Meng Kannerzäit am Krich -Deel 10: Nom Krich zu Woltz

Wéi d’Schoul de September 1945 rëm ugefaang huet, ass mäi Papp zréck op Woltz op seng al Plaz als Schoulmeeschter komm. Hien huet zu Wanseler bei eiser Famill logéiert an ass all Dag mam Vëlo op Woltz an d’Schoul gefuer. Meng Mamm a mir zwee Kanner sinn nach zu Ettelbréck bliwwen, bis mäi Papp eng Wunneng fonnt hat. Dat war net einfach, well zu Woltz hate vill Haiser es béis matkritt.

Bis Chrëschtdag 1945 sinn ech zu Ettelbréck an d’Schoul gaange bei d’Schwëster Martha. Ech erënnere mech nach gutt, datt meng Mamm ëmmer gesot huet: „Géi iwwer den Trottoir, dass de ënner keen Auto kënns.“ Dat hunn ech och gemeet.

Mee eng Kéier louch e Mann ënnert engem Camion. Ech si voller Schreck heemgelaf an hu menger Mamm gesot, et wier e Mann ënnert en Auto komm. Et huet sech awer erausgestallt, datt hien eppes ënnen drënner gefléckt huet.

Eng aner Kéier ass eng Schoulkomerodin, e klengt fäerterecht Meedchen, op der anerer Säit vun der Strooss iwwer den Trottoir heemgaang. Bei der Kierch stoung e Päerdsgefier. Grad wéi hatt niewent dem Gefier war, huet de Fouermann mat senger Schmack geklaakt an „hü” geruff. Déi zwee Päerd hunn ugezunn a si fortgetrappt. Wéi déi zwee Déier stënterlech ugerappt hunn, ass ee Päerd op den Trottoir geroden. Wéi d’Päerd laanscht waren, stoung d’Jeanny ganz verschotert an den Eck vun enger Säitekapell gedréckt, bleech wéi der Doud.

Enges Mueres, nodeems et Deeg laang gereent hat, koum ech bei d’Schoul. Wat war dat? De Schoulhaff stung ënner Waasser. D’Uelzecht, déi direkt hannert der Schoul laanscht leeft, hat Héichwaasser. Et war kee wäit a breet, nëmmen d’Schwëster Martha stung op der Schoultrap an huet mat der Hand gewonk, ech sollt erëm heemgoen. Ech hunn dee grousse Pull bestaunt, wou d’Schoul, wéi eng Insel, dra stung, mat der Schwëster op der Trap, an ech hu mech gefrot, wéi koum d’Schwëster mat de laange Räck bis dohinner. Si huet nach ëmmer gewonk, ech soll goen. Du sinn ech lues heemgetrëppelt. Meng Mamm huet grouss Ae gemeet, wéi se mech gesinn huet an huet gedonnert: „Gees du wuel an d’Schoul!” Ech sot, d’Schoul sténg ënner Waasser, an ech hunn ugefaang ze kräischen. Ob si et gegleeft huet oder net, si huet net méi insistéiert.

Et war esou ëm Chrëschtdag, wéi mäi Papp eng Wunneng fonnt hat, a mir sinn op Woltz geplënnert. De Marthe Friedchen vu Woltz koum eis mam Camion sichen. Meng Schwëster an ech souze vir beim Friedchen an der Kabinn bei eisen Elteren um Schouss. Dat war meng zweet Autofaart.

Eis Wunneng war an der Industriestrooss Nr 12 um éischte Stack. Wéi mer ukoumen, et war esou tëschent Dag an Nuecht, war e groussen Oplaf vu Leit an der Trap virun der Panzerkëscht vum Elektrëschen. Et gouf eng Stroumpann. Sou hu mer eis nei Nopere kennegeléiert: d’Famill Kryloff mam Anny a mam Elie, de Metty Meyer an d’Madame.

Wéi de Stroum erëmkoum, hunn  all d‘Leit äis gehollef de Camion auspaken. Ech erënnere mech nach, datt ech mech fir d’éischt an der Wunneng ëmgesinn hunn. Mir haten e Buedzëmmer, direkt niewent der Quartiersdier, duerno eng grouss Kichen mat enger gewalteger Kachmaschinn. Déi war geduecht, fir d’Waasser an allen Heizkierperen ze hëtzen, mee déi Erfindung huet näischt gedaacht. Mir haten en Hellefeier an der Kichen, mee et gouf keen Heizkierper a kengem Zëmmer waarm. En plus, hu missen Holz, Kuelen, Anthrazit a Briketten aus dem Keller op den éischte Stack geschleeft ginn, datt mäi Papp laang Äerm krut.

No der Kiche koum e Schlofzëmmer, déi aner Säit vum Gank war nach e Schlofzëmmer, eng Stuff an eng Salle à manger. Mir hunn eis meeschtens an der Kichen opgehalen. Zur Kichefënster eraus hunn ech den éischten Dag d’Ideal-Liederfabrik bestaunt, déi guer net wäit ewech war. Hanner dem Haus war e grousse Gaart, wou all Locatairen e Stéck ze gutt hat. De Gank war mat däischtergringem Duch agekleet, op de Biedem war helle Parquet, deen ëmmer huet misse gespéint a gewichst ginn, an an der Kichen hate mer schwaarz a wäissen Terrazzo. D’Proprietäre vum Haus ware geckeg Leit, déi all gudden Dag fir iergend eppes déckhale koumen. D’Schoettesch Marie hat mech alt eemol aus dem Gaart gejot a sot, hir Kanner wiren och ni an de Gaart gaang. Do gouf et awer schéin! Mäi Papp an d’Marie hu sech mol gutt zerjaut an d’Resultat war, datt mir an de Gaart gongen, wa mer wollten. D’Haus huet spéider de Proprietär gewiësselt an do gouf et ganz relax.