De Karschnatz – 1. Deel: D’Fruucht gëtt geméit

Ausgangs deeër 20er Joeren hunn d’Baueren zu Ouljen de Karschnatz nach no der aler Method gemaach. Soubal si festgestallt hunn, dass d’Geescht, d’Kar, de Wees oder d’Huewer zeideg genuch war, gouf de Kniecht oder ee vun de Bauerejongen an d’Stéck geschéckt, fir mat der Flaus „lasszeméien“, dat heescht, hien huet laascht dem Noper säi Stéck „e Gankbreet“ geméit, fir dass Plaz genuch do wier, fir mat der Méimaschinn den nächste Gank kënnen ëmzeleën, ouni brauchen iwwer dem Noper säi Stéck ze fueren. Wann eng Rei ëmlouch, huet de Fruuchtméiert sech Seeler aus Stréi gemaach. An all Hand huet en eng gewëssen Zuel Stréihällem geholl a se mat vill Geschéck mat engem Knuet unenee gestréckt. Sou hat en dann e Seel, dat laang genuch war, fir eng déck Gaarf dermatt zesummenzebannen. Mat enger Séchel goufen d’Éien vum Buedem opgehuewen bis en décken Aarbel voll beiënee war. Dee gouf dann op d’Stréiseel geluegt a mat engem gekonnte Grëff ëm d’Hällem gezunn a mat engem zolitte Knuet festgemaach.

Soubal wéi d’Lassméie fäerdeg war, koum de Bauer mat sénger Méimaschinn, déi vun zwee staarke Päerd gezu gouf, op d’Stéck. Do huet en de Méibalken, dee riicht d’Luucht aus stung, mat engem Hiewel lues op de Buedem erofgelooss. Wann d’Päerd dann ugezunn hunn, ass e laangt zackegt a schaarft Messer am Balken hin an hier gaangen an dobäi sinn d’Éien ganz gemällech iwwer de Balken no hanne gefall. Dat schaarft Messer hat se just iwwer dem Buedem ofgeschnidden.

Hannert der Méimaschinn ass dann eng ganz Schwadrull Leit aktiv ginn. Et ware gewéinlech: d’Bauerefra, d’Mod, d’Kanner vun der Bauerefamill, d’Noperen oder Doléiner, déi fir hir Aarbecht entschiedegt goufen, sief et, dass se um Bauerenhaff fir näischt bekäschtegt goufen, sief et, dass de Bauer hir Feldaarbecht gratis gemaach huet. Well déi Zäit hu praktesch all Duerfleit nach en etlech Këpp Land fir sech beaker.

Karschnatz_hausmann

Déi ganz Equipe Leit hannert der Méimaschinn hunn sech d’Aarbecht opgedeelt. D’Kanner hu gewéinlech d’Seeler, déi schonn doheem preparéiert gi waren, a gewëssen Ofstänn op de Buedem geluecht. D’Bauerefra an d’Meed hunn d’Éien mat hirer Séchel opgehuewen an op d’Seeler getässelt. En Doléiner, gewéinlech e Spezialist am Knietmaachen, huet d’Gaarwen zesummegebonnen an um Buedem leie gelooss. E spuer Jugendlecher hunn zum Schluss d’Gaarwen zu 9 oder zu 10 beienee geschleeft an se dann zu engem Kaascht zesummegestallt, dee wéi e Stär forméiert gouf. Eng Gaarf gouf poulriicht dohinner gestallt. Véier anerer si schif, zu zwou an zwou am Kräiz géintiwwer derwidder gestäipt ginn. Zum Schluss sinn an déi 4 Intervallen, déi dann nach bestanen hun, je eng weider Gaarf eragedréckt ginn.

Heiansdo, zemol wann de Bauer dem Wieder net richteg getraut huet, gouf och nach eng zéngte Gaarf verkéiert uewen op de Kaascht – als Mutz – getässelt. Déi sollt d’Éien vun deenen 9 anere Gaarwen esou gutt wéi méiglech géint de Reen schützen, well déi meescht Reendrëpsen laascht hir Stréihällem ofgeleet goufen. Wann iewer an engem Summer eng reenerech Period wochelaang ugehalen huet, wat alt emol virkoum, konnt alles näischt déngen: d’Käre sinn ausgewuess – et gouf „Zweewuess“ an de Bauer konnt net méi vill mat sénger Recolte ufänken. All Aarbecht war „fir d’Kaz“ an d’Baurefamill huet dat Joer de Rimm alt e bëssche méi fest missen zouzéien.

Gouf et iewer e schéine, sonnegen August, da sinn d’Kären op de Käscht gutt gedréchent an de Karschnatz konnt ofgeschloss ginn, d.h. d’Gaarwe goufe mam Heeleederwon heem an d’Scheier gefouert. Do sinn se eng no deeër anerer mat Gafele vum Won aus vun enger gellecher Mënschekette virugereecht ginn, bis se um Enn uewen op der Scheiergenn gelant sinn. Hei bloufen d’Gaarwen da leien, bis an den Hierscht eran, dacks esouguer bis an de Wanter, éier gedresch konnt ginn.