et hat geschneit. D’ganz Landschaft louch wäiss am Niwwel. Mir hu just nach d’Stroossebeem erkannt. Bei all Stroossebam stung en Zaldot geduckt. Waren et Preisen oder Amerikaner? Durch den Niwwel konnt een d’Fuerf vun den Uniformen net erkennen. Et ware baang Momenter, bis een iwwer de Gank gelaf koum a geruff huet: „D’Amerikaner sinn do!” D’Leit am ganzen Haus hunn opgeotemt.

D’Joffer Amélie ass mat engem Liter Branntewäin op d’Strooss gelaf, fir den amerikaneschen Zaldoten eng Wëllkommsdrëpp unzebidden. D’Joffer Pauline hannendrun mat engem Kuerf Äppel, déi si den Zaldoten ausgedeelt huet. Si sote merci mat: „Merry Christmas!” Mäi Papp gung och op d’Strooss an d’Amerikaner wollte vun him wëssen, wou d’Preise géife leien. Hien huet gemengt, si wieren nach 10 km wäit ewech, well et wosst keen, dass si nëmme knapps 2 km wäit ewech waren.

No der Erliichterung, datt d’Amerikaner do waren, koum erëm den Hummer. Et huet geheescht: apaken a fort, awer wouhin? D’ganzt Weylandshaus huet sech prett gemeet fir fort. Mee et gouf ofgewaart bis e formelle Bescheed vun den Amerikaner kéim. Den Här Blees koum aus dem Duerf mat der Noriicht, datt mer roueg bleiwe kënnten, d’Amerikaner hätte Schëlder un de Beem ugeschloen, datt et verbuede wier, d’Uertschaft ze verloossen. Gott sei Dank!

D’Amerikaner koumen an den Haff eragefuer, si wollten an der Scheier schlofen. Si kruten d’Scheier gewisen an eng Drëpp ugebueden. Een Amerikaner huet sech de Keller weise gelooss an hien huet den Hausleit geroden, sech drop gefaast ze machen, d’Nuet eventuell do ze verbréngen. D’Kellerfënstere goufe mat Dunnen, Brieder a Stréi verbarrikadéiert, jee, sou gouf gemengt, wiere mir sécher.

An där Baants wou d’Maansleit sech am Stall ëm d’Béischte gekëmmert hunn, hunn d’Amerikaner Batterien opgestallt, fir datt mer erëm Geliichts hätten. Iwwerdeems huet  dobaussen d’Artilleriefeier iwwer d’Éisleker Koppen erop gedonnert.

Chrëschtowend no der Mass an dem Nuetiesse souze mer nach an der Salle à manger beim Chrëschtbeemchen. D’Joffer Amélie huet Piano gespillt an d’ganz Gesellschaft huet Chrëschtlidder an Heemechtslidder gesongen, iwwerdeems d’Granaten eriwwer gehault hunn.

Meng Elteren hunn sech Suergen ëm hir Eltere gemeet, déi elo matten an der Hell vun der Offensiv gefaange souzen an vun deenen se keng Noriicht haten. De Radio huet net méi gesent a kee wosst, wat dobausse lass war. Just d’Batterien hunn aus dem „Daul” erop an d’Éislek gefeiert, datt d’Haus geziddert an d’Fënsteren an d’Diere geklabbert hunn.

Amerikanesch Zaldote koume verzielen, datt den amerikanesche Virmarsch gutt géif weidergoen, mee datt vill Dierfer et béis matkruten. Déck schwéier Panzer sinn an d’Éislek eropgefuer. Nuets hunn d’Leit wéinst dem Kanounendonner keen A zougedon.

All Dag koumen Zaldote fir Branntewäin ze kréien. Et war e richtege „Rush” op d’Branntewäinsfaass. D’Zaldoten hu Seef, Kaffi, Knätschgummi a Schockela géint Schnicki getosch. D’Leit hu verstan, datt et kee Pleséier war, fir a Gefor a Keelt, an haarde Kämpf, an Angscht a Verlaangeren, et hei auszehalen. Et koumen och alt emol Zaldoten, déi hu verzielt, wéi et elo an den Éisleker Dierfer géif ausgesinn. Mengen Elteren gouf et doudangscht ëm hir Leidercher zu Wanseler an zu Uewerwampech, déi do an där Hell mussten aushalen.

Vum 31. Dezember un hate mer erëm Elektresch an de Radio huet erëm fonktionéiert.  En huet Noriichte bruecht vun der batterer Schluecht ëm Baaschtnech. D’Rundstedtoffensiv huet geschéngt um Nullpunkt ukomm ze sinn. Eng amerikanesch Zeitung huet eppes vun enger ganz neier, preisescher Waff gemellt: vun der Atombomm, déi alles radikal kënnt zerstéieren. Eng Noriicht méi, fir d’Leit ze demoraliséieren.

Déi jonk Famill Weyland mat hire Kanner, déi op Kënzeg evakuéiert war, ass heemkomm, a mir, déi hiert Zëmmer beluecht haten, si bei mengem Papp säi Kolleg iwwergesidelt, wou mer nach e puer Woche verbruecht hunn. Ech erënnere mech nach, datt meng Mamm vun engem Amerikaner e Stéck Schockela krut. Dat war eng Iwwerliewensratioun vun den Truppen, déi keng Méiglechkeet haten, fir regelméisseg z’iessen. Si ass bei e Bauer Mëllech siche gaangen an si huet eng Rëpp Schockela an der Mëllech opgekacht. Sou krute mir de beschte Schockelaskaffi vun der Welt. Mir haten och keen Iddi méi, fir eppes aneres z’iessen, sou huet dee bäigehalen. Meng Mamm huet äis iwwer déi Krichswoche gerett, mir waren net hongereg an net krank.