Meng Kannerzäit am Krich – Deel 8: Erëm heem op Ettelbréck

Wéi d’Amerikaner d’Preisen definitiv „heim ins Reich” gejot haten, ass et am Land méi roueg ginn, a mäi Papp huet sech zu Fouss mam Rucksak um Réck op de Wee gemeet, fir heem op Ettelbréck. E puer Deeg drop huet hien äis e Mann mat engem Auto geschéckt, deen eis siche komm ass. Et war e schéinen, mee kalen Dag mat bloem Himmel. Et war meng éischt Rees an engem Auto. Op eemol ass e klenge wäiss a schwaarzen Hond äis virun den Auto gelaf. De Chauffeur huet versicht em auszewäichen. Mee, ze spéit, de Mupp huet eng Kéier gejingst, a wéi mir zu der hënneschter Fënster erausgekuckt hunn, louch hien op der Strooss. Hien huet keng Oder am Leif méi gerouert. „Nach een, deen de Krich net iwwerlieft huet,” sot de Chauffeur.

Hei kann ech nach verzielen, wéi de klenge Josy mat sengen Elteren heemgefuer ass. Et war en Auto an de Weylandshaff eragefuer. De Josy a seng Eltere stunge prett op der Trap. Den Auto huet gehalen, et war där aler, véiereckeger Virkrichsautoen een, dee beim Halen esou geschnaddert huet. De Josy huet sech dat Spill ugekuckt, et huet een him ofgesinn, datt et him net geheier war. Seng Mamm huet de Béifche mat der Hand geholl a gesot: „Nu komm Josy, elo gi mer heem!” De Josy huet haart ugefaang mat Kräischen an huet hannerzeg gehalen. „Da komm Josy!” sot Mamm. „Neen,” jaut hien, „ech gi mat de Féiss iwwer de Buedem!”

Wéi huet et zu Ettelbréck ausgesinn, wéi mäi Papp ukoum!

Et war e „Blindgänger” an eis Strooss gefall, an dobäi waren d‘Fënstere vun allen Haiser a Schierbele gaangen. Eis Hausdier war esouguer an de Gank geflunn. Eisen Noper, den Zammermann, hat se erëm agesat, mee well se net méi gehalen huet, hat hien se mat laangen Neel zougeneelt. Aus dem Haus waren all Decken a Diwwie verschwonnen. Mäi Papp huet Sperrholz a Kartrong an d’Fënsterlächer geneelt. Well nach keen Elektresch do war, huet hien no sengem Känki gesicht, deen huet hie beim Noper erëmfonnt, deen en, wéi e sot, ënnen an Ettelbréck organiséiert hat. Mäi Papp huet de Känki un enger Bascht am Schiirm erëmkannt, well hien säin Exame bei deem Känki geléiert hat. An eisem Keller waren d’Gromperen an d’Äppel nach do, mee si waren erkaalt. Mir hunn se awer nach giess, faute de mieux.

Wéi mer erëm doheem waren, gouf sech organiséiert. Mäi Papp goung bei e Bauer op Waarken Kuef sichen, déi meng Mamm an Zichen agefëllt huet. Dat gouf elo eist Bettgedecks. Déi Kuewekësse ware schwéier, awer gutt waarm.

Et gouf Fréijoer. Ech goung mat menger Mamm akafen, wat een ze kafe krut op Ticketen. Vill Haiser ware futti, déi eng hate Lächer an de Maueren, déi aner keen Daach méi, esouguer de „Kindergarten” louch komplett an engem Koup.